An engem Interview am Abrëll huet de Lëtzebuerger Ausseminister d’Brexitverhandlunge mat Zahnpasta verglach. De Jean Asselborn sot an deem Kontext: “Das ist wie mit der Zahnpasta: Man bekommt sie sehr einfach aus der Tube raus, aber nicht mehr drin.” Dobäi stellt sech fir eis net nëmmen d’Fro, wéi hien op deen (net ganz onwitzegen) Verglach komm ass, mee virun allem si mer virwëlzeg a wéisste gären, wéi den Här Asselborn datselwecht géif op Lëtzebuergesch soen. Seet hien Tüb oder Tub, aus der (Femininum) oder aus dem (Maskulinum) an haaptsächlech natierlech Zahnpasta, Zännseef oder nach eppes anescht?
Op alle Fall huet eis seng Ausso inspiréiert, d’Opnamen, déi d’Participante*ë bei engem Zahnpasta-Bild an der Schnëssen-App gemaach hunn, auszewäerten. Am Ganzen hu mir dofir 860 Opname fir d’Auswäertung zeréckbehalen.
Déi Variant, déi an eisen Opnamen am dackste genannt gouf, ass – dat weist de Kéisdiagramm – mat 78,1% (672 Opnamen) Zahnpasta. Wäit hannedru kommen Zännseef mat ëmmerhi 16,7% (144 Opnamen) an Zännpasta mat 2,8% (24 Opnamen). Doriwwer eraus sinn och nach d’Varianten Zahnpaasta, Zänncrème (resp. Zahncrème) virkomm. Ënner “aner” falen hei z.B. Zahnpast an Zeenpasta, déi jeeweils nëmme vun enger Persoun genannt goufen. Zu der Zahnpasta sief hei nach gesot, dass hei verschidden Aussproochvariante vum -a um Schluss vum Wuert zesummegefaasst goufen. An den allermeeschte Fäll gouf zwar den -a als laangen a [aː] geschwat, mee méi vereenzelt war éischter Zahnpaste, deemno mat engem [ə], ze héieren.
D’Verdeelung vun den Zahnpasta-Varianten no Alter weist wuel Ënnerscheeder, mee am grousse Ganzen ähnele virun allem d’Resultater fir déi véier méi jonk Altersgruppe relativ staark deene vum Gesamtresultat: D’Zahnpasta läit hei tëschent 77,1% a 81,5% an d’Zännseef tëschent 14,6% a 17,6%. An der eelster Altersgrupp dominéiert d’Zahnpasta e bësse manner staark a kënnt op 63,9%, wärend d’Zännseef ëmmerhi 27,8% ausmécht.