Auswäertungen, déi bis elo scho gemaach gi sinn

  1. Aus der Bakstuff: Zimt/Zëmt oder Kanéil/Kaneel/Kanell
  2. Buer[ʑ]ermee[ʃ]tesch oder Buer[j]ermee[s]terin?
  3. „E Kiwwi“ oder „eng Kiwi“? Variatioun vun der Aussprooch an dem Genus.
  4. Schnurres, Schnauz a Moustache
  5. All Hallows‘ Eve, Halloween, Trauliichtbrennen an Allerhellegen – Een Dag, vill Bräich.
  6. Wéi sot Dir: Bottesch oder Schmier?
  7. Haalt Är Daumen an Domme gedréckt!
  8. De Partizip Perfekt vun “ufänken”
  9. Chicon, Chicorée, Schickeri an Andéiwen – eng komplizéiert Geschicht
  10. Vu roude Rommelen a Bettrawen
  11. Druckt Dir um Printer, dréckt Dir op der Imprimante oder print Dir um Drucker?
  12. Flilleken, Fliniken a Fligel
  13. Spidol oder Klinick? Eng Auswäertung als symbolesche Merci un all d’Klinicken a d’Spideeler.
  14. „Ech schwätze vum Claude Schmit, dem Schmitte Jang sengem Bouf.“
  15. Den „Toilettëpabeier“ a seng Varianten
  16. Et läit Léift an der Loft
  17. D’Schnëssen-Auswäertung fir de 4. Advent: Resultater aus dem Froebou
  18. Eis Schnëssen-Auswäertung fir den 3. Advent: Den Zesummefall vum ‚ch‘ mam ’sch‘
  19. Eis Schnëssen-Auswäertung um 2. Advent: „Kannapee“ vs. „Kusch“
  20. Eis Schnëssen-Auswäertung um 1. Advent: „Dass“ vs. „datt“
  21. Läffelsgeschier oder Besteck?
  22. Däerf ee säit iwwerhaapt soen?
  23. Vu Busser a Bussen – D’Sprooch am Wandel
  24. Et ass eng Wëssenschaft fir sech: D’Méi(n)en
  25. Iwwert Rank, Rénk a Réng.
  26. Hues de e Pabeiersnuesschnappech fir mech?
  27. Huet den Noper an der Vakanz d’Blumme genat oder genätzt? – De Partizip Perfekt vun nätzen
  28. Zahnpasta, Zännseef an de Brexit
  29. Sot Dir dacks oft oder oft dacks?
  30. Wéi d’Fauscht op d’A(n)
  31. Vun Apelhoer an Operen: De faméisen Hoerbou iwwert den Aen
  32. Klunsch(el)t Dir nach oder schaukelt Dir schonn?
  33. Wat ass Äert Liblingswuert am Lëtzebuergeschen?
  34. Dëschelduch oder Napp – wéi sot Dir?
  35. „Glutefräi“ oder „gluteenfräi“ – wéi sot Dir?
  36. Vun „Haen“ an „Haschen“ – D’Bezeechnung vum Buschtaf „H“ am Lëtzebuergeschen
  37. „It’s a boy“ – „Jong“, „Bouf“ oder „Fils“?
  38. Iwwer Wirschtercher, Moschter(t) a Réidercher
  39. ‚an Trauer‘ oder ‚am Trauer?
  40. Zahnpasta, Zännseef an de Brexit
  41. Vum Caddie bis bei den Akofsweelchen
  42. Lee de Prabbeli ewech, d’Fréijoerssonn ass um Rendezvous
  43. Sech op d’Strëmp maachen
  44. Op wéi eng Sprooch ass Ären Handy agestallt?
  45. Dag vun der Mammesprooch: Schwätzt Dir en Dialekt?
  46. Vun Hënn, Muppen a Co.
  47. „Je t’aime“ op Lëtzebuergesch
  48. Sequel Auto(s)festival: Ee(n) Jeep an eng Porsche oder eng Jeep an e Porsche?
  49. De Februar zu Lëtzebuerg = D’Zäit vum Auto(s)festival
  50. Chantier, Schantjen, Baustell & co.
  51. Huet et hënt „ugefaang“ oder „ugefaangen“ mat schneien?
  52. Vu „Kamellen“ an „Zockerbounen“
  53.  D’Aussprooch vu „Wochen“
  54. Dat „lénkt“ oder dat „lénkst“ …
  55. D’Variante vun „uruffen“
  56. Pech oder Pëch?
  57. E „gefëllten“ oder e „gefëlltene Croissant“?
  58. D’Aussprooch vum „j“ a „Jeeër“ a „jäizen“
  59. „buerféiss“ a seng Varianten
  60. D’Variante vu „Leit“
  61. D’Variante vu „Gaart“
  62. Huet hien „gewonn“ oder „gewonnen“?
  63. „hatt“ oder „si“?
  64. „zwee“ oder „zwou“?
  65. De Pluriel vun „Tirang“
  66. éier, ier & co.
  67. „ginn“ oder „gëtt“ et vill Wiichtelcher?
  68. De Pluriel vu „Bic“
  69. D’Variante vun „net“
  70. De Pluriel vu „Schëld“
  71. De Pluriel vu „Blat“ 
  72. D’Variante vun „Hallschent“
  73. De Conditionnel Present vu „brauchen“ (1PP)
  74. De (Chrëscht-)Bam
  75. Adventskalenner 2018
  76. Raviol(l)i(en), Mailand an eng Minettmetropol am Futtballféiwer
  77. Kaffi drénken a Co.
  78. Hien huet e Kapp wéi eng Kalbass! – De Kürbis
  79. Clibb oder Clubben – oder klibber mech!?
  80. E séisse Snack: En Eisekuch, eng Wafel oder en Häip?
  81. Arbitter oder Schiidsri(i)chter?
  82. Panech, Paangech & Co.
  83. „D’Fra vun uewen handelt mat Ënnen, an de Mann vun ënnen handelt mat Uewen“
  84. „Bitzen“ – e Verb mat ville regionale Varianten
  85. E Beispill fir Sproochwandel am Lëtzebuergeschen: De Partizip Perfekt vu „kafen“
  86. De ganzen Dag un engem Ee schielen
  87. De Vull a seng kleng Kolleegen
  88. Virwëtz, Virwëlz an Neigier
  89. Geheie mir eppes an d’Poubelle oder an d’Dreckskëscht
  90. Zielt Dir, erzielt Dir oder verzielt Dir?
  91. „… an zu Dikrech“ – Puppelchen, Beebee & Co.
  92. Wéi sot Dir: E Kéiseker, Igel, Däreldéier oder nach anescht?
  93. Päiperlek, Pimpampel & co.
  94. Vamos a la playa: Strand vs. Plage
  95. Eng Monster-Party an der Nuecht
  96. De klenge ronne Fall aus Lieder: E Futtball, e Fussball oder e Foussball?
  97. Iwwer dat oranget Geméis: Muerten a Wuerzelen
  98. Op e Kaffiskränzche mat der Tatta Margréit
  99. Tëleecommande, Fernsteierung oder Knipser?
  100. Schallimo + Stréihallem = Stréihallimo
  101. Klengt Gedéiesch: Iwwer Ameisen a Seejomessen.
  102. Freideg, Freiden, Fregdeg oder Freddeg?

  • Aus der Bakstuff: Zimt/Zëmt oder Kanéil/Kaneel/Kanell

    De véierten Advent steet virun der Dier an domat ass et och net méi laang bis Chrëschtdag ass. Domat komme mer och schonn zu eisem leschten Adventsartikel. Passend zu dëser Zäit hu mer eis eng flott Auswäertung fir Iech erausgesicht. An dësem Beitrag soll et ëm de Kanéil goen. Oder wéi nennt Dir dat Gewierz, wat een ënner anerem am Glüwäi schmaacht? Kanéil/Kaneel/Kanell oder Zimt/Zëmt? 

    Ier mer op d’Resultater aus der Schnëssen-App ze schwätze kommen, kucke mer eis awer elo fir d’éischt d’Etymologie vun de Varianten Zimt a Kanéil un. De Begrëff Zimt gouf iwwert dat mëttelhéichdäitscht zinemīn (och nach zimetzimmat und zinmënt) an dem alhéichdäitschen cinmënt iwwer sinamīn vum mëttellaténgesche cinnamomum ofgeleet. Dat lescht staamt iwwerdeems vum laténgesche cinnamum of. Interessant ass awer, datt verschidden europäesch Sproochen den Ausdrock fir Zimt aus dem laténgesche canna (“Rouer”) bzw. der Diminutivform cannella (“Réierchen”) ofleeden. Mat dësem Term sollten d’Zëmtstaange bezeechent ginn. Aus dëse laténgesche Begrëffer loosse sech dann och déi romanesch Pendanten, wéi zum Beispill canelle (franséisch), cannella (italienesch) a canela (spuenesch/portugisesch).
    Wat awer elo fir d’Lëtzebuergescht besonnesch interessant ass, ass datt och am Mëttelhéichdäitschen e Begrëff ze fannen ass, deen och op dës laténgesch Wuerzel zeréck geet: nämlech kanêl. Des Variant ass iwwerdeems och am Rhäin- a Muselfränkeschen ze fannen, wéi dësen Ausschnëtt aus dem „Rheinischen Wörterbuch“ ënnersträicht:

    Ausserdeem gëtt an dësem Dictionnaire beim Lexem Zimmet vermierkt, datt de Begrëff Zimmet aus dem Neihéichdäitchen staame géing an an der Vergaangenheet „dem alten Kaneel stark zusetzt“. Dëst weist dorophin, datt Kaneel scho méi laang am Muselfränkesche vertrueden ass wéi Zimmet. Vu datt Lëtzebuergesch sech aus dem Muselfränkeschen erausentwéckelt huet, ass dëst deemno och fir d’Lëtzebuergescht unzehuelen.

    Nodeems mer elo e klengen Abléck an d’Etymologie vun eise Variante kritt hunn, kucke mer eis an engem nächste Schrëtt un, wat d’Resultater vun eiser Ëmfro an der Schnëssen-App sinn. Heifir hu mer am Ganzen 226 Opname gelauschtert an ausgewäert. Eise Kéis léisst erkennen, datt Kanéil sech mat 58,7% (125) zimmlech däitlech als Haaptvariant erauskristalliséiert. Wann een d’Variante mam selweschte Stamm nach dobäi zielt, also Kanell a Kaneel, da komme mer seguer op bal 65% (137). Déi zweet Plaz mécht dann d’Variantekoppel Zimt/Zëmt, déi zesummen op bal 30% (61) kënnt.   

    Apropos Zimt/Zëmt! An de Resultater vun der Auswäertung ass iwwerdeems eng Tendenz ze erkennen:  Unhand vun den Date konnte mer ofleeden, datt et sech bei der Variant Zimt ëm eng méi jonk Variant handele muss, well se an éischter Linn bei deene méi jonke Participante.ë virkënnt. Se ass doriwwer eraus awer och eng Variant, déi amgaangen ass zouzehuelen. Dat weist dorophin, dass den Zimt effektiv eréischt méi spéit de Wee an d’Lëtzebeurgescht fonnt huet. Duerch eng Assimiléierung un déi lëtzebuergesch Aussprooch ass schliisslech d’Variant Zëmt entstanen. Hei kann een eng änlech Vokalassimiléierung wéi bei Zimmer – Zëmmer oder immer – ëmmer erkennen. 

    Eng weider Observatioun, déi mer nach maache konnten: Et gëtt  och eng Relatioun tëscht der Sproochkompetenz am Däitschen, respektiv am Franséische an der Wiel vun der Variant. Wat ee méi mat enger Sprooch a Kontakt ass, wat d’Warscheinlechkeet och méi grouss ass, datt Elementer aus der Friem-/Zweetsprooch an d’Mammesprooch iwwerholl ginn. Spriecher.innen, déi uginn hunn eng staark Kompetenz am Däitschen ze hunn, tendéieren éischter zur Variant Zimt. Emgedréint kann een dat och fir d’Franséischt observéieren: Wat d’Kompetenz am Franséische méi héich ageschat gouf, wat d’Spriecher.innen éischter zur Variant Kanéil tendéieren, déi – wéi mer uewe scho gesinn hunn – kennzeechnend fir déi romanesch Sproochen ass, och wa se hire Wee net iwwert d’Franséischt mee scho vill méi fréi iwwert d’Laténgescht an d’Lëtzebuergescht fonnt huet.

    Mir hunn et hei deemno mat engem Sproochkontaktphenomeen ze dinn, woubäi sech hannert deenen zwee Wierder eng dach iwwerraschend etymologesch Entwécklung verstoppt.

     

    (Kim Krecké)

  • Buer[ʑ]ermee[ʃ]tesch oder Buer[j]ermee[s]terin?

    Op dësem 3. Adventsweekend kucke mer eis erëm e ganz spezifescht Substantiv un a beliichten dëst aus ënnerschiddleche Perspektiven.

    An der App war follgende Saz ze iwwersetzen: Samedi, la bourgemestre a tenu un discours. An dësem Saz sinn natierlech erëm ganz vill Wierder immens spannend. Sot Dir Sam[ʃ]deg oder Sam[s]den, gehal oder gehalen, Buer[ʑ]ermee[ʃ]tesch oder Buer[j]ermee[s]terin? A jo, dir kënnt iech natierlech denken, wat mer eis haut ukucken. Natierlech dat Wuert, dat am meeschten ënnerschiddlech Varianten opweises huet: d’Buergermeeschtesch. Fir dës Auswäertung hu mer eis am Ganzen 930 Opnamen ugelauschtert an ausgewäert. Op dëser Plaz wëlle mer dann och dem Sylvie S. nach e grousse Merci ausschwätzen, dat eis bei der Auswäertung vun dësem Item ënnerstëtzt huet.

    Wéi déi elo just opgezielte Variante schonn erkenne loossen, ass et an dësem Fall net esou, datt mer et mat enger lexikalescher Variatioun ze dinn hunn – la bourgemestre gëtt quasi ëmmer mam Wuert Buergermeeschter iwwersat, allerdéngs gëtt et Variatioun an der Markéierung vun der weiblecher Form an och foneetesch Variatioun an dat direkt op zwou Plazen am Wuert.

     

    D’Movéierungssuffixer -in an -esch

    Kucke mer eis fir d’éischt d’Markéierung vun der weiblecher Form, och nach Movéierung genannt, un.  Am Kéis mat der allgemenger Distributioun fält direkt op, datt mer eng Haaptvariant hunn: Buergermeeschtesch, déi op 57,3% kënnt. Deen anere Movéierungssuffix –in an Buergermeeschterin kënnt mat 1,7% immens seele vir. Besonnesch opfälleg ass, datt Buergermeeschter, also d’Variant ouni Movéierungssuffix op ganzer 41% kënnt. Hei gouf deemno de geneeresche Masculin benotzt oder einfach iwwersinn, datt et sech am Saz fir ze iwwersetzen ëm eng Buergermeeschtesch an net e Buergermeeschter handelt. An dësem zweete Fall wierke sech, nieft enger eventueller Onopmierksamkeet, natierlech och gesellschaftlech Rollebiller op d’Wiel vun der Variant aus.

