Am Kader vun der Presentatioun vu Resultater aus der App gouf scho méi dacks dorop opmierksam gemaach, datt et eng Rei Phenomener am Lëtzebuergesche gëtt, déi Opgrond vu Sproochekontakt mat anere Sprooche variéieren. Och an dësem Artikel kucke mer eis nees esou ee Phenomen un: Den Numm vum Buschtaf “H”.
An der App kruten d’Particiante(ë)n e Bild gewisen, op deem de Buschtaf “H” ze gesi war a si sollte matdeelen, wéi si dëse Buschtaf nennen. Analyséiert een déi 927 Opnamen, kann een insgesamt dräi verschidde Varianten ënnerscheeden: Ha [ha:], Hasch [hɑʃ] an He [hə]. Déi éischt genannte Variant, bei där et sech ëm den däitschen Numm fir de Buschtaf handelt, mécht dobäi 61,5% aus. De franséischen Numm fir de Buschtaf “H” ze bezeechnen, kënnt op insgesamt 32,7 %. Déi drëtt Variant (He [hə]), déi manner den Numm vum Buschtaf, mee éischter eng lautlech Representatioun vum “H” erëmgëtt, läit zimlech ofgeschloe mat 1,1% op der leschter Plaz. Dës Weideren hunn 1,4% zwee vun deenen dräi Varianten (Ha an Hasch) genannt a ganzer 4,3% hu Variante produzéiert, déi ënner “Aner” regruppéiert goufen. Heizou zielen z. B. Buschtaf oder Holz (de Buschtaf um Bild hat eng hëlzen Optik).
Kuckt een sech elo d’Verdeelung vum gewielten Numm no Alter un, stellt ee fest, datt et hei en Zesummenhang gëtt. Jee méi jonk d’Participante(ë)n, desto méi Hasch [hɑʃ] gëtt gesot. Och wann dës Variant och an der jéngster Alterskategorie net iwwert en Taux vu 50% erauskënnt. Doraus kann een ofleeden, datt déi franséisch Variant zouhëlt. Dobäi sief awer nach ugemierkt, datt et sech heibäi zwar ëm de franséischen Numm Buschtaf awer net ëm eng franséisch Aussprooch vun dëser Bezeechnung handelt. Virkommen deet nämlech quasi ausschliisslech d’Aussprooch [hɑʃ] (Hasch) an net [ɑʃ] (Asch).
Hei lount sech zudeem e Bléck op d’Geschlecht an d’Sproochekompetenze vun de Participante(ë)n. Hei léisst sech erausliesen, datt Frae méi Ha (66,7%) a manner Hasch (30,9%) soen, wärenddeem d’Männer sech hei genau ëmgedréit verhalen (Ha=56%, Hasch=40,9%).
Ausserdeem geet mat der Kompetenz am Däitschen (Selbstaschätzung) och d’Tendenz, fir d’Variant Ha ze benotzen an d’Luucht. Ëmgedréit, d.h. par Rapport zur Kompetenz am Franséischen weist sech dës Tendenz allerdéngs net. Eng méi héich Kompetenz am Franséische bedeit deemno keng Preferenz fir eng Hasch-Nennung.
Ofschléissend geheie mer nach e Bléck op d’Kaart mat der Verdeelung vun den zwou heefegste Varianten. Hei loossen sech zwar keng eendeiteg Tendenzen oder regional Verdeelungen erkennen, allerdéngs gesäit een, datt déi franséisch Bezeechnung nërdlech vun der Atert méi seele vertrueden ass, wéi am Rescht vum Land. Am Allgemenge kann een awer soen, datt souwuel déi däitsch wéi och déi franséisch Bezeechnung flächendeckend virkommen.