Op dësem 3. Adventsweekend kucke mer eis erëm e ganz spezifescht Substantiv un a beliichten dëst aus ënnerschiddleche Perspektiven.
An der App war follgende Saz ze iwwersetzen: Samedi, la bourgemestre a tenu un discours. An dësem Saz sinn natierlech erëm ganz vill Wierder immens spannend. Sot Dir Sam[ʃ]deg oder Sam[s]den, gehal oder gehalen, Buer[ʑ]ermee[ʃ]tesch oder Buer[j]ermee[s]terin? A jo, dir kënnt iech natierlech denken, wat mer eis haut ukucken. Natierlech dat Wuert, dat am meeschten ënnerschiddlech Varianten opweises huet: d’Buergermeeschtesch. Fir dës Auswäertung hu mer eis am Ganzen 930 Opnamen ugelauschtert an ausgewäert. Op dëser Plaz wëlle mer dann och dem Sylvie S. nach e grousse Merci ausschwätzen, dat eis bei der Auswäertung vun dësem Item ënnerstëtzt huet.
Wéi déi elo just opgezielte Variante schonn erkenne loossen, ass et an dësem Fall net esou, datt mer et mat enger lexikalescher Variatioun ze dinn hunn – la bourgemestre gëtt quasi ëmmer mam Wuert Buergermeeschter iwwersat, allerdéngs gëtt et Variatioun an der Markéierung vun der weiblecher Form an och foneetesch Variatioun an dat direkt op zwou Plazen am Wuert.
D’Movéierungssuffixer -in an -esch
Kucke mer eis fir d’éischt d’Markéierung vun der weiblecher Form, och nach Movéierung genannt, un. Am Kéis mat der allgemenger Distributioun fält direkt op, datt mer eng Haaptvariant hunn: Buergermeeschtesch, déi op 57,3% kënnt. Deen anere Movéierungssuffix –in an Buergermeeschterin kënnt mat 1,7% immens seele vir. Besonnesch opfälleg ass, datt Buergermeeschter, also d’Variant ouni Movéierungssuffix op ganzer 41% kënnt. Hei gouf deemno de geneeresche Masculin benotzt oder einfach iwwersinn, datt et sech am Saz fir ze iwwersetzen ëm eng Buergermeeschtesch an net e Buergermeeschter handelt. An dësem zweete Fall wierke sech, nieft enger eventueller Onopmierksamkeet, natierlech och gesellschaftlech Rollebiller op d’Wiel vun der Variant aus.
Aus der Verdeelung nom Alter loosse sech zwou Beobachtungen ofleeden. Éischtens hëlt de Movéierungssuffix -in mam Alter of an zum anere kommen d’Variante mat Movéierungssuffix bei deenen eelere Spriecher.inne generell méi heefeg vir wéi bei deene Jonken. Bei deene jéngste mécht de Buergermeeschter souguer bal 50% vun den Äntwerten aus.
Beschäftege mer eis elo awer mol nach mat der foneetescher Variatioun. Hei kann ee sech d’Variatioun an deenen zwee Deeler vum Kompositum (Zesummesetzung vun zwee Wierder) tëscht Buer[ʑ]er- a Buer[j]er- a mee[ʃ]ter a mee[s]ter ukucken.
Buer[ʑ]er- a Buer[j]er
Am Allgemenge kënnt Buer[ʑ]ermeeschter mat 58,1% e bësse méi heefeg vir wéi Buer[j]ermeeschter. Et handelt sech deemno hei ëm zwou Varianten déi an hirer Heefegkeet dach zimmlech no beienee leien. D’Verdeelung nom Alter weist ausserdeem dorophin, datt mer et bei Buer[ʑ]ermeeschter mat enger méi neier Variant ze dinn hunn. Kënnt dës an der eelster Alterskategorie just op 50%, mécht se bei deene ganz jonken 68% vun den Nennungen aus. Dëst weist dorophin, datt sech d’Sprooch hei héchstwarscheinlech am Wandel befënnt.
Mee[ʃ]ter a Mee[s]ter
Geheie mer zu gudder Lescht nach e Bléck op den zweeten Deel vun eisem Kompositum: Meeschter. D’Variant Buergermee[ʃ]ter kënnt op ganzer 92,2% an d’Variant Buergermee[s]ter op 7,8%. D’Variant mat Palataliséierung ass deemno ganz kloer d’Haaptvariant. Spannend ass och, datt déi zimmlech seele Variant Buergermee[s]ter bei jonke Spriecher.innen nach vill manner heefeg virkënnt wéi bei eeleren. D’Tendenz schéngt deemno a d’Richtung vun engem Ofbau vun dëser Variant ze goen. Besonnesch spannend ass hei déi regional Verdeelung. Déi seele Variant Buergermee[s]ter kënnt quasi ausschliisslech am Norden an am Oste vum Land vir, woubäi Buergermee[ʃ]ter iwwerall am Land beluecht ass. Bei der net-palataliséierter Variant handelt et sech deemno ëm eng regional Variant, déi seele virkënnt a wéi et schéngt och weider ofgebaut gëtt.