An dësem Bäitrag geet et ëm isoléiert Participe-Konstruktioune mat gesot oder gewënscht, fir déi een am Lëtzebuergeschen eng Rei Beispiller ka fannen (hei via facebook an Instagram).
- Merci gesot
- Iech all e schéinen Owend gewënscht!
- Alles Guddes gewënscht!
- E schéine Gebuertsdag gewënscht
Aus grammatescher Siicht loosse sech dës Sätz esou charakteriséieren, dass se eng normal Verbkonstruktioun als Basis hunn (engem merci soen, engem e schéinen Owend wënschen), déi net an e ganze Saz agebaut ass, mee als isoléierte Partizipialsaz mam Participe passé gesot oder gewënscht gebilt gëtt. Partizipialsätz zeechne sech doduerch aus, dass se kee Sujet hunn an d’Verb net flektéiert gëtt (de Participe passé ass onverännerbar).
Am Däitsche fënnt een dës Partizipialsätz virun allem an der Funktioun vun enger adverbialer Bestëmmung (mat Referenz op d’Zäit oder d’Manéier). Dës kënne mat engem Participe présent oder engem Participe passé gebilt ginn (Beispiller vum Duden-Site learnattack.de) an se begleeden ëmmer en Haaptsaz.
- Auf einen Sieg hoffend, drückte sie ihrer Mannschaft die Daumen. (Part. présent)
- Vor Anstrengung keuchend, konnte er nichts sagen. (Part. présent)
- Gerade angekommen, musste er schon wieder los. (Part. passé)
- Den Kopf in den Nacken gelegt, schaute er zum Himmel. (Part. passé)
Ech konnt bei der Recherche fir dëse Bäitrag leider keng passend Beispiller fir d’Lëtzebuergescht fannen, mee reng introspektiv ginn ech dovun aus, dass den drëtte Saz och am Lëtzebuergesche gutt fonctionéiert, vläit ergänzt duerch e passend Adverb:
- Grad eréischt ukomm, misst hie schonn nees fort.
Et kéint ee sech soss och esou Sätz virstellen:
- Nach net emol richteg opgestan, hat hie schonn den Handy am Grapp.
Wichteg ass awer bei dësen däitschen a lëtzebuergesche Beispiller, dass d’Grondstruktur hei am Prinzip ëmmer en Haaptsaz verlaangt, un deen de Partizipialsaz ugeschloss gëtt. De Participe ass an dëse Fäll ëmmer eng Niewestruktur. Ausserdeem kann een am Haaptsaz de Sujet fannen, dee fir béid Sätz gëllt, mee am Partizipialsaz net ausgedréckt gëtt:
- hien ass grad eréischt ukomm an hie muss schonn nees fort –> grad eréischt ukomm, misst hien …
An elo begéinen engem am Lëtzebuergeschen isoléiert Partizipialsätz, déi ouni Haaptsaz auskommen. Dës bezéie sech dacks op déi allgemeng Alldagskommunikatioun, wann een engem wëll merci soen oder eppes Léiwes wënschen:
- e schéine Weekend / alles Guddes / eng flott Vakanz gewënscht
oder - (villmools) merci gesot
Insgesamt fale mir bei dëse Konstruktiounen dräi Saachen op:
1) Bei de Partizipialsätz gëtt net just de Sujet ausgelooss, mee och den Adressat resp. Rezipient kann ewechfalen. Géif een hei en normalen Deklarativsaz bilden, da brauch een e Sujet (am Nominativ) an e Rezipient am Dativ (Wiem gëtt eppes gewënscht?):
- Ech wënschen dir e schéine Weekend.
Eng Konstruktioun mat engem Participe (e schéine Weekend gewënscht) kéint also de Virdeel hunn, dass ee sech net decidéiere muss, wéi vill Leit adresséiert ginn oder ob een déi ugeschwate Persoun(en) dierzt oder duuzt. Dat kéint virun allem am Kontext vum Radio eng praktesch Optioun sinn (cf. Remark ënnen am Text).
