D’Blieder ginn ëmmer méi faarweg a fale lues awer sécher vun de Beem. Dat summerlecht Wieder, wat mer elo laang haten, huet endgülteg Äddi gesot a mir sinn am Hierscht ukomm. An dëser Joreszäit gëtt et e Fest, dat vu munch Leit gefeiert gëtt. Ma wéi nennt een dat Fest, dat um den 31. Oktober stattfënnt?
Genau déi Fro hu mer eise Participante.ën och an der App gestallt (Item 360). Insgesamt 412 Äntwerte sinn agaangen a konnten ausgewäert ginn. Wéi déi allgemeng Verdeelung vun de Varianten um Schema erkenne léisst, konnte mer 6 Variante feststellen, woubäi Halloween mat 82,0% (338) ganz däitlech vir läit. D’Variant Allerhellegen/Allerséilen kënnt mat 4,9% (20) op déi zweet Plaz. 18 Leit war dat Fest, dat den 31. Oktober gefeiert soll ginn, guer net bekannt bzw. soten se, dass et sech net ëm e lëtzebuergescht Fest géif handelen. Zu gudder Lescht gouf och nach 11 Mol d’Variant Trauliicht(-brennen) genannt. Ënner “aner” goufe weider Variante regruppéiert, déi awer just vereenzelt virkoumen (Oktoberfest, Haupeschdag, Reformatiounsdag). Schliisslech gëtt et nach eng Rubrik mat Duebelnennungen. Hei gouf, wann och just a wéinege Fäll, eng Kombinatioun aus Allerhellegen/Allerséilen an onbekannt/gëtt et zu Lëtzebuerg net genannt.
Ier mer elo wéi gewinnt op dee méi sproochwëssenschaftlechen Deel iwwerginn, huele mer am Follgenden d’Originne vun de Bräich/Fester méi genee ënnert Lupp. Dës Explikatioune kënnen nämlech eng Erklärung fir de Choix vun de jeeweilege Variante ginn. D’Wuert Halloween ass u sech eng Kontraktioun vun All Hallows’ Eve, déi den Dag virun Allerhellege bezeechent (änlech wéi beim engleschen Christmas Eve, also Hellegowend). Ursprénglech gouf Halloween a Gebidder vun den ireschen Insele gefeiert, déi kathoulesch bliwwe sinn. Am 19. Joerhonnert si vill Ir.innen an Amerika ausgewandert, wouduerch de Brauch sech och do ëmmer méi verfestegen an zu engem vun de wichtege Volleksfester an den USA a Kanada entwéckele konnt. D’Traditioun, Kürbisse fir Halloween opzestellen, kënnt och aus Irland. Den Ursprong vum liichtende Kürbis läit doriwwer eraus an enger liichtender Rommel, déi op d’So vum Jack Oldfield zeréckgeet. Fir béis Geeschter kënnen ofzeschrecken, huet een an d’Kürbisse komesch Grimasse geschnëtzt. Déi amerikanesch Halloweensbräich, déi sech éischter duerch ee froue wéi e grujelege Charakter auszeechnen, hunn sech zanter den 1990er Joren an Europa verbreet. Dass verschidde Leit den 31. Oktober mat Allerhellegen/Allerséilen a Verbindung setzen, wonnert een u sech net méi, wann een sech déi grad genannten Informatioune virun Aen hält. Allerhellegen ass de Feierdag, un deem all den Hellege geduecht gëtt. Allerséile fënnt um Dag no Allerhellege statt. Hei gëtt dann un déi Verstuerwen, respektiv un déi aarm Séilen am Feegfeier geduecht. D’Griewerseenung, déi domat zesummenhänkt, gëtt op ville Plazen awer schonn um Dag vun Allerhellegen duerchgefouert. Komme mer zu gudder Lescht nach op d’Variant Trauliicht(-brennen) ze schwätzen. Als Trauliichter ginn an de muselfränkesche Regioune Rommele bezeechent, déi zu geschnëtzte Lanteren ëmfunktionéiert ginn, änlech wéi bei de Kürbisse virdrun. D’Trauliichtbrennen ass domat e Brauch, dee bis