Wéi den éischten Deel vum Titel schonn undeit, goung et am Judith Manzoni sengem Virtrag ënnert anerem ëm den ‚melodeschen‘ Ënnerscheed tëschent verschiddene Saztyppen. Sou kann ee beispillsweis bei ah? eng steigend a bei ah! eng falend Tounhéicht héieren. Um Niveau vu ganze Sätz ass dat e bësse méi komplex a virun allem net esou einfach ze héieren, well ee sech meeschtens méi op den Inhalt konzentréiert, wéi sech mam Op an Of vun der Stëmm ze befaassen. D’Sproochmelodie oder och Intonatioun gëtt a kleng Unitéiten – déi sougenannten Intonatiounsphrasen – agedeelt an déi kann een dann, vereinfacht gesot, a verschidde Kategorien andeelen: Fro, Ofschloss oder Weiderweisung. De Virtrag huet sech haaptsächlech mat den zwou leschte Kategorie befaasst. Ofschléissend Intonatiounsphrase falen op e relativ déiwen Tounniveau a weisen dem Géigeniwwer un, dass de Spriecher fäerdeg ass an e Spriecherwiessel erwaart oder akzeptéiert. Weiderweisend Intonatiounsphrase falen net esou wäit a bleiwen op engem mëttelhéijen Niveau halen. Domat weist de Spriecher, dass hien nach wëll weiderschwätzen. Dëst ass entweder um syntaktesche Niveau ze fanne sinn (z.B. mat Konstruktioune wéi wann…dann…) a gëtt vun der Sproochmelodie ënnerstëtzt oder et leeft nëmmen iwwert d’Intonatioun. Dës Bewegungsofleef – déi an Halleftéin gemooss ginn (wéi an der Musek) – goufen am Virtrag mat konkreten Zuele beschriwwen a kategoriséiert a mat Tounbeispiller ënnerluecht.
(Abstract vum Judith Manzoni a Fotoe vum Caroline Döhmer)