Ursprénglech wollte mir bei dësem Beispill vun eiser Schnëssen-Community wëssen, wéi fir si de Genus vun enger klenger Wurscht ass (en/eng Wirschtchen). Mee well d’Notzer*innen eis an den ca. 300 Opnamen zum Deel alles um Bild opgezielt hunn, hu mir dann och nach op de Moschter(t) an d’Réidercher gelauschtert, wat sou munch flott Resultater erausbruecht huet.

Wirschtchen

Fänke mer awer emol vir un: Fir déi kleng Wurschten aus Fleesch ze bezeechnen, goufe vun eisen App-Notzer*inne verschidde Variante gewielt: D’Wirschtercher leie mat 66,2% vir, wärend d’Würschtercher op 10,5% an d’Wuppen/Wippercher nach op 7,9% kommen. Méi seelen ass och nach Zoossiss, Wurschten/Wuuschten an Wirstercher/Würstercher virkomm. Ënner “aner” falen dann nach vereenzelt Nennungen wéi z.B. Wierschtercher.

D’Verdeelung no Alter weist, datt d’Wirschtercher an all Grupp (mat groussen Ofstand) déi meeschtgenannte Variant sinn. Gläichzäiteg ass awer ze erkennen, datt de Gebrauch vun Wirschtercher an eisen Opnamen bei deene Jonken no an no ofhëlt, soudass se an der Altersgrupp ≤24 nëmmen nach 46,4% ausmaachen.

Mee elo zum grammatesche Geschlecht vun Wirschtchen: D’Lëtzebuergescht ass eng Sprooch, an där de Genus vun engem Wuert trotz Diminutivbildung (mam Suffix -chen) onverännert bleift, anescht wéi beispillsweis am Däitschen, wou Diminutiver – onofhängeg vum Genus vum Basiswuert –  Neutra sinn (de Bam –>de Beemchen / der Baum –>das Bäumchen). Bei eng Wurscht schéngt dës Logik allerdéngs net berécksiichtegt ze ginn, vu datt den LOD béid Varianten als richteg ugesäit, wärend am eeleren LWB esouguer nëmmen déi männlech Form verzeechent ass, obwuel de weiblechen Artikel méi där lëtzebuergescher Morphologie entsprécht. Zeréckzeféieren ass dëst villäicht op de Gebrauch am Flammänneschen, wou worst ka männlech sinn. Allerdéngs huet Wurscht den däitsche Femininum ugeholl an nëmmen am Diminutiv schéngt déi männlech Form erhale bliwwen ze sinn. Dowéinst hu mir eis dëst emol an Zuelen ugekuckt a gesinn, datt ronn 78% vun de Leit e Wirschtchen (mask.) a just 22% eng Wirschtchen (fem.) soen, sou datt d’Verdeelung relativ däitlech ausfält. Leider ass den Artikel a villen Opnamen net genannt ginn, sou datt mir nëmmen en Deel vun de Wirschtercher konnten auswäerten (87 Stéck).

Opfalend ass donieft nach de Fakt, datt verschidden Notzer*innen den i méi a méi wéi en ü ausschwätzen. 238 Opname konnten an dësem Kontext berécksiichtegt ginn a weisen, datt et keng konsequent Entwécklung gëtt; allerdéngs kënnt d’Aussprooch mat ü an der jéngster Altersgrupp am dackste vir a mécht hei ëmmerhin ee Véirel vun den Opnamen aus. Et kéint deemno sinn, datt dës Aussprooch an Zukunft no an no méi dacks virkënnt.

Moschter(t)

Glécklecherweis konnte mir bei dëser Auswäertung vun 209 Opname profitéieren, an deenen och de Moschter(t) opgezielt gëtt. D’Wuert huet de Wee iwwer Aflëss vum Nordwestdäitschen (Mostert) an dem Hollänneschen (mosterd) an d’Lëtzebuergescht fonnt. Obwuel de Prozentsaz fir béid Variante an eisen Opname quasi identesch ass (50,2% Moschtert a 49,8% Moschter), weist sech gläichzäiteg däitlech, dass et sech hei ëm eng regional Verdeelung ze handele schéngt: Wärend am Norden (90% mat -t) an am Osten (72,4% mat -t) am meeschte Leit den -t nach ausschwätzen, fält en am Süden an der Majoritéit ewech (69,7% ouni -t).

Doriwwer eraus kënnt och d’Komponent vum Alter dobäi, déi weist, datt virun déi Jonk bis 24 Joer méi d’Tendenz weisen, den -t net méi auszeschwätzen, wärend et an deenen aneren Altersgruppen ëmmer méi oder manner ausgeglach bleift tëschent béide Varianten. Och hei kéint et deemno sinn, datt d’Variant Moschter nach weider am Gebrauch zouhëlt.

Réidercher

Op eisem Bild waren och Réidercher ze gesinn, sou datt Verschiddener eis och dësen Ausdrock mat opgezielt hunn (172 Opnamen). Insgesamt soe 65,1% Réidercher, 13,9% Radisercher an ëmmerhin 8,7% vun den Notzer*innen nennen déi däitsch Form Radieschen. Doriwwer eraus notzen 9,9% déi méi “kreativ” Variant Radéisercher (eng Radéischen).  Just 2,3% huelen eng aner Variant, déi net zu deene genannte gehéiert. Stellt een also déi ursprénglech Formen Réidchen (lëtz.) a Radieschen (dt.) géintiwwer, erkennt een zum Deel eng Tendenz vun de Leit, déi däitsch Variant ze verlëtzebuergeschen, wann se de Begrëff Réidchen net (wëllen) benotzen oder net wëssen. Dobäi gëtt Radieschen –> Radisercher –> Radéisercher méi a méi mat bekannten (lëtz.) Elementer bestéckt: Radisercher kritt eng typesch lëtzebuergesch Endung, wéi ee se vun engem Diminutiv géing erwaarden. An engem weidere Schrëtt kritt Radéisercher/Radéischen zousätzlech zur Endung nach e Wiessel vun -ie op -éi (wéi z.B. lieb –> léif, tief –> déif).

Unhand vum Diagramm mat den ënnerschiddlechen Altersgruppe gesäit een, datt eeler Leit éischter Réidercher soen, wärend d’Leit an deenen 3 méi jonken Altersgruppen dës Form manner heefeg benotzen an alternativ Bezeechnungen hei méi dacks virkommen.

Opfalend ass ausserdeem, datt Fraen d’Variant Réidchen an eisen Opname méi dacks benotzt hu wéi d’Männer, vun deenen déi aner Variante vergläichsweis e bësse méi heefeg genannt goufen.

Allgemeng schéngt et sou ze sinn, datt Radieschen net an de Wuertschaz vum Lëtzebuergeschen iwwerholl gëtt, op d’mannst net a senger ursprénglecher däitscher Form, mee a méi ofgeännerte Varianten, déi sech scho méi u bekannte Lautstrukturen vum Lëtzebuergeschen ugeglach hunn (Radéischen). Déi weider Entwécklung vun dësem Wuert bleift deemno spannend ze verfollegen.

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.