Wéi nennt Dir dëst Geméis? Rout Rommelen, einfach Rommelen oder awer éischter Bettrawen? Ma genau dës dräi Varianten hu mer an der Schnëssen-App fonnt, wou mer vun de Participante.ë wësse wollten, wéi si dëst mooft Geméis nennen.

Kuckt een sech déi allgemeng Verdeelung un, gëtt däitlech, datt et e klore Gewënner gëtt: rout Rommelen kënnt mat 76,7% (243) am heefegste vir, woubäi Bettrawen op 7,6% (24) a Rommelen op 5,7% (18) kommen. Opfälleg ass, datt “aner” mat 10,1% (32) déi zweet Plaz beleet. Dat huet domat ze dinn, datt eng Rei Leit gemengt hunn, eppes aneres um Bild ze erkennen. Dorënner ware rout Zwiwwelen, roude Kabes an och Réidercher

Kucke mer eis d’Varianten u sech eng Kéier méi genau un. Bei der Rommel resp. der rouder Rommel handelt et sech ëm eng Variant, déi als Lexem och schonn am Luxemburger Wörterbuch a souguer an deene méi alen Dictionnairen (Wörterbuch der Luxemburger Mundart a Lexikon der Luxemburger Umgangssprache) virkënnt. Des Weidere fënnt een d’Rommel respektiv d’Rummel och am pfälzeschen, elsässeschen a loutrengeschen Dictionnaire. Et handelt sech deemno ëm eng regional Variant vu Runkelrübe, déi am Musel- a Rhäinfränkesche verbreet ass. Och der Bettrav begéint een an de méi ale lëtzebuergeschen Dictionnairen an zwar als Variant vun der rouder Rommel. Bei der Bettrav handelt et sech awer net ëm eng musel- oder rhäinfränkesch Variant, ma ëm eng franséisch Variant la bettrave. Vu datt si och an eeleren Dictionnairen ze fannen ass, muss  si deemno scho virun enger méi laanger Zäit iwwert déi franséisch Sprooch hire Wee an d’Lëtzebuergescht fonnt hunn. 

Kucke mer eis als nächst d’Verdeelung vun de Varianten no Alter un. An dësem Diagramm hu mir d’Rommelen bei d’rout Rommelen gerechent, well et sech hei – och wann d’Adjektiv op enger Plaz feelt – u sech ëm déi selwecht Variant handelt an och “aner” vernoléissegt, well et sech hei jo ëm eng Referenz op anert Geméis handelt. Am Diagramm gesäit een op en Neits, datt déi zwou Varianten an all Altersgrupp virkommen an och d’Heefegkeete sech immens änlech sinn. Eleng d’Altersgrupp 45-54 presentéiert sech e bëssen anescht a weist méi Bettrawen-Nennungen op. 

E Bléck op d’Kaart weist eis, datt d‘rout Rommelen an och d‘Rommelen quasi iwwerall am Land beluecht sinn. Eleng d‘Bettrawen schéngen éischter op bestëmmt Regiounen am Süde beschränkt ze sinn. Well dës Variant am Allgemengen allerdéngs zimmlech seele beluecht ass, ass et schwéier aus dëser Visualiséierung Schlëss ze zéien.

Alles an allem bleift festzehalen, datt mer et hei mat engem Sproochkontaktphenomeen ze dinn hunn, woubäi sech d’Variant rout Rommel kloer als Haaptvariant, déi zudeem iwwerall am Sproochgebitt verbreet ass, erauskristalliséiert huet. D’Resultater weisen awer och, datt trotz de wéinegen Nennungen, d‘Bettrawen an allen Altergsruppen ongeféier d’selwecht dacks beluecht sinn an et soumat keen Hiweis dorop gëtt, datt dës Variant amgaangen ass, ofgebaut ze ginn.

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.