An eiser aktueller fënnefter Ronn an der Schnëssen-App froe mir d’Leit ënnert anerem och, wat hiert Liblingswuert am Lëtzebuergeschen ass a firwat. D’Fro schéngt an engem éischte Moment vläicht e bëssen trivial, mee mir ware ganz gespaant, wat do wuel alles un Äntwerte géifen erakommen. Aus Virwëlz hu mir dann och scho mol eng éischt, provisoresch Auswäertung gemaach an déi 259 Opnamen, déi mer fir dës Fro bis elo gesammelt hunn, ënnert d’Lupp geholl.
Eng éischt Feststellung ass dobäi, dass mir eis ëmmerhi vun 215 Leit d’Liblingswuert respektiv d’Liblingswierder ulauschtere konnten. Bei deenen aneren Opnamen huet d’Persoun entweder näischt erageschwat oder awer explizit gesot, dass se (spontan) kee Liblingswuert hätt. Mee wat ass dann elo dobäi rauskomm? D’Wordcloud gëtt schonn emol en éischten Androck:
Am Ganze hu mir bis elo iwwer 120 verschidde Liblingswierder gesammelt – vun Déierebezeechnungen iwwer Adjektiver bis bei Fluchwierder sinn dobäi ganz ënnerschiddlech Saachen zesummekomm. Mee natierlech gouf et och e puer Favoritten, déi méi dacks genannt goufen: Op déi éischt Plaz kënnt de Moment Kaweechelchen mat 24 Nennungen, viru Pimpampel mat 17 a Kéiseker mat 11 Nennungen. Soss goufe beispillsweis awer och nach Kopplabunz, Gromperekichelchen, muusseg, Gedeessems oder nondikass an d’App erageschwat. Opfälleg ass awer, dass virun allem Déierebezeechnunge ganz dacks virkommen – zu ëmmerhin 39,1%, also an 84 vun den 215 Opnamen, gouf een Déier genannt.
Doriwwer eraus ass ganz interessant, wat d’Leit als Begrënnung fir d’Liblingswuert uginn hunn: Och hei goufen et ganz ënnerschiddlech Erklärungen, déi sech awer graff an 8 gréisser Kategorien andeele gelooss hunn. Fir d’éischt sief dobäi erwäänt, dass gutt 14% vun de Leit (31 Opnamen) keng Begrënnung genannt hunn. Am heefegste war mat 25,1% (54 Opnamen) d’Erklärung fir d’Liblingswuert – net ganz onerwaarterweis – “typesch Lëtzebuergesch”, wéi z.B. glott . Hei hu mer ënnert anerem Fäll dobäigerechent, an deene gesot gouf, dass d’Wuert ganz anescht wier wéi an anere Sproochen (z.B. am Däitschen oder Franséischen) oder dass d’Wuert fir Leit, déi kee Lëtzebuergesch kënnen, schwéier auszeschwätze wier. Ganz dacks (16,3%, 35) gouf awer och d’Begrënnung genannt, dass d’Wuert schéin, léif, flott oder cool wier (z.B. Päiperlek). Ëmmerhin 12,6% (27) vun de Persoune waren dann der Meenung, dass hiert Liblingswuert géif “witzeg” kléngen (z.B. jauwen).
Eng weider Kategorie faasst déi Fäll zesummen, an deenen d’Leit eng “perséinlech Verbindung” (9,8%) mam Wuert hunn, d.h. si d’Wuert zum Beispill mat enger bestëmmter Persoun (z.B. Huesen) oder hirem Hobby (z.B. schwammen) verbannen. Zwou weider Erklärunge waren dann nach “gëtt net méi vill benotzt” (7,9%) an “passend bei den Objet/onomatopoetesch” (5,6%). Ënnert d’Wierder, déi laut de jeeweilege Leit net méi vill benotzt oder vergiess ginn (z.B. Bueteren), hu mir och dialektal Wierder gezielt. Zu de Liblingswierder, déi iwwerdeems als passend bei den Objet beschriwwe ginn, gehéiert z.B. Suppejäizert, mee och Knätsch, dat als onomatopoetesch, also lautmaleresch, charakteriséiert ginn ass. Ënner “aner” (8,4%) hu mir all déi aner Begrënnungen zesummegefaasst, déi nëmme vereenzelt virkommen. Ee Beispill heifir ass ma mat der Erklärung, dass een et a ville Situatioune kéint benotzen.
Mee ob elo Jippelchen, Klozber, ausdenkeg oder eppes ganz anescht – um Enn bleift eis dann och just nach eng Fro: Wat ass Äert Liblingswuert am Lëtzebuergeschen a firwat? Deelt eis et mat an der fënnefter Ronn vun der Schnëssen-App!