D’Wuert fusch kënnt am Lëtzebuergeschen nëmmen a Kombinatioun mat nei vir: Eppes Fuschneies ass esou richteg nei – funkelnagelneu, wéi een op Däitsch soe géif. D’Lëtzebuergescht kennt och nach déi apaart Zesummesetzungen fonkelnei (WLM, LWB), fonkelnoolsnei (WLM, LWB), splënternei (WLM, LWB), noolsnei (LLU, WLM, LWB) an och fonkelnotznei (LWB). Mee, wat genee ass fusch? Eist grousst Luxemburger Wörterbuch hëlleft eis hei net vill, fir erauszekréien, vu wou de fusch kéint kommen: Do steet just: fuschnei Adj.: «funkelnagelneu».  Carrement ausschléisse kann een, dass et a Bezéiung zu fuschen (LWB) steet. D’Äntwert kréie mer, wa mer am Rheinischen Wörterbuch luusse ginn, dat jo och an eist Wörterbuch der Großregion agebonnen ass. Do steet nämlech bei der lautlecher Variatioun vum Wuert frisch am Rheinland:

{xtypo_sticky}frisch Rhfrk -i-; sonst -e-; uSieg, LRip auch -ezš, eiš [Trier-Stdt, WBitb -ø-; Wittl-Binsf -ęəš; Prüm-Mützenich -o-; SNfrk -e-, ø-, ø-, øy- (s. Fisch)]; Klevld -es; im Rip, Nfrk daneben alte, immer mehr verschwindende Formen mit Metathesis, meist beschränkt auf Bed. I 1 a, schon seltener auf Bed. I 1 b, u. zwar Rip, SNfrk bis Mörs-Neuk foš, ō-, -ōə-, ou-, v- [Siegld furš; Prüm, Malm fuš; Eup, Heinsb-Breberen Lümb, MGladb-Schiefbahn vīəš; Heinsb-Millen -ē-; Sieg-Ägid føš; Sieg-ODollend -øy-]; n. Ruhr, Klevld fa(r)s; auch Elbf faš: RWb{/xtypo_sticky}

Hei ass also dat lëtzebuergescht fusch ernimmt, an zwar als eng Metathes-Variant vu frisch. Interessanterweis ass déi Variant net wäit ewech vum Lëtzebuerger Territoire unzetreffen, nämlech ë.a. zu Prüm (bis 1815 Deel vu Lëtzebuerg) a Malmedy. D’Lauthistoriker hunn hir Freed dodrun, d’Entwécklung vu frisch bis op fusch erauszefannen. Verschidde Prozesser ware fir dës Entwécklung responsabel:

  1. frisch > früsch ‚Rundung‘: D’Lëpse sinn ofgerënnt, well virun an no dem i Lauter stinn, déi och mat ofgerënnte Lëpse produzéiert ginn. Dës ‚Rundung‘ vum f a vum sch iwwerdréit sech op den i an et kënnt en ü-ähnleche Laut eraus.
  2. früsch > frusch – Am Lëtzebuergesche gëtt et den ü nëmme ganz seelen a gëtt dowéinst zu u ‚entrundet‘
  3. frusch > fursch – Metathes, d.h. den r réckelt hannert de Vokal (vgl. däitsch Brunn(en) Born)
  4. fursch > fusch – Ewechfale vum r virun dem sch (vgl. Aarsch > Aasch)

Also, och wann et gelunge schéngt: fuschnei kennt vu frischneu.

P.S.: Weider semantesch Explikatioune fënnt een hei (Artikel am Lëtzebuerger Land).

 

Peter Gilles