Allgemeng sinn hautdesdaags d’Sproochfäerdegkeete vun de Jugendlechen ëmmer erëm den Inhalt vu kontroversen Diskussiounen. Heibäi wëll ech awer net iwwert déi schoulesch Kompetenze vun de Jugendlechen diskutéieren, mee vill méi op d’Alldagsformen hiweisen; wéi si ënnertenee schwätzen. Dozou muss een direkt soen, datt „Jugendsprooch“ esou per se net existéiert. Jugendsprooch ass am Fong e Label, dee vu bausse vergi gëtt, deementspriechend also déi Jugendlech sech manner selwer doriwwer definéieren, wéi vill méi eng Markéierung (esouguer vläicht eng Stigmatiséierung) vu bausse besteet. Dës Markéierung verleeft zum gréissten Deel iwwert de lexikalesche Gebrauch, also de Wuertschatz vun de Jugendlechen. Dat alleng definéiert awer keng Sprooch, mä ass vill méi eng bëstemmte Charakteristik vun enger Sprooch. Dofir sollen am weidere Verlaf vun dëse Commentairë spezifesch Elementer vun der Jugendsprooch virgestallt ginn, fir no an no méi eng konkret Virstellung ze kréien, wouriwwer sech dëse jugendlech „Jargon“ am Lëtzebuergesche charakteriséiert.
Oft gëtt bei de Jugendlechen vun engem sougenannte Sproochverfall geschwat, well ë.a. och villes, wat se soen, vu méi eelere Leit net richteg verstane gëtt. E gutt Beispill heifir ass d’SMS-Sprooch, déi aus villen Ofkierzunge besteet an doduerch fir bestëmmte Leit onverständlech ass, wouduerch dann automatesch geschlussfolgert gëtt, datt eis Sprooch dorënner leit. Ob et sech heibäi wierklech ëm e Sproochverfall handelt, kann nëmme jidderee fir sech subjektiv entscheeden an ass a mengen Ae fir dësen Discours net entscheedend. Vill méi ass ervirzehiewen, datt dës Form vu Kommunikatioun ënnert de Jugendleche fonctionnéiert a sech bestänneg ausbreet a verfestegt, wouduerch ech éischter vun enger Variatioun vun der standardiséierter Sprooch (an engem bestëmmten altersbedéngte Milieu), wéi vun engem generelle Sproochverfall géif schwätzen.
Déi Froen, déi ech probéieren am Verlaf vun de Commentairen ze beäntweren, sinn:
- Wéi steet et wierklech ëm d’Sproochesituatioun vu lëtzebuergesche Jugendlechen?
- Wat sinn d’Charakteristike vun enger sougenannter „Jugendsprooch“?
Virun e puer Joer waren nach Wierder wéi z.B. „krass“ oder „gäil“ sënnbildlech fir de Wuertgebrauch an der Jugendsprooch. Hautdesdaags ginn dës Wierder net méi onbedéngt domat associéiert a se hu sech am Wuertschatz vu ville Persounen, och bei eelere Leit, als Ausdréck verfestegt. Dëst Beispill weist, datt d’Jugendsprooch, genau wéi d’Sprooch am Allgemengen natierlech och, sech ëmmer weider verännert a weiderentwéckelt.
D’Elementer vun der Jugendsprooch definéieren sech a mengen Aen awer net nëmmen duerch Besonneschkeeten am Wuertschatz, mä am grousse Ganzen an de Kommunikationsmuster a -gewunnechte vun de Jugendlechen. Heibäi sinn déi spezifesch Schreifstiler mat dem Handy oder an de sozialen Netzwierker eng optimal Plattform, fir Analysen ze maachen. Nieft der Etude vu geschwatene Sproochelementer sollen also och geschriwwen Elementer vun dësem Register (= Sproochverhalen an enger bestëmmter sozialer Situatioun, sozialer Grupp) analyséiert ginn (déi awer iwwert eng orthographesch Analys sollen erausgoen).
Dës Commentairë sollen an Zukunft dobäi hëllefe, fir méi en objektive Bléck op d’Sproochverhale vu lëtzebuergesche Jugendlechen ze geheien an opzeweisen, datt hir Sproochentwécklung net nëmmen net negativ ass, mee et sech dobäi ëm eng immens kreativ Uwennung vun eiser Sprooch handele kann.