De Robert Bruch (1954: S.39[1]) leet den Urspronk vum Wuert Mëtsch hier aus dem rhäinesche Wuert Micke, wat selwer aus dem Laténgesche mica staamt a “kleng” bedeit. De laténgeschen Etymon ass och am franséischen une mie de pain ze fannen. Micke bezeechent e Bréitchen aus rengem Weess- oder Karmiel: “graues Weissbrot aus gebeuteltem Roggenmehl oder Weizenmehl” (RhWB Micke III). Je no Gebitt och nach “kleines, weiches Weissbrot, das früher am Fastnachtsmontage morgens gebacken u. möglichst warm verzehrt wurde” oder “Graubrot, ohne Milch, Fett- u. Zuckerzusatz”. Am Westmuselfränkeschen wäer dem Robert Bruch no den [k] zu [tʃ] palataliséiert ginn zu Mitsche (RhWB Mitsche), am Lëtzebuergeschen ass zousätzlech den [i] zu [ə] ginn. De Problem ass awer, dass eng Palataliséierung vun [k] net den lauthistoreschen Regelen entsprécht. Denkbar ass éischter eng Entlehnung direkt aus dem alfranséischen miche „sorte de pain (XIIIe s.)“ (Greimas[2]), ausgeschwat [mitʃe]. Dat franséischt miche kënnt ërem entweder vum hollänneschen micke oder vun enger populärlaténgescher Form *micca.
Mee eng aner Erklärung kënne mer eis och virstellen: d’Wuert Mëtsch kéim vun der südwestfränkescher Variant Mütsche. D’Konkurrernz tëschent deenen zwou Formen Mitsch vs. Mutsch léisst sech och mat Hëllef vun de Familljenimm feststellen: hei fannt Dir méi Detailler.
{xtypo_info}Di allgemengste Bedeitung vun Mutsche ass “die Semmel” (Lexer Mutsche), et bezeechent einfach e klengt Brout: “ein brot von geringerer grösse u. beschaffenheit ” (MhdWB). Och d’lëtzebuergesch Dictionnairen aus dem 19. an Ufank 20. Joerhonnert, wéi d’Wörterbuch der luxemburgischen Mundart bleiwe bei der Bedeitung: Mötsch f., “Semmel”; oder d’Luxemburger Wörterbuch: “Mëtsch F.: “Semmel, Brötchen” — eng duebel M. (der Wecken)”; genee sou wéi de Lexicon der Luxemburger Umgangssprache: “Metsch, pl. -en, die Semmel, Mütsche, le petit pain, la miche.”. (WLM; LWB; LLU). D‘Wuert Mëtsch liwwert och den Origine vum Adjektiv mëtschgieweg (LLU; LWB), dat e generéise Mënsch, een deen gäeren mol eng Mëtsch emsoss zum Beschte gëtt, bezeechent (och mütz-gebig am RhWB).{/xtypo_info}
eng rheinländesch Mutze |
Bréidecher |
Mëtschen haut |
(Bildquell: Wikipedia, GNU-Lizenz)
Eis eegen Intuitioun an e kuerzen Test op enger Internetsichmaschinn weist, datt d’Bedeitung vum Wuert evoluéiert ass:
- D’Kanner kruuten zum Schluss nach warme Schoky an eng Mëtsch offréiert vann der Elterevereenigung. (www.wincrange-schoul.lu/)
- Majo, ech iessen grad eng metsch ,^^ du mat äppel drop (www.nobody-else.chillnow.com).
- Dofir ass ët mei wichtëg kulturell Tätegkeeten op lëtzebuergesch z’ennerstetzen siehe ze kreieren wei den arme Bäcker dee seng Arbescht mëcht ze forceieren Mëtsch ze soen an sou ze machen wei wann mer Croissant net geife verstoen. (millescheletridentrolarmadio.blogspot.com)
- Kanner kreien souguer allkeiers en Breitchen oder eng Metsch fir naischt beim Bäcker an hei beim Fischer muss de en Prêt machen fir en gefellten Croissant. (Kommentar op rtl.lu)
Mär stelle fest, datt eng Mëtsch an e klengt Brout (Bréitchen (4)) net méi dat selwecht heeschen. Hautesdaags mengt ee mat Mëtsch dat selwecht wéi mat Kaffiskichelcher, verschiddent séisst Gebäck wéi Croissanten, Aachtecher, Äppeltäschen asw., woubäi de Prototyp vun der Mëtsch de Croissant ze si schéngt (3, 4).
P.S.
Ze kläre bleift dann awer nach den Origine vu lëtzbg. Mutsch. Et ass wahrscheinlech, datt dëst Wuert relativ spéit an eis Sprooch koum, an dofir den [u] lautlech net ugepasst gouf. Am Muselfränkeschen bezeechent Mutsch eng „kleine, dicke Frau“ (RhWB Mutsche III), „schlampige, verwahrloste Frau“ (PfWB Mutsch4), „träges, wohlbeleibtes, unbeholfenes, unordentliches Frauenzimmer“ (EWB Motsch) . D’Bedeitung kéint een hei aus zwou Richtungen beliichten: „grösseres Kalb“ (RhWB MutschV), „Kuh“ (EWB Motsch); oder eventuell „ungestaltetes Brot“ (PfWB Mutsch4), „mißratener Laib Brot“ (LothWB Motsche). Am Lëtzebuergeschen kënnt durch Metonymie zousätzlech de Sënn „Vulva“ (LWB) dobäi.