Et fënnt een allerdéngs och Sätz mat Participe, bei deenen de Rezipient mat ausgedréckt gëtt:
- Dem Leonie a sengen Elteren alles Guddes gewënscht
- Allen (sic) villmools merci gesot fir är léif Gléckwënsch!
Well dës Sätz net un en Haaptsaz ugeschloss sinn, an deem een de geneeë Sujet kéint fannen, muss de Sujet aus dem Gespréichskontext ergänzt ginn. Bei all dësen isoléierte Sätz ass de Sujet ëmmer déi Persoun, déi schreift oder schwätzt, d. h. déi 1. Persoun Singulier ech. Dëst ass also eng speziell Eegenschaft vun dësen isoléierte Partizipialsätz.
2) Bei der Recherche begéine mer just Beispiller mat de Verbe soen a wënschen, soudass et sech ëm eng relativ fixéiert Konstruktioun handelt a kee Muster, dat sech liicht op aner Verben iwwerdroe léisst (*op schéint Wieder gehofft; *d’Daume gedréckt). Op d’mannst kann ee sech dës Partizipialsätz mat gehofft oder gedréckt manner gutt als isoléiert Sätz virstellen. Als elliptesch Froe kënnen esou Sätz allerdéngs an der Alldagskommunikatioun optauchen (Gutt geschlof? fir: Hues de gutt geschlof?).
3) Jee no Sazbau an/oder Kommunikatiounszweck ass de Partizipialsaz souzesoen déi méi opwändeg Konstruktioun. Wéi ënner Punkt 1 beschriwwen, kann een de Partizipialsaz als méi effikass ugesinn, well een de Sujet an de Rezipient kann ausloossen an dat jee no Gespréichskontext de Saz ka vereinfachen. Beim Saz merci gesot hätt een allerdéngs och einfach d’Optioun, sech nach méi kuerz auszedrécken, andeems een einfach mat merci reagéiert. Dass een de geschriwwene Merci och seet, ass jo souzesoen implizit – oder anescht: Wie merci schreift, seet domat och merci. Et ass scho bal e performativen Akt.
Et denkt ee sech oft, dass sproochlech Muster reng op Effikassitéit berouen, mee dat ass bei der Koppel Merci gesot! vs. kuerz Merci! am Fong net de Fall (oder Alles Guddes gewënscht! vs. Alles Guddes!). Dass een d’Konstruktioun Merci gesot! benotzt, huet warscheinlech och eng stilistesch Nuance, déi hei matschwéngt.
Beim Theema Stilistik komme mer an de Beräich vun der Bewäertung vun dëser Konstruktioun. Aus perséinleche Gespréicher mat Mammesproochler a -sproochlerinnen ass mer opgefall, dass dës Partizipialsätz net ëmmer als „schéin“ empfonnt ginn. Et gëtt deemno Leit, déi Sätz wéi alles Guddes gewënscht als schlechte Stil géife bewäerten. An engem éischter formelle Kontext kann een dat eventuell novollzéien, eleng schonn duerch d’Tatsaach, datt et u sech keen ofgeschlossene Saz ass (et gëtt kee Sujet a kee Rezipient). An engem informelle Kontext (geschwat oder geschriwwen) ginn esou Muster tendenziell éischter toleréiert, well hei insgesamt méi mat Ofkierzungen, Ellipsen a Spontanbildungen agéiert gëtt.
An nach eng kleng perséinlech Remark: Opgefall ass mir dës Konstruktioun als éischt Enn vun den 2000er-Joren um Eldoradio, mee dat kann och eng Zoufallsbeobachtung sinn. Falls ech dat awer beweise kéint, da wéilt ech dës Konstruktioun gär den Eldo-Participe nennen. Mee do muss ech nach e bësse recherchéieren.
An deem Sënn:
E schéine Weekend gewënscht!
Oder: Ech wënschen iech/Iech e schéine Weekend!