Vakanzenzäit, dat ass net nëmmen d’Zäit, an där vill Leit sech op hiren Dramdestinatiounen erhuelen, ma et ass och d’Zäit vun de léiwen an hëllefsbereeten Noperen oder Kolleegen, déi sech dorëm këmmeren, datt Bréifkëschten net iwwerquëlle respektiv Planzen net verdréchenen. Belount gëtt dëse Service dacks mat enger klenger Opmierksamkeet (vun der Dramdestinatioun) vun der Säit vun de Verreesten. Beim Iwwerreeche vun esou Opmierksamkeete falen net selte Sätz wéi “Merci, datt s du d’Kaz gefiddert hues an s du d’Blumme genat hues.” – “Oh, dat hunn ech gär gemaach, virun allem ëm d’Blummen hunn ech mech gutt gekëmmert, déi hunn ech all Dag genätzt.”
Dir frot Iech sécherlech, op wat ech erauswëll. Vläicht ass Iech an der genannter Äusserung awer och schonn eppes opgefall: D’Variatioun vum Partizip Perfekt vum Verb nätzen – genätzt a genat.
Fir erauszefannen, wéi d’Variatioun vun dësem Verb ausgesäit, hu mir insgesamt 745 Iwwersetzunge vum Saz “Hast du die Blumen neben seiner Haustür gegossen?” ausgewäert. Wéi een um Kéisdiagramm gesäit, fënnt een hei 3 Varianten: genat (51%, 376), genätzt (43%, 318) a gegoss (2%). Da gëtt et nach d’Rubik Aner (2%) ënner déi Variante wéi Wasser ginn, gedrängt a gestränzt regruppéiert goufen. Da goufen et och e puer Participante*ën, déi souwuel genat wéi och genätzt soten.
Gehéie mer awer emol nach e méi genaue Bléck op d’Haaptvariante genat a genätzt. Op der enger Säit hu mer et mat enger Partizipsform mat dem sou genannte ‚Réckëmlaut‘ vum Vokal (genat) an op der anerer Säit ouni Réckëmlaut (genätzt) ze dinn. Eng ähnlech Variatioun kann ee bei bitzen (gebutt vs. gebitzt) oder schätzen (geschat vs. geschätzt) beobachten.
Opfälleg ass hei awer och, datt ee keng eenzel Haaptvariant ausmaache kann, déi zwou Varianten allebéid zimlech heefeg virkommen a soumat prozentual no beienee leien. Et kann een deemno soen, datt d’Variablilitéit hei immens héich ass.
Natierlech stellt sech och hei erëm d’Fro, ëm wéi eng Aart vu Variatioun et sech eigentlech handelt. Sécher ass, datt mer et hei NET mat enger regionaler Variatioun ze dinn hunn. Et ass deemno net esou, datt an enger bestëmmter Regioun genat an an enger anerer genätzt gesot gëtt. Handelt et sech eventuell ëm Variatioun, déi op Sproochwandel zeréckgeet? Fir dës Fro ze beäntwerten, kann ee sech d’Verdeelung no Alter ukucken. Och wann een e liichten Zouwuess zu genat-Varianten ausmaache kann, ass keng kloer Tendenz ze erkennen. D’50/50-Verdeelung zitt sech quasi duerch all Altersgrupp duerch.
An dësem Fall lount sech dowéinst e Bléck an eis Dicitonnairen. Souwuel de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) wéi och dat méi aalt Luxemburgisches Wörterbuch (1950-1977) féieren déi 2 Varianten op. D’Wörterbuch der Luxemburgischen Umgagssprache (1905) dogéint kennt zwar indirekt déi zwou Formen, en Artikel gëtt et allerdéngs nëmme fir genat. Dëst kann een als Hiweis dorop verstoen, datt déi Form mat Réckëmlaut méi al ass, wéi déi ouni.
Am Vergläich zu ähnleche sproochhistoreschen Entwécklunge kann een demno festhalen, dass genat scho méi laang am Sproochgebrauch ass wéi genätzt (k. bitzen). Trotzdeem kann een zumindest de Moment nach net vun engem Sproochwandel, an deem déi méi al Variant ofhëlt an déi nei sech duerchsetzt, schwätzen. Ëmmerhi komme béid Varianten, an dat weisen d’Schnëssen-Daten, quasi gläichermoossen dacks vir.