Mir vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft soe Merci.
Eis Porte ouverte, déi e Samschdeg, 22. November 2014 am Cercle Cité organiséiert gouf, ass gutt verlaf. Mir ware frou iwwer vill Visiteuren, interessant Gespréicher an Diskussiounen. Mir hoffen, dass et de Leit och gefall huet, eng Kéier ze gesinn, wat aktuell ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch a Literature gefuerscht gëtt, a mat de Fuerscher a Fuerscherinnen informell an d’Gespréich ze kommen.
- Hei nach eng Kéier eis ganz Equipe (iewescht Rei v.l.n.r.: Mélanie Wagner, Ian de Toffoli, Peter Gilles, Luc Belling, Jeanne Glesener, Fernand Fehlen, Judith Manzoni, Amaru Flores, Britta Weimann, Rahel Beyer, Anne-Marie Millim, Fabienne Gilbertz an eis studentesch Hëllefskräft Sarah a Mandy, ënnescht Rei v.l.n.r.: François Conrad, Tina Thill, Maike Edelhoff, Caroline Döhmer). Net op der Foto an awer Deel vun der Equipe: Julia de Bres a Lucas Duane Bernedo.
Wéinst der grousser Nofro, ob een eis Posteren och online ka fannen, stelle mer se Iech hei um Site zur Verfügung. Mer bieden Iech, beim Gebrauch vun eisen Donneeën ëmmer op den Auteur ze verweisen (Bsp.: Glesener 2014; Uni Lëtzebuerg).
Presentatiounen
- Caroline Döhmer: hatt & si, du & de, mir & dir – Persounereferenz am Lëtzebuergeschen.
- Judith Manzoni: Lëtzebuerger Sproochmelodie & Interferenzen mam Däitschen a Franséischen
- Maike Edelhoff: E Stéck(el)che(n) méi no un de Beem(er)cher. Diminutiver un der däitsch-lëtzebuergescher Grenz
- Britta Weimann & Joshgun Sirajzade: Die Wortbildung des moselfränkisch-luxemburgischen Raumes
- Rahel Beyer: Die Standardisierung des Deutschen unter Mehrsprachigkeitsbedingungen in Luxemburg im 19. Jh.
- Tina Thill: Wéi schwätze Fransouse Lëtzebuergesch?/ De quelle manière les français parlent-ils luxembourgeois?
- Mélanie Wagner & Luc Belling: Privat Schrëftlechkeet: Fréier an hautesdaags am Internet – e puer Fuerschungsabléck
- François Conrad: Variatioun an der Aussprooch vun de lëtzebuergesche Konsonanten/ Variation dans la prononciation des consonnes luxembourgeoises
- Anne-Marie Millim: De Feuilleton an d’kulturell Identitéiten zu Lëtzebuerg 1910-1940 / The Feuilleton and Cultural Identities in Luxembourg 1910-1940
- Ian De Toffoli: D’Editiounswiesen an déi literaresch Publikatioun zu Lëtzebuerg/ Le paysage éditorial et la publication littéraire au Luxembourg
- Fernand Fehlen: Die Luxemburger Vielsprachigkeit im Spiegel der Volkszählung 2011/ Le multilinguisme du Luxembourg à travers le recensement général de la population 2011
- Peter Gilles & Amaru Flores: Der luxemburgische Familiennamenatlas / Atlas des noms de familles luxembourgeoises
- Jeanne E. Glesener: Geschicht vun der Lëtzebuerger Literatur: Literaturhistoriographie an engem méisproochegen an interkulturelle Kontext
[print_gllr id=4685]
Villmools Merci, dat ass genial. Ech war leider verhënnert a konnt dëst Joer net kommen. Schéi Feierdeeg der ganzer Equipe 🙂