Haut beschäftege mer eis mam Partizip Perfekt vun ufänken, woubäi mer eis dëst Verb souwuel am Bezuch op seng regional Verdeelung wéi och am Bezuch op seng Flektiounsendung ukucken.
Beim Item, deen dëser Auswäertung zu Grond läit, handelt et sech ëm eng Iwwersetzungsaufgab: “Letze Nacht hat es angefangen zu schneien.” Mir wollten deemno wëssen, wéi d’Participante.ën d’Verb angefangen op Lëtzebuergesch iwwersetzen an dobäi kann een zwou interessant Observatioune maachen. Éischtens gëtt däitlech, datt et hei eng regional Variatioun gëtt. Et konkurréieren (u/a)gefaangen mat 90,5% (914), (u/a)gefongen mat 8,1% (82) an (u/a)gefungen mat 1,4% (14) mateneen.
Geheit een e Bléck op d’Kaart, gëtt däitlech, datt d’Haaptvariant u sech am ganze Land virkënnt, allerdéngs säi Kärgebitt südlech vun de Kantonen Dikrech a Réiden huet. Bei deenen aneren zwou Varianten handelt et sech ëm Nordvarianten, woubäi (u/a)gefungen exklusiv op de Kanton Klierf beschränkt ass. (u/a)gefongen kënnt souwuel am Kanton Klierf wéi och am Kanton Woltz vir, ass awer och nach vereenzelt an de Kantone Veianen, Dikrech a Réide beluecht.
Den Diagramm mat der Verdeelung no Alter mécht ausserdeem däitlech, datt d’Varianten an all Altersgrupp vertruede sinn an och kee staarke Réckgang oder Zouwuess vun enger Variant verzeechent ka ginn. D’Heefegkeet vun den ënnerschiddleche Variante variéiert zwar liicht vun Altersgrupp zu Altersgrupp, allerdéngs sinn d’Zuelen zimmlech stabil.
E weidert spannend Phenomeen, dat ee bei dëser Partizipsform gesäit, ass d’Variatioun vun der Flektiounsendung. Bei staarke Verben, déi am Partizip Perfekt mat m (geschwommen), ng (ugefaangen), oder l (gehalen) ophalen, hu mer et dacks mat enger Konkurrenz vun der Null-Flektiounsendung an der eigentlecher en-Flektiounsendung ze dinn. An dësem Fall handelt es sech deemno bei der éischter Variant ëm ugefaangen a bei der zweeter ëm ugefaang. Wat dës Variatioun besonnesch interessant mécht, gesäit een an deenen nächsten Diagrammer. Wéi een dem éischte Kéis enthuele kann, hu mer et hei mat engem Phenomeen ze dinn, dat immens vill variéiert, d.h. béid Forme quasi gläich dacks virkommen: ugefaang kënnt op 55,7% an ugefaangen op 44,3%. Dës Verdeelung léisst sech iwwregens och bei anere Verben, déi vun dëser Form vu Variatioun betraff sinn, observéieren.
Och de Bléck op d’Verdeelung no Alter offenbaart Spannendes: Och wann et liicht Schwankungen tëscht den Altersgruppe gëtt, kann een – genau wéi uewen – keen Zouwuess oder oder Réckgang vun enger Variant iwwert d’Altergruppen beobachten. Vun der Alterskategorie 45-54 bis zu 65+ hëlt d’Variant mat Nullflektiousnendung zwar liicht zou, allerdéngs ass d’Verdeelung an de méi jonken Alterskategorie quasi identesch mat där an der Kategorie 65+.
Dat bedeit, datt mer et hei mat engem héichvariable Phenomeen ze dinn hunn, bei deem et allerdéngs, am Ënnerscheed zu villen aneren, an eisen Date keen Hiweis op Sproochwandel gëtt.