Universitéit Lëtzebuerg, 22. November 2018
Campus Belval, Maison des Sciences Humaines, Black Box
Reng sproochpolitesch gesi war 2017 en interessant a mouvementéiert Joer: D’Sprooche-Petitioune 698 a 725 hunn däitlech gemaach, wéi verschiddenaarteg iwwer d’Plaz, d’Roll, d’Funktioun an d’Potential vum Lëtzebuergeschen an der Gesellschaft nogeduecht gëtt. Déi vum Educatiounsministère organiséiert Orthographies-Campagne schreiwen.lu weist däitlech, dass Diskussiounen ëm d’Lëtzebuergescht och fir d’Regierungsparteien en Thema sinn. Dës Verlagerung vun der Diskussioun ronderëm d’Lëtzebuergescht vun der politescher Marge an den Zentrum gëtt duerch de Gesetzesprojet iwwert d’Promotioun vum Lëtzebuergeschen zementéiert. Dëse Gesetzesprojet leet d‘Fërderung vum Lëtzebuergeschen als Kommuni-katiouns-, Integratiouns- a literaresch Sprooch am Kontext vun der Méisproochegkeet an engem 20-Jores-Plang fest an ass dowéinst, reng sproochhistoresch gesinn, wuel den ambitiéiste sproochpolitesche Fërderungsprogramm, dee bis elo vun enger Regierung virgeluecht gouf.
Während also vu politescher Säit sou muenches fir den Ausbau an de gesellschaftlechen Ancrage vum Lëtzebuergesche gemaach gëtt, weise sech an den ëffentlechen Debatten iwwert d’Sprooch (an d’Méisproochegkeet am Allgemengen) am Land ganz ënnerschiddlech Perzeptiounen iwwert hire Gebrauch an der Praxis, hir symbolesch Funktiounen an hir ëffentlech Unerkennung. Während déi eng d’Lëtzbuergescht wéinst der ëmmer méi grousser friemsproocheger Communautéit a Gefor gesinn, betounen déi aner, datt d‘Sproochcommunautéit, duerch d’Léieren an d‘Schwätze vun der Sprooch, stänneg wiisst an doriwwer eraus duerch déi digital Kommunikatioun ëmmer méi Dynamik kritt.
Dës Initiativen, Usiichten, Diskussiounen an Diskurser ronderëm d’Sprooch werfen aus wëssenschaftlecher Perspektiv eng Rei interessant Froen op:
- Wat ass d’Plaz vum Lëtzebuergeschen a Beräicher, an deenen traditionell dat Franséischt oder dat Däitscht méi gebraucht gëtt (z.B. am Droit an um Tribunal, an der Arméi, an der Institutioun vun der Kierch, am Gesondheetswiesen, bei Ponts & Chaussées, an der Wëssenschaft, dem Journalismus, der Cour Grand-Ducale etc.). Wéi gëtt an dëse Beräicher op d’Sprooch(en) gekuckt?
- Wat sinn déi ënnerschiddlech Virstellunge vu Sprooch(en) a Bezuch op hire prakteschen Notzen, hir ëffentlech Unerkennung an hire soziale Prestige?
- Wat fir eng Bedeitung hu kulturell déif verwuerzelt Konzepter wéi ‚Mammesprooch‘ fir tradéiert Diskurser, Institutionaliséierung an Ideologie vu Sprooch? Wéi prägen se eis Opfaassung vum Sproochgebrauch an der Sproochkompetenz a verschiddene Beräicher a wat fir eng Auswierkungen hu se op d’Aart a Weis, wéi mir am Alldag sproochlecht Handelen (eist eegent an dat vun den aneren) bewäerten?
Zil vun dëser Konferenz ass et, vill verschidden Acteuren aus ënnerschiddleche professionnelle Kontexter zesummenzebréngen, fir iwwert d‘Praxis vum Lëtzebuergeschen a méisproochegen Aarbechtskontexter ze diskutéieren. De sachlechen Diskussiounskontext soll eng objektiv Duerstellung an eng Bestandsopnam vum Lëtzebuergeschen am Alldag erméiglechen.
