D’Lëtzebuerger Dräisproochegkeet ass an der Periode vun 1841, wou de Lëtzebuerger Staat déi éischt eegestänneg politesch an administrativ Institutioune kritt huet, bis an d‘1920 er Joren, wou e sech no der Opléisung vum Däitsche Zollveräin wirtschaftlech huet missen nei opstellen, entstaan. Dës Thees probéiert de Fernand Fehlen ze beleeën, andeems en Diskussiounen ëm d’Primärschoulgesetz ënnersicht.
Wann och déi zweesproocheg däitsch-franséisch Primärschoul duerch d’Gesetz vun 1843 enger Bevëlkerung, déi sech deemools als däitschsproocheg verstanen huet, vun den Notabel imposéiert ginn ass, sou hunn d’Leit sech iewel schnell un dës Zweesproochegkeet gewinnt, ënnert anerem well d’Franséisch hinnen d’Dir zum frankophonen Aarbechtsmaart opgemaach huet.
A sengem Virtrag ass de Fernand Fehlen ënnert dem Titel: „Die Primärschulreform von 1912. Die Luxemburger Dreisprachigkeit nimmt ihre (vorläufig) definitive Form an“ haaptsächlech op de Schluss vun deem Prozess agaangen. Iwwer d‘Primärschoulreform vun 1912, déi sougenannt Loi Braun, ass scho vill geschriwwe ginn. Datt bei der Aféierung vum Lëtzebuergeschen an de Curriculum iewel och iwwer d’Standardiséierung vun där Sprooch gestridde gouf (cf. Slide), ass iewel wéineg bekannt. Och wann d’Plaz vum Fach „Anfangsgründe der Landesgeschichte und Luxemburgisch“ bescheide war, sou war dës offiziell Unerkennung dach e wichtege Schratt fir den Ausbau vum Lëtzebuergeschen.
Duerch d’wirtschaftlech Reorientéieren nom éischte Weltkrich a Richtung Belge kritt d’Franséisch méi eng grouss Bedeitung. Géint de Protest vum corps enseignant gëtt de Franséischunterrecht elo nees an der zweeter Klass ugefaangen an d’Schoul vermëttelt eng spezifesch Dräisproochegkeet, déi de Riedner op sengem leschte Slide resuméiert huet.
(Text: Fernand Fehlen)
Nächst Woch (19.04.16): Christoph Purschke: „Identität, Mehrsprachigkeit, Schreibpraxis – Luxemburg als Testfall für eine pragmatische Kulturtheorie“