An eisem nächste Virtrag gi mer eppes iwwert déi lëtzebuergesch Modalverbe gewuer. D’Caroline Döhmer beschäftegt sech a sengem Bäitrag ënnert anerem mat der Positioun vun de Modalverben am Niewesaz. D’Beispiller, déi a sengem Abstract genannt ginn, weise méi genee, wat een sech dorënner ka virstellen. Och den zweeten Deel vu sengem Virtrag iwwert d’Optriede vu scheinbar konditionale Forme vu Modelverben kann een do méi genee noliesen.

 

 

 

Syntaktesch Eegeschafte vu Modalverben am Lëtzbuergeschen

 

«Sollen, mussen, dierfen, kënnen a wëllen – dat sinn d’Modalverben, déi mer am Lëtzebuergesche kennen. Donieft kann och brauchen resp. déi negéiert Variant net brauchen als Semi-Modalverb gezielt ginn. A mengem Virtrag wëll ech op zwee Aspekter vun dëse Modalverben agoen:

 

A) Den Asaz vu Modalverbe kann am Niewesaz dozou féieren, dass d’Prädikatsdeeler (d.h. d’Verben am Saz) eng aner Reiefolleg unhuelen. Bei engem Niewesaz mat zwee Prädikatsdeeler kritt d’Modalverb an der syntaktescher Hierarchie eng (1), dat einfacht Verb eng (2). D’Offolleg am Niewesaz kann deemno (2-1) oder (1-2) sinn, wéi am nächste Saz gewise gëtt.

  • Ech weess net, wat dat bedeite soll. bedeite soll = 2-1 (Verb -> Modalverb)
  • Ech weess net, wat dat soll bedeiten. soll bedeiten = 1-2 (Modalverb -> Verb)

Déi Saach gëtt natierlech nach méi komplizéiert, wat méi Prädikatsdeeler bäikommen (bis zu véier si méiglech, wéi z.B. dass et hätt solle gemaach ginn). Hei gëllt et, besonnesch op d’Kombinatioun vun de Verbtyppen opzepassen (Hëllefsverb, Modalverb asw.). Eng grouss Korpusanalyse kann hei d’Haapttendenze vun de Stellungsoptiounen däitlech maachen.

 

B) Modalverbe kënnen – obwuel se am Infinitiv stoe missten – bestëmmte Formen unhuelen, déi ausgesinn ewéi eng Kombinatioun aus Infinitiv a Präteritum resp. Infinitiv a Konjunktiv. Och hei wëll ech déi zwou Variante kuerz mat engem Beispill opweisen.

  • Et hätt kënnen anescht sinn.             (kënnen = einfachen Infinitiv)
  • Et hätt kéinten anescht sinn.             (kéinten = modifizéierten Infinitiv)

Ech wëll op der Grondlag vun engem Textkorpus weisen, wou wéi eng Formen ze erwaarde sinn. Als Grondlag fir d’Beschreiwung vun dësem Phänomen goufen 8000 entspriechend Sätz ausgewäert. Nieft der quantitativer Analyse ginn och qualitativ Usätz presentéiert.»

 

Wann Dir de Virtrag och wëllt lauschtere kommen, fannt Dir eis wéi ëmmer um 16 Auer zu Belval (MSH 02-15-110).

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.