Bei eiser leschter Facebook-Ofstëmmung, bei där mir vun Iech wësse wollten, wéi ee Resultat mir Iech als nächst sollte weisen, huet sech den Toilettëpabeier géint de Fernsee duerchgesat. Dofir dann elo hei dat, wat mer iwwert den Toilettëpabeier mathëllef vun engem Bild an eiser Schnëssen-App erausfonnt hunn:

Am Ganzen hu mir fir dës Auswäertung 1363 Opnamen ausgewäert. De Kéisdiagramm weist dobäi direkt, dass et virop ee ganz grousse Gewënner ënnert de verschiddene Variante gouf: den Toilettëpabeier. Dës Haaptvariant mécht ganzer 82,4 % (1123 Opnamen) an eisen Schnëssen-Opnamen aus. Hannendru kommen Schäisspabeier (92) mat 6,7 %, Cabinetspabeier (55) mat 4,0 %. Dës dräi Variante ginn iwweregens och all am LWB (Luxemburger Wörterbuch) beim Lemma Toilettëpabeier ernimmt. Nach e bësse méi seelen ass dann nach Toilettërull(o) (38) mat nach 2,8 % virkomm. Fir den Toilettëpabeier sief präziséiert, dass hei och Nennunge mat –pobeier oder -papeier gezielt goufen. Besonnesch interessant ass bei dëser Variant allerdéngs d’Betounung, mee dozou gläich méi. Doriwwer eraus hu mer zwou Duebelnennungen (Toilettëpabeier + Schäisspabeier an Toilettëpabeier), déi méi dacks genannt goufen, eenzel opgefouert. Aner Bezeechnungen, déi just vereenzelt genannt goufen, hu mer – wéi gewinnt – ënner „aner“ zesummegefaasst. Heizou gehéiere beispillsweis Klopapier a Cabinetsrull(o) an och méi seelen Duebelnennungen.

Kuckt een sech d’Verdeelung vun de verschiddene Varianten no Alter un, gesäit een, dass den Toilettëpabeier an allen Altersgruppe staark dominéiert. Eppes fält awer op: E bësse manner staark ass déi Dominanz nach an den zwou eeleren Altersgruppen, well hei de Cabinetspabeier nach méi dacks genannt gouf. Vun de Spriecher*innen ënner 45 Joer gouf dës Variant allerdéngs kaum nach genannt.

Bei enger vun de Varianten hu mir dann och nach eng Opfällegkeet bei eiser Analys fonnt: Bei der Variant Schäisspabeier, déi ëmmerhin 92 Mol genannt gouf an domat am zweetheefegsten an eisen Date virkënnt, weist sech, dass Männer (59,3 %) dës Variant e gutt Stéck méi dacks benotzt hu wéi Fraen (40,7 %).

Zum Schluss elo awer nach kuerz bei d’Betounung vum Wuert Toilettëpabeier. Hei kann een nämlech entweeder déi éischt Silb (TOIlettëpabeier) oder déi zweet Silb (ToiLETtepabeier) betounen. Wärend d’Betounung TOIlettëpabeier mat 65,1 % (753 Opnamen) méi dacks virkënnt an och esou am LOD festgehalen ass, kënnt d’Betounung ToiLETtëpabeier ëmmerhin och op 34,9 % (403 Opnamen). Obwuel den Alter vun de Spriecher*innen beim Choix vun der Betounung keng primär Roll spillt, geet aus dem Diagramm ervir, dass d’Betounung op der zweeter Silb bei deenen dräi eelsten Altersgruppen e bësse méi dacks virkënnt (ëm 42 %) wéi an deenen dräi jéngsten (ëm 32 %).

 

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.