Answered
0
0

Wouhier kënnt eigentlech de Gebrauch vun „d'“ (d-Apostroph) viru Fraennimm?

En interessanten Artikel vum Bastian Sick zum Thema Gebrauch vun Artikelen viru Numm nennt den interessante Fall, wou een am „Saarländeschen“ e sächlechen Artikel viru Fraennimm setzt, genau gesot en „es“ (gedeit als Equivalent zum héichdäitschen „das“), z.B. „‚es Chantal“.

Ech froe mech grad, ob net och am Lëtzebuergeschen eppes Ähnleches geschitt ass. Emmerhi benotzt ee fir sächlech Substantiver jo och den „d'“. Et läit also op der Hand unzehuelen, datt een dat am Lëtzebuergeschen och mécht – och wann et sech net esou „ufillt“, datt een den Träger vum Numm versächlecht. Dat wierkt éischter am Däitschen pejorativ – wat de Bastian Sick och feststellt.

Leien ech richteg?

Best Answer
0
0

Dee vun Iech zitéierten Artikel ass zwar populärwëssenschaftlech, mee verweist awer op e ganz interessant Phänomen, zu deem de Moment och (ë.a.) op der Uni Lëtzebuerg gefuerscht gëtt (Projet Das Anna und ihr Hund): Am Lëtzebuergesche si weiblech Virnimm (z. B. d’Chantal) tatsächlech Neutrum an net – wéi ze erwaarde wier – Femininum. Dat ass um d‘ allerdéngs net direkt un der Uewerfläch ze erkennen, well de bestëmmten Artikel am Lëtzebuergesche vu Synkretismus (formalen Zesummefall vu verschiddene grammatesche Funktiounen) betraff ass. Deemno huet den Artikel am Nominativ an Akkusativ am Singulier souwuel am Neutrum wéi am Femininum déiselwecht Form.

Kasus Genus
Maskulinum Neutrum Femininum
Singulier Nom./Akk. de(n) d‘
Dat. dem der
Pluriel Nom./Akk. d‘
Dat. de(n)

A Sätz wéi Ech ruffen dem Chantal un., bei deenen een den Artikel am Dativ benotzt, erkennt ee méi däitlech, dass et sech hei em déi neutral Form handelt. Am Lëtzebuergeschen huet den Neutrum bei weibleche Virnimm keng pejorativ Konnotatioun; villméi ass e grammatikaliséiert an et kléngt souguer éischter zimlech komesch, wann een an dësem Kontext de Femininum benotze géif (z.B. Ech ruffen der Chantal un.). Datselwecht gëllt fir däitsch Dialekter wéi d’Muselfränkescht an d‘Rheinfränkescht, woubäi et effektiv verschidden Dialektgebidder ginn, an deenen déi neutral Formen éischter eng negativ Konnotatioun hunn.

Well weiblech Virnimm am Lëtzebuergeschen Neutrum sinn, gëtt op si iwwregens och mat neutralem Personalpronomen hatt/et/‘t (an net mat si/se) referéiert. Fir weider Informatiounen heizou verweisen ech op d’Äntwert op eng aner Fro hei um Infodesk.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.