Och dëst Joer wëlle mir vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni Lëtzebuerg eis Fuerschung dem Lëtzebuerger Public méi no bréngen. Dofir invitéiere mer Iech ganz häerzlech en Dënschdeg, de 24. November vu 17:00 bis 19:00, op eisen Apéro am Casino an der Stad (Forum d’art contemporain).

Et erwaarden Iech verschidde Posteren a kleng Aktivitéite ronderëm eis aktuell Fuerschungsthemen. Dat geet vum Sproochegebrauch iwwer d’Sproochstruktur bis bei d’Lëtzebuerger Literaturszeen. Ënne fannt Der eng Iwwersiicht vun de Presentatiounen.

D’Entrée ass gratis an et muss ee sech net extra umellen, fir Gedrénks gëtt gesuergt. Mir freeën eis op e flotten Austausch a spannend Diskussiounen.

 

Snip20151118_1

  • Anne-Marie Millim: De Feuilleton an d’kulturell Identitéiten zu Lëtzebuerg 1910-1940 / The Feuilleton and Cultural Identities in Luxembourg 1910-1940
  • Britta Weimann & Joshgun Sirajzade: Die Wortbildung des moselfränkisch-luxemburgischen Raumes
  • Caroline Döhmer: hatt & si, du & de, mir & dir – Persounereferenz am Lëtzebuergeschen.
  • Fabienne Gilbertz: De Lëtzebuerger Literaturbetrib an den 1960er an 1970er Joren. Den Ufank vun enger Moderniséierung
  • Ian De Toffoli: D’Editiounswiesen an déi literaresch Publikatioun zu Lëtzebuerg/ Le paysage éditorial et la publication littéraire au Luxembourg
  • Jeanne E. Glesener: Geschicht vun der Lëtzebuerger Literatur: Literaturhistoriographie an engem méisproochegen an interkulturelle Kontext
  • Judith Manzoni: Lëtzebuerger Sproochmelodie & Interferenze mam Däitschen a Franséischen
  • Julia de Bres: Multilingual Shopping Lists in Luxembourg
  • Maike Edelhoff: E Stéck(el)che(n) méi no un de Beem(er)cher. Diminutiver un der däitsch-lëtzebuergescher Grenz
  • Mélanie Wagner & Luc Belling: Privat Schrëftlechkeet: Fréier an hautdesdaags am Internet – e puer Fuerschungsabléck
  • Peter Gilles & Amaru Flores: Der luxemburgische Familiennamenatlas / Atlas des noms de famille luxembourgeois
  • Rahel Beyer: Die Standardisierung des Deutschen unter Mehrsprachigkeitsbedingungen in Luxemburg im 19. Jhd.
  • Tina Thill: Wéi schwätze Fransouse Lëtzebuergesch? / De quelle manière les français parlent-ils luxembourgeois?

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.