Wéi dëslescht den Till Brönner an der Philharmonie opgetrueden ass, huet hien e schéint Beispill vun enger ‚Erwaardungserwaardung‘ ginn (Erwartungserwartung am Sënn vum Niklas Luhmann senger Theorie vu soziale Systemer). Am Ufank vun senger alleréischter Usprooch un de Public, ass hien nämlech fir d’éischt op d’Sproochefro agaangen. Sënngeméiss sot hien: Wir Deutsche gehen im angrenzenden Ausland ja immer davon aus, dass unser Deutsch verstanden wird. Aber ich kann leider kein Luxemburgisch. Wenn ich jetzt Englisch sprechen würde, wäre das noch affiger. [Hilarité]
Wat weist dës kleng Episod? – Éischtens schéngt de Choix vun der ‚richteger‘ Sprooch, vun der Sprooch, déi gesellschaftlech (oder besser: national?) erwaart gëtt, vun immenser Wichtegkeet ze sinn, soss géif dës net esou prominent thematiséiert ginn. Zweetens ass d’Sproochsituatioun am Ausland, op d’mannst bei him, esou bekannt, datt eng Remarque ubruecht ass. Drëttens awer schéngt mir dat Wichtegst ze sinn, datt hien sech quasi entschëllegt, Däitsch an net Lëtzebuergesch ze schwätzen. Hie geet domat an senger Erwaardungserwaardung op eng Erwaardung an, andeems en vun sengen Nolauschterer unhëlt, datt ‚jo‘ ‚legitimerweis‘ ’souwéisou‘ présuméiert gëtt, dass Lëtzebuergesch geschwat ’sollt‘ oder ‚misst‘ ginn. Duerch säi Behuelen akzeptéiert, confirméiert a stäerkt hien d’Vue, datt d’Lëtzebuergesch am méisproochege Biotop eng besonnesch Positioun anhëlt, déi sech ideologesch jo och an der Opfaassung vun der ‚Nationalsprooch Lëtzebuergesch‘ manifestéiert.