Déi fréier Forme vun erzielen, verzielen an zielen goufen am Al- a Mëttelhéichdäitschen all benotzt fir „eppes der Rei no opzezielen“. Dono hu sech d’Verben am Däitschen, zumindest an der Standardsprooch, spezialiséiert. zählen gëtt just nach am Sënn vun „opzielen“ an erzählen generell am Sënn vun „mëndlech matdeelen“ gebraucht. Verzählen existéiert am Standarddäitschen just am Sënn vun „falsch zielen“. Anescht gesäit dat am Lëtzebuergeschen an och an den ënnerschiddlechen Dialektregiounen am däitschsproochege Raum aus.
erzielen, verzielen an zielen kënnen am Lëtzebuergeschen zwar och déi Bedeitungen unhuelen, déi dës Verben am Standarddäitschen hunn, mee si ginn och synonym fir „mëndlech matdeelen“ benotzt, wat ee Bléck op d’Auswäertungen ënnersträicht. Am Saz „Ta soeur est géniale, elle raconte souvent les meilleures blagues“ (n= 945) gouf raconter souwuel mat erzielen wéi och mat verzielen an zielen iwwersat. erzielen ass dobäi déi Variant, déi mat 64% (n=557) am heefegste virkënnt. Op déi zweet Plaz packt et zielen mat 25% (n=226) an op déi drëtt verzielen mat 11%. Besonnesch flott ass hei, datt och eng Rei regional Variante verzeechent kënne ginn. Heizou gehéieren z.B. erzeelen, erzällen, verzeelen, verziällen, zeelen an zällen.
Kuckt ee sech d’Kaart un, déi sech op d‘Verdeelung no Präfixen (ver-, er-, Ø-) konzentréiert, fält op, datt d’Variant, déi mat ver- ufänkt (rout) och eng regional Verdeelung Opweises huet. Si begrenzt sech nämlech an éischter Linn op den Norden an Oste vum Land, wougéint d’Variant mat er- (blo) am Norden méi seelen, am Oste scho méi dacks an am Rescht vum Land heefeg virkënnt. Do steet se och ëmmer a Konkurrenz mat der Kuerzform – där ouni Präfix (Bsp.: zielen, zeelen). Dës Kaart mécht sech och ganz schéin nieft de schonn existéierende Kaarten aus dem däitsche Sproochraum. Déi weisen nämlech, datt d’Grenzgebitt ëstlech vu Lëtzebuerg an éischter Linn en erziel-Gebitt ass, woubäi dorun dann ee verziel-Gebitt uschléisst. Nordëstlech vu Lëtzebuerg kann een direkt een Iwwergangsgebitt ausmaachen, wat soss ronderëm net de Fall ass. Dat ass eng Erklärung dofir, firwat verzielen am Norden an Oste vu Lëtzebuerg eng Roll spillt.
Déi aner Kaart gëtt d’Verdeelung no de Vokaler am Stamm vum Wuert erëm. Hei kann ee méi oder wéineger onofhängeg vun de Präfixen, véier Varianten ausmaachen: [iə], [e:], [(i)ɛ], [ɐ]. Och hei spillt den Norden eng besonnesch Roll. Just do kommen nämlech d’Variante mat [(i)ɛ] an [ɐ] fir (Bsp.: erziällen, verzallen, zällen). Do drënner kann een eng Regioun ausmaachen, an där – am Ënnerscheed zu anere Regiounen – ee laangen e ([e:]) virkënnt (Bsp.: verzeelen). D’Variante mat Diphtong ie ([iə]) kommen, wann och an den ernimmte Regiounen manner, am ganze Sproochraum vir.
Béid Observatioune spigelen sech och schonn an der aller Kaart aus dem Luxemburgischen Sprachatlas erëm.