E weidere méiglechen Urspronk
Mee eng aner Erklärung kënne mer eis och virstellen: d’Wuert Mëtsch kéim vun der südwestfränkescher Variant Mütsche (PfWB Mutsch, Mütsche) (am Mëttelhéichdäitschen ass Mutsche beluecht (MhdWB Mutsche)). Phonetesch gesinn ass de Prozess, deen aus Mütsche eng Mëtsch gemaach huet, ganz regulär, de [y] > [ə]. Den Urspronk vun dësem Wuert ass onkloer, et wäer eng Variant vun Mutze (PfWB Mutze, MhdWB Mutsche), dat nom MhdWB Lexer an dem LLU aus dem mhd. mutzen „abschneiden, stutzen“ kënnt, well d’Form vum Brout wéi of- an ageschnidden ausgesinn huet. Dofir plädéiert och vläit d’Existenz am Lëtzebuergesche vun dem (dann tautologeschen) Ausdrock eng geschnide Mëtsch, deen am LLU vun 1847 beluecht ass. Allerdéngs ass et och hei problematesch, eng Palataliséierung vum [ts] op [tʃ] unzehuelen. Mär stellen eis d’Fro, ob Mutsche, Mütsche a Mitsche net den gemeinsamen Etymon [mitʃe] hun (wéi et am PflzWb ugedeit ass), an d’Wuert Mutze keng weider lautlech Entwécklung matgemaach huet. Am Rheinland bezeechent Mutze nämlech haut nach en dräieckegt Gebäck (dat eise Fueskichelcher nokënnt).
Dass déi zwou Formen, Mutsche a Mitsche, zou Varianten vum selwechten Lexem sin, weisen och d’Spueren an eise Familljennimm, als Beruffsbezeechnung fir déi, déi d’Mëtsche produzéieren. Wa mer eis d’Verdeelung ukucken tëschent deenen 2 Tippen an hiere Varianten (Mutsch (blo), Mutschler, Mutscher, Mitsch (giel), Mitscher, Mitsche ), erkenne mer, datt déi südwestfränkesch Variant majoritaire am Grenzgebitt zu Lëtzebuerg virkënnt, während Mitsch méi südlech vun der Rhein-Main-Géigend virkënnt. Och zu Lëtzebuerg hu mer méi eng grouss Frequenz fir Mutsch (25) a Mutschler (2) wéi fir Mitsch (16, Mitschler 0), zousätzlech konzentréiert sech den Tipp Mitsch am Südosten (Donnéeën vun Editus, opgeschaft am Kader vum LFA). Di zwee Nimm hun also eng komplementär Verdeelung, et gin juste wéineg Iwwerschneidungen. Dat weist, datt een entweder Mitsche oder Mutsche benotzt huet.
Claire Muller