All Dag fueren ech do laanscht a muss bannendra schmunzen: Tëscht Bouneweg an Izeg stinn am Ganzen néng Stroosseschëlter, déi op de Flouernumm Izeger Stee hiweisen.
Onglécklecherweis ass de Flouernumm op deenen néng Schëlter sechs mol ënnerschiddlech geschriwwen – a kees richteg.
- Itzegerstee (1 mol)
- Izegerstee (2 mol)
- Izigerstee (2 mol)
- Izegersté (2 mol)
- Itzigersté (1 mol)
- Itzegersté (1 mol)
Et ass schonn immens, datt een op enger Streck vu manner wéi engem Kilometer de selwechten Numm sechs mol verschidde schreiwe kann. Deelweis ass en souguer op der viischter Säit vum Schëld anescht geschriwwe wéi op der hënneschter.
D’Variatioun bezitt sech op dräi Aspekter, deenen hir Ursaache mat der Onsécherheet an der Lëtzebuerger Schreifweis a mat der Vermëschung vun däitscher mat lëtzebuergescher Orthographie ze dinn hunn:
- D’Schreifweis vun der Affrikat [ts], déi mol mat <z>, mol mat <tz> geschriwwe gëtt
- De Vokal an der zweeter Silb vun Izeg, dee mol mat <e>, mol mat <i> geschriwwe gëtt
- De Vokal am Wuert Stee (dt. ‚Steig‘), wou sech nach déi al Schreifweis <sté> hält, déi z.B. am Wörterbuch der luxemburgischen Mundart (1906) steet.
An der richteger Schreifweis, déi leider néirens op dësen offizielle Schëlter ze fannen ass, muss de Flouernumm an zwee Wierder geschriwwe ginn, also Izeger Stee – genee sou ass de Numm och schonns am ale Luxemburger Wörterbuch ofgedréckt.
Wat och ëmmer d’Grënn fir d’Verschreiwunge sollte sinn, méi Méi bei der Schreifweis vun den Uertschafts- a Flouernimm wier vläicht ubruecht. Anerersäits ass déi immens Variatioun och typesch fir Lëtzebuerg, well sech och hei op eng net-puristesch Manéier d’sproochlech Diversitéit weist.