No méintelaanger Virbereedung war et vum 9. bis den 13. September endlech esou wäit. Fir eis Summer School zum Lëtzebuergeschen, déi d’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft dëst Joer fir d’zweet Kéier organiséiert huet, hunn 18 Participante*ën  – virun allem Bachelor-, Master- a PhD-Student*innen – ë.a. aus Däitschland, der Ukrain, Japan, Éisträich an Island de Wee op Lëtzebuerg respektiv op de Campus Belval fonnt. Dobäi waren awer och e puer Lëtzebuergesch-Mammesproochler*innen, déi emol en Abléck an d’Fuerschung iwwert d’Lëtzebuergescht kréie wollten.

Scho virum offiziellen Ufank vun der Summer School gouf et um Virowend bei engem Warm-up eng éischt Geleeënheet, sech kennenzeléieren a sech auszetauschen. Fir eng ganz Partie Leit war et näämlech hiren éischte Besuch zu Lëtzebuerg.

Richteg lass gaangen ass et dunn um Méindeg, wou iwwer fënneg Deeg e volle Programm op d’Participante*ën gewaart huet. No enger allgemenger Aféierung an engem éischte Sproochcours stoung d’Soziolinguistik (souwuel aus enger méi diachroner wéi och aus enger synchroner Perspektiv) am Zentrum vum éischten Dag. Weider gaangen ass et dunn am Phonetikscours mat de grondleeënde Charakteristike vum lëtzebuergesche Lautsystem, ier d’Verben am éischte Morphologieblock um Programm stoungen. De Fokus vum zweete Block louch dogéint éischter um Substantiv, Adjektiv an de Personalpronomen. Natierlech duerft och ee Cours iwwert d’Syntax vum Lëtzebuergeschen net feelen; thematiséiert gouf hei ë.a. d’Verbstellung am Niewesaz. An engem extrae Cours iwwer Sproochkontakt ass et dann nach virun allem ëm lexikalesch a lautlesch Dubletten gaangen, déi am Lëtzebuergeschen omnipräsent sinn. Um leschten Dag sinn d’Participante*ën an zwee Coursen nach méi iwwert d’Sproochgeschicht gewuer ginn, woubäi och d’Flouernimm behandelt goufen. Iwwert all dës (sozio)linguistesch Aspekter eraus hu mir bei dëser Editioun vun der Summer School och Plaz fir d’Literatur geschaf: An zwee Coursë kruten d’Participante*ën en interessanten Iwwerbléck iwwert d’Ëntwécklung vun der lëtzebuergeschsproocheger Literatur an en Abléck an d’Thema Lëtzebuerger Literatur a Schoul a Gesellschaft.

 

 

Besonnesch gutt bei de Participante*ën ukomm ass och de Schnëssen-Workshop, bei deem sech een Nomëtte laang alles ëm d’Sproocherhiewungsapp gedréit huet. No eng Presentatioun vun der App selwer, hirem genauen Opbau an enger klenger Auswiel u Resultater konnten d’Participante*ë selwer mat de Schnëssen-Date schaffen. A klenge Gruppe hu si jeeweils dräi bis véier Items ausgewäert, d. h. sech Honnerte vun Opnamen ugelauschtert, Diagrammer erstallt an hir Resultater um Enn vum Workshop kuerz presentéiert.

 

 

 

Bei dësem gutt gefëllte Programm duerften e puer Fräizäitaktivitéieten natierlech net feelen: Um Enn vum éischten Dag ass et dofir – mat Ëmweeër laanscht kuckeswäert Stater Gebaier a Plazen – op d’Schueberfouer gaangen. Bei enger Féierung iwwert de Belval mat Visitt vum Héichuewen zwee Deeg méi spéit krute mir dunn och d’Entwécklung vum Site Belval , d.h. vun der Industrie bis zum Wëssensstanduert méi no bruecht. D’Summer School hu mer mat engem Owesiessen ofgeschloss. Do gouf et dann natierlech d’Méiglegkeet Lëtzebuerg och kulinaresch nach besser kennen ze léieren an a Gespréicher Kontakter ze verdéiwen.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Feedback:

“Sehr interessant gestaltet und sehr informativ. Die Sommerschule hat einem Lust gemacht Luxemburgistik zu studieren.” (Masterstudent*in)

“Guter Querschnitt durch die Forschungsbereiche” (Masterstudent*in)

“eng frëndlech an entspaant mee produktiv an ureegend Stëmmung” (Masterstudent*in)

„Manche Veranstaltungen fand ich etwas zu theorielastig und weniger zugänglich, wenn man noch nicht spezielle Vorkenntnisse mitbringt […] es war hier wahrscheinlich auch nicht so leicht, einen Mittelweg zu finden […]. (Master-Studentin)

“Die Sommerschule hat mir sehr gut gefallen. Besonders gut fand ich, dass die Sommerschule einen guten Überblick über die verschiedenen Themen bot, die Dozentinnen und Dozenten fachlich sehr kompetent waren und ein interessanter Reader zur Verfügung gestellt wurde.” (Doktorand*in)

 

 

Organisatioun: Nathalie Entringer & Sara Martin

Dozent*innen: François Conrad (Uni Hannover), Caroline Döhmer (Zenter fir d‘Lëtzebuerger Sprooch), Nathalie Entringer (Uni Lëtzebuerg), Fernand Fehlen (Uni Lëtzebuerg), Peter Gilles (Uni Lëtzebuerg), Jeanne Glesener (Uni Lëtzebuerg), Judith Manzoni (Uni Trier), Sara Martin (Uni Lëtzebuerg), Sam Mersch (Uni Lëtzebuerg), Christoph Purschke (Uni Lëtzebuerg), Sébastian Thiltges (Uni Lëtzebuerg)

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.