De leschte Weekend waren d’Fuesboken erëm lass. Et gouf Fuesbaler, Kavalkaden an domat och vill kleng Naschelegkeeten. Op der Kavalkad ginn zwar an éischter Linn “just” Kamellen an aner séiss a pecheg Saache vun de Ween geheit, deen een oder aneren huet déi lescht Deeg a Wochen awer sécherlech och nach eng aner Schneekegkeet giess resp. gebak, déi et ëm dës Zäit traditionell z’iesse gëtt: Fueskichelcher – an ëm dës soll et an der Auswäertung vun haut goen.

An der drëtter Ronn vun der App hu mer d’Participante.ë gefrot: “Wéi heeschen déi traditionell Kichelcher, déi een an der Fueszäit ësst?” An den 324 Opnamen ass natierlech wéi ëmmer méi wéi eng Bezeechnung gefall.

Kuckt een sech déi allgemeng Verdeelung vun de Varianten un, gesäit een, datt eng Variant besonnesch dacks genannt gouf, an zwar d’Fueskichelcher (45%). Op déi zweet Plaz mat 26% packen et eng Hellewull Méifachnennungen, woubäi mat 18% Verwuerelter/Verwurrelter resp. verwuerelt Gedanken genannt goufen. Weider Variante sinn d‘Nonnefäscht (5%), d’Fuesent (2%) an d‘(Fues-)Kniet (1%). Wéi schonn ugedeit koume ganz vill Méifachnennunge vir. Dës waren entweeder eng Kombinatioun vu Fueskichelcher a Verwuerelter, Fueskichelcher an Nonnefäscht oder Fueskichelcher a Kniet. Aner Méifachnennunge sinn dacks eng Kombinatioun aus Fueskichelcher a weidere Bezeechnunge wéi Maisercher, Nonnebréidercher oder Berliner. Dës weider Bezeechnunge goufen, well se sou seele virkommen, wann se eleng genannt goufen, ënner “aner” regruppéiert. Hei koumen och nach Nouzen, Mozen an Tortelen vir. Et gëtt deemno definitiv däitlech, datt et eng Hellewull u Bezeechnunge fir d’Kichelcher, déi ëm d’Fuesent giess ginn, gëtt, vill Bezeechnungen awer immens seele virkommen.

 

Als nächst stellt sech natierlech d’Fro, ob mer et bei dëse Variante mat regionale Varianten ze dinn hunn. Vu datt vill Bezeechnunge just seele genannt goufen, hu mer hei keng Kaart gemaach, eis dës Beispiller awer méi genau ugekuckt an och den LWB zur Hëllef geholl. Am LWB ginn et Artikelen zu follgende Wierder: Fueskichelcher, Nonnebréidercher, Verwuerelter, Maisercher, Nonnefäscht a Fuesent. Ënnert dem Leschtgenannte stinn dobäi och nach eng Partie aner Lokalvarianten.

Dës Weidere ginn och Mauzen, Muzen, Nauzen an Tortelen an de respektiven Artikele genannt. Genau, wéi am LWB vermierkt, fanne mer verschidde regional Varianten och an eisen Daten.

  1. Nouzen (1 Nennung) zu Veianen
  2. Tortelen (5 Nennungen) zu Diddeleng, Keel, Rëmeleng
  3. Mozen (1 Nennung) zu Guedber (Osten)
  4. Nonnebréidercher (ënnescht Muselregioun)
  5. Maisercher (iewescht Muselregioun)

Et kann een also festhalen: regional Variante gi genannt, wann och éischter seelen.

E Bléck op den Alter verdäitlecht, datt d’Fueskichelcher net nëmmen déi Variant ass, déi dominéiert, ma och déi, déi zouhëlt. DVerwuerelter bleiwen eenegermoosse stabel, och wann déi an deenen zwou jéngsten Alterskategorien och manner dacks vertruede sinn. D’Nonnefäscht si generell seelen, huelen awer och bei deene Jonke weider of. Generell schéngt et hei esou ze sinn, datt jonk Leit manner Bezeechnunge kennen, wat virun allem fir déi regional Variante gëllt. Dëst Phenomeen fält awer och besonnesch bei der Variant Fuesent op. Dës kënnt an der eelster Alterskategorie nach op 10%, ass awer bei de Participante.ën ënner 35 just nach vereenzelt bei Méifachnennunge vir.

 

 

Schliisslech hu mir eis nach d’Fro gestallt, ob dës Bezeechnungen all de selwechte Kichelche mengen. Kuckt een an d’Ketty Thull an an de Repertorium (Ed. Toussin) a sicht no de Rezepter, schéngt dat effektiv net de Fall ze sinn. Nonnebréidercher sinn aus engem Hiefdeeg an hunn eng ronn Form. Verwuerelt Gedanken/Maisercher sinn och aus engem Hiefdeeg, allerdéngs ronn, eckeg oder Kniet. Verwuerelter sinn aus engem Deeg mat Bakpolver an hunn d’Form vu Kniet. Berliner schliisslech sinn och mat Hief zoubereet, ronn an hu Gebeess an der Mëtt. Et kann een deemno dovun ausgoen, datt Fueskichelcher als Iwwerbegrëff fir déi verschidden Zorte vu Kichecher benotzt gëtt, d’Bezeechnunge mat Nonn- ronn Kichelcher mat Hief mengen a Verwuerelter Kichelcher aus Hief- oder Bakpolverdeeg kënne sinn, déi sech duerch hir Knuetform vun deenen aneren ënnerscheeden. Maisercher schéngt dobäi e Synonym fir Verwuerelter ze sinn. Op bleift, wat déi aner regional Varianten Nouzen, Torelen a Mozen genau bezeechnen. Falls dir eng vun dëse Variante benotzt, kënnt dir eis gär matdeelen, wat fir Kichelcher genau domat gemengt sinn.

Sou oder sou ass dat Wichtegst, datt se gutt schmaachen an dowéinst soe mer: e gudden Appetit.

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.