De Ian de Toffoli huet eis a sengem Virtrag d’Poetik vum Lëtzebuerger zäitgenësseschen Drama nobruecht. Hien huet mat enger Definitoun an engem historeschen Exkurs ugefaang, fir e Kontext ze schafen:

D’Poetik, als Disziplin, ass d’Etude an d’Theoriséiere vun de verschiddenen Elementer vum Text, an d’Aart a Weis vun dären Zesummekommen, fir e gewëssenen Effekt ze produzéieren.

Mee méi genee: d’Poetik geet op den Aristoteles zeréck. Eng Poetik – oder Art poétique wéi beim Horaz oder an der klassescher franséischer Period – ass en Ensembel vu Regelen, déi en Auteur ze befollegen huet, fir datt säi Konschtwierk de Finalitéite vu Schéinheet a vu Gereimtheet (also de Konträr vun Ongereimtheet) nokënnt. Metonymesch gesinn ass en Art Poétique e Regelhandbuch, dat erkläert, wéi een e Wierk mécht dat dem Spectateur oder Nolauschterer gefällt. Aus der Poetik vum Aristoteles (ëm 335 viru Christus geschriwwen) kommen déi éischt Reflexiounen iwwert komplex an einfach Aktioun am Theater, iwwert d’Behuelen an de Register vun de Personnagen.

Hautdesdaags fanne mer, ënnert anerem, am Buch Le Théâtre contemporain (Paris: Nathan, 2002) vum franséischen Theaterwëssenschaftler Patrice Pavis e Modell vun enger zäitgenëssescher Poetik, déi selwer scho komposit ass an sech aus der Rhetorik, der Narratologie, der struktureller Semantik vun engem Greimas an der klassescher Dramaturgie bedéngt, fir op den apparenten “Désordre” vum zäitgenësseschen Theatertext anzegoen.

Eng Poetik vum Drama ze zeechnen erméiglecht thematesch oder dramaturgesch Zesummenhäng ze schafen an och op Divergenzen hinzeweisen. Et erméiglecht weiderhin Traditiounen oder Influenzen z’erkennen, d’Konditioune vum Entstoen vun Dramen z’erkennen, oder Analysen déi iwwert Auteuren an hier Stécker gemaach goufen ze revidéieren oder ze komplettéieren: wann zum Beipsill de Marc Olinger vum Pol Greisch senger Theatersprooch bei der Remise vum Batty Weber Präis sot, datt se sech géif epuréieren (e mengt domat den Dialog, natierlech) ass dat net just well de Pol Greisch wollt Tchekhov oder Beckett imitéieren – och wann deenen hier Stécker an senge rëmz’erkenne sinn. Et ass virun allem well an de spéideren Drame vum Pol Greisch, déi sech mat der Thematik vum Alter beschäftegen, den eigentlechen Drama meeschtens scho Joren an der Vergaangenheet läit, well d’Figure sech näischt ze soen hunn. Dëst ass am retrospektiv-analyteschen Drama – eng Technik déi mam Ibsen an Tchekhov opkoum an de modernen europäeschen Theater imprägnéiert huet – am Drama vun der privéierter Existenz oft de Fall.

D’Poetik vun dem Lëtzebuerger Theater ass also e Verstoe vun de verschiddenen Elementer déi am Lëtzebuerger Theatertext (als literaresch Gattung) zesummekommen a seng Spezifik ausmaachen.

 

Text vum Ian de Toffoli

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.