
„Je t’aime“ – genau dëse romanteschen Ausdrock hu mer eis Schnëssen-Participanten an der zweeter Ronn vun der App op Lëtzebuergesch iwwersetze gelooss. Extra fir Vältesdag hu mir eis déi ca. 1020 Opnamen ugelauschtert an och wann dierft kloer sinn, wéi een Ausdrock mir am dacksten ze héiere kruten, hu mer och bei dësem Item erëm e puer Variante gesammelt:
De Kéisdiagramm weist ganz kloer d’Gesamtverdeelung vun de verschiddene Formulatiounen. D’Majoritéit vun de Leit, 87% fir genau ze sinn, hunn de franséische Saz mat ech hunn dech gär iwwersat; d’Variant ech si frou mat dir kënnt nach op 10%. Déi reschtlech Prozent verdeelen sech z.B. op ech hunn dech léif an op Opnamen, an deenen zwou Variante genannt goufen.
Den Diagramm mat de Resultater no Altersgrupp weist dann och ganz schéin, wéi sech déi zwee heefegst Variante genau verdeelen: Bei der eelster Altersgrupp ass ech si frou mat dir mat gutt 42% nach ganz dacks vertrueden. D’Nennunge vun dëser Variant huelen awer da vun Altersgrupp zu Altersgrupp ëmmer méi of a maache virun allem an deenen zwou jéngste Gruppen nëmmen nach e ganz klenge Brochdeel aus. Hei huet sech zu 95% ech hunn dech gär duerchgesat. Seelen hu sech jonk Leit an eiser App dann och fir ech lieben dech entscheet; och ech léiwen dech oder ech hunn dech léif goufen allgemeng nëmme ganz vereenzelt genannt.
Gëtt et am Lëtzebuergesche kee richtegt Verb fir „lieben“?
Heiansdo héiert ee Leit pauschal lamentéieren, dass d’Lëtzebuergescht eng aarm Sprooch wier, well mir kee richtegt Verb wéi ‘lieben’, ‘to love’ oder ‘aimer’ hätten. Dat ass natierlech Kabes. 😉 Wéi d’Resultater weisen, huet sech mat ‚Ech hunn dech gär‘ eng eendäiteg Formule erausbilt, déi dat romantescht Konzept perfekt erëmgëtt.
Eng berechtegt Fro bleift, firwat mir keng Phras wéi ‚ech léiwen dech‘ entwéckelt hunn. Am Däitschen ass d’Verb ‚lieben‘ relativ spéit aus dem Adjektiv ‚lieb‘ entwéckelt ginn an huet sech eréischt am 17./18. Joerhonnert ausgebreet. Eng Phras wéi ‚ich liebe dich‘ ass domat eng relativ nei Entwécklung. An där Zäit hat sech am Lëtzebuergeschen awer schonn déi Variant mat ‚gär hunn‘ etabléiert esou, dass keng Noutwennegkeet bestoung, en neit Verb wéi ‚léiwen‘ ze bilden. Aus dem selweschte Gronn gëtt et och an den däitschen Dialekter oder och dem Schwäizerdäitsche kee Verb ‚lieben‘ (am leschtere heescht et ‚Ich ha di gärn‘). Och d’Hollänner/Flammänner hu mat hirem ‚Ik hou van jou‘ eng Formule, déi ouni d‘‘lieben‘-Verb auskënnt.
Souwuel ‚léif‘ wéi och ‚gär‘ hu sproochhistoresch gekuckt iwwregens déi selwecht Bedeitungskomponent, nämlech ‚op eppes begiereg sinn‘. ‚Ee gär hunn‘ ass also a senger Ausso genau sou staark wéi ‚lieben‘ am Däitschen. Et gëtt also kee Grond unzehuelen, dass d’Schwäizer, Hollänner/Flammänner a Lëtzebuerger ee manner gär kënnen hunn wéi déi Däitsch, d’Italiener oder d’Fransousen.
*****
Iwwregens: Wie seng Libeserklärung nach net ofginn huet, kann dat lo rëm an der App maachen. Mir hunn extra fir Vältesdag déi Aufgab rëm fräigeschalt an Dir kënnt Är Phras eraschwätzen. 🙂