D’Konferenz ass an thematesch Workshoppen opgedeelt. Pro Workshop presentéieren d’Interventanten d’Sproochsituatioun an hirem Beräich/Service. Uschléissend gëtt sech an enger guidéierter Diskussioun méi geziilt iwwer verschidden Aspekter ausgetosch. D’Invitatioun vun den Intervenantë fir d’Workshoppen ass ad personam. Déi ganz Konferenz ass awer oppe fir jiddereen, dee sech fir d’Thema interesséiert.
De folgende Froekatalog gëtt eng generell Iddi, wat fir eng Sujeten an de Workshoppen an an der Diskussioun um Programm stinn. En ass zudeem als Hëllef geduecht, fir sech am Virfeld op d’Konferenz virzebereeden.
Allgemeng Froen
- Lëtzebuerg – e méisproochegt Land. Wéi eng Sprooche spillen an Ärem Service / Beräich eng Roll a wéi eng manner? Wouru kéint dat leien?
- Wéi gesäit de Sproochgebrauch am Service / Beräich aus?
- Konnt Dir an de leschte Joren eng Verännerung an der Praxis feststellen?
- Wéi eng Sprooche gi benotzt fir ze schwätzen, ze schreiwen?
- Gëtt et an Ärem Service / Beräich eng Sproochereegelung oder Sproochepolitik?
- Wat fir eng Mesurë goufe geholl, fir d’Sproochpraxis an d’Sproochkompetenz vun de Mataarbechter ze fërderen?
- Hunn d’Sproochen en Afloss (positiv oder negativ) op d’Aarbecht, déi an dësem Service / Beräich geleescht gëtt?
- Ginn et an der Alldagspraxis Problemer, déi mat der Méisproochegkeet an dem Status/Prestige vun den eenzelne Sproochen ze dinn hunn?
- Wat fir eng Erwaardungen bestinn op Säite vun de Mataarbechter a Clienten a Bezuch op d’Sproochen?
Programm
9:30 |
Wëllkomm a Kaffi |
10:00 |
Begréissung vum Georg Mein, Doyen vun der Fakultéit
Aféierung vum Jeanne E. Glesener a Peter Gilles |
10:30-12:00 |
Workshop 1 – Ablécker an de Sproochgebrauch (Moderatioun: Mélanie Wagner)
Participanten: Claude D. Conter, Direkter Centre national de littérature – Literaturarchiv Henri Eippers, Porte-parole de l’administration judiciaire Nico Helminger, Auteur/Theater Luc Marteling, Chefredakter RTL.lu Victor Reuter, Directeur communication – Police Grand-Ducale |
12:00-13:30 |
Walking Lunch |
13:30-15:00 |
Workshop 2 – Erausfuerderungen (Moderatioun: Christoph Purschke)
Participanten: Roland Arens, Chefredakter Luxemburger Wort Fränz Biver, Bistum Lëtzebuerg Jean-Paul Maes, Auteur/Theater Tanja Raveane, Conseillère en communication vun der Arméi Myriam Welschbillig, Iwwersetzerin
|
15:00-15:30 |
Kaffispaus |
15:30-17:00 |
Workshop 3 – Potential a Perspektiven (Moderatioun: Peter Gilles)
Participanten: Marc Barthelemy, Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch Valerija Berdi, Journalistin Radio 100,7 Ralph Fichtner, Lëtzebuerger Online Dictionnaire Claire Garçon-Wio, Service du Compte rendu – Chambre des Députés Jeff Schinker, Auteur/Kulturredakter Tageblatt Michel Weimerskirch, Entwéckler Spellchecker.lu |
17:00 |
Ofschloss-Apéro |
Organisatioun
Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft
Université du Luxembourg
Maison des Sciences Humaines
UR-IPSE
11, Porte des Sciences
L-4366 Esch-Belval