Am Kader vun engem Projet am „Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft“ op der Universitéit Lëtzebuerg gëtt de Gebrauch vun „hatt“ a „si“ ënnersicht. Fir méi iwwert den alldeegleche Gebrauch an d’Charakteristike vun dësem Phänomen am Lëtzebuergesche gewuer ze ginn, sicht d’Uni Lëtzebuergesch-Spriecher, déi bereet sinn, als Fräiwëlleger en Online-Froebou auszefëllen.

All Lëtzebuergesch-Spriecher kënne matmaachen; et muss een also net Mammesproochler sinn an et gëtt keng Altersgrenz. Fir den Online-Froebou auszefëllen, muss een net Lëtzebuergesch schreiwe geléiert hunn. D’Ëmfro ass anonym.

Ëmfro ’hatt‘ oder ’si‘

Bei Froe kann ee sech per E-Mail un d’Sara Martin (Masterstudentin Lëtzebuerger Studien) wennen: sara.martin.001@student.uni.lu

3 thoughts on “Ëmfro iwwert „hatt“ a „si“

  1. Bley Sonja

    Léift Fuerschungsteam, léiwe Peter Gilles,

    Hei e klenge Bäitrag vu mir zum Thema “ hatt oder si “ (drëtt Persoun Singulier)

    Well Lëtzebuergesch déi eenzeg Sprooch ass, wou et offiziell e familiäert „hatt“ fir „si“ gëtt, ass dat fir d’Leit déi Lëtzebuergesch léiere guer net einfach a gëtt vill verwiesselt.

    Fir dëst besser erklären ze kënnen, hunn ech am Cours fir d’Studenten eng kleng Zeechnung gemaach mat der Mamm an hirer Schwester (d’Tatta), dem Papp, der Duechter an hirem Brudder (oder dem Meedchen a sengem Brudder) souwéi mat der Groussmamm vun der Famill an enger Doktesch.
    Mat Linnen a Feiler, an dat anzwou verschiddene Faarwen, hunn ech ugewisen, wie vun deene Persoune wéi eng Persoun wéi uriet.

    D’ganz Famill seet respektvoll „si“ fir d’Groussmamm an och formell „si“ fir eng Persoun vun dobausse wéi d’Doktesch.

    Wann de Mann (an dësem Fall de Papp) mat der Groussmamm oder mat der Mamm hirer Schwëster iwwert seng Fra schwätzt (där hien no steet), seet hie familiär (vertraut) „hatt“.

    Schwätzt hien awer mat der Doktesch oder soss enger Persoun baussent dem Familljekrees iwwert seng Fra, seet hie formell „si“ fir seng Fra.

    Schwätzt d’Fra (hei d’Mamm) mat hirem Mann iwwert hir Schwëster (de Kanner hir Tatta), seet si familiär „hatt“ fir hir Schwëster, well si si vu Kand u mateneen opgewuess.

    Schwätzt de Brudder bei senger Mamm vu senger Schwëster seet hien „hatt“ well et e weiblecht Kand ass. Weiblech Kanner sinn an der drëtter Persoun Singulier ëmmer „hatt“.

    Fir d’Groussmamm si se all an der Famill hir Kanner a fir hir Duechter oder Enkelin seet si also „hatt“. Fir Doktesch awer seet och si formell „si“.

    Fir d’Kanner gi weiblech erwuesse Persounen ob Mamm, Groussmamm, d’Tatta oder friem Persoun ëmmer an der drëtter Persoun Singulier mat „si“ tituléiert.

    Ech hoffen, ech konnt e bëssen zu där Fuerschung bäidroen.

    Léiwe Grouss,
    Sonja Bley

  2. Paqui

    Moien
    just eng Fro: huet dat mam „hatt“ net och domat ze dinn, datt de Virnumm vun de Frae sächlech ass, an datt den „hatt“ als sächleche Pronome benotzt gëtt?
    merci

    • Caroline Döhmer

      Merci fir Är Fro. Dir hutt Recht, dass dat domat zesummenhänkt. Weiblech Virnimm si generell sächlech, dat gëllt dann och fir Déieren: eist frecht Kira. Eng Referenz zu enger weiblecher Persoun kann een allerdéngs och ouni en direkten Numm maachen an do spillen dann aner Kritären eng Roll, déi fir de Choix tëscht „hatt“ an „si“ verantwortlech sinn.

Är Commentairen