Am Numm vum Institut Grand-Ducal (Section de Linguistique, d’Ethnologie et d’Onomastique) invitéieren ech Iech häerzlech op dësen Owesvirtrag e Freideg, den 8. November 2024, vun 18:30-19:30 zu Walfer am eduPôle, Gebai 6, Sall 004.
Hatt, et, dat, wat – eng grammatesch Ausernanersetzung mam Neutrum am Lëtzebuergeschen
Caroline Döhmer, Uni Lëtzebuerg
„Ech war nach ni eent, wat no hanne gekuckt huet.“ An dësem Virtrag geet et ëm d’Funktioune vum Neutrum am Lëtzebuergeschen. Unhand vun de Wuertlëschten aus dem LOD gëtt erkläert, wéi eng Substantiver am Neutrum stinn a wéi eng morphologesch Prozesser zu Neutra féieren, wéi zum Beispill Nominaliséierunge vun Adjektiver (dat Bescht, e grellt Rout) oder Ge-s-Wierder (dat Geknupps). Den Haaptdeel dréit sech ëm den Hatt-si-Komplex, also ëm d’Referenz op weiblech Persounen (an deelweis Hausdéieren) mat engem grammateschen Neutrum (hatt) oder Femininum (si). Duerch geziilt Korpusanalyse gëtt gewisen, wéi staark den Neutrum bei der Referenz op Frae vertrueden ass – och am Beräich vun den Indefinitpronomen een(t) a keen(t). Insgesamt weist sech, dass den Neutrum als Substantiv-Genus wéineg benotzt gëtt, sech awer an engem pronominale System, an deem zwou Forme fir d’Fraereferenz zur Verfügung stinn, ëmmer méi duerchsetzt.
Dir kënnt Iech bis de 6.11.2024 per Mail umellen op sekretariat@igd-leo.lu
Dir kënnt Iech de Virtrag och als Ifen-Formatioun urechne loossen: https://ssl.education.lu/ifen/catalog/course/290131
Ech freeë mech op vill intresséiert Leit a spannend Froen!