    Aus der Verdeelung nom Alter loosse sech zwou Beobachtungen ofleeden. Éischtens hëlt de Movéierungssuffix -in mam Alter of an zum anere kommen d’Variante mat Movéierungssuffix bei deenen eelere Spriecher.inne generell méi heefeg vir wéi bei deene Jonken. Bei deene jéngste mécht de Buergermeeschter souguer bal 50% vun den Äntwerten aus.

    Beschäftege mer eis elo awer mol nach mat der foneetescher Variatioun. Hei kann ee sech d’Variatioun an deenen zwee Deeler vum Kompositum (Zesummesetzung vun zwee Wierder) tëscht Buer[ʑ]er- a Buer[j]er- a mee[ʃ]ter a mee[s]ter ukucken.

     

    Buer[ʑ]er- a Buer[j]er

    Am Allgemenge kënnt Buer[ʑ]ermeeschter mat 58,1% e bësse méi heefeg vir wéi Buer[j]ermeeschter. Et handelt sech deemno hei ëm zwou Varianten déi an hirer Heefegkeet dach zimmlech no beienee leien. D’Verdeelung nom Alter weist ausserdeem dorophin, datt mer et bei Buer[ʑ]ermeeschter mat enger méi neier Variant ze dinn hunn. Kënnt dës an der eelster Alterskategorie just op 50%, mécht se bei deene ganz jonken 68% vun den Nennungen aus. Dëst weist dorophin, datt sech d’Sprooch hei héchstwarscheinlech am Wandel befënnt.

     

    Mee[ʃ]ter a Mee[s]ter

    Geheie mer zu gudder Lescht nach e Bléck op den zweeten Deel vun eisem Kompositum: Meeschter. D’Variant Buergermee[ʃ]ter kënnt op ganzer 92,2% an d’Variant Buergermee[s]ter op 7,8%. D’Variant mat Palataliséierung ass deemno ganz kloer d’Haaptvariant. Spannend ass och, datt déi zimmlech seele Variant Buergermee[s]ter bei jonke Spriecher.innen nach vill manner heefeg virkënnt wéi bei eeleren. D’Tendenz schéngt deemno a d’Richtung vun engem Ofbau vun dëser Variant ze goen. Besonnesch spannend ass hei déi regional Verdeelung. Déi seele Variant Buergermee[s]ter kënnt quasi ausschliisslech am Norden an am Oste vum Land vir, woubäi Buergermee[ʃ]ter iwwerall am Land beluecht ass. Bei der net-palataliséierter Variant handelt et sech deemno ëm eng regional Variant, déi seele virkënnt a wéi et schéngt och weider ofgebaut gëtt.

     

  • „E Kiwwi“ oder „eng Kiwi“? Variatioun vun der Aussprooch an dem Genus.

    Op dësem zweeten Adventsweekend beschäftege mir eis mat eppes ganz Exoteschem – nämlech der Kiwifruucht. Firwat dat? Kiwie si bekannt dofir, extreem vill Vitaminn C z’enthalen an dowéinst ganz gutt gëeegent, eist Immunsystem an dësem kale Wantermount op Trapp ze halen. Mir hunn eis gefrot, wéi eng Variant favoriséiert gëtt, fir déi gréng Fruucht mat pelzeg bronger Schuel ze beschreiwen: Kiwi [ˈkiːviː], Kiwwi [ˈkiːviː] oder awer [ˈkiwiː]? Ausserdeem wollte mir wëssen, ob de gesonde Vitaminn C-Träger e maskulinen oder e feminine Genus huet. Fir des Froen ze beäntwerten, hu mir 382 Opnamen ausgewäert an analyséiert.

    Als éischt ka festgestallt ginn, datt knapps iwwert d’Hallschent vun de Participante.ën, nämlech 52,8%, [ˈkiviː] soen, den i also kuerz ausschwätzen. D’Opname weisen, datt dogéint 44,7% vun de befrote Léit [ˈkiːviː] soen, den i also laang ausschwätzen. Ganz wéineg Léit benotze léiwer eng drëtt Variant, nämlech [ˈkiwiː], wat der franséischer Aussprooch vum Wuert ganz no kënnt. Wat hei besonnesch markant ass, ass de Fait, datt mir hei quasi eng 50/50 Verdeelung erkenne kënnen, wat d’Verdeelung vu Kiwi a Kiwwi betrëfft. Mir hunn et also hei mat engem héichvariable Phenomeen ze dinn. 

    Och den Alter spillt bei der Variatioun vun der Aussprooch eng kleng Roll. Hei gesi mir beispillsweis, datt [ˈkiːviː] bei jonke Leit ënner 24 Joer d’Haaptvariant ass, woubäi Leit tëscht 25 a 64 Joer déi Variant tendenziell ëmmer manner benotzen an d’Wäerter hei op ënner 50% rutschen. Ausserdeem kann een an der Grafik erkennen, datt d’Variant [ˈkiwiː] zwar och an allen Alterskategorië vertrueden ass a bei Leit iwwer 65 verhältnisméisseg am heefegste virkënnt. Et erkennt een deemno, datt den Alter vun de Spriecher.innen d’Variatioun zwar beaflosst, allerdéngs léisst sech hei keng kloer Tendenz oder Entwécklung feststellen.

    En aneren Aspekt, deen hei eng méi grouss Roll spillt, ass déi jeeweileg Franséischkompetenz vun de Paticipante.ën (hei an der Grafik an enger Skala vun 2-niddreg bis 7-héich representéiert). Interessant ass hei ze gesinn, datt eng méi héich Kompetenz am Franséische méi [ˈkiwiː]-Nennunge mat sech bréngt. Quasi all d‘[ˈkiwiː]-Variante goufe vu Participante.ën ageschwat, déi hir Franséischkometenz als ganz héich ageschat hunn. Hei kann een deemno en Zesummenhang tëschetn de Variabelen „Aussprooch vu Kiwi“ a „Kompetenz am Franséischen“ ausmaachen. Datt et sech ëm genau dës Korrelatioun handelt, ass net besonnesch iwwerraschend, vu datt mer gesinn hunn, datt d’Aussprooch [ˈkiwiː] identesch mat där am Franséischen ass.

    Spannend ass am Kontext vun der Aussproch iwwregens och, datt eis Orthografie sech un der Aussprooch [ˈkiːviː] orientéiert, ëmmerhi schreiwe mir Kiwi an net Kiwi.

    De Genus vu „Kiwi“

    Iwwert d’Aussprooch eraus, hu mir eis och gefrot, wéi ee Genus a Kombinatioun mat der Fruucht virkënnt. Ass et e Kiwi oder eng Kiwi.

    67,6% vun de Participantë.e soen eng Kiwi, woubäi 32,4% e Kiwi soen. Fir knapp 68% huet Kiwi deemno e feminine Genus a fir knapp 32% e maskulinen. E Bléck op d’Grafik mat der Verdeelung nom Alter weist eis, datt dësen hei en Afloss op d’Variatioun huet. Am Allgemenge kann ee soen: Jee méi jonk d’Spriecher.innen, desto éischter gëtt eng Kiwi gesot. An dësem Fall ass deemno eng liicht Entwécklung ze erkennen.

     

    De Choix vum Genus hänkt allerdéngs, änlech wéi fir d’Aussprooch, och mat der Kompetenz am Franséischen zesummen. An dëser Grafik gesäit een eng liicht Tendenz dofir, datt mat der Kompetenz am Franséischen och méi e Kiwi gesot gëtt. Mir hunn et hei (genausou wéi zum Deel fir d’Aussprooch) mat engem Sproochkontaktphenomeen ze dinn. An dësem Fall fënnt een d’Wuert Kiwi souwuel am Däitsche wéi och am Franséischen, allerdéngs mat jeeweils ënnerschiddlecher Aussprooch ([ˈkiːviː] – [ˈkiwiː] an och ënnerschiddlechem Genus (eine Kiwi – un kiwi). De Kontakt mat béide Sprooche féiert dozou, datt mer am Lëtzebuergesche verschidden Aussproochen, awer och Variatioun am Genus fannen.

    Aus dësem Grond ass et interessant, sech unzekucken, wéi dës zwee Sproochkontaktphenomeener mateneen interagéieren. Ass et ëmmer eng [ˈkiːviː] an een [ˈkiwiː]? A wat ass mat [ˈkivi:]? Aus dësre Grafik ass besonnesch spannend erauszeliesen, datt [ˈkiːviː] zwar an iwwer 50% vun de Fäll mat femininem Genus virkënnt, awer eeben net just. Bei [ˈkiwiː] op där anerer Säit kënnt de maskuline Genus op nëmmen 29% (well et sech hei allerdéngs just ëm 7 Nennungen handelt, ass et schwéier eng kloer Ausso opgrond vun dëser Verdeelung ze maachen). Dem [ˈkivi:] gëtt mat am dacksten e feminine Genus attribuéiert (bal 75%). Et weist sech op jidder Fall, dass et hei keng kloer Korrelatioune tëscht Aussprooch a Genus gëtt, béid Phenomeener deemno mateneen interagéieren a variéieren.

    (Jenna Schmitz)

  • Schnurres, Schnauz a Moustache

    Owes gëtt et ëmmer méi fréi däischter, moies ëmmer méi spéit hell an dobausse gëtt et och nach ëmmer méi kal. De Kleeschen a Chrëschtdag stinn och geschwënn nees virun der Dier. Ier den Niklos an d’Chrëschtkëndchen hir Kaddoe verdeelen, kritt Dir wärend der Adventszäit awer nach eng kleng Opmierksamkeet vun eis: All Adventsweekend wäerte mir iech en neit Resultat aus eiser Schnëssen-App presentéieren. Den Ufank mécht dëse Weekend de Schnurres. 

    Mee firwat wëlle mir ausgerechent am November iwwert d’Gesiichtshoer vun de Männer schwätzen, woubäi mer eis dach quasi scho matzen an der Virchrëschtdagszäit befannen?
    De Mount November steet am Zeeche vum Prostatakriibs, sou wéi den Oktober am Zeeche vum Broschtkriibs, och nach den octobre rose genannt. De Pendant zum octobre rose ass och nach ënnert der Bezeechnung Movember bekannt. Heibäi handelt et sech ëm eng Fundraiser-Campagne, déi op de Prostatakriibs bei Männer opmierksam maachen a Spenden dofir sammele wëll. D’Männer kënnen dës Comapgne ganz einfach ënnerstëtzen, andeems se sech am November e Schnurres, Schnutz oder Moustache wuesse loossen.

    Fir erauszefannen, wéi eng Varianten et fir de markante Gesiichtsschmuck am Lëtzebuergesche gëtt, hu mir 282 Opnamen (Bildbeschreiwungsaufgab) ausgewäert an analyséiert. Déi follgend Variante si beim Analyséieren am heefegste virkomm: Schnurres, Schnauz, Schnutz, Schnurri, Schnurrbaart a Moustache. Hei konnt ausserdeem och eng Haaptvariant festgestallt ginn: de Schnurres, dee mat 42,8% (118) ganz wäit uewen op der Variantelëscht steet.

     

     

    Eng weider Variant, déi an der Opzielung net genannt gouf, well se just zwee Mol virkomm ass, ass d’Schnuddelbrems. Lo kéint een op den éischte Bléck vläicht mengen, dass dat eng spontan Wuertzesummensetzung ass. Dëst nawell dach witzegt Wuert ass allerdéngs och am „Luxemburger Wörterbuch“ ze fannen, wouduerch een och unhuele kann, dass et sech heibäi eventuell ëm eng vereelzt Variant handelt, déi an der Sproochgemeinschaft net méi esou oft benotzt gëtt: 

    Schnorres II, Schnurres M.: «Schnurrbart» — e Sch. wéi e Jhandarem — dafür auch: Schnurz, Schnutz, Schnauz — cf. Baart, Moustache, Schnuddelbrems.” (Luxemburger Wörterbuch)

    Doriwwer eraus sinn eis nach weider Aspekter opgefall. Engersäits fält op, dass déi meescht Varianten de selweschte Stamm hunn, sou wéi z. B. bei Schnauz, Schnutz, Schnurri. Dës Kuerzforme ginn alleguerten op de Schnurrbaart zeréck.  Bei Schnurri hu mer et ausserdeem mat enger Diminutivform, also enger Verklengerungsform, ze dinn, hei ëmgesat duerch den -i um Enn vum Wuert. Anerersäits ass och nach opgefall, dass eng ganz Rëtsch Duebel- a Méifachnennungen vun den Notzer.inne genannt goufen. Doraus kann een deemno de Schloss zéien, dass ganz ënnerschiddlech Varianten an der Sproochgemeinschaft a gewësser Hisiicht gläichermoosse gebraucht ginn oder zumindest bekannt sinn. Eng Duebelnennung ass heibäi awer méi dacks virkomm, nämlech d’Koppel Schnurres/Schnauz mat 5,8% (16). 

    An engem zweete Schratt hu mer eis nach ugekuckt, ob eventuell eng Relatioun tëscht dem Alter vun den Notzer.innen an de Variante festgestallt ka ginn. Heibäi sinn déi follgend Tendenzen opgefall: Engersäits schéngt d’Variant Schnauz mam Alter zouzehuelen, respektiv wat d’Spriecher.inne méi jonk sinn, wat dës Variant net esou dacks virkënnt. An der Alterskategorie 65+ ass d’Variant Schnauz mat enge 35% nach däitlech ze erkennen, woubäi se an der Alterskategorie ≤ 24 net méi sou dacks beluecht ass (10%). Anerersäits ass och opgefall, dass d’Variant Moustache nëmme bei deene méi jonke Generatiounen, also ≤ 24 bis 44, virkënnt, woubäi d’Alterskategorie ≤ 24 de markantesten Deel anhëlt. Et kann ee sech deemno froen, ob et hei eventuell en Zesummenhang mat der engleschsproocheger Online-Plattform 9GAG an hire markante “Memes” gëtt . D’Bild, dat bei dëser Ëmfro an der Schnëssen-App benotzt ginn ass, kéint dës Hypothees ënnerstëtzen. De gewisene Schnurres gläicht deem, deen a ville vun dëse Memes zum Asaz kënnt, dach zimmlech däitlech. An dësem Zesummenhang kéint een doriwwer eraus och unhuelen, dass Moustache net de Wee iwwert d’Franséischt, ma iwwert déi englesch Sprooch an d’Lëtzebuergescht fonnt huet. Ëmmerhin nennt ee Schnurres op Englech mustach.

    (Kim Krecké)

    Meme – 9GAG https://blipfuzz.com/meme-s-feel-like-a-sir-meme-vinyl-sticker/

    Bild aus der Schnëssen-App

  • All Hallows‘ Eve, Halloween, Trauliichtbrennen an Allerhellegen – Een Dag, vill Bräich.

    D’Blieder ginn ëmmer méi faarweg a fale lues awer sécher vun de Beem. Dat summerlecht Wieder, wat mer elo laang haten, huet endgülteg Äddi gesot a mir sinn am Hierscht ukomm. An dëser Joreszäit gëtt et e Fest, dat vu munch Leit gefeiert gëtt. Ma wéi nennt een dat Fest, dat um den 31. Oktober stattfënnt?

