Seet een éischter Offizéierin oder éischter Offizéiesch? Mat där Fro hunn sech d’Britta Weimann an d’Maike Edelhoff beschäftegt an hunn am Colloque hir Recherche an Iwwerleeungen dozou presentéiert. An hirem Titel ass rieds vu „konkurrierende Movierungssuffixe“. „Konkurrierend“ heescht an deem Fall, dass e Wuert ka méi wéi ee Suffix hunn an awer dat nämmlecht bedeiten (z.B. Arbitterin/Arbittesch). Ënnert der „Movierung“ gëtt dann an deem Fall d’Feminiséierung vun engem generesche Maskulinum verstanen (z.B. Offizéier (Mask) -> Offizéierin (Fem)).

Elo stellt sech fir d’Lëtzebuergescht d’Fro: wéi eng Suffixe gëtt et a wéini ginn dës gebraucht, respektiv wéini sinn dës akzeptabel. D’Fuerscherinnen hunn erausfonnt, dass et un der Base vum Wuert hänkt. Sougenannte nativ (hei ‚lëtzebuergesch‘) Base kënnen de Suffix –esch an –in kréien (Nopesch, Gäertnerin), während friem Basen d’Endungen –trice, –ière, –euse an –e kënne kréien (Educatrice, Infirmière, Coiffeuse, Chargée). Sou eppes wéi *Schmatteuse ass dee Moment net méiglech.

No engem historeschen Exkurs, krute mer nach d’Resultater vun enger Pilotstudie virgestallt. Dat heescht ronn 60 Leit kruten e klenge Froebou zur Feminiséierung auszefëllen an deen hunn ‚d’Chercheusen‘ dann ausgewäert. Dobäi ass erauskomm, dass verschidde Formen, wéi Ministesch, sech géint aner Formen (wéi Ministerin) duerchgesat hunn. Anerer awer sinn nach a Konkurrenz, dat heescht, si goufe gläich heefeg vun de Participanten uginn (Redakterin/Redaktrice/Redaktesch). D’Wiel bei konkurréierende Suffixe schéngt, sou d’Tendenz, op den Alter an d’Regioun am Land zeréckzeféieren ze sinn. Dëst ass awer nach duerch weider Studien ze confirméieren.

An Dir? Hutt Dir schonn emol Formen héieren, déi Iech besonnesch opgefall sinn?

 

(Text vum Judith Manzoni a Fotoe vum Caroline Döhmer)

Foto Colloq 2015 FullSizeRender 2

Är Commentairen

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.