0
1

D’Lëtzebuergescht huet mat de Formen „sie/hir“ an  „hat/seng“ jo zwou Manéieren, fir iwwer Fraen ze schwätzen. Engersäits ginn bekannt Persounen an jonk Meederscher mat „hat“ an „seng“ ugeschwaat, mä Respektpersounen an onbekannt Fraen ginn mat „sie“ an „hir“ ugeschwat. Mech géif interesséieren wouhier dat kënnt, well ech dat an aaneren Sproochen net kennen an ech den Hannergrond gäre géif wëssen.

0
0

Kuckt w.e.g. och hei, wou mer éischt Resultater iwwert Verdeelung vun hattsi aus eisem Projet Das Anna und ihr Hund publizéiert hunn.

2
0

Dat ass wierklech eng spannend Fro! Reng theoretesch misst een d’Fro awer ëmdréinen, d.h.: Wisou huele mer „hatt“, wa mer op jonk oder bekannt Frae verweisen? Dass een de feminine Pronom „si“ fir eng Fra benotzt, ass jo iergendwéi evident.

Hei e puer Beispiller, fir d’hatt/si-Oppositioun fir d’éischt kloer ze maachen:

Am Lëtzebuergesche hu mer eng speziell Referenz (speziell Pronomen), wa mer iwwert weiblech Persoune schwätzen. Wann et ëm d’Madame Schmit geet, soe mer „Si ass krank. Hir deet alles wéi.“ a benotzen e Pronom am Femininum (si, hir, hiert). Schwätze mer vum Nadine, da musse mer soen: „Hatt ass krank. Him deet alles wéi.“ Hei huele mer op eemol Neutrum (hatt, him, säint). Bei männleche Persoune géife mer einfach soen: „Hien ass krank. Him deet alles wéi“, egal ob mer iwwert de Pol oder den Här Schmit schwätzen (et gëtt einfach ëmmer Maskulinum geholl: hien, him).

Bei weibleche Persoune mécht et also en Ënnerscheed, ob mer eng Persoun mam Familljennumm oder mam Virnumm uschwätzen. Dat hänkt dann nees domat zesummen, ob mer eng Persoun gutt kennen, wéi al se ass oder wéi no mer eis stinn. Dobäi kommen och nach „Spezialfäll“ wéi Mama/Mamm oder Bomi/Boma/Bom, déi ëmmer Femininum sinn („Meng Mamm? Si ass an der Vakanz.“).

Wéi kënnt et also, dass sech am Lëtzebuergeschen zwou Forme fir weiblech Persoune gebilt hunn?

Déi eenzeg Theorie (déi awer nach net wierklech bewisen ass), wisou mer Neutrum (hatt) amplaz Femininum (si) benotzen, geet dovun aus, dass dat eng Iwwerlagerung vum Diminutiv ass, d.h. vun der Verklengerungsform. Hei wier elo „si ass eng gutt Mod“ Femininum, awer „hatt ass e gutt Meedchen“ Neutrum. Dës grammatesch Form ass du mat enger sozialer Komponent verbonne ginn, an dësem Fall steet op eemol Neutrum fir weiblech Persounen, déi besonnesch jonk sinn.

Dat huet sech am Lëtzebuergeschen immens weiderentwéckelt, sou datt mer all d’weiblech Virnimm mat Neutrum benotzen: „dem Nadine säin Hond“ an net „der Nadine hiren Hond“. Souguer Kënschtlernimm kréien Neutrum: „dem Madonna seng Live-Tour“ an net „der Madonna hir Live-Tour“ (an dat, obwuel d’Madonna méi al a bestëmmt kee Meedche méi ass).

Den Neutrum (hatt) huet sech also grammatesch a mat senger sozialer Funktioun esou ausgebreet, dass déi feminin Formen (si, hir, asw.) just nach fir weiblech Persoune benotzt ginn, déi méi al, onbekannt, asw. sinn. Hei ginn et vill komplex Facteuren, op déi ech net eenzel kann agoen.

Dass „si“ eng méi héiflech Form duerstellt, ass also net direkt verantwortlech fir de Choix tëscht „hatt“ a „si“. Et ass zum Beispill net onhéiflech, wann de Bouf senger Famill seng nei Frëndin virstellt a seet: „Dat ass d’Nora. Hatt ass elo säit zwee Méint meng Frëndin.“ Et wier souguer éischter komesch, wann de Bouf géif soen: „Si ass meng nei Frëndin“. „Hatt“ gëtt hei einfach duerch de Virnumm „Nora“ ausgeléist.

Dëst Phänomen mat den zwee Pronomen (Neutrum oder Femininum) fanne mer iwwregens och a villen däitschen Dialekter (Saarlännesch z.B.) an am Schwäizerdäitschen, wou et dat deelweis och fir Männer gëtt (Neutrum oder Maskulinum).

Dir gesitt also, dass hei vill derhannert stécht, an dass dat méi genee erfuerscht misst ginn. Zu där Fro leeft och am Moment e Projet op eiser Uni, zesumme mat den Unie Mainz (D) a Fribourg (CH). Dofir siche mer och nach eng Persoun, déi zu deem Thema bei eis eng Dokteraarbecht wéilt schreiwen: http://infolux.uni.lu/stellenausschreibung-promotionsstelle-in-linguistik/ .

Mir stinn och fir weider Froen zu deem Thema zur Verfügung!

Showing 2 results
Your Answer

Please first to submit.