    Genau déi Fro hu mer eise Participante.ën och an der App gestallt (Item 360). Insgesamt 412 Äntwerte sinn agaangen a konnten ausgewäert ginn.  Wéi déi allgemeng Verdeelung vun de Varianten um Schema erkenne léisst, konnte mer 6 Variante feststellen, woubäi Halloween mat 82,0% (338) ganz däitlech vir läit. D’Variant Allerhellegen/Allerséilen kënnt mat 4,9% (20) op déi zweet Plaz. 18 Leit war dat Fest, dat den 31. Oktober gefeiert soll ginn, guer net bekannt bzw. soten se, dass et sech net ëm e lëtzebuergescht Fest géif handelen. Zu gudder Lescht gouf och nach 11 Mol d’Variant Trauliicht(-brennen) genannt. Ënner “aner” goufe weider Variante regruppéiert, déi awer just vereenzelt virkoumen (Oktoberfest, Haupeschdag, Reformatiounsdag). Schliisslech gëtt et nach eng Rubrik mat Duebelnennungen. Hei gouf, wann och just a wéinege Fäll, eng Kombinatioun aus Allerhellegen/Allerséilen an onbekannt/gëtt et zu Lëtzebuerg net genannt.

     

    Ier mer elo wéi gewinnt op dee méi sproochwëssenschaftlechen Deel iwwerginn, huele mer am Follgenden d’Originne vun de Bräich/Fester méi genee ënnert Lupp. Dës Explikatioune kënnen nämlech eng Erklärung fir de Choix vun de jeeweilege Variante ginn. D’Wuert Halloween ass u sech eng Kontraktioun vun All Hallows’ Eve, déi den Dag virun Allerhellege bezeechent (änlech wéi beim engleschen Christmas Eve, also Hellegowend). Ursprénglech gouf Halloween a Gebidder vun den ireschen Insele gefeiert, déi kathoulesch bliwwe sinn. Am 19. Joerhonnert si vill Ir.innen an Amerika ausgewandert, wouduerch de Brauch sech och do ëmmer méi verfestegen an zu engem vun de wichtege Volleksfester an den USA a Kanada entwéckele konnt. D’Traditioun, Kürbisse fir Halloween opzestellen, kënnt och aus Irland. Den Ursprong vum liichtende Kürbis läit doriwwer eraus an enger liichtender Rommel, déi op d’So vum Jack Oldfield zeréckgeet. Fir béis Geeschter kënnen ofzeschrecken, huet een an d’Kürbisse komesch Grimasse geschnëtzt. Déi amerikanesch Halloweensbräich, déi sech éischter duerch ee froue wéi e grujelege Charakter auszeechnen, hunn sech zanter den 1990er Joren an Europa verbreet. Dass verschidde Leit den 31. Oktober mat Allerhellegen/Allerséilen a Verbindung setzen, wonnert een u sech net méi, wann een sech déi grad genannten Informatioune virun Aen hält. Allerhellegen ass de Feierdag, un deem all den Hellege geduecht gëtt. Allerséile fënnt um Dag no Allerhellege statt. Hei gëtt dann un déi Verstuerwen, respektiv un déi aarm Séilen am Feegfeier geduecht. D’Griewerseenung, déi domat zesummenhänkt, gëtt op ville Plazen awer schonn um Dag vun Allerhellegen duerchgefouert. Komme mer zu gudder Lescht nach op d’Variant Trauliicht(-brennen) ze schwätzen. Als Trauliichter ginn an de muselfränkesche Regioune Rommele bezeechent, déi zu geschnëtzte Lanteren ëmfunktionéiert ginn, änlech wéi bei de Kürbisse virdrun. D’Trauliichtbrennen ass domat e Brauch, dee bis zum Ufank vum 20. Joerhonnert an den Dierfer südlech der Äifel an am Éislek staark verbreet war. Aus etymologescher Siicht gëtt ugeholl, dass d’Wuert Trauliicht vun Druglicht kënnt. Dëse Begrëff soll an der Welt vun de Soe Liichter bezeechnen, déi iwwert de Moueren opliichten a Leit, déi laanscht wanderen, irritéiere sollen. Dëse Brauch huet u sech och mat Allerhellegen ze dinn. Ursprénglech war en nämlech dofir geduecht, béis Geeschter ze verdreiwen, déi wärend de Summerméint vum Véi vun de Wise mat an de Stall bruecht goufen. D’Trauliichter goufen dofir an de Gaassen, respektiv laanscht d’Dieren oder op de Fënsterbänken opgestallt. Op verschidde Plazen, wéi z. B. dem lëtzebuergesche Munshausen, ginn déi geschnëtzte Lantere weekends an der Nuecht am Fakelzuch duerch d’Uertschaft gedroen a sollen déi béis Hierscht- a Wantergeeschter verdreiwen. Well d’Trauliichtbrenne bal vergiess ginn ass, versicht een et a verschidden Dierfer nees opliewen ze loossen. Besonnesch beléift sinn d’Trauliichtwochen, déi zu Munshausen am Fräiliichtmusée vun der Robbesscheier gefeiert ginn.   

    Elo, wou mer esou vill iwwert d’Hannergrënn vun de verschidde Bräich, déi mer an der Auswäertung fonnt hunn, gewuer goufen, kucke mer eis awer nach eng sproochlech Besonneschkeet beim Wuert Halloween un: Wéi gëtt d’Haaptvariant Halloween betount? Betount Dir d’Wuert éischter vir oder hannen? An der Auswäertung vun der Schnëssen-App koum eraus, dass Halloween an 88,8% (300) vun den Opname vir an 11,2% (38) hanne betount gëtt. Wéi léisst sech dës Variatioun erklären? Dat huet domat ze dinn, datt mer et bei dëser Variant mat engem Wuert ze dinn, dat aus enger anerer Sprooch kënnt, och Friemwuert bzw. Leenwuert genannt. Dëst Wuert gëtt an där Sprooch, aus där et hierkënnt hanne betount: HalloWEEN (hæləʊ’iːn). Am Lëtzebuergeschen ass eng Betounung op der leschter Silb éischter ontypesch. Dofir réckelt am Kader vum Integratiounsprozess vum Wuert d’Betounung no vir: HAlloween (‚hæləʊiːn). Déi selwecht Variatioun kann een aus dësem Grond iwwregens och am Däitsche beobachten.

    Dëse Prozess erkläert och déi lescht Observatioun, déi mir bei dëser Auswäertung maache konnten. Déi Leit, déi Lëtzebuergesch als Mammesprooch uginn hunn, betounen Halloween méi dacks op der éischter Silb wéi Spriecher.inne mat enger anerer Mammesprooch. Bei Net-Mammesproochler.innen ass de Reflex, d’Leenwuert am Bezuch op seng Betounung ze integréieren deemno manner staark, sou datt déi eigentlech englesch Betounung bäibehale gëtt.

     

    Mathëllef vun den Analyse konnt festgestallt ginn, dass Halloween déi heefegst Variant ass an d’Betounung gréisstendeels vir läit. Opgrond vum Ursprong vun Halloween ass et doriwwer eraus och net verwonnerlech, dass an den Opnamen och Variante wéi Allerhellegen/Allerséilen oder Trauliicht(-brennen) opgetaucht sinn. Dass munch Leit der Usiicht sinn, dass um 31. Oktober zu Lëtzebuerg näischt gefeiert gëtt, läit mat grousser Warscheinlechkeet dorun, dass fir si am Virdergrond steet, dass et sech bei Halloween ëm e rengen amerikaneschen an a Lëtzebuerg importéierte Brauch handelt an dat muselfränkescht Trauliichtbrennen net méi resp. net iwwerall am Land bekannt ass.

     

    (Autorin: Kim Krecké)

  • Wéi sot Dir: Bottesch oder Schmier?

    Sidd Dir prett, fir mol rëm eng Kéier e bëssen aner Resultater presentéiert ze kréien? Bei eiser Auswäertung vun haut beschäftege mir eis nämlech mat de Bezeechnunge fir eng Scheif Brout, déi – am Fall vun der entspriechender Foto an der Schnëssen-App – mat Botter bestrach ass. Dofir kucken mir eis awer net nëmmen d’Lëtzebuergescht un, mee geheien an dësem Fall och kuerz e Bléck op déi däitsch Dialekter mat Fokus op Rheinland-Pfalz an d‘Saarland. Och hei goufen nämlech entspriechend dialektal Bezeechnunge fir déi schonn ugeschwate Moolzecht mathëllef vun enger aktueller Online-Ëmfro gesammelt, soudass mir an Zesummenaarbecht mam Dr. Simone Busley vum Institut für Geschichtliche Landeskunde (vun der Universitéit Mainz) eng gemeinsam Verbreedungskaart erstelle konnten – mee dozou gläich méi.

    Lo awer mol vu vir: Fir d‘Lëtzebuergescht leien eis an dësem Fall 864 Opname vir, déi an d’Auswäertung mat agefloss sinn. Wéi gewinnt, gëtt de Kéisdiagramm een éischten Iwwerbléck iwwert d’Verdeelung vun de Varianten. Dobäi dominéiert d’Botterschmier resp. d’Schmier mat 92,5 % (799 Opnamen) ganz kloer, d’Bottesch an d’Bottisch kommen zesummen nach op 5,6 % (48 Opnamen) an heiansdo goufen och béid Variante vun de Spriecher*inne genannt (1,3 %, 11 Opnamen). Aner Variante wéi (Botter-)Kuuscht oder Botterbrout kommen nëmmen an Eenzelfäll vir a goufen ënnert „aner“ zesummegefaasst (0,7 %, 6 Opnamen).

    Ze preziséieren ass, dass de Fokus fir dës Auswärtung virun allem op der Verdeelung vu (Botter-)Schmier a Bottesch am Allgemenge louch, soudass z. B. phoneetesch Varianten net extra gezielt goufen. Sou zielen zu (Botter-)Schmier och Bottersschmier (mat engem Fouenelement) oder déi regional Varianten Botterschmär oder Schmiärr, déi erwaardungsgeméiss éischter am Norde vum Land beluecht sinn. Dacks goufen och Bezeechnunge wéi Schmier mat Botter (oder zum Deel Schmier mat Kéis) genannt, déi genausou ënner (Botter-)Schmier falen. Op déi ënnerschiddlech lautlech Forme vu Schmier an d’Variant Bottesch verweist awer och den LWB:

    Schmier III, Schmir (lok. Wiltz, Echt.: Schmeer, Nösl.: Schmiärr, seltener gebraucht, dort dafür: Bottesch — s. d.) F.: «Brotschnitte mit Aufstrich oder Belag» — eng fatzeg Sch. — eng blann Sch. (ohne Aufstrich, Belag) — hien hat nëmmen eng dréche Sch. bei sech (ohne Belag) — eng Sch. mat Gebääss, Ham, Zoossiss usw. 

    Dass d’Schmier awer net nëmme „beschmiert“, mee och mat Ham oder Zoossiss beluecht ka ginn, geet och aus dem LWB ervir. Domat gouf déi ursprénglech Bezeechnung fir alles dat, wat een sech op d’Brout ka schmieren op déi ganz preparéiert Tranche Brout iwwerdroen. Och fir d’Bottesch (resp. Bottisch) ass een Zesummenhang mat der Botterschmier unzehuelen: Sou kéint et sinn, dass d’Variant iwwert de Wee (eng) Botter-Schmier → (eng) Bottersch-Mier → (eng) Bottersch → (eng) Bottesch – also enger Reanalys vum Wuert an d’Ewechloosse vum leschten Element – entstanen ass. Heifir géif och de Genus, deen a béide Fäll feminin ass, schwätzen. D’Variant Bottisch a Forme mat -t (Bottescht a Bottischt, déi allerdéngs jeeweils nëmmen eemol beluecht sinn) wieren an deem Zesummenhang sekundär entstanen. Interessant ass dann nach den Hiweis, dass vereenzelt och d‘Varianten Botterbottesch a Bottesch mat Botter virkommen, déi d’Lexikaliséierung vu Bottesch ënnersträichen a weisen, dass d’Wuert net méi de Botter op der Schmier mengt, mee och hei déi ganz preparéiert Tranche Brout.

    Well et sech hei – wéi schon e puermol ugeklongen ass – ëm regional Variatioun handelt, ass e Bléck op déi passend Kaarten nach méi opschlossräich: Wärend (Botter-)Schmier am ganze Land virkënnt, si Bottesch resp. Bottisch virun allem am Klierfer a Veianer Kanton méi dacks beluecht, soudass hei dann och béid Variante niefteneen existéieren.

     

     

    Eng eeler Kaart (mat Daten aus den 1930er Joren) aus dem Rheinischen Wörterbuch weist dann och den Zesummenhang vun de lëtzebuergesche Variante mat deenen am muselfränkesche Gebitt an Däitschland. Do fält virun allem e grousst (Botter-)Schmier-Gebitt op, mee op der Héicht vum Nordéislek ass op däitscher Säit och ee méi klengt Buttersch-Gebitt ze erkennen, soudass d’Bottesch (am RhWB stinn d’Formen botə, bod-, -ĭs̆) och an der Äifel virkomm ass.

     

     

    Mee – tadaa – lo zum Schluss dann endlech nach kuerz eppes zu der aktueller a virun allem gemeinsamer Verbreedungskaart (341 Beleeger fir dat däischt Gebitt): Wéi och aus der eelerer Kaart am RhWB schonn ervirgaangen ass, sinn d‘(Botter/Butter-)Schmieren och haut nach an engem gréissere Gebitt a Rheinland-Pfalz an dem Saarland verbreet. Mat där aktueller Online-Ëmfro leie fir d‘Bottesch/Buttersch fir d’Äifel allerdéngs net genuch Date vir, fir Aussoen iwwert déi haiteg Verbreedung vun dëser Variant ze maachen. Ganz dacks beluecht ass am ënnersichte Gebitt op däitscher Säit awer nieft der Schmier d’Butterbrot. Dobäi kommen nach e puer aner Bezeechnunge wéi Butterramm an Dong.

     

     

    Méi iwwert déi sëlleche Bezeechnungen an hir Verbreedung am däitsche Gebitt kënnt Dir hei (op Däitsch) am entspriechenden Artikel vum Dr. Simone Busley gewuer ginn. Gitt emol luussen!

  • Haalt Är Daumen an Domme gedréckt!

    Dréckt Dir d’Daumen oder dréckt Dir d’Dommen? Am Kader vun der Datenerhiewung mat der Schnëssen-App wollte mir vun de Participante.ën wëssen, wéi si den éischten, stäerksten a kierzte vun de fënnef Fanger nennen. An de 487 Opnamen, déi mir bei deem Item ausgewäert hunn, huet sech eng Variant besonnesch duerchgesat.

    Am heefegste gouf mat 60% (295) d’Variant Daum genannt, op déi zweet Plaz kënnt mat 38% (187) Domm. Mat e puer Nennunge sinn dann och nach Daumen, Dëmmchen, Deimerling dobäi, déi am Kéisdiagramm ënner „aner“ klasséiert sinn.

     

    Kuckt een sech d’Verdeelung nom Alter vun de Spriecher.innen un, ergëtt sech e ganz schéint Bild: Aus dem Diagramm geet ervir, dass d’Variant Daum virun allem bei de jéngste Particiante.ë liicht ofhëlt. Wat d’Spriecher.inne méi al ginn, wat d’Variant Domm manner gebraucht gëtt. Geheit een e Bléck op d’Altersgruppe 35 bis 44 a 45 bis 54, stellt ee fest, dass d’Verdeelung vun de Varianten an dësem Zäitraum stabil bleift.

