Eng nei Petitioun zur Sproocheproblematik, méi präzis géint d’Franséisch an de Crèchen an am Cycle 1, huet de Seuil vun de 4.500 Ënnerschrëften gepackt a muss demnächst an der Chamber diskutéiert ginn (Petitioun 785).

Fir déi zwou Petitiounen 698 an 725 hate mer eng regional Auswäertung vun den Ënnerschrëfte gemaach, déi mer fir déi nei Petitioun mat der selwechter Methodologie widderholl hunn. Wéi d’Kaart et weist, war hire Succès besonnesch kleng an der Haaptstad an am Rescht vum Kanton Lëtzebuerg; an deenen zwee südleche Kantonen Esch a Réimech hunn och manner Leit ënnerschriwwen, wéi méi nërdlech. Besonnesch vill Ënnerschrëften huet Petitioun am Kanton Réiden kritt.

Allgemeng kann ee soen, datt an deene Kantonen, wou méi Leit fir Lëtzebuergesch als éischt Amtssprooch (Petitioun 698) waren, och dës Petitioun méi Succès hat, an do, wou méi Leit fir d’Festhalen um sproochleche Status-Quo waren (Petitioun 725), manner ënnerschriwwe ginn ass. Statistesch dréckt sech dëst an enger positiver Korrelatioun tëschent de Petitiounen 785 an 698  aus (r = 0,65) an enger negativer Korrelatioun tëschent de Petitiounen 785 an 698  aus (r = -0,59).

Nëmmen 1,8% vun allen elektroneschen Ënnerschrëften mat enger Adresse koumen dës Kéier aus dem Ausland. Bei der Petitioun fir Lëtzebuergesch als éischt Amtssprooch waren et der 2,9%. D’Verdeelung op d’Länner ass allerdéngs praktesch identesch (D 68%; F 16%; B 11% an 5% aus anere Länner).

 

Fernand Fehlen/Peter Gilles

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.