Mam Afloss vum amerikaneschen Halloween, dee méi a méi an Europa eriwwerkënnt, erënneren d’Leit sech och nees méi un de lokale Brauch vum Trauliicht. Waren et an der Groussregioun nach Rommelen, déi ausgehielegt goufen, hunn d’Iren an Amerika Kürbisse genotzt, wéi d’Auswanderer déi Traditioun mat an déi nei Welt geholl hunn. Säit zu Lëtzebuerg manner Rommelen an der Landwirtschaft ugebaut ginn, notzen d’Leit am Land och hei elo dat grousst, ronnt Geméis. Um 31. Oktober war dat fir d’Schnëssen-Ekipp Grond genuch, sech mat der Bezeechnung vun dëser Planz auserneenzesetzen.

An enger éischter Phas sollt analyséiert ginn, wéi een Ausdrock d’Leit am meeschte benotzen, an do ass d’Resultat däitlech. 1100 Schnësserten hunn dëst Beispill opgeholl a genee 80 % benotzen de Begrëff Kürbis, an dat ouni déi Notzer ze zielen, déi méi wéi ee Wuert uginn hunn. Doduerch weist sech schonn, datt aner Varianten nëmme minimal kënne vertruede sinn. Den Ausdrock Kalbass ass méi oder manner präsent, mee dëst allerdéngs nëmme mat 14,3 %.

De Kierbis/Kierbes ass zwar quantitativ net staark representéiert (1 %), mee sproochlech weist en op e ganz interessante Prozess hin. An dësem net ongewéinlechen Assimiliatiounsprozess gi geléinte Wierder aus anere Sproochen an d’Zilsprooch integréiert. An dësem Fall hunn d’Spriecher*innen d’Wuert Kürbis doduerch ugepasst, datt en se den däitschen –ü  duerch en –ie ersat hunn. Datt dëst e relativ jonkt Phenomen ass, kann een aus dem Alter vun de Spriecher*innen ofleeden. Déi 11 Schnësserte waren ni méi al wéi 34 Joer, sou datt ausschliisslech jonk Spiecher*innen dës Aussprooch genotzt hunn. Et bleift demno spannend, dës Entwécklung weider z’observéieren.

Iwwerraschend war d’Analys allerdéngs virun allem beim Artikel vum Begrëff Kalbass. Beim Kürbis huet d’Majoritéit (bis op wéineg Ausnamen) de männlechen Artikel e benotzt. Vun deenen 144 Participanten, déi Kalbass mat Artikel soten, ass et exakt fir d’Halschent jeeweils dee männlechen, respektiv weibleche Genus. 72 Spriecher*innen soen e Kalbass, ma awer och 72 Spriecher*innen eng Kalbass. Dës Variatioun weist ërem op eng Aart vu Sproochwandel hin – an zwar deen, deen de Genus betrëfft. Laut dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire ass déi weiblech Form déi korrekt, also eng Kalbass an och dat méi aalt Luxemburger Wörterbuch lëscht Kalbass nëmme mat weiblechem Artikel op. Interessanterweis war och de Kürbis am fréien Neihéichdäitsche vun deem Phenomen betraff. Verschidde Quelle beleeën, datt dëse Begrëff deemools och mat weiblechem Artikel kombinéiert gouf (eine Kürbis/eng Kürbis, wat an eiser Auswäertung just fënnefmol beluecht ass). Kuckt ee sech de Genus nom Alter un (visualiséiert um Diagramm), erkennt een, datt engersäits Leit iwwer 65 Joer nëmmen eng benotzen, de Grupp vu 35 bis 44 Joer awer majoritär en als Artikel huelen. Regional léisst sech leider keen Trend feststellen, sou datt eng Distanz zur Nopeschsprooch Däitsch oder Franséisch keen Opschloss iwwer d’Genuswiel gëtt, genee wéi d’Geschlecht vun de Spriecher*innen keen Afloss op de Choix huet.

Doriwwer eraus gouf et bei der Kalbass e semantesche Wiessel bei der Entlehnung. Ob d’Wuert elo aus dem Däitschen oder dem Franséischen iwwerholl ginn ass, ass net ze reconstruéieren. Allerdéngs kann een déi ursprénglech Quellen bis bei d’spuenescht calabaza an doriwwer eraus bis zeréck an d’Arabescht novollzéien. An all deene Sproochen ass eng spezifesch Zort Kürbis gemengt, nämlech e Fläschekürbis, wärend am Lëtzebuergeschen Kalbass allgemeng fir d’Planz genotzt gëtt. D’Restriktioun vun dëser Bestëmmtheet ass soumat verluer gaangen a faasst sech elo méi wäit.

 

Mir wënschen eise Schnësserten a Lieser*innen, datt d’Trauliichter déi béis Geeschter aus hiren Haiser verdreiwen, a si e puer roueg Deeg kënne verbréngen. An deem Sënn:

Ech sinn de groussen Hexemeeschter,
A wann ech Hokes Pokes son,
Sinn all Gespenster wéi all Geeschter,
Mir ënnerdon, mir ënnerdon!

 

 

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.