    Ob de Gebrauch vun enger Variant geschlechtsspezifesch ass, kucke mer eis als nächst un. Wéi dem Diagramm ze enthuelen ass, ass d’Verdeelung tëschent Fraen a Männer zimmlech konstant. A béide Fäll läit d’Prioritéit bei der Variant Daum, woubäi d’Männer eng liicht Tendenz zum Domm opweisen, am Géigesaz zu de Fraen.

    D’Kaart stellt da schliisslech de Gebrauch vun de béiden Haaptvarianten no Dialektgebitt duer. Déi regional Verdeelung weist eis, dass d’Variant Daum am ganze Guttland dominéiert. Am Norde vum Land huet den Domm ganz kloer d’Iwwerhand. Si kënnt awer, wann och méi seelen, och am an der Mëtt an am Süde vu Lëtzebuerg vir. Am Oste vum Grand-Duché allerdéngs ass den Domm esou gutt wéi net present. Hei gesäit ee ganz kloer, dass Tendenz beim Daum läit.

    Et handelt sech hei deemno ëm eng regional Variatioun, déi allerdéngs och e liichte Wandelprozess an der Apparent-time-Analys erkenne léist. Opfälleg ass dobäi, dass déi nërdlech Variant am Allgemenge liicht u Buedem gewënnt, och wann den Daum, am Bezuch op den Alter, nach iwwerall d’Haaptvariant duerstellt.

     

    (vum Katrin Thill)

  • De Partizip Perfekt vun “ufänken”

    Haut beschäftege mer eis mam Partizip Perfekt vun ufänken, woubäi mer eis dëst Verb souwuel am Bezuch op seng regional Verdeelung wéi och am Bezuch op seng Flektiounsendung ukucken. 

    Beim Item, deen dëser Auswäertung zu Grond läit, handelt et sech ëm eng Iwwersetzungsaufgab: “Letze Nacht hat es angefangen zu schneien.” Mir wollten deemno wëssen, wéi d’Participante.ën d’Verb angefangen op Lëtzebuergesch iwwersetzen an dobäi kann een zwou interessant Observatioune maachen. Éischtens gëtt däitlech, datt et hei eng regional Variatioun gëtt. Et konkurréieren (u/a)gefaangen mat 90,5% (914), (u/a)gefongen mat 8,1% (82) an (u/a)gefungen mat 1,4% (14) mateneen.

    Geheit een e Bléck op d’Kaart, gëtt däitlech, datt d’Haaptvariant u sech am ganze Land virkënnt, allerdéngs säi Kärgebitt südlech vun de Kantonen Dikrech a Réiden huet. Bei deenen aneren zwou Varianten handelt et sech ëm Nordvarianten, woubäi (u/a)gefungen exklusiv op de Kanton Klierf beschränkt ass. (u/a)gefongen kënnt souwuel am Kanton Klierf wéi och am Kanton Woltz vir, ass awer och nach vereenzelt an de Kantone Veianen, Dikrech a Réide beluecht. 

    Den Diagramm mat der Verdeelung no Alter mécht ausserdeem däitlech, datt d’Varianten an all Altersgrupp vertruede sinn an och kee staarke Réckgang oder Zouwuess vun enger Variant verzeechent ka ginn. D’Heefegkeet vun den ënnerschiddleche Variante variéiert zwar liicht vun Altersgrupp zu Altersgrupp, allerdéngs sinn d’Zuelen zimmlech stabil. 

    E weidert spannend Phenomeen, dat ee bei dëser Partizipsform gesäit, ass d’Variatioun vun der Flektiounsendung. Bei staarke Verben, déi am Partizip Perfekt mat m (geschwommen), ng (ugefaangen), oder l (gehalen) ophalen, hu mer et dacks mat enger Konkurrenz vun der Null-Flektiounsendung an der eigentlecher en-Flektiounsendung ze dinn. An dësem Fall handelt es sech deemno bei der éischter Variant ëm ugefaangen a bei der zweeter ëm ugefaang. Wat dës Variatioun besonnesch interessant mécht, gesäit een an deenen nächsten Diagrammer. Wéi een dem éischte Kéis enthuele kann, hu mer et hei mat engem Phenomeen ze dinn, dat immens vill variéiert, d.h. béid Forme quasi gläich dacks virkommen: ugefaang kënnt op 55,7% an ugefaangen op 44,3%. Dës Verdeelung léisst sech iwwregens och bei anere Verben, déi vun dëser Form vu Variatioun betraff sinn, observéieren.

    Och de Bléck op d’Verdeelung no Alter offenbaart Spannendes: Och wann et liicht Schwankungen tëscht den Altersgruppe gëtt, kann een – genau wéi uewen – keen Zouwuess oder oder Réckgang vun enger Variant iwwert d’Altergruppen beobachten. Vun der Alterskategorie 45-54 bis zu 65+ hëlt d’Variant mat Nullflektiousnendung zwar liicht zou, allerdéngs ass d’Verdeelung an de méi jonken Alterskategorie quasi identesch mat där an der Kategorie 65+. 

    Dat bedeit, datt mer et hei mat engem héichvariable Phenomeen ze dinn hunn, bei deem et allerdéngs, am Ënnerscheed zu villen aneren, an eisen Date keen Hiweis op Sproochwandel gëtt. 

     

  • Chicon, Chicorée, Schickeri an Andéiwen – eng komplizéiert Geschicht

    Haut steet nees e lackelegt Geméis um Programm: De Chicon. Oder sot Dir éischter Chicorée, Schick(e/o)ri oder Andéiv?

    Fir erauszefannen, wéi dacks déi ënnerschiddlech Variante virkommen an och wien dës benotzt, hu mer eis insgesamt 445 Opnamen ugelauschtert, bei deenen d’Participante.ë matdeele sollten, wat se op engem Bild erkennen. Wéi déi allgemeng Verdeelung vun de Varianten erkenne léisst, hu mer insgesamt 4 Variante fonnt, woubäi de Chicon mat 70,3% (313) kloer als Haaptvariant bezeechent ka ginn. De Chicorée kënnt mat 16,0% (71) op déi zweet Platz, de Schick(e/o)ri mat 6,5% (29) op déi drëtt Plaz an d’ Andéiwen mat 2,9% (13) op déi véiert. Des Weidere fënnt sech och nach d’Duebelnennung Chicon/Andéiwen , déi mat 2,2% (10) nach relativ dacks virkënnt, an “aner” am Kéis erëm. Ënner “aner” gouf anert Geméis, dat vereenzelt genannt gouf, regruppéiert.

    Ier mer elo erëm wéi gewinnt zu der Verdeelung no Alter kommen, huele mer d’Varianten emol eng Kéier ënnert d’Lupp. Och hei hu mer et erëm mat Varianten ze dinn, déi hir Wuerzel an ënnerschiddlechen Dialekter resp. Sproochen hunn. Hei gëtt et elo awer besonnesch komplizéiert, well net nëmmen déi ënnerschiddlech Begrëffer, ma och déi ënnerschiddlech Bedeitunge vun de Begrëffer an d’Spill kommen. Kucke mer eis fir d’éischt déi däitsch Sprooch un. Hei nennt een d’Geméis an der Standardsprooch Chicorée . Dëst Geméis ass eng Ënnerzort vun der Gemeinen Wegwarte och nach Zichorie genannt. Domat hu mer och schonn d’Wuerzel vun eise Variante Chicorée a Schick(e/o)ri fonnt. Schick(e/o)ri ass dobäi vun Zichorie ofgeleet a kënnt och an den ugrenzenden däitschen Dialektgebidder als Zigore , Zigori (béides Rhäinfränkesch) oder Schikeri , Schigori (Muselfränkesch) vir. Als nächst geheie mer e Bléck op d’Bezeechnungen am Franséischen. Hei kënnt souwuel endive wéi och chicon vir, woubäi et sech bei chicon ëm eng Variant handelt, déi op den Norde vu Frankräich an d’Belsch begrenzt ass. Hei hu mer deemno d’Wuerzel vun eisem Chicon an den Andéiwen fonnt. Komplizéiert ass dat Ganzt dowéinst, well déi Däitsch an d’Franzousen eppes aneschters ënner endives resp. Endivien op der enger Säit a Chicorée op der anerer verstinn. Dat, wat a Frankräich endives sinn, ass an Däitschland de Chricorée resp. Zichorie an dat, wat an Däitschland d’ Endivien sinn, ass a Frankräich de chicorée . Ganz schéi komplizéiert… Festzehale bleift, datt mer am Lëtzebuergesche Variante mat ënnerschiddlecher Hierkonft hunn: 1. déi Bezeechnung, déi aus den ugrenzenden däitschen Dialektgebidder kënnt, aus deenen sech déi Lëtzebuerger Sprooch erausentwéckelt huet: Schick(e/o)ri . 2. déi Bezeechnung, déi aus dem Standarddäitsche kënnt: Chicorée an 3. déi Bezeechnungen, déi aus dem Franséische kommen: Chicon an Andéiwen (frs. endive). Duerch déi ënnerschiddlech Bedeitungen am Däitschen a Franséische wier et elo natierlech spannend ze kucken, ob am Lëtzebuergesche bei der Referenz op dt. Endivie resp. frs. chicorée och béid Variante virkommen.

    Komme mer elo zu der Verdeelung no Alter. Hei gesäit een, datt bis op d’ Andéiwen , déi an der jéngster Altersgrupp net vertruede sinn, all Variant an all Altersgrupp virkënnt. Hei sinn awer och kleng Entwécklungen ze erkennen. Sou hëlt de Chicorée vu méi al zu méi jonk zou. Genau ëmgedréit gesäit et beim Schick(e/o)ri an den Andéiwen aus, déi bei deene Jonken zum Deel zimmlech däitlech ofhuelen a bei deene Jonke bal guer net méi virkommen. Änlech wéi de Chicorée verhält sech de Chicon . Dës Variant hëlt och vu méi al op méi jonk zou, allerdéngs net sou däitlech an och mat enger Stabiliséierung an den Altersgruppe vu 25 bis 54. Déi jéngst Altersgrupp fält dann erëm op den Niveau vun de 55-64-

    Zum Schluss kucke mer eis nach d’Relatioun tëscht der Wiel vun der Variant an der Kompetenz am Franséischen un. Wéi een dem Diagramm enthuele kann, hëlt de Chicon an och d‘Andéiv (an och d’Kombinatioun Chicon/Andéiwen) parallel zu der Kompetenz am Franséischen zou, woubäi de Chicorée däitlech ofhëlt. De Schick(e/o)ri bleift als eenzeg Variant stabil. Dëst bedeit deemno: Jee besser de Spriecher.innen hir Kompetenz am Franséischen ass, desto éischter benotzen si d’Variante mat franséischer Hierkonft.

    Mir hunn et deemno generell hei mat eng komplexe Sproockontaktphenomeen ze dinn, woubäi an der Apparent-time-Analys och en Hiweis op Sproochwandel ze erkennen ass. Vereenzelt Variante schéngen sech auszebreeden an anerer ofzehuelen, woubäi nieft dem Alter och d’Kompetenz am Franséischen eng Roll bei der Wiel vun der Variant spillt.

     

  • Vu roude Rommelen a Bettrawen

    Wéi nennt Dir dëst Geméis? Rout Rommelen, einfach Rommelen oder awer éischter Bettrawen? Ma genau dës dräi Varianten hu mer an der Schnëssen-App fonnt, wou mer vun de Participante.ë wësse wollten, wéi si dëst mooft Geméis nennen.

    Kuckt een sech déi allgemeng Verdeelung un, gëtt däitlech, datt et e klore Gewënner gëtt: rout Rommelen kënnt mat 76,7% (243) am heefegste vir, woubäi Bettrawen op 7,6% (24) a Rommelen op 5,7% (18) kommen. Opfälleg ass, datt “aner” mat 10,1% (32) déi zweet Plaz beleet. Dat huet domat ze dinn, datt eng Rei Leit gemengt hunn, eppes aneres um Bild ze erkennen. Dorënner ware rout Zwiwwelen, roude Kabes an och Réidercher

    Kucke mer eis d’Varianten u sech eng Kéier méi genau un. Bei der Rommel resp. der rouder Rommel handelt et sech ëm eng Variant, déi als Lexem och schonn am Luxemburger Wörterbuch a souguer an deene méi alen Dictionnairen (Wörterbuch der Luxemburger Mundart a Lexikon der Luxemburger Umgangssprache) virkënnt. Des Weidere fënnt een d’Rommel respektiv d’Rummel och am pfälzeschen, elsässeschen a loutrengeschen Dictionnaire. Et handelt sech deemno ëm eng regional Variant vu Runkelrübe, déi am Musel- a Rhäinfränkesche verbreet ass. Och der Bettrav begéint een an de méi ale lëtzebuergeschen Dictionnairen an zwar als Variant vun der rouder Rommel. Bei der Bettrav handelt et sech awer net ëm eng musel- oder rhäinfränkesch Variant, ma ëm eng franséisch Variant la bettrave. Vu datt si och an eeleren Dictionnairen ze fannen ass, muss  si deemno scho virun enger méi laanger Zäit iwwert déi franséisch Sprooch hire Wee an d’Lëtzebuergescht fonnt hunn. 

    Kucke mer eis als nächst d’Verdeelung vun de Varianten no Alter un. An dësem Diagramm hu mir d’Rommelen bei d’rout Rommelen gerechent, well et sech hei – och wann d’Adjektiv op enger Plaz feelt – u sech ëm déi selwecht Variant handelt an och “aner” vernoléissegt, well et sech hei jo ëm eng Referenz op anert Geméis handelt. Am Diagramm gesäit een op en Neits, datt déi zwou Varianten an all Altersgrupp virkommen an och d’Heefegkeete sech immens änlech sinn. Eleng d’Altersgrupp 45-54 presentéiert sech e bëssen anescht a weist méi Bettrawen-Nennungen op. 

    E Bléck op d’Kaart weist eis, datt d‘rout Rommelen an och d‘Rommelen quasi iwwerall am Land beluecht sinn. Eleng d‘Bettrawen schéngen éischter op bestëmmt Regiounen am Süde beschränkt ze sinn. Well dës Variant am Allgemengen allerdéngs zimmlech seele beluecht ass, ass et schwéier aus dëser Visualiséierung Schlëss ze zéien.

    Alles an allem bleift festzehalen, datt mer et hei mat engem Sproochkontaktphenomeen ze dinn hunn, woubäi sech d’Variant rout Rommel kloer als Haaptvariant, déi zudeem iwwerall am Sproochgebitt verbreet ass, erauskristalliséiert huet. D’Resultater weisen awer och, datt trotz de wéinegen Nennungen, d‘Bettrawen an allen Altergsruppen ongeféier d’selwecht dacks beluecht sinn an et soumat keen Hiweis dorop gëtt, datt dës Variant amgaangen ass, ofgebaut ze ginn.

  • Druckt Dir um Printer, dréckt Dir op der Imprimante oder print Dir um Drucker?

    Am Kader vun der Datenerhiewung mat der Schnëssen-App wollte mir vun de Participante.ë wëssen, wéi si den Apparat nennen, mat deem Daten (z.B. Texter, Grafiken, Fotoen, Diagrammer asw.) vum Computer aus geprint kënne ginn. Wéi esou dacks bei eisen Auswäertungen ass och hei eng Hellewull u Bezeechnunge benotzt ginn, fir dësen Apparat ze benennen. An deenen 912 Opnamen, déi mir bei deem Item ausgewäert hunn, hu sech zwou Variante besonnesch duerchgesat.