zum Ufank vum 20. Joerhonnert an den Dierfer südlech der Äifel an am Éislek staark verbreet war. Aus etymologescher Siicht gëtt ugeholl, dass d’Wuert Trauliicht vun Druglicht kënnt. Dëse Begrëff soll an der Welt vun de Soe Liichter bezeechnen, déi iwwert de Moueren opliichten a Leit, déi laanscht wanderen, irritéiere sollen. Dëse Brauch huet u sech och mat Allerhellegen ze dinn. Ursprénglech war en nämlech dofir geduecht, béis Geeschter ze verdreiwen, déi wärend de Summerméint vum Véi vun de Wise mat an de Stall bruecht goufen. D’Trauliichter goufen dofir an de Gaassen, respektiv laanscht d’Dieren oder op de Fënsterbänken opgestallt. Op verschidde Plazen, wéi z. B. dem lëtzebuergesche Munshausen, ginn déi geschnëtzte Lantere weekends an der Nuecht am Fakelzuch duerch d’Uertschaft gedroen a sollen déi béis Hierscht- a Wantergeeschter verdreiwen. Well d’Trauliichtbrenne bal vergiess ginn ass, versicht een et a verschidden Dierfer nees opliewen ze loossen. Besonnesch beléift sinn d’Trauliichtwochen, déi zu Munshausen am Fräiliichtmusée vun der Robbesscheier gefeiert ginn.
Elo, wou mer esou vill iwwert d’Hannergrënn vun de verschidde Bräich, déi mer an der Auswäertung fonnt hunn, gewuer goufen, kucke mer eis awer nach eng sproochlech Besonneschkeet beim Wuert Halloween un: Wéi gëtt d’Haaptvariant Halloween betount? Betount Dir d’Wuert éischter vir oder hannen? An der Auswäertung vun der Schnëssen-App koum eraus, dass Halloween an 88,8% (300) vun den Opname vir an 11,2% (38) hanne betount gëtt. Wéi léisst sech dës Variatioun erklären? Dat huet domat ze dinn, datt mer et bei dëser Variant mat engem Wuert ze dinn, dat aus enger anerer Sprooch kënnt, och Friemwuert bzw. Leenwuert genannt. Dëst Wuert gëtt an där Sprooch, aus där et hierkënnt hanne betount: HalloWEEN (hæləʊ’iːn). Am Lëtzebuergeschen ass eng Betounung op der leschter Silb éischter ontypesch. Dofir réckelt am Kader vum Integratiounsprozess vum Wuert d’Betounung no vir: HAlloween (‚hæləʊiːn). Déi selwecht Variatioun kann een aus dësem Grond iwwregens och am Däitsche beobachten.
Dëse Prozess erkläert och déi lescht Observatioun, déi mir bei dëser Auswäertung maache konnten. Déi Leit, déi Lëtzebuergesch als Mammesprooch uginn hunn, betounen Halloween méi dacks op der éischter Silb wéi Spriecher.inne mat enger anerer Mammesprooch. Bei Net-Mammesproochler.innen ass de Reflex, d’Leenwuert am Bezuch op seng Betounung ze integréieren deemno manner staark, sou datt déi eigentlech englesch Betounung bäibehale gëtt.
Mathëllef vun den Analyse konnt festgestallt ginn, dass Halloween déi heefegst Variant ass an d’Betounung gréisstendeels vir läit. Opgrond vum Ursprong vun Halloween ass et doriwwer eraus och net verwonnerlech, dass an den Opnamen och Variante wéi Allerhellegen/Allerséilen oder Trauliicht(-brennen) opgetaucht sinn. Dass munch Leit der Usiicht sinn, dass um 31. Oktober zu Lëtzebuerg näischt gefeiert gëtt, läit mat grousser Warscheinlechkeet dorun, dass fir si am Virdergrond steet, dass et sech bei Halloween ëm e rengen amerikaneschen an a Lëtzebuerg importéierte Brauch handelt an dat muselfränkescht Trauliichtbrennen net méi resp. net iwwerall am Land bekannt ass.
(Autorin: Kim Krecké)