De 24. Februar 1984 ass eist Sproochegesetz en vigueur getrueden an an deem Kontext ass et ubruecht, eng Auswäertung aus eise Schnëssen-Erhiewungen fir de konkrete Sproochegebrauch ze publizéieren. Wéi Der wësst, hu mer an der Schnëssen-App och e Froebou iwwert d’Sproochsituatioun, de Sproochegebrauch an déi subjektiv Sproochaschätzung integréiert. Nieft villen aneren Aspekter iwwert d’Verdeelung vun de Sproochen am Land froe mer do och no där Sprooch, op déi Ären Handy agestallt ass. Dës Sproochewiel reflektéiert natierlech just een Aspekt vun der aktueller Méisproochegkeet, mee si dréckt trotzdeem net wéineg iwwert déi onmëttelbar Sproochepreferenz vun enger Persoun aus.
Et leien eis Äntwerte vun 1832 Persoune vir, se all beherrschen (ënner anerem) Lëtzebuergesch, just 6.6% vun hinne bezeechne sech net als mammesproochlech. Déi éischt Auswäertung presentéiert direkt eng Iwwerraschung: Et verwonnert net, dass d’Majoritéit vun 63% hiren Handy op Däitsch agestallt hunn, mee méi opfälleg ass, dass just 10% Franséisch a bal duebel sou vill Englesch gewielt hunn.
Ëmmerhin hu 4% den Handy op Lëtzebuergesch agestallt – jo, och dat geet, allerdéngs just fir ganz wéineg Modeller a Betribssystemer.
Wéi ëmmer ass och déi Situatioun héich dynamesch an d’Alter steiert de Choix vun der Sprooch. Iwwert d’Altersklasse verdeelt, gesäit een eng Croissance vum Däitsche vu ca. 50% bei den eelsten bis erop op 68% bei de jéngste Participanten. D’Sprooch, déi d’Prozenter hei verléiert ass d’Franséischt, dat bei deene Jonke just nach mat 6% virkënnt. Awer net just d’Däitscht hëlt zou, mee och, an nach méi staark, d’Englescht: Dës Sprooch ass bei de Jonke ca. 4 mol sou heefeg wéi dat Franséischt.
Nieft dem Alter gëtt nach e weidere soziale Facteur relevant, an zwar den Ausbildungstyp vun de Participanten. Hei ass ee Facteur, ob een am Lycée classique oder Lycée technique war oder ass: Wärend de Prozentsaz vum Franséische bei béide Schoultyppen ongeféier identesch ass (6%), ass den Undeel vum Englesche bei Persoune vun engem Classique däitlech méi héich an dee vum Däitschen entspriechend méi déif. Et kann een heiraus schléissen, dass an der méisproocheger Kompetenz vum Lycée classique d’Englescht eng méi wichteg Roll kritt.
Mir gesinn also hei eng staark Dominanz vum Däitschen, d’Franséischt spillt just eng minoritär Roll, déi nach méi wäit zu Gonschte vum Engleschen zeréckzegoe schéngt. Domat hëlt also hei eng Sprooch zou, déi eigentlech keng Landessprooch ass.
An zum Schluss natierlech eise gewinnten Opruff: Luet Iech d’App aus dem App Store oder dem Play Store erof a maacht mat bei der gréisster Erhiewung vum geschwatene Lëtzebuergesche vun haut.