    Fir d’éischt kucke mir eis d’Gesamtheet vun de Variante méi genee un. Bei de Schnëssen-App-Spriecher.inne läit d’Variant Printer mat 40% (337) knapps virun der Variant Drucker, déi opgeronnt 33% (277) vun den Opnamen ausmécht. Op déi drëtt Plaz kënnt Imprimante mat knapps 16% (132). D’Schlussliicht bilden d’Varianten Drécker/Drocker mat 6,5% (55) an d’(Foto-)kopiesmaschinn mat 4,8% (40). Dobäi muss gesot sinn, dass d’Bezeechnunge vun 71 Spriecher net Deel vum Kéisdiagramm sinn, well si méi seelen Kombinatioune vu méi wéi enger Variant opgezielt hunn oder ënnert dem Drucker e Fax verstanen hunn. Wat déi méi heefeg Duebelnennungen ugeet, ass niewent Drucker/Imprimante Drucker/Printer déi Duebelnennung, déi am dackste virkënnt. D’Varianten, déi an dësem Kontext virkommen, si besonnesch interessant, wann ee sech ukuckt, vu wou se kommen. Sou kënnt d’Haaptvariant Printer vun englesche printer, den Drucker an Drécker/Drocker (assimiléiert Varianten) vum däitschen Drucker, an Imprimante vum franséischen imprimante. Mir hunn et deemno an dësem Fall ganz kloer mat engem Sproochkontaktphenomeen ze dinn, bei deem net nëmmen Däitsch a Franséisch, ma och Englesch eng Roll spillen. Datt Englesch hei och mat an d’Spill kënnt, ass warscheinlech dorop zeréckzeféieren, datt mer et hei mat engem Domän ze dinn hunn, an deem Englesch sproochlech gesi generell eng grouss Roll spillt: dem Beräich vum Computer.

     

    Als nächst gëtt d’Verdeelung no Alter ënnert d’Lupp geholl. Och hei gi just d’Eenzelvariante vun de Spriecher.inne berécksiichtegt. Opfälleg ass, dass bei de Leit ënnert 35 souwuel den Drucker ewéi och de Printer relativ gläich beléift sinn. Ab der Alterskategorie 35 bis 44 läit d’Preferenz kloer bei der Variant Printer, woubäi d’Imprimante u Beléiftheet zouhëlt, par rapport zu de méi jonke Spriecher.innen. Am Allgemenge kann een deemno soen, datt jonk Spriecher.innen éischter déi däitsch an englesch Variant léiwer hunn, bei de Spriecher.innen iwwer 45 dann awer d’Preferenz fir déi franséisch Variant zouhëlt.

     

    En Zesummenhang ass zudem och mat der Kompetenz am Franséischen op der Säit vun de Spriecher.innen ze erkennen. Ab dem Niveau 5 hëlt d‘Imprimante op der enger Säit erkennbar zou, woubäi den Drucker op der anerer Säit noweislech ofhëlt. Am Bezuch op de Printer gesäit een eng tendenziell Zounam iwwert all d’Kompetenzstufen. Et kann een deemno schlussfolgeren, datt net nëmmen den Alter en Afloss op d’Wiel vun der Variant huet, ma och d’Kompetenz am Franséischen. Ass dës héich, gëtt déi Variant mat romaneschem Ursprong par rapport vun där mat germaneschem Ursprong favoriséiert. En Zesummenhang tëscht der Kompetenz am Franséischen an dem Printer hierzestellen, ass manner evident. Dës Variant hëlt nämlech och mat der Kompetenz am Däitschen zou. Dës Zounam kann deemno net eendäiteg mat enger vu béide Friemsproochen a Verbindung gesat ginn an deit evtl. éischter op e generellen Zesummenhang tëscht Friemsproochkompetenzen an dem Printer hin. Fir dat ze klären, wieren allerdéngs nach weider Analysen néideg.

    (vum Katrin Thill)

  • Flilleken, Fliniken a Fligel

    Endlech ass et erëm esou wäit: Et ass net nëmme Vakanz, ma och mir mellen eis nees mat ganz flotte Resultater aus der Schnëssenzentral zeréck! Vun haut un an iwwert déi nächst Wochen an der Summervakanz presentéiere mer Iech reegelméisseg flott Resultater aus der Schnëssen-App. Freet Iech also op fuschnei Auswäertungen, Texter, Kaarten a Grafiken.

    Fir haut hu mer eis d‘Wuert Flilleken erausgesicht. Dëst war am Saz „Auch die kleinsten Vögelchen haben Flügel.“ agebaut. Dee Saz kënnt Iech eventuell scho bekannt vir, wat domat ze dinn huet, datt mer eis hei virun enger Zäit schonn d‘Wuert Villercher ugekuckt haten. D‘Flilleke vun dëse Villercher sinn awer kengesfalls manner interessant, wéi sech elo weise wäert.

    Kucke mer eis fir d‘éischt déi allgemeng Verdeelung vun de Varianten un. Op dem Kéis erkennt een, datt mer et am ganze mat 6 ënnerschiddleche Varianten ze dinn hunn: Flilleken (69,5%), Fligel (15,6%), Flilliken (7,7%), Fligelen (5,7%), Fliniken (0,8%) a Frilleken (0,7%).

    Wéi d‘Verdeelung duerchschénge léisst, hu mer e ganz klore Gewënner ënnert de Varianten: Flilleken. Aus dësem Grond ass et och net weider verwonnerlech, datt e Bléck op d‘Kaart eis verdäitlecht, datt dës Variant am ganze Land virkënnt. Wat d‘Kaart ausserdeem weist: Bei de Variante Flilliken, Fliniken a Frilleken handelt et sech ëm regional Varianten. D‘Flillike sinn zwar vereenzelt och an der ënneschter Hallschent vu Lëtzebuerg ze fannen, kommen awer méi konzentréiert am Norde vum Land vir. Och bei de Fliniken handelt et sech ëm eng nërdlech Variant. Si kënnt allerdéngs effektiv nëmme ganz uewen am Kanton Klierf vir. Schliisslech deit sech bei de Frilleken un, datt dës Variant éischter am Oste vum Land vertrueden ass.

    Gestäipt gëtt des Analys vum Luxemburger Wörterbuch. Och hei ginn déi ernimmte Varianten als lokal Variante bezeechent, och wann e Verweis op déi spezifesch Regioune feelt. Hei begéint een allerdéngs och nach der Variant Fréilek, déi mer an eisen Daten allerdéngs leider net fonnt hunn. Zwou weider Varianten, vun där eng mat 15,6% am zweetheefegste virkënnt, sinn Fligel a Fligelen. Dobäi handelt es sech u sech a béide Fäll ëm déi selwecht Variant Fligel, woubäi de Pluriel eng Kéier mat enger Null- an eng Kéier mat enger en-Endung gebilt gëtt. Et sief un dëser Plaz ugemierkt, datt dës Form vu Plurielvariatioun am Lëtzebuergeschen verhältnisméisseg dacks virkënnt (Bsp.: Mëttel – Mëttelen, Bäcker – Bäckeren, Zëmmer – Zëmmeren). Bei der Variant gëtt zimmlech séier däitlech, datt et sech dobäi ëm eng Interferenz mam däitsche Flügel handelt, déi assimiléiert, d. h. un d‘Lëtzebuergescht ugepasst gouf. Des Weidere mécht e Bléck op d‘Kaart däitlech, datt béid Varianten am ganze lëtzebuergesche Sproochraum virkommen. Et ass, wéi dat scho méi dacks duerchgeklongen ass, deemno net esou, datt an de Grenzregiounen de Kontakt zu der däitscher Sprooch méi intensiv wier wéi an anere Regiounen.

    Kucke mer eis zum Schluss nach d‘Verdeelung nom Alter un. Aus dem Diagramm kann ee Verschiddenes erausliesen. Fir d‘éischt si bis op Frilleken Fliniken – regional Varianten, déi zimmlech seelen an och just bei Spriecher.innen iwwer 25 beluecht sinn – d‘Varianten an allen Alterskategorië vertrueden. Fir dës zweet gëtt allerdéngs däitlech, datt d‘Verdeelungen zum Deel ënnerschiddlech sinn. D‘Flilleke sinn an allen Altersgruppen (bis op déi lescht) ongeféier d‘selwecht vill vertrueden. Par rapport zu de Variante Fligel/en Flilliken ass eng Verännerung festzestellen. Fligel/en hëlt mat méi jonkem Alter zou a Flilliken of. Dëst Bild schwätzt deemno zum enge fir e méi intensive Sproochkontakt mam Däitsche bei deene méi jonke Leit an zum anere fir e liichte Réckgang vu regionale Varianten. Dës Analys vum Zesummenhang tëscht Alter a Wiel vun der Variant deit wéi sou oft dorop hin, datt d‘Sprooch am Wandel ass.

  • Spidol oder Klinick? Eng Auswäertung als symbolesche Merci un all d’Klinicken a d’Spideeler.

    Natierlech kënne mir Sproochwëssenschaftler.innen eis net wéi aner Disziplinnen de Moment direkt am Kader vun der sanitärer Kris engagéieren. Wat mer awer maache kënnen, ass de Sproochgebrauch resp. d’Discoursen an dëser Zäit analyséieren oder eis mat bestëmmte Wierder beschäftegen, déi an Zäite wéi dëse méi dacks gebraucht ginn, a mat der Presentatioun vun eise Resultater och de Leit eng kleng Freed maachen.

    Aus dësem Grond an och symbolesch dofir, datt mir all de Leit aus dem Gesondheetssecteur fir hiert Engagement e grousse Merci soe wëllen, hu mer eis fir haut d’Wuert Klinick, dat mer am Kader vun der 2. Ronn an der Schnëssen-App ofgefrot hunn, erausgesicht. 

    Wann dir u Klinick denkt, kënnt Iech bestëmmt och séier eng aner Variant an de Kapp, déi ee benotze kann, fir entweeder op d’Institutioun oder d’Gebai ze verweisen: Spidol. Dat sinn dann och déi zwou Varianten, déi mir am Kader vun der Auswäertung vun insgesamt 424 Opname fonnt hunn. D’Aufgab huet dora bestanen, eis matzedeelen, op wat dëst Schëld hiweist:

     

    Wann ee sech déi allgemeng Verdeelung ukuckt, gesäit een, datt virun allem déi zwou schonn ugeschwate Variante an d’App erageschwat goufen. Klinick kënnt dobäi op 44,8% a Spidol op 31,0%. Dann hunn och nach 3,2% vun de Participante.ën déi zwou Variante genannt. Déi aner 21,9% hu sech fir eng aner Bezeechnung entscheet. Dorënner Rout Kräiz, Croix Rouge, Apdikt, Éischt Hëllef an Dokter. Alles an allem kann een deemno festhalen, datt et zwou Variante gëtt, déi vun hirer Verdeelung hir zimmlech no beienee leien. Rechent een déi aner Nennungen eraus, kënnt Klinick op 59,1% a Spidol op 40,1%. An dësem Fall hu mer deemno net wéi sou oft eng Haaptvariant an eng oder méi Niewevarianten, mee eeben zwou Varianten, déi bal gläichop leien.

     

    Geheit een e Bléck op d’Verdeelung nom Alter, erkennt een – ofgesi vun engem klengen Ausräisser an der Alterskategorie vun de 55-64 Järegen – e liichte Réckgang vun de Klinick-Nennungen zu Gonschte vum Spidol. Dat weist op Sproochwandel hin, mee wéi ëmmer misst een hei nach weider Analyse maachen, fir datt een dëst mat Sécherheet soe kann. 

     

     

    Kuckt ee sech nämlech d’Umierkungen am Luxemburger Wörterbuch un, stellt ee fest, datt et zwar en Artikel zu Spidol (ënnert Spëdol) gëtt, Klinick och als Variant genannt ass, een awer keen eegenen Artikel fir Klinick fënnt. Dat léisst de Verdacht opkommen, datt Spidol déi méi al Variant ass. Vu datt an deenen eelere Wiederbicher (Wörterbuch der Luxemburger Umgangssprache a Wörterbuch der Luxemburger Mundart) béid Begrëffer net virkommen, léisst sech dat awer net bestätegen.

    Interessant ass och, datt sech dës Variatioun och am Däitschen opdeet: Klinik vs. Spital, woubäi mer hei och nach d’Variant Krankenhaus fannen. Mat enger klenger Recherche op Google Ngram kann ee sech d’Frequenze vun dëse Wierder vun 1800 bis haut a geschriwwenen Texter op Däitsch, déi am Internet verfügbar sinn, uweise loossen. Heiraus gëtt kloer, dass déi dräi Begrëffer (Klinik, Spital a Krankenhaus) schonn zimmlech laang mateneen a Konkurrenz stinn. Tëscht 1800 an 1840 komme se och quasi d’selwecht dacks vir, wat sech dann awer dono ännert. Vun 1840 u gëtt Klinik ëmmer méi frequent, woubäi Spital a Krankenhaus op dem selwechten niddregen Niveau bleiwen. Ab 1900 dann hëlt Klinik allerdéngs erëm lues a lues of a Krankenhaus ab 1960 zou. Spital dogéint bleift weider op sengem niddregfrequenten Niveau. Haut hu mer d’Situatioun, datt Krankenhaus am dackste virkënnt, Klinik e bësse manner oft a Spital a seelensten.

     

    Eng änlech Entwécklung ass natierlech och fir d’Lëtzebuergescht denkbar. Et kéint deemno sinn, datt Klinick an der Vergaangenheet a senger Frequenz par rapport zu Spidol am Sproochgebrauch zougeholl huet an elo awer erëm zréckgeet. Dat awer am Lëtzebuergeschen net wéi am Däitschen zu Gonschte vun enger drëtte Variant geschitt, mee zu Gonschte vu Spidol. Dës Hypothees muss een awer, wéi gesot, duerch weider Analysen op d’Prouf stellen.

    Bleift gesond!

    Är Schnëssen-Ekipp.

  • „Ech schwätze vum Claude Schmit, dem Schmitte Jang sengem Bouf.“

    Haut um Dag vun der Mammesprooch presentéiert d’Schnëssen-Ekipp Iech natierlech och erëm e flott Resultat aus der Schnëssen-App. Wat sicht een sech op sou engem Dag wéi haut eraus? Mir duechten eis, et wär emol flott, sech mat enger Kategorie vu Wierder ze beschäftegen, déi mer bis elo nach net gesinn hunn: Anthroponymmen. Dat héiert sech elo natierlech méi komplizéiert un, wéi et ass. Et geet eis ëm Persounennimm resp. d’Kombinatioun vu Vir- a Familljennumm. Firwat dës ënner anerem interessant sinn, gesitt Dir elo an der Auswäertung.

    Dës Kéier hu mer eis zwee verschidde Sätz erausgesicht. Zum engen “Claude Schmit hat das schönste Haus im Dorf” (1317) an zum aneren “Jeanne Baustert hat ihren Hausschlüssel vergessen und sich ausgesperrt” (770). Kucke mer eis fir d’éischt d’Grafiken un, déi déi allgemeng Verdeelung vun de Variante weisen.

