Wann een e Gaart huet, kënnt een – ob een et elo méi oder manner gär mécht – wuel kaum derlaanscht, vun Zäit zu Zäit och emol de Wues ze schnëppelen oder schnëppelen ze loossen. Déi eng schwieren do op hir elektresch oder awer Bensinns-Méimaschinn an anerer si frou, dass elo de Méiroboter hinnen d’Aarbecht ofhëlt. Egal wéi stellt sech awer d’Fro, wéi Dir heifir dann elo sot: méien, méinen oder vläicht och mien? Dat hänkt virun allem warscheinlech dovun of, a wéi engem Deel vum Land Dir opgewuess sidd, mee fänke mer mol vir un:
D’Variatioun beim Verb méi(n)en konnte mir mam franséische Saz La jardinière vient tondre le gazon entre les jours fériés. analyséieren an hunn eis dofir 827 lëtzebuergesch Iwwersetzungen ugelauschtert an ausgewäert. Well eis bei dëser Auswäertung ganz konkret d’Variante vu méi(n)en interesséiert hunn, hu mir déi puer (19) Opnamen, an deenen d’Leit d’Verb z.B. mat schneiden iwwersat hunn, am weidere Verlaf ewechgelooss. Wat déi allgemeng Verdeelung betrëfft, erkennt een um Kéisdiagramm direkt, dass déi zwou Haaptvariante bal d’selwecht dacks an eise Schnëssen-Opname virkommen. Méien huet mat 49% an 396 Opname just relativ knapp d’Nues vir viru méinen mat 45% an 364 Opnamen. Vill méi seele gouf mat 5,6% (45 Opnamen) nach mien gesot resp. minen mat 0,4% (3 Opnamen).
Well et sech heibäi awer éischter ëm eng regional Verdeelung – wéi gläich wäert ze gesi sinn – handelt, ass weeder de Kéisdiagramm, nach den Diagramm mat der Opdeelung no Altersgruppen immens opschlossräich. Allerdéngs weist dësen, dass déi 3 heefegst Variante graff eenegermoosse gläichméisseg iwwert déi verschidden Altersgruppe verdeelt sinn.
Richteg interessant gëtt et dann awer, wann een sech d’Verdeelung vun de Varianten op enger Lëtzebuerg-Kaart ukuckt – an där hu mer der an dësem Fall direkt zwou. Fir d’Verb méi(n)en gëtt et nämlech schonn am Luxemburger Sprachatlas (LSA, 1963) eng Kaart, déi op Date vu virum Zweete Weltkrich baséiert. Ze gesinn ass dorop fir d’éischt emol eng (graff) Ost-West-Zweedeelung mat der Variant mat n am Westen an där ouni n am Oste vu Lëtzebuerg, woubäi do an zwee Gebidder och mien ze fannen ass. Vergläicht een dës Verdeelung elo mat där op eiser neier Schnëssen-Kaart, dann erkennt ee relativ grouss Gemeinsamkeeten: Virun allem si beispillsweis nach déi zwee mien-Gebidder op der Kaart ze fannen, eent ganz am Norde vum Land an dat anert am Osten, dat sech vun der Veianer Ëmgéigend erof bis op Uesweller a Mompech zitt. Et fält awer och op, dass sech an dësem Gebitt och méien- a méinen-Nennungen ënnermëschen. Weiderhi stellt een dann och fest, dass d’Haaptverdeelung vu méinen nach ëmmer am Westen ass (vum Nordwesten iwwert den Zentrum bis erof an de Südwesten) a méien méi am Oste vum Land (respektiv am (Süd-)Osten, am Zentrum an am méi ëstlechen Deel vum Minett ) verbreet ass. Allgemeng bleift zum Schluss awer festzehalen, dass et op der Schnëssen-Kaart keng sou kloer méinen- a méien-Gebidder ginn wéi et op der LSA-Kaart de Fall ass, mee et éischter och vill Géigende gëtt, an deenen dës zwou Variante virkommen.