Déi zwou rezent Petitioune 698 a 725 iwwert d’Sproochesituatioun haten e grousse Succès an hunn zu enger breeder Diskussioun am Land iwwert d’Sproochesituatioun gefouert.
- Petitioun 698: Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsprooch gesetzlech festgeluecht fir all Awunner zu Lëtzebuerg (14.724 Ënnerschrëften)
- Petitioun 725: « NEEN » zu eiser Mammesprooch als éischt offiziell Sprooch. « NON » à la langue luxembourgeoise comme première langue officielle en matière administrative et judiciaire. « NEIN » zur luxemburgischen Landessprache als erste Amtssprache. (5190 Ënnerschrëften)
Jiddereen, deen zu Lëtzebuerg lieft a schafft an op d’mannst 15 Joer al ass, kann esou eng Petitioun ënnerschreiwen. Bal 20.000 Leit hunn eng vun deenen zwou ënnerschriwwen. Kuriéiserweis gëtt et och ongeféier eng gutt Dose Leit, déi souguer béid Peitiounen ausgefëllt hunn! Fir eis Auswäertung hu mer vum Internetsite vun de Petitiounen déi ëffentlech accessibel Donnéeën erofgelueden. Ongeféier 50% vun de Participanten hunn hir perséinlech Donnéeën (Numm, Virnumm, Code postal, Uertschaft) publizéiert, déi mir fir eng wëssenschaftlech Analys verschaffe kënnen. Et ass wichteg ze bemierken, dass sech all Resultater also op ongeféier d’Halschent vun de Participanten bezéien; allerdéngs ass et aus statistesche Grënn och warscheinlech, dass sech d’Gesamtresultat net grouss ännert, wann d’Gesamtpopulatioun berécksichtegt géif ginn.
Eis interesséiert primär, ob a wéi sech d’Populatioune fir déi zwou Petitiounen ënnerscheeden. An dësem éischten Deel vun eiser Analys geet et ëm d’regional Verdeelung. Dofir vergläiche mer d’Zuel vun den Ënnerschrëfte mat der Zuel vun den ageschriwwene Wieler. D’Zuel vun den Ënnerschrëften op deene béide Petitiounen entsprécht ca. 10% vun de Wieler. Soll een elo dorauser schléissen, datt déi „schweigende Mehrheit“ weder déi radikal, mä schwéier realiséierbar Promotioun vum Lëtzebuergesche vun der Petitioun 698 wëllt, nach bereet ass, um Status Quo festzehalen, wéi dat d’Petitioun 725 mécht? Soll een doranner d’Zefriddenheet mat der aktueller Situatioun oder einfach en Desinteressi um Thema gesinn?
Wann een déi um Chambers-Site publizéiert Adresse kuckt, gesäit een, datt déi allgemeng Participatioun un deenen zwou Petitiounen am Norden am geréngsten ass. D’Kaart 1 weist, datt den Interessi zouhëlt, wann ee méi Richtung Guttland geet. Besonnesch héich ass en an de Kantone Réiden a Réimech.
Den Norden ass awer och déi Regioun, wou am meeschte Leit fir d’Petitioun 698, also fir „d’Lëtzebuergesch als éischt Amtssprooch“ antrieden. Insgesamt hat dës Petitioun 2,9mol méi Ënnerschrëfte kritt. An de Kantone Clierf a Veianen sinn et awer bal 14mol méi. Just an der Stad hunn déi zwou Petitiounen – relativ gesinn – praktesch déiselwecht Zuel un Ënnerschrëfte kritt. D’Kaart 2 weist grouss regional Ënnerscheeder, déi een als Nord-Süd-Gefälle, awer och als Oppositioun Peripherie/Zentrum (=Haaptstad plus hiert Ëmland) interpretéiere kann.
Dës lescht Interpretatioun gëtt duerch d’Kaart 3 ënnerstëtzt. Si weist d’Zuel vun de publizéierten Ënnerschrëfte vun der Petitioun 698 an enger Gemeng gedeelt duerch d’Zuel vun den ageschriwwene Wieler. Wann ee kleng Gemengen ewechléisst, da kritt se prozentual am mannsten Ënnerschrëften an der Haaptstad, zu Bartreng a Sandweiler (2,1%), iewel och zu Iechternach (2,4%). Et huet een d’Impressioun, datt se an de Gemenge laanscht déi grouss Kommunikatiounsachsen (z.B. den Uelzechtdall erop a weider duerch d’Nordstad) am mannsten Zousproch kritt.
Fir d’Petitioun 725 hu mer dës Kaart net gemat, well déi net nëmmen insgesamt 3mol manner Ënnerschrëfte kritt huet, mä well do generell manner Leit hir Coordonnéeë verëffentlecht hunn (bei der éischter sinn et 56%, bei der zweeter 41%).
D’Grafik 1 vergläicht d’Resultat vun deenen zwou Petitiounen (fir all Gemengen, an deenen d’Petitioun 725 drësseg oder méi Ënnerschrëfte kritt huet). Si bestätegt, datt d’Petitioun 725 an der Haaptstad a rondrëm prozentual am beschten ofgeschnidden huet (Luxembourg-Ville: 2,17%; Strassen: 2,06%; Niederanven: 1,98%; Walferdange: 1,79%; Kopstal: 1,74%; Bertrange: 1,23%; Hesperange: 1,20%; Mamer: 1,14%; Steinsel: 1,07%).
D’Grafik 2 weist, aus wéi enge Länner d’Ënnerschrëfte kommen. D’Petitioun fir de Status Quo kritt méi Ënnerschrëften aus dem Ausland an dës kommen éischter aus Frankräich an der Belsch. Dogéint kritt d’Petitioun 698 méi Stëmmen aus Däitschland.
Fir ofzeschléissen nach eng Feststellung: D’Lëtzebuerger an der grousser wäiter Welt sinn honnertprozenteg fir Lëtzebuergesch als éischt Amtssprooch. Dës Ausso ass iewel mat Sécherheet net statistesch signifikant,well si baséiert op den dräi Lëtzebuerger aus Thailand, Singapur an Neuseeland, déi alleguerten d’Petitoun 698 ënnerschriwwen hunn.
An der Konklusioun konfirméiert sech also, dass d’Ënnerstëtzer fir déi zwou Petitiounen tendenziell an ënnerschiddliche Regiounen am Land wunnen.
E grousse Merci geet un den Andreas Heinz fir d’Zeechne vun de Kaarten.
Weider zur nächster Analys iwwert d’Nimm an de Petitiounsdonnéeën.
Fernand Fehlen/Peter Gilles
Merci fir déi immens interessant Zuelen. Ech géif et och nach interessant fannen des Zuelen an Relatioun mam Undeel vun den Lait an den Gemengen, déi letzebuergesch schwetzen, ze setzen. Et schengt jo sou ze sin, dat an denen Gemengen, wou am meeschten Lait letzebuergesch schwetzen och am meeschten Lait fir Letzebuergesch als Amtssprooch sin.