     

     

    Hei gëtt däitlech, datt déi meescht Leit, also zu 90%-93%, den Numm an der Reiefolleg Virnumm + Familljennumm iwwersat hunn, d. h. sou, wéi en och am Ausgangssaz steet. 9% benotzen dogéint d’Variant FamN + VirN. Dës Konstruktioun ass besonnesch interessant, wëll de Familljennumm net just virdru gestallt, ma och flektéiert gëtt. Et ass net Schmit Claude oder Baustert Jeanne, ma Schmitte resp. Schmits Claude a Bausterte Jeanne. Flektéiert heescht an dësem Kontext, datt mathëllef vun enger Endung, an dësem Fall -s oder -en, um Numm de Kasus, an deem e steet, markéiert gëtt. Wéi den -s et evtl. schonn undeit, handelt et sech dobäi ëm d’Markéierung vun engem Kasus, deen am Lëtzebuergeschen u sech keng grouss Roll méi spillt: dem Genitiv. Am Fall vu Schmitts Claude handelt et sech ëm ee staarke Genitv a bei Schmitte Claude resp. Bausterte Jeanne ëm ee schwaachen. Bei Familljennimm, déi mat -er ophalen, ass zudeem d’Endung -esch méiglech. Dës entsteet duerch d’Markéierung vum Genitiv (staark) Mullers an der Assimillatioun vun r an s, aus där dann de sch, also Müllesch Paul entsteet. Dir frot Iech natierlech elo zurecht, wat dee Genitiv do iwwerhaapt soll. Bei dëse Konstruktiounen ass et esou, datt eng Persoun mat engem bestëmmte Virnumm iwwert den Numm vu senger Famill charakteriséiert gëtt. Et mécht ee souzesoen däitlech, datt ee vum Jeanne aus der Famill Baustert an net aus der Famill Müller schwätzt. An der Konstruktioun suergt dat aus enger grammatescher Perspektiv dofir, datt de Familljennumm d’Roll vun engem Adjektiv iwwerhëlt a soumat och flektéiert gi kann. Mam Genitiv, deen um Adjektiv markéiert gëtt, gëtt soumat e Verhältnis zum Ausdrock bruecht. Beim Schmitte Claude handelt et sech souzesoen ëm der Famill Schmitt hire Claude. Dat selwecht ass iwwregens am Lëtzebuergeschen och ouni Virnumm méiglech. Schmitts oder Schmitten referéiert dann op déi ganz Famill. Dëser Form begéint een och nach bei Hausnimm, déi zum Deel schonn zu Stroossennimm gi sinn: a Franzen oder a Müllesch

    Komme mer awer zréck zu eiser Auswäertung. Wéi déi allgemeng Verdeelung scho weist, schéngt déi elo just beschriwwe Variant am Sproochgebrauch net (méi) immens verbreet ze sinn. D’Fro, déi sech heirun uschléisst, ass déi no der Verdeelung nom Alter.

    Hei gëtt a béide Fäll däitlech, datt d’Variant FamN + VirN vun eelere Leit nach méi heefeg genotzt gëtt. Wat d’Leit méi jonk sinn, wat se manner dacks op dës Variant zeréckgräifen. Mir hunn et hei deemno héchstwarscheinlech mat Sproochwandel ze dinn, woubäi d’Variant FamN+VirN ofgebaut gëtt. 

    An dësem Fall muss een natierlech berécksiichtegen, datt et duerchaus méiglech ass, datt dës Variante méi heefeg a bestëmmte Situatiounen oder am Gespréich mat bestëmmte Leit virkënnt. Et misst een deemno nach weider Analyse maachen, fir nach méi iwwer dës Variatioun a virun allem d’Variant FamN+VirN erauszefannen.

    Zum Schluss nach e klenge Bléck iwwert den Tellerrand: Dëst Phenomeen fënnt een och am Baireschen, dat heescht a Süddäitschland an Éisträich.

  • Den „Toilettëpabeier“ a seng Varianten

    Bei eiser leschter Facebook-Ofstëmmung, bei där mir vun Iech wësse wollten, wéi ee Resultat mir Iech als nächst sollte weisen, huet sech den Toilettëpabeier géint de Fernsee duerchgesat. Dofir dann elo hei dat, wat mer iwwert den Toilettëpabeier mathëllef vun engem Bild an eiser Schnëssen-App erausfonnt hunn:

    Am Ganzen hu mir fir dës Auswäertung 1363 Opnamen ausgewäert. De Kéisdiagramm weist dobäi direkt, dass et virop ee ganz grousse Gewënner ënnert de verschiddene Variante gouf: den Toilettëpabeier. Dës Haaptvariant mécht ganzer 82,4 % (1123 Opnamen) an eisen Schnëssen-Opnamen aus. Hannendru kommen Schäisspabeier (92) mat 6,7 %, Cabinetspabeier (55) mat 4,0 %. Dës dräi Variante ginn iwweregens och all am LWB (Luxemburger Wörterbuch) beim Lemma Toilettëpabeier ernimmt. Nach e bësse méi seelen ass dann nach Toilettërull(o) (38) mat nach 2,8 % virkomm. Fir den Toilettëpabeier sief präziséiert, dass hei och Nennunge mat –pobeier oder -papeier gezielt goufen. Besonnesch interessant ass bei dëser Variant allerdéngs d’Betounung, mee dozou gläich méi. Doriwwer eraus hu mer zwou Duebelnennungen (Toilettëpabeier + Schäisspabeier an Toilettëpabeier), déi méi dacks genannt goufen, eenzel opgefouert. Aner Bezeechnungen, déi just vereenzelt genannt goufen, hu mer – wéi gewinnt – ënner „aner“ zesummegefaasst. Heizou gehéiere beispillsweis Klopapier a Cabinetsrull(o) an och méi seelen Duebelnennungen.

    Kuckt een sech d’Verdeelung vun de verschiddene Varianten no Alter un, gesäit een, dass den Toilettëpabeier an allen Altersgruppe staark dominéiert. Eppes fält awer op: E bësse manner staark ass déi Dominanz nach an den zwou eeleren Altersgruppen, well hei de Cabinetspabeier nach méi dacks genannt gouf. Vun de Spriecher*innen ënner 45 Joer gouf dës Variant allerdéngs kaum nach genannt.

    Bei enger vun de Varianten hu mir dann och nach eng Opfällegkeet bei eiser Analys fonnt: Bei der Variant Schäisspabeier, déi ëmmerhin 92 Mol genannt gouf an domat am zweetheefegsten an eisen Date virkënnt, weist sech, dass Männer (59,3 %) dës Variant e gutt Stéck méi dacks benotzt hu wéi Fraen (40,7 %).

    Zum Schluss elo awer nach kuerz bei d’Betounung vum Wuert Toilettëpabeier. Hei kann een nämlech entweeder déi éischt Silb (TOIlettëpabeier) oder déi zweet Silb (ToiLETtepabeier) betounen. Wärend d’Betounung TOIlettëpabeier mat 65,1 % (753 Opnamen) méi dacks virkënnt an och esou am LOD festgehalen ass, kënnt d’Betounung ToiLETtëpabeier ëmmerhin och op 34,9 % (403 Opnamen). Obwuel den Alter vun de Spriecher*innen beim Choix vun der Betounung keng primär Roll spillt, geet aus dem Diagramm ervir, dass d’Betounung op der zweeter Silb bei deenen dräi eelsten Altersgruppen e bësse méi dacks virkënnt (ëm 42 %) wéi an deenen dräi jéngsten (ëm 32 %).

     

  • Et läit Léift an der Loft

    Haut um 14. Februar ass et erëm souwäit: mir feieren den Dag vun de Verléiften – Jour de la Saint-Valentin op Franséisch, Valentinstag op Däitsch, Valentine’s Day op Englesch oder einfach Día de los Enamorados op Spuenesch. Wéi een duerch des Opzielung gesäit, schéngt et op den éischte Bléck zwou Kategorië vu Bezeechnungen an den europäesche Sproochen ze ginn. Entweeder schwätzt ee vum Valentin sengem Dag a referéiert domat op den Hellege Valentin, deen an der kathoulescher Kierch als Patroun vun de Verléifte veréiert gëtt oder et benotzt een d’Bezeechnung Dag vun de Verléiften, bei deem déi Verléift selwer am Virdergrond stinn. 

    Wéi et mëttlerweil schonn Traditioun ass, hu mer eis natierlech gefrot, wéi dësen Dag dann op Lëtzebuergesch bezeechent gëtt. Aus dësem Grond hate mer d’Fro “Wéi nennt Dir dat Fest, dat de 14. Februar gefeiert gëtt” an d’Schnëssen-App agebaut. Am Ganze krute mer eng 330 Opnamen erageschéckt a genau déi kucke mer eis elo emol e bësse méi genau un. 

    Geheie mer fir d’éischt e Bléck op déi allgemeng Verdeelung vun de Varianten. Dobäi kënnt Vältesdag op 49,1%, Valentinsdag op 37,6 an d’Duebelnennung Vältesdag + Valentinsdag op 8,8%. Dës Weideren hunn 1,5% vun de Leit eis nach aner Feierdeeg, wéi Fuesent oder Liichtmëssdag genannt. Schliisslech koum och den Dag vun de Verléiften dräi Mol vir. Dës Variant gouf allerdéngs ënner aner klasséiert, well se sou seele genannt gouf. Ënner aner fallen dann och nach vereenzelt Nennunge wéi Vëltesdag, Vältesendag oder Vältjesdag

    Et gëtt deemno däitlech, datt mer am Lëtzebuergeschen zwou Haaptvarianten hunn: Vältesdag a Valentinsdag. Béid Variante sinn d’selwecht opgebaut: Numm (“Valentin” resp. “Välten”) + Dag an dat Ganzt an enger Genitivkonstruktioun (dohier kënnt deen “s” an der Mëtt vum Wuert), déi e Besëtzverhältnis zum Ausdrock bréngt “dem Valentin/Välten säin Dag”. Geheit een e Bléck an d’Luxemburger Wörterbuch fënnt ee just ënner Välten en Artikel. Välten ass dobäi näischt aneres wéi déi lëtzebuergesch Form vum männleche Virnumm Valentin. Och de Välteschdag, wéi et hei heescht, gëtt ernimmt an de Brauch, deen domat a Verbindung steet, beschriwwen.

    Bei eisen zwou Haaptverianten handelt et sech deemno zum engen ëm eng warscheinlech méi al Konstruktioun, där de lëtzebuergeschen Numm Välten zu Gronn läit, woubäi déi aner op déi net assimiléiert Form Valentin, déi allerdéngs lëtzebuergesch ausgeschwat gëtt (kuerzen, hënneschten [ɑ] am Ufank an net nasaliséierten [in] um Schluss), opbaut. 

    Kucke mer eis och  emol d’Verdeelung nom Alter un. Hei gesäit een, datt déi méi al Form “Vältesdag” mam Alter zwar liicht ofhëlt, allerdéngs iwwerraschenderweis virun allem Leit iwwer 65 e gutt Stéck méi heefeg Valentinsdag soen an den Taux vun de Vältesdag-Nennunge souguer ënner deem aus der jéngster Kategorie läit. Dës Weidere fält op, dass virun allem Leit ënner 34 méi dacks béid Variante genannt hunn. Dat kann dorop hindeiten, dass bei hinnen d’Sensibilitéit fir déi zwou Variante méi héich ass, wéi bei deenen iwwer 35. Alles an allem léisst sech op jidde Fall festhalen, dat béid Konstruktioune ganz produktiv sinn an de Vältesdag als Bezeechnung, anescht wéi dacks gefaart gëtt, sou séier net aus dem Sproochgebrauch verschwanne wäert.

    Eis Resultater weisen deemno: Et kann, awer et muss ee sech net iwwert d’Bezeechnung vum Dag streiden, vu datt souwuel „Vältesdag“ wéi och „Valentinsdag“ wäit am Sproochgebrauch verbreet sinn.  Mat dësem Wëssen am Hannerkapp, kënnt dir enger Eskalatioun vum Sproochesträit mat ärer/ärem Léifsten gekonnt aus dem Wee goen.

     

  • D’Schnëssen-Auswäertung fir de 4. Advent: Resultater aus dem Froebou

    Well mir Iech d’Adventszäit och dëst Joer erëm mat e puer flotten Auswäertungen aus der Schnëssen-App wëlle verséissen, fannt Dir haut hei am Fuerschungsportal an och op eise Social-Media-Kanäl (Facebook, Instagram an Twitter) fir de véierten Adventssonndeg e leschte kuerze Video. Dobäi geet et haut mol eng Kéier net ëm d’Opnamen, mee ëm Resultater vun engem vun de Froebéi, déi Dir och an der App ausfëlle kënnt. Dir kënnt gär ënnert dësem Bäitrag kommentéieren.

  • Eis Schnëssen-Auswäertung fir den 3. Advent: Den Zesummefall vum ‚ch‘ mam ’sch‘

    Well mir Iech d’Adventszäit och dëst Joer erëm mat e puer flotten Auswäertungen aus der Schnëssen-App wëlle verséissen, fannt Dir hei am Fuerschungsportal an och op eise Social-Media-Kanäl (Facebook, Instagram an Twitter) all Adventssonndeg e kuerze Video, deen sech mat jeeweils engem vu villen interessante Variatiounsphenomeener vum Lëtzebuergesche beschäftegt. Am Video vun haut dréit sech dobäi alles ëm den Zesummefall vum <ch> mam <sch>. Dir kënnt gär ënnert dësem Bäitrag kommentéieren.

     

  • Eis Schnëssen-Auswäertung um 2. Advent: „Kannapee“ vs. „Kusch“

    Well mir Iech d’Adventszäit och dëst Joer erëm mat e puer flotten Auswäertungen aus der Schnëssen-App wëlle verséissen, fannt Dir hei am Fuerschungsportal an och op eise Social-Media-Kanäl (Facebook, Instagram an Twitter) all Adventssonndeg e kuerze Video, deen sech mat jeeweils engem vu villen interessante Variatiounsphenomeener vum Lëtzebuergesche beschäftegt. Am Video vun haut dréit sech dobäi alles ëm de „Kannapee“ an d'“Kusch“. Wéi sot Dir dozou? Dir kënnt gär ënnert dësem Bäitrag kommentéieren.

     

     

  • Eis Schnëssen-Auswäertung um 1. Advent: „Dass“ vs. „datt“

    Och dëst Joer wëlle mir Iech d’Adventszäit erëm mat e puer flotten Auswäertungen aus der Schnëssen-App  verséissen. Op all Adventssonndeg fannt Dir hei am Fuerschungsportal an och op eise Social Media Kanäl (Facebook, Instagram an Twitter) e kuerze Video, deen sech mat jeeweils engem vu villen interessante Variatiounsphenomeener vum Lëtzebuergesche beschäftegt.

     

     

     

     

  • Läffelsgeschier oder Besteck?

    Bei der Ëmfro, bei där mir Iech an de soziale Medie gefrot hunn, wéi ee Resultat Dir als nächst wéilt gesinn, hat de Kannapee keng Chance géint d’Läffelsgeschier. Oder wéi ass fir Iech den Iwwerbegrëff fir d’Hëllefsmëttel, mat deenen een Dag fir Dag z. B. d’Nuddelen oppickt, d’Zopp schluppt oder d’Fleesch um Teller a mondgerecht Stécker schneit?

