Endlech ass et erëm esou wäit: Et ass net nëmme Vakanz, ma och mir mellen eis nees mat ganz flotte Resultater aus der Schnëssenzentral zeréck! Vun haut un an iwwert déi nächst Wochen an der Summervakanz presentéiere mer Iech reegelméisseg flott Resultater aus der Schnëssen-App. Freet Iech also op fuschnei Auswäertungen, Texter, Kaarten a Grafiken.

Fir haut hu mer eis d‘Wuert Flilleken erausgesicht. Dëst war am Saz „Auch die kleinsten Vögelchen haben Flügel.“ agebaut. Dee Saz kënnt Iech eventuell scho bekannt vir, wat domat ze dinn huet, datt mer eis hei virun enger Zäit schonn d‘Wuert Villercher ugekuckt haten. D‘Flilleke vun dëse Villercher sinn awer kengesfalls manner interessant, wéi sech elo weise wäert.

Kucke mer eis fir d‘éischt déi allgemeng Verdeelung vun de Varianten un. Op dem Kéis erkennt een, datt mer et am ganze mat 6 ënnerschiddleche Varianten ze dinn hunn: Flilleken (69,5%), Fligel (15,6%), Flilliken (7,7%), Fligelen (5,7%), Fliniken (0,8%) a Frilleken (0,7%).

Wéi d‘Verdeelung duerchschénge léisst, hu mer e ganz klore Gewënner ënnert de Varianten: Flilleken. Aus dësem Grond ass et och net weider verwonnerlech, datt e Bléck op d‘Kaart eis verdäitlecht, datt dës Variant am ganze Land virkënnt. Wat d‘Kaart ausserdeem weist: Bei de Variante Flilliken, Fliniken a Frilleken handelt et sech ëm regional Varianten. D‘Flillike sinn zwar vereenzelt och an der ënneschter Hallschent vu Lëtzebuerg ze fannen, kommen awer méi konzentréiert am Norde vum Land vir. Och bei de Fliniken handelt et sech ëm eng nërdlech Variant. Si kënnt allerdéngs effektiv nëmme ganz uewen am Kanton Klierf vir. Schliisslech deit sech bei de Frilleken un, datt dës Variant éischter am Oste vum Land vertrueden ass.

Gestäipt gëtt des Analys vum Luxemburger Wörterbuch. Och hei ginn déi ernimmte Varianten als lokal Variante bezeechent, och wann e Verweis op déi spezifesch Regioune feelt. Hei begéint een allerdéngs och nach der Variant Fréilek, déi mer an eisen Daten allerdéngs leider net fonnt hunn. Zwou weider Varianten, vun där eng mat 15,6% am zweetheefegste virkënnt, sinn Fligel a Fligelen. Dobäi handelt es sech u sech a béide Fäll ëm déi selwecht Variant Fligel, woubäi de Pluriel eng Kéier mat enger Null- an eng Kéier mat enger en-Endung gebilt gëtt. Et sief un dëser Plaz ugemierkt, datt dës Form vu Plurielvariatioun am Lëtzebuergeschen verhältnisméisseg dacks virkënnt (Bsp.: Mëttel – Mëttelen, Bäcker – Bäckeren, Zëmmer – Zëmmeren). Bei der Variant gëtt zimmlech séier däitlech, datt et sech dobäi ëm eng Interferenz mam däitsche Flügel handelt, déi assimiléiert, d. h. un d‘Lëtzebuergescht ugepasst gouf. Des Weidere mécht e Bléck op d‘Kaart däitlech, datt béid Varianten am ganze lëtzebuergesche Sproochraum virkommen. Et ass, wéi dat scho méi dacks duerchgeklongen ass, deemno net esou, datt an de Grenzregiounen de Kontakt zu der däitscher Sprooch méi intensiv wier wéi an anere Regiounen.

Kucke mer eis zum Schluss nach d‘Verdeelung nom Alter un. Aus dem Diagramm kann ee Verschiddenes erausliesen. Fir d‘éischt si bis op Frilleken Fliniken – regional Varianten, déi zimmlech seelen an och just bei Spriecher.innen iwwer 25 beluecht sinn – d‘Varianten an allen Alterskategorië vertrueden. Fir dës zweet gëtt allerdéngs däitlech, datt d‘Verdeelungen zum Deel ënnerschiddlech sinn. D‘Flilleke sinn an allen Altersgruppen (bis op déi lescht) ongeféier d‘selwecht vill vertrueden. Par rapport zu de Variante Fligel/en Flilliken ass eng Verännerung festzestellen. Fligel/en hëlt mat méi jonkem Alter zou a Flilliken of. Dëst Bild schwätzt deemno zum enge fir e méi intensive Sproochkontakt mam Däitsche bei deene méi jonke Leit an zum anere fir e liichte Réckgang vu regionale Varianten. Dës Analys vum Zesummenhang tëscht Alter a Wiel vun der Variant deit wéi sou oft dorop hin, datt d‘Sprooch am Wandel ass.

1 thoughts on “Flilleken, Fliniken a Fligel

  1. Jos

    Interessant. „Flilleken“ a „Fligel“ si fir mech zwee verschidde Wieder. „Flilleken“ géif ech soen fir „de Flillek“ an der Mehrzahl. Also fir d’Flilleke vun engem Vugel oder engem Fliger. “ Fligel“ géif ech dogéint soen, fir de Fligel vun engem Gebei. Beispillsweis de Westfligel, an esou weider.

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.