[1] Bruch Robert, Das Luxemburgische im westfränkischen Kreis, Luxembourg, Publications scientifiques et littéraires du Ministère de l’Éducation nationale, 1954, vol. II.
Eng Mëtsch, w.e.g.!
De Robert Bruch (1954: S.39[1]) leet den Urspronk vum Wuert Mëtsch hier aus dem rhäinesche Wuert Micke, wat selwer aus dem Laténgesche mica staamt a “kleng” bedeit. De laténgeschen Etymon ass och am franséischen une mie de pain ze fannen. Micke bezeechent e Bréitchen aus rengem Weess- oder Karmiel: “graues Weissbrot aus gebeuteltem Roggenmehl oder Weizenmehl” (RhWB Micke III). Je no Gebitt och nach “kleines, weiches Weissbrot, das früher am Fastnachtsmontage morgens gebacken u. möglichst warm verzehrt wurde” oder “Graubrot, ohne Milch, Fett- u. Zuckerzusatz”. Am Westmuselfränkeschen wäer dem Robert Bruch no den [k] zu [tʃ] palataliséiert ginn zu Mitsche (RhWB Mitsche), am Lëtzebuergeschen ass zousätzlech den [i] zu [ə] ginn. De Problem ass awer, dass eng Palataliséierung vun [k] net den lauthistoreschen Regelen entsprécht. Denkbar ass éischter eng Entlehnung direkt aus dem alfranséischen miche „sorte de pain (XIIIe s.)“ (Greimas[2]), ausgeschwat [mitʃe]. Dat franséischt miche kënnt ërem entweder vum hollänneschen micke oder vun enger populärlaténgescher Form *micca.
D‘Wuert Mëtsch liwwert och den Origine vum Adjektiv mëtschgieweg (LLU; LWB), dat e generéise Mënsch, een deen gäeren mol eng Mëtsch emsoss zum Beschte gëtt, bezeechent (och mütz-gebig am RhWB).
Di allgemengste Bedeitung vun Mutsche ass “die Semmel” (Lexer Mutsche), et bezeechent einfach e klengt Brout: “ein brot von geringerer grösse u. beschaffenheit ” (MhdWB). Och d’lëtzebuergesch Dictionnairen aus dem 19. an Ufank 20. Joerhonnert, wéi d’Wörterbuch der luxemburgischen Mundart bleiwe bei der Bedeitung: Mötsch f., “Semmel”; oder d’Luxemburger Wörterbuch: “Mëtsch F.: “Semmel, Brötchen” — eng duebel M. (der Wecken)”; genee sou wéi de Lexicon der Luxemburger Umgangssprache: “Metsch, pl. -en, die Semmel, Mütsche, le petit pain, la miche.”. (WLM; LWB; LLU)
eng rheinländesch Mutze Bréidecher Mëtschen haut
Eis eegen Intuitioun an e kuerzen Test op enger Internetsichmaschinn weist, datt d’Bedeitung vum Wuert evoluéiert ass:
(1) D’Kanner kruuten zum Schluss nach warme Schoky an eng Mëtsch offréiert vann der Elterevereenigung. (www.wincrange-schoul.lu/)
(2) Majo, ech iessen grad eng metsch ,^^ du mat äppel drop (nobody-else.chillnow.com).
(3) Dofir ass ët mei wichtëg kulturell Tätegkeeten op lëtzebuergesch z’ennerstetzen siehe ze kreieren wei den arme Bäcker dee seng Arbescht mëcht ze forceieren Mëtsch ze soen an sou ze machen wei wann mer Croissant net geife verstoen. (millescheletridentrolarmadio.blogspot.com)
(4) Kanner kreien souguer allkeiers en Breitchen oder eng Metsch fir naischt beim Bäcker an hei beim Fischer muss de en Prêt machen fir en gefellten Croissant. (Kommentar op rtl.lu)
Mär stelle fest, datt eng Mëtsch an e klengt Brout (Bréitchen (4)) net méi dat selwecht heeschen. Hautesdaags mengt ee mat Mëtsch dat selwecht wéi mat Kaffiskichelcher, verschiddent séisst Gebäck wéi Croissanten, Aachtecher, Äppeltäschen asw., woubäi de Prototyp vun der Mëtsch de Croissant ze si schéngt (3, 4).
P.S.
Ze kläre bleift dann awer nach den Origine vu lëtzbg. Mutsch. Et ass wahrscheinlech, datt dëst Wuert relativ spéit an eis Sprooch koum, an dofir den [u] lautlech net ugepasst gouf. Am Muselfränkeschen bezeechent Mutsch eng „kleine, dicke Frau“ (RhWB Mutsche III), „schlampige, verwahrloste Frau“ (PfWB Mutsch4), „träges, wohlbeleibtes, unbeholfenes, unordentliches Frauenzimmer“ (EWB Motsch) . D’Bedeitung kéint een hei aus zwou Richtungen beliichten: „grösseres Kalb“ (RhWB MutschV), „Kuh“ (EWB Motsch); oder eventuell „ungestaltetes Brot“ (PfWB Mutsch4), „mißratener Laib Brot“ (LothWB Motsche). Am Lëtzebuergeschen kënnt durch Metonymie zousätzlech den Sënn „Vulva“ (LWB) dobäi.