    Mir sinn dëser Fro schonn an der éischter Ronn vun der Schnëssen-App mathëllef vun engem Bild nogaangen an hunn e ganze Koup Date gesammelt: Am Ganze si bei dësem Item 1.118 Opnamen zesummekomm, vun deenen der 1.001 fir d’Auswäertung zréckbehale goufen. Déi reschtlech (17) Opnamen, bei deenen d’Leit d’Géigestänn (Läffel, Messer, Forschett) just eenzel opgezielt hunn, goufe fir d’Analys net berücksichtegt. Den Diagramm mat der Gesamtverdeelung weist, dass Läffelsgeschier mat 49,5 % (495 Opnamen) a Besteck mat 32,3 % (323) mat Ofstand am dacksten an eisen Date virkommen. Op déi drëtt Plaz kënnt Couverten mat nach 7,9 % (79). Eenzel Nennunge wéi Läffelgeschier ouni Fouen-s, Bestecker am Pluriel oder Couvert am Singulier goufen hei jeeweils bei déi passend Haaptvariant dobäigezielt. Doriwwer eraus goufen awer och nach aner Bezeechnunge genannt, déi allerdéngs méi seelen an eisen Opname virkommen: Heizou gehéiere Geschier mat 3,9 % (39), Iessbesteck mat 1,4 % (14) an Iessgeschier mat 1,1 % (11). Ënner Aner (4,0 %, 40 Opnamen) goufe schliisslech etlech Duebelnennunge a vereenzelt Nennunge wéi z. B. Läffelsbesteck, Geläffels a Gedeck zesummegefaasst.

    Wann een sech dann d’Verdeelung vun de Varianten no Altersgrupp vun de Participante*ën ukuckt, gesäit een, dass Läffelsgeschier vun der Altersgrupp 55 bis 64 bis bei ≤24 ëmmer méi –  vun 69,8 % bis op nach 30,2 % – ofhëlt. Dogéint hëlt Besteck kontinuéierlech zou: Wärend dës Variant bei deenen eeleren Altersgruppen op knapp 16 % kënnt, mécht se bei bei deene Jéngste gutt 62 % aus an ass domat hei och déi dominéierend Variant. Mat Ausnam vun de Resultater an der eelster Altersgrupp – hei hu mir allerdéngs mat Ofstand déi mannste Participante*ën – verdeelen sech déi aner Varianten eenegermoosse gläichméisseg a maache jeeweils nëmmen e klenge Brochdeel bei de Prozenter aus.

    Merci un d’Participant*ë vun eiser Summer School, déi dës Auswäertung am Kader vum Schnëssen-Workshop gemaach hunn!

  • Däerf ee säit iwwerhaapt soen?

    Iwwer dëst klengt Wuert gëtt dacks gestridden: Däerf een iwwerhaapt säit – wat ganz offensichtlech däitsch ass – soen, oder huet ee besser, déi urlëtzebuergesch Wierder zanter oder zënter ze huelen? Mir als Fuerscher leeën eis do net direkt fest, mee mir kucke fir d’éischt emol, wat den allgemengen, aktuelle Sproochgebrauch eis iwwerhaapt weist. An der Schnëssen-App hu mer dofir de franséische Saz Depuis 1960 Camille Weber s’informe sur des thèmes psychologiques. agebaut, deen dann op Lëtzebuergesch sollt iwwersat ginn. Am Ganzen hunn 916 Participante*ën aus der Schnëssen-Community matgemaach a spontan hir Variant erageschwat. Déi global Verdeelung vun den Haaptvariante gesäit een an dësem Kéisdiagramm. Iwwer 62 % (563 Opnamen) hunn depuis mat säit erëmginn. Manner heefeg, awer net seelen, sinn zënter (21 %, 193) an zanter (12 %, 106).

     

    Sproochgeschichtlech interessant sinn déi al Wierder zanter an zënter op alle Fall. Entstane si si aus enger aler Nieweform sint a si Famill mam hollänesche sinds an dem englesche since.
    Wann een sech d’Altersverdeelung ukuckt, da gëtt séier evident, dass hei och e Fall vu momentan oflafendem Sproochwandel virläit. Wat ee méi jonk ass, wat ee méi dacks säit seet. Wat ee méi al ass, wat et méi zanter oder zënter seet. Ze beuechten ass, dass säit net nëmmen eng Affär vun deene Jonken ass. De Prozess verleeft kontinuéierlech iwwert Altersklassen an och bei deenen Eelsten ass säit net rar (ca. 40 %).

     

     

    Net nëmmen den Alter mee och d’Geschlecht huet en Afloss op d’Wiel vun de Varianten. Wéi mer hei ënne gesinn, gebrauchen d’Frae méi dacks säit wéi d’Männer, déi hirersäits am Verglach zu de Frae méi oft zënter soen, woubäi och bei hinne säit déi heefegst Variant ass.

     

    Et kann een deemno festhalen: Säit kënnt am Allgemengen an eisen Daten e bësse méi dacks vir, wéi zënter oder zanter, woubäi mer et hei mat enger Form vu Sproochwandel ze dinn hunn, dee warscheinlech duerch de Kontakt mam Däitsche favoriséiert gëtt.

  • Vu Busser a Bussen – D’Sprooch am Wandel

    Virun nach net all ze laanger Zäit huet e bekannte Lëtzebuerger Affekot sech iwwert déi vill “Bussen, Bussen, Bussen” an der Uewerstad opgereegt. Ganz onrecht huet en domat natierlech net, mee nach méi spannend wéi dat, wat e sot, ass d’Aart a Weis, wéi en et sot. Hie schwätzt vu Bussen, een aneren hätt vläicht vu Busser geschwat. Grond genuch, sech dat emol méi genau unzekucken.

    Dofir huet sech de Saz “Die Kinder haben in den überfüllten Bussen gesungen” ugebueden. Bei den 1405 Sätz, déi mer eis ugelauschtert hunn, hu mer ganzer 4 Variante fonnt, wéi um Kéisdiagramm ze erkennen ass. Dobäi handelt et sech bei Busser, déi op 46 % (634) kommen ëm d’Haaptvariant. 39% (535) vun de Participante*ën hunn dogéint de Pluriel mat -en benotzt. Bal 15% (200) hu guer kee Pluriel produzéiert, d.h. Bus gesot a ganz seelen (4) koum den alternative Pluriel mat Ëmlaut Bis vir.

     

     

    Gehéie mer fir d’éischt emol e Bléck op d’Haaptvariatioun tëscht Busser a Bussen. Generell ass et esou, datt et sech bei dëser Variatioun ëm e Mechanismus handelt, deen een am Lëtzebuergesche méi dacks beobachte kann. Bei net wéinege Plurielle konkurréiert am Lëtzebuergeschen eng Form mat der Endung op -er mat enger op -en (Bsp. Bic, Witz, Programm, Bal, Festival, asw.), woubäi a ville Fäll och béid Formen am Lëtzebuerger Online Dictionnaire stinn.
    Bei der allgemenger Verdeelung fält engem séier an d’A, datt d’Prozentsätz vu béide Varianten zimlech no beienee leien, och wann Busser liicht méi dacks virkënnt. Interessant ass natierlech och d’Variant Bis, déi awer wéi gesot nëmme 4 Mol virkoum. Hei hunn d’Participante*ën de Pluriel mat engem Ëmlaut (u > i) gebilt, sou wéi mer et och vun Numm-Nimm kennen.

    Geheie mer fir d’nächst e Bléck op d’Verdeelung no Alter. Well eis virun allem d’Variatioun tëscht der Variant op -en an där op -er interesséiert, hu mer Singuliersvarianten an och d’Plurielsvariant Bis hei net berécksiichtegt. Kuckt ee sech d’Grafik un, fält engem direkt eng Trap an d’A. Dës Trap weist eis, datt Bussen mam Alter vun de Leit zouhëlt, woubäi Busser méi seele gëtt. An anere Wierder weist dëst Bild dorop hin, datt mer et hei mat engem Sproochwandelprozess ze dinn hunn: Bussen gëtt ëmmer manner benotzt, wougéint Busser ëmmer méi dacks am Sproochgebrauch virkommen.

     

  • Et ass eng Wëssenschaft fir sech: D’Méi(n)en

    Wann een e Gaart huet, kënnt een – ob een et elo méi oder manner gär mécht – wuel kaum derlaanscht, vun Zäit zu Zäit och emol de Wues ze schnëppelen oder schnëppelen ze loossen. Déi eng schwieren do op hir elektresch oder awer Bensinns-Méimaschinn an anerer si frou, dass elo de Méiroboter hinnen d’Aarbecht ofhëlt. Egal wéi stellt sech awer d’Fro, wéi Dir heifir dann elo sot: méien, méinen oder vläicht och mien? Dat hänkt virun allem warscheinlech dovun of, a wéi engem Deel vum Land Dir opgewuess sidd, mee fänke mer mol vir un:

    D’Variatioun beim Verb méi(n)en konnte mir mam franséische Saz La jardinière vient tondre le gazon entre les jours fériés. analyséieren an hunn eis dofir 827 lëtzebuergesch Iwwersetzungen ugelauschtert an ausgewäert. Well eis bei dëser Auswäertung ganz konkret d’Variante vu méi(n)en interesséiert hunn, hu mir déi puer (19) Opnamen, an deenen d’Leit d’Verb z.B. mat schneiden iwwersat hunn, am weidere Verlaf ewechgelooss. Wat déi allgemeng Verdeelung betrëfft, erkennt een um Kéisdiagramm direkt, dass déi zwou Haaptvariante bal d’selwecht dacks an eise Schnëssen-Opname virkommen. Méien huet mat 49% an 396 Opname just relativ knapp d’Nues vir viru méinen mat 45% an 364 Opnamen. Vill méi seele gouf mat 5,6% (45 Opnamen) nach mien gesot resp. minen mat 0,4% (3 Opnamen).

     

     

    Well et sech heibäi awer éischter ëm eng regional Verdeelung – wéi gläich wäert ze gesi sinn – handelt, ass weeder de Kéisdiagramm, nach den Diagramm mat der Opdeelung no Altersgruppen immens opschlossräich. Allerdéngs weist dësen, dass déi 3 heefegst Variante graff eenegermoosse gläichméisseg iwwert déi verschidden Altersgruppe verdeelt sinn.

     

     

    Richteg interessant gëtt et dann awer, wann een sech d’Verdeelung vun de Varianten op enger Lëtzebuerg-Kaart ukuckt – an där hu mer der an dësem Fall direkt zwou. Fir d’Verb méi(n)en gëtt et nämlech schonn am Luxemburger Sprachatlas (LSA, 1963) eng Kaart, déi op Date vu virum Zweete Weltkrich baséiert. Ze gesinn ass dorop fir d’éischt emol eng (graff) Ost-West-Zweedeelung mat der Variant mat n am Westen an där ouni n am Oste vu Lëtzebuerg, woubäi do an zwee Gebidder och mien ze fannen ass. Vergläicht een dës Verdeelung elo mat där op eiser neier Schnëssen-Kaart, dann erkennt ee relativ grouss Gemeinsamkeeten: Virun allem si beispillsweis nach déi zwee mien-Gebidder op der Kaart ze fannen, eent ganz am Norde vum Land an dat anert am Osten, dat sech vun der Veianer Ëmgéigend erof bis op Uesweller a Mompech zitt. Et fält awer och op, dass sech an dësem Gebitt och méien- a méinen-Nennungen ënnermëschen. Weiderhi stellt een dann och fest, dass d’Haaptverdeelung vu méinen nach ëmmer am Westen ass (vum Nordwesten iwwert den Zentrum bis erof an de Südwesten) a méien méi am Oste vum Land (respektiv am (Süd-)Osten, am Zentrum an am méi ëstlechen Deel vum Minett ) verbreet ass. Allgemeng bleift zum Schluss awer festzehalen, dass et op der Schnëssen-Kaart keng sou kloer méinen- a méien-Gebidder ginn wéi et op der LSA-Kaart de Fall ass, mee et éischter och vill Géigende gëtt, an deenen dës zwou Variante virkommen.

     

     

  • Iwwert Rank, Rénk a Réng.

    Am Kader vun der Datenerhiewung mat der Schnëssen-App wollte mir vun de Participante*ë wëssen, wéi si dat klengt, meeschtens ronn a gëllen, Schmockstéck nennen, dat een an der Regel um Fanger dréit an domat seng Zougehéieregkeet zu engem anere Mënsch weise kann. Dowéinst hate mir e Bild presentéiert a mir wollten de Singulier an de Pluriel héieren, fir doraus verschidde Schlëss zéien ze kënnen. Hei konnte mir an enger éischter Phas vun eiser Auswäertung bei 384 Opname virun allem zwou Saache beim Singulier feststellen: Éischtens sinn d’Variante mam a als Vokal (Rank resp. Rang) mat 70% (250 Opnamen) resp. 21% (76) wäitaus méi verbreet wéi déi mat engem e (Rénk resp. Réng) mat 4,8% (17) resp. 3,9% (14). Zweetens kënnt d’Variant mat der Endung op -g (Rang, Réng) op ganzer 26%. Dat ass virun allem dowéinst interessant, well keng vun dëse g-Varianten am aktuellen LOD oder deenen eeleren Dictionnairë wéi dem Luxemburger Wörterbuch (1950) festgehale sinn.

     

     

    Kuckt ee sech d’Verdeelung nom Alter un, fält op, datt et virun allem déi jéngst Participante*ë sinn, déi dës Formen (mat g-Endung) méi dacks gebrauchen. D’Undeeler vun dëse Varianten (Rang/Réng) sinn deemno an deenen aneren Altersgruppe méi niddereg, wéi de folgenden Diagramm weist. Geheit een e Bléck op d’Rank- an d’Rénk-Varianten, stellt ee fest, datt de Rank mat Ausnam vun deene Jéngsten iwwert d’Altergruppen ewech zimlech stabil bleift, de Rénk dogéint awer just an den Altersgruppen iwwer 35 Joer virkënnt.

    Op jidde Fall wäert et spannend sinn, d’Verdeelung vun dëse Varianten an deenen nächste Jore weider ze verfollegen an domat ze klären, ob d’Varianten op -g weider zouhuelen. Ob déi genannte g-Endung eventuell op en Afloss vum Däitschen zeréckgeet, bleift dobäi och nach ze klären.

     

     

    E kuerze Bléck op de Pluriel huet gewisen, datt d’Participante*ë eis hei verschiddenst Forme genannt hunn: Réng, Rénker, Ranker, Ranken, Rénger, Rénk, Ring, Ränk, Ränker a Räng hu mir an den Opname konnten noweisen. Vun deenen 370 Opnamen, an deene e Pluriel konnt däitlech festgehale ginn, war et allerdéngs nëmmen 27 Mol (7,9%) dovun eng vun deene méi onüübleche Varianten, wärend 92 Prozent (314 Opnamen) vun de Leit op Réng zeréckgegraff hunn. Zesummefaassend bleift nach ze soen, datt Rank – Réng mat Ofstand déi am heefegst gewielte Kombinatioun vu Singulier a Pluriel (67%) ass, dëst viru Rang – Réng (18%), Rénk – Réng (3%) a Réng – Réng (2%). All déi aner sëlleche Kombinatioune komme jeeweils just ganz vereenzelt vir.

  • Hues de e Pabeiersnuesschnappech fir mech?

    Änlech wéi bei Seechomes, Paiperlek oder Aperhoer gëtt dëse wichtegen Alldagsgéigestand mat enger Hellewull vu Variante benannt. An der Schnëssen-App hu mer also Nuesschnappech mat engem Bild ofgefrot a kruten 976 Äntwerten. An der globaler Verdeelung am Kéisdiagramm gesäit een, dass Nuesschnappech mat 80 % (781) d’Haaptvariant fir déi meescht Leit ass, deelweis och erweidert op Pabeiersnuesschnappech, woumat gläichzäiteg och eent vun de längste lëtzebuergesche Wierder virläit. Op déi reschtlech 20 % (195) verdeele sech eng ganz Rei vu Variante wéi Schnappdouch, Schniksdouch (am Norden), Nuesschnapp, Sakdouch oder och Tempo, dat wéi Bic oder Scotch vun engem Markennumm ofgeleet ass. An der Kategorie ‘aner’ fanne sech apaart Variante wéi Lingette, Nasdouch, Schnapsdech, Täschepabeier oder Kozendouch.

     

     

     

    D’Wuert Schnappech ass eng Weiderentwécklung vum Schnappdouch, also eng Zesummesetzung aus engem Verb schnappen/schnauben an dem Douch. No an no ass mat der Zäit Douch ëmmer méi reduzéiert ginn, bis just nach -ech iwwreg blouf. Déi typesch Éisleker Form Schniksdouch/Schnéksdouch huet sech aus dt. ‘Schneuztuch’ entwéckelt, déi sech haut haaptsächlech an Éisträich fënnt.

    Wann een sech d’Altersverdeelung ukuckt, gesäit ee keng dramatesch Verännerungen, d’Varianteverdeelung ass also relativ stabil. Déi eenzeg gréisser Verännerung betrëfft d’Variant Schnappecht an der eelster Altersklass, déi bei deene méi Jonken bal net méi existéiert.

     

     

    Besonnesch flott ass d’Kaart mat der Varianteverdeelung unzekucken, wou ee
    gesäit, dass d’Guttland relativ eenheetlech op Nuesschnappech agestallt ass. Nërdlech vun Dikrech fänkt eng schéi gestaffelt regional Verdeelung un, wa sech Schnappecht, Schnappdouch a schliisslech Schniksdouch ofwiesselen. Domat fanne mer an dësem nërdlechen Dialekt och déi eelst Virstufe vum haut preferéierten Nuesschnappech.

     

  • Huet den Noper an der Vakanz d’Blumme genat oder genätzt? – De Partizip Perfekt vun nätzen

    Vakanzenzäit, dat ass net nëmmen d’Zäit, an där vill Leit sech op hiren Dramdestinatiounen erhuelen, ma et ass och d’Zäit vun de léiwen an hëllefsbereeten Noperen oder Kolleegen, déi sech dorëm këmmeren, datt Bréifkëschten net iwwerquëlle respektiv Planzen net verdréchenen. Belount gëtt dëse Service dacks mat enger klenger Opmierksamkeet (vun der Dramdestinatioun) vun der Säit vun de Verreesten. Beim Iwwerreeche vun esou Opmierksamkeete falen net selte Sätz wéi “Merci, datt s du d’Kaz gefiddert hues an s du d’Blumme genat hues.” – “Oh, dat hunn ech gär gemaach, virun allem ëm d’Blummen hunn ech mech gutt gekëmmert, déi hunn ech all Dag genätzt.”

    Dir frot Iech sécherlech, op wat ech erauswëll. Vläicht ass Iech an der genannter Äusserung awer och schonn eppes opgefall: D’Variatioun vum Partizip Perfekt vum Verb nätzen – genätzt a genat.

    Fir erauszefannen, wéi d’Variatioun vun dësem Verb ausgesäit, hu mir insgesamt 745 Iwwersetzunge vum Saz “Hast du die Blumen neben seiner Haustür gegossen?” ausgewäert. Wéi een um Kéisdiagramm gesäit, fënnt een hei 3 Varianten: genat (51%, 376), genätzt (43%, 318) a gegoss (2%). Da gëtt et nach d’Rubik Aner (2%) ënner déi Variante wéi Wasser ginn, gedrängt a gestränzt regruppéiert goufen. Da goufen et och e puer Participante*ën, déi souwuel genat wéi och genätzt soten.

     

     

    Gehéie mer awer emol nach e méi genaue Bléck op d’Haaptvariante genat a genätzt. Op der enger Säit hu mer et mat enger Partizipsform mat dem sou genannte ‚Réckëmlaut‘ vum Vokal (genat) an op der anerer Säit ouni Réckëmlaut (genätzt) ze dinn. Eng ähnlech Variatioun kann ee bei bitzen (gebutt vs. gebitzt) oder schätzen (geschat vs. geschätzt) beobachten.

    Opfälleg ass hei awer och, datt ee keng eenzel Haaptvariant ausmaache kann, déi zwou Varianten allebéid zimlech heefeg virkommen a soumat prozentual no beienee leien. Et kann een deemno soen, datt d’Variablilitéit hei immens héich ass.

    Natierlech stellt sech och hei erëm d’Fro, ëm wéi eng Aart vu Variatioun et sech eigentlech handelt. Sécher ass, datt mer et hei NET mat enger regionaler Variatioun ze dinn hunn. Et ass deemno net esou, datt an enger bestëmmter Regioun genat an an enger anerer genätzt gesot gëtt. Handelt et sech eventuell ëm Variatioun, déi op Sproochwandel zeréckgeet? Fir dës Fro ze beäntwerten, kann ee sech d’Verdeelung no Alter ukucken. Och wann een e liichten Zouwuess zu genat-Varianten ausmaache kann, ass keng kloer Tendenz ze erkennen. D’50/50-Verdeelung zitt sech quasi duerch all Altersgrupp duerch.

     

     

    An dësem Fall lount sech dowéinst e Bléck an eis Dicitonnairen. Souwuel de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) wéi och dat méi aalt Luxemburgisches Wörterbuch (1950-1977) féieren déi 2 Varianten op. D’Wörterbuch der Luxemburgischen Umgagssprache (1905) dogéint kennt zwar indirekt déi zwou Formen, en Artikel gëtt et allerdéngs nëmme fir genat. Dëst kann een als Hiweis dorop verstoen, datt déi Form mat Réckëmlaut méi al ass, wéi déi ouni.

    Am Vergläich zu ähnleche sproochhistoreschen Entwécklunge kann een demno festhalen, dass genat scho méi laang am Sproochgebrauch ass wéi genätzt (k. bitzen). Trotzdeem kann een zumindest de Moment nach net vun engem Sproochwandel, an deem déi méi al Variant ofhëlt an déi nei sech duerchsetzt, schwätzen. Ëmmerhi komme béid Varianten, an dat weisen d’Schnëssen-Daten, quasi gläichermoossen dacks vir.

  • Zahnpasta, Zännseef an de Brexit

    An engem Interview am Abrëll huet de Lëtzebuerger Ausseminister d’Brexitverhandlunge mat Zahnpasta verglach. De Jean Asselborn sot an deem Kontext: “Das ist wie mit der Zahnpasta: Man bekommt sie sehr einfach aus der Tube raus, aber nicht mehr drin.” Dobäi stellt sech fir eis net nëmmen d’Fro, wéi hien op deen (net ganz onwitzegen) Verglach komm ass, mee virun allem si mer virwëlzeg a wéisste gären, wéi den Här Asselborn datselwecht géif op Lëtzebuergesch soen. Seet hien Tüb oder Tub, aus der (Femininum) oder aus dem (Maskulinum) an haaptsächlech natierlech Zahnpasta, Zännseef oder nach eppes anescht?
    Op alle Fall huet eis seng Ausso inspiréiert, d’Opnamen, déi d’Participante*ë bei engem Zahnpasta-Bild an der Schnëssen-App gemaach hunn, auszewäerten. Am Ganzen hu mir dofir 860 Opname fir d’Auswäertung zeréckbehalen.

    Déi Variant, déi an eisen Opnamen am dackste genannt gouf, ass – dat weist de Kéisdiagramm – mat 78,1% (672 Opnamen) Zahnpasta. Wäit hannedru kommen Zännseef mat ëmmerhi 16,7% (144 Opnamen) an Zännpasta mat 2,8% (24 Opnamen). Doriwwer eraus sinn och nach d’Varianten Zahnpaasta, Zänncrème (resp. Zahncrème) virkomm. Ënner “aner” falen hei z.B. Zahnpast an Zeenpasta, déi jeeweils nëmme vun enger Persoun genannt goufen. Zu der Zahnpasta sief hei nach gesot, dass hei verschidden Aussproochvariante vum -a um Schluss vum Wuert zesummegefaasst goufen. An den allermeeschte Fäll gouf zwar den -a als laangen a [aː] geschwat, mee méi vereenzelt war éischter Zahnpaste, deemno mat engem [ə], ze héieren.

     

     

    D’Verdeelung vun den Zahnpasta-Varianten no Alter weist wuel Ënnerscheeder, mee am grousse Ganzen ähnele virun allem d’Resultater fir déi véier méi jonk Altersgruppe relativ staark deene vum Gesamtresultat: D’Zahnpasta läit hei tëschent 77,1% a 81,5% an d’Zännseef tëschent 14,6% a 17,6%. An der eelster Altersgrupp dominéiert d’Zahnpasta e bësse manner staark a kënnt op 63,9%, wärend d’Zännseef ëmmerhi 27,8% ausmécht.

     

  • Sot Dir dacks oft oder oft dacks?

    Dat klengt Adverb dacks féiert an Alldagsgespréicher oft zu laangen Diskussiounen. Mir wollten dowéinst erausfannen, wéi eis Schnëssen-Kommunitéit seet, an hunn dofir dat betraffent Wuert an e franséische Saz agebett – Ta soeur est géniale, elle raconte souvent les meilleures blagues! – an deem eis d’Iwwersetzung vum ‘souvent’ interesséiert. Soen eis Participante*ën also méi oft dacks oder méi dacks oft?

    Den LOD kennt béid Varianten, genee wéi och déi eeler Dictionnairen, an deenen dack, dax, dack(e)s, oft ze fannen ass. Interessanterweis nennt den LWB d’Variant oft als gebräichlech an der Stad, déi um Land als “affektiert angesehen” gëtt. Oft ass domat keen Import aus der däitscher Tëlee, wéi ee vläicht kéint mengen, mee ass am Land als Parallelform scho laang am Gebrauch, ë.a. scho beim Michel Lentz (“Wat d’Heemecht ass, dat froen s’oft”). Mir wollte lo also erausfannen, wéi déi haiteg Verdeelung ass. Fir d’éischt lount et sech allerdéngs, op déi héichinteressant Sproochgeschicht vun dack(s) anzegoen. Fir d’éischt muss ee wëssen, dass eist dacks vum Adjektiv dt. dick ofgeleet ass (vgl. singen > sangen) a schonn an alhoudäitscher Zäit konnt d’Wuert nieft der geleefeger Bedeitung – dass eeben eppes oder een ‘déck’ ass – och eng zäitlech Bedeitung hunn, wéi mer se haut och kennen. Am Laf vun der Sproochgeschicht hu sech d’Wierder weider opgespléckt an eis déck an dack(s) sinn entstanen; lauschtert dozou och déi flott Emissioun vum Sproochmates.

     

    An eiser Enquête konnte mer fir dëst Phenomen am Ganzen 1202 Sätz auswäerten, déi d’Participante*ën ageschwat hunn. Wärend 775 Varianten op dacks/dack oder oft falen, sinn et 327 Fäll an deenen de “souvent” mat meeschtens (169), ëmmer (209) oder soss engem Wuert (49) iwwersat goufen. Kuckt ee genee op déi zwou ursprénglech gesichte Begrëffer, weist sech eng kloer Tendenz, datt oft zu 78,5 % (608 Opnamen) an dack(s) just mat 21,5 % (167 Opnamen) optrëtt.

     

     

    Sou weist sech a folgendem Diagramm ausserdeem, datt oft souguer méi heefeg genannt gouf wéi sämtlech aner Varianten zesummegeholl.

     

     

    Betruecht een d’Verdeelung nom Alter vun de Spriecher*innen, da fält op, datt déi méi jonk Leit éischter d’Tendenz hunn, oft ze benotzen. Déi jéngst Spriecher*innen huelen den dacks bal guer net méi. Dass et sech ëm eng Verännerung handelt, déi scho ganz laang am Gaangen ass, erkennt een dodrun, dass schonn an der eelster Altersklass den dacks just nach mat 30 % virkënnt.

     

     

  • Wéi d’Fauscht op d’A(n)

    Ier mer eis mam Haaptprotagonist vun haut, dem A(n) beschäftegen, nach eng flott kleng Info zum Idiom “Wéi d’Fauscht op d’A(n) passen”. U sech bedeit dëst, datt zwou Saachen esou guer net beienee passen. Vu datt dëse Sproch allerdéngs dacks ironesch benotzt gouf, huet sech och d’Bedeitung “ganz gutt zesummepassen” etabléiert. Gitt also Uecht, wann Dir dësem Idiom begéint – hei kann et zu Konfusioune kommen.

    Elo awer zum A(n), dem Substantiv, mat deem mer eis haut beschäftege wëllen. Heifir hu mer eis 898 Opnamen ugelauschtert, woubäi d’Grondlag e Bild war, op deem d’Participante*ën eeben en A(n) gesinn hunn, war. D’Auswäertung ergëtt folgend Bild: 50% (450 Opnamen) vun de Leit hunn An gesot a 37% A (334 Opnamen). Dann hu mer och nach méi regional Varianten wéi O(a) (6%), O(a)n (0,6%), Au (4%) an O (0,4%) fonnt. Desweideren koumen och Variante wéi Guckelchen resp. Duebelnennunge vir, déi mer ënner Aner regruppéiert hunn.

     

    Wéi schonn ugeklongen ass, handelt et sech bei der Variatioun vun A(n) zumindest zu engem Deel ëm eng regional Variatioun. Aus dësem Grond lount sech dann och e Bléck op d’Kaart. Kloer ze erkënnen ass en Au-Gebitt am Norde vum Land, woubäi südëstlech vun dësem e klengt O-Gebitt kann ausgemaach ginn. Am Süde vum Land zeechent sech e Gebitt of, an deem nieft dem A an dem An och O(a) an O(a)n benotzt gëtt. A an An weisen eng méi groussraimech Verbreedung op, woubäi eng liicht Tendenz zu An nërdlech vun Dikrech ze erkennen ass. Zu engem groussen Deel ass déi regional Verdeelung vun de Varianten och esou am LWB festgehalen, woubäi als interessanten Aspekt ervirzehiewen ass, dass An am Wierderbuch als phonetesch Variant vun A mat der Bemierkung “sporadesch am Éislek am Singulier” (respektiv “spor. im Oesl. im Sg.”) opdaucht.

     

     

    Wéi sech schonn erauskristaliséiert huet, spillt souwuel bei den Haaptvarianten A an An awer och bei klengraimege Varianten O(a) an O(a)n d’Presenz oder d’Feele vum n um Enn vum Wuert eng Roll. Aus dësem Grond lount et sech, dës Varianten zesummenzefaassen an sech d’Variatioun vun dësem Buschtaf méi am Detail unzekucken. Bei der allgemenger Verdeelung gëtt däitlech, datt