(e Gaaschtbäitrag vum Francois Conrad, fréiere Mataarbechter/Promovend am Institut)
„Vill Gléck am neie Joer!“ E Saz, deen een déi lescht Wochen honnertfach héieren huet. Wann ee gutt nogelauschtert huet, ass engem vläicht opgefall, datt d’Leit d’Wuert Joer, v.a. de Schluss vum Wuert, ënnerscheedlech ausgeschwat hunn: Wéi bei villen anere Wierder kann <-(e)r> am Wuertauslaut konsonantesch [ʁ] (alternativ och uvular [R] oder ganz ouni Stëmm [χ]) oder vokalesch resp. vokaliséiert [ɐ] (oder dacks als Schwa-Vokal [ə]) ausgeschwat ginn, wéi déi 2 Soundbeispiller weisen:
Fir erauszefannen, ob déi konsonantesch oder déi vokalesch Aussprooch no bestëmmte Muster gewielt ginn, goufen am Kader vun der Datenerhiewung vu menger Dokteraarbecht 13 Wierder agebaut, déi op <-r> auslauten. Dës Wierder waren a lëtzebuergesch Sätz agebett, déi d’Testpersoune virliese missten. All Wierder stoungen dobäi um Enn vum Saz.
Ennerscheeder tëscht den Altersklassen
Gilles/Trouvain (2013: 68)[1] setzen d‘Variatioun mam Alter a Verbindung:
“Older speakers pronounce [ʀ] or [ʁ] also word-finally (Bir [bi:ʀ] ‘pear’) whereas younger speakers often show r-vocalization and produce central [ə] or [ɐ] instead ([bi:ə] for Bir).”
Wéi d’Daten an der Graphik 1 weisen, kann dës Ausso kloer bestätegt ginn:
An der eelerer Generatioun (> 65) goufe 46% vun de Wierder hanne konsonantesch [ʁ] ausgeschwat. An der mëttelster Generatioun (64-41) sinn et just nach 28% vun de Wierder, während d’SpriecherInnen an der jonker Generatioun (20-40) just nach 1/5 vun de Wierder hanne konsonantesch ausschwätzen.[2] Dës Resultater weisen op eng Entwécklung hin, bei där déi konsonatesch Variant mat méi jonkem Alter ofhëlt an déi vokalesch/vokaliséiert Variant zouhëlt. D’Ausso vu Gilles/Trouvain (2013: 68), datt déi jonk SpriecherInnen „oft“ („often“) r-Vokaliséierung [ɐ] weisen, kann also op ee „meeschtens“ ugepasst ginn. Déi vokalesch Variant ass mat 69% ganz allgemeng méi heefeg ewéi déi konsonantesch.
Och d’Streeungen ënnerhalb den eenzelne Generatiounen deiten op esou eng Entwécklung hin (Graphik 2):
Während déi eeler SpriecherInne sech staark ënnerscheedlech verhalen (et gëtt SpriecherInnen, déi 95% vun de Wierder hanne konsonantesch ausgeschwat hunn, awer der och, déi 0% konsonantesch ausgeschwat hunn), ass d’Streeung an deenen anere Generatioune vill mannere grouss. An der jonker Generatioun sinn d’Ennerscheeder tëscht de SpriecherInne just nach minimal. Déi jonk SpriecherInne verhalen sech also immens änlech. Dës Stabilitéit weist drop hin, datt d’Entwécklung praktesch ofgeschloss ass.
Aus der Perspektive vum Kontakt tëscht dem Lëtzebuergeschen an den Nopeschsprooche Franséisch an Däitsch geet also eng Aussprooch ëmmer méi verluer, déi een och am Franséische fënnt (vgl. la me[R] ‚d’Mier‘), während déi Aussprooch, déi am Däitsche Standard ass (vgl. das Mee[ɐ] ‚d’Mier‘), och am Lëtzebuergeschen zouhëlt. Op een direkten Zesummenhank mam Sproochkontakt besteet (fréier méi staarken Afloss duerch d’Franséischt, haut méi staark duerch d’Däitscht), ass net eendeiteg ze soen. D’Resultater vun der Dokteraarbecht („Sprachkontaktinduzierte Variation im luxemburgischen Konsonantismus“), déi sech déi lautlech Variatioun duerch dëse Sproochkontakt méi genee ugekuckt huet, deiten awer an dës Richtung.
De vokalesche Kontext
Dat lautlecht Emfeld, also déi Lauter „lénks a riets“ vun engem Laut, huet dacks ee groussen Afloss op d’Aussprooch vun dësem Laut. Fir ze ënnersichen, ob et Ennerscheeder je no Vokal virum <-r> ginn, goufe Wierder mat verschiddene Vokaler analyséiert. Wéi d’Graphik 3 weist, ënnerscheeden sech déi eenzel vokalesch Kontexter effektiv staark:
Déi zwee Wierder mat deenen héchste konsonanteschen Aussprooche sinn déi op <-or>. Wäit hannendru kommen déi op <-a(a)r>. Déi dräi Diphthongen, déi als zweete Bestanddeel ee Schwa hunn (kënnen), also [u:(e), ɛ:(ə), u:(ə)] (sou genannten ‚sekundär Diphthongen‘, kuckt bei Gilles/Trouvain 2013: 71), sinn an 13 bis 18% konsonantesch realiséiert ginn a verhalen sech zimlech änlech. Am seltenste koum no der Endung <-er> (Lautung [ɐ]) nach ee konsonanteschen /R/. Vu datt sech déi eenzel Wierder vun de verschiddene vokalesche Kontexter ganz änlech verhalen, dierften artikulatoresch Grënn déi gréisste Roll spillen: Wat de Vokal méi wäit hannen am Mond geschwat gëtt, wat den Undeel u konsonanteschen Aussprooche méi grouss ass.
Natierlech ass keng vu béiden Aussproochevariante méi „richteg“ oder „falsch“ ewéi déi aner. D’Resultater hu gewisen, datt dat Lëtzebuergescht – wéi ALL Sprooch zu ALL Moment – a Bewegung ass, sech verännert an entwéckelt. Wat eng Aussprooch Dir och ëmmer als Är eegen emfannt (oder vläit och déi zwou benotzt) – e schéint a gesond neit Jo:r an ee schéint a gesond neit Jo:ɐ fir Iech all!
[1] Gilles, Peter/ Trouvain, Jürgen (2013): Luxembourgish. In: Journal of the International Phonetic Association 43 (1), S. 67-74.
[2] D‘Ennerscheeder tëscht der eelerer an der mëttlerer Generatioun si statistesch just ganz liicht net signifikant (t-Test, t(22,9)=-1.88, p=.073), déi tëscht der eelerer an der jonker Generatioun sinn allerdéngs staark signifikant (t-Test, t(16,9)=-2.96, p=.009).