Nächsten Dënschdeg schwätzt d’Sarah Martin iwwert e Phänomen am Lëtzebuergeschen, deen auslännesche Spriecher immens schwéier ze erklären ass. A senger Zesummefaassung gitt Dir méi doriwwer gewuer:

 

Hatt oder si – Genuszouweisung bei der Referenz op weiblech Persounen am Lëtzebuergeschen

Wéini benotzen  d‘Spriecher hatt a wéini si, wann een am Lëtzebuergeschen op eng weiblech Persoun referéiert? Wéieng Facteure beaflossen de Choix tëschent der neutraler an der femininer Form? Dat sinn zwou vun den Haaptfroen, déi am Kader vum Projet Das Anna und ihr Hund solle beäntwert ginn. Fir méi iwwert de Gebrauch vun de Personalpronomen (hatt/et an si/se) gewuer ze ginn, gouf en Online-Froebou erstallt, dee säit Abrëll 2016 vun iwwer 2700 Lëtzebuergesch-Spriecher ausgefëllt ginn ass a bei deem souwuel Mammesproochler wéi och Net-Mammesproochler konnte matmaachen.

Iwwert d’Personalpronomen eraus gëtt beispillsweis och de Gebrauch vun de weiblechen a neutrale Possessivartikelen (säin/seng resp. hir(en)/hiert) ënnersicht, wéi se a sougenannte Possessivkonstruktioune wéi dem Anna säi Petzi optrieden. Mat Hëllef vun de Froebéi soll gekuckt ginn, wéieng Ënnerscheeder et beim Choix engersäits ofhängeg vum Typ vun den Nimm (Virnumm , Virnumm + Familljennumm, Verwandtschaftsbezeechnungen, etc.) an anerersäits ofhängeg vu pragmatesche Facteuren wéi Alter, sozial Stellung oder Bekanntheetsgrad vun der referéierter Persoun ginn.

Am Virtrag ginn ausgewielte Resultater aus de Froebéi presentéiert, woubäi och den Alter an d’Mammesprooch vun de Spriecher eng zentral Roll wäerte spillen.

 

Jiddereen ass häerzlech wëllkomm dëse Virtrag um 16 Auer an der Maison des Sciences Humaines (02‐45‐140) lauschteren ze kommen.

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.