Ier mer eis mam Haaptprotagonist vun haut, dem A(n) beschäftegen, nach eng flott kleng Info zum Idiom “Wéi d’Fauscht op d’A(n) passen”. U sech bedeit dëst, datt zwou Saachen esou guer net beienee passen. Vu datt dëse Sproch allerdéngs dacks ironesch benotzt gouf, huet sech och d’Bedeitung “ganz gutt zesummepassen” etabléiert. Gitt also Uecht, wann Dir dësem Idiom begéint – hei kann et zu Konfusioune kommen.

Elo awer zum A(n), dem Substantiv, mat deem mer eis haut beschäftege wëllen. Heifir hu mer eis 898 Opnamen ugelauschtert, woubäi d’Grondlag e Bild war, op deem d’Participante*ën eeben en A(n) gesinn hunn, war. D’Auswäertung ergëtt folgend Bild: 50% (450 Opnamen) vun de Leit hunn An gesot a 37% A (334 Opnamen). Dann hu mer och nach méi regional Varianten wéi O(a) (6%), O(a)n (0,6%), Au (4%) an O (0,4%) fonnt. Desweideren koumen och Variante wéi Guckelchen resp. Duebelnennunge vir, déi mer ënner Aner regruppéiert hunn.

 

Wéi schonn ugeklongen ass, handelt et sech bei der Variatioun vun A(n) zumindest zu engem Deel ëm eng regional Variatioun. Aus dësem Grond lount sech dann och e Bléck op d’Kaart. Kloer ze erkënnen ass en Au-Gebitt am Norde vum Land, woubäi südëstlech vun dësem e klengt O-Gebitt kann ausgemaach ginn. Am Süde vum Land zeechent sech e Gebitt of, an deem nieft dem A an dem An och O(a) an O(a)n benotzt gëtt. A an An weisen eng méi groussraimech Verbreedung op, woubäi eng liicht Tendenz zu An nërdlech vun Dikrech ze erkennen ass. Zu engem groussen Deel ass déi regional Verdeelung vun de Varianten och esou am LWB festgehalen, woubäi als interessanten Aspekt ervirzehiewen ass, dass An am Wierderbuch als phonetesch Variant vun A mat der Bemierkung “sporadesch am Éislek am Singulier” (respektiv “spor. im Oesl. im Sg.”) opdaucht.

 

 

Wéi sech schonn erauskristaliséiert huet, spillt souwuel bei den Haaptvarianten A an An awer och bei klengraimege Varianten O(a) an O(a)n d’Presenz oder d’Feele vum n um Enn vum Wuert eng Roll. Aus dësem Grond lount et sech, dës Varianten zesummenzefaassen an sech d’Variatioun vun dësem Buschtaf méi am Detail unzekucken. Bei der allgemenger Verdeelung gëtt däitlech, datt et sech quasi ëm eng 50/50-Verdeelung handelt. D’An kënnt op 51,9 % (465) an d’A op 48% (430), woubäi 0,1 % (1) béides gesot hunn.

 

 

Besonnesch spannend gëtt et dann awer, wann ee sech d’Verdeelung no Alter ukuckt. Um Diagramm ass eng schéin Trap ze erkennen. Mam Alter vun de Leit ginn An-Nennungen zeréck an A-Nennungen huele kontinuéierlech zou. Dëst weisst deemno dorop hin, datt d’A ofhëlt an d’An am Sproochgebrauch ausgebaut gëtt – e kloeren éischten Hiweis op Sproochwandel. Konsultéiert ee parallel d’Dictionnairen, da stellt ee fest, dass et a kengem vun den eelere lëtzebuergesche Wierderbicher en eegenen Artikel fir An gëtt. Dëst ännert eréischt mat eisem aktuellen Dictionnaire, dem Luxemburger Online Dictionnaire, deen d’An ëmmerhin als Variant vun A opgräift. A gëtt deemno däitlech als Haaptvariant traitéiert, wat och dofir sprécht, datt et sech dobäi ëm déi méi al Bezeechnung handelt. Sécherlech kéint een dës Andeelung A als Haaptvariant an An als Niewevariant iwwerdenken, ëmmerhinn schéngt d’Tendenz a Richtung An ze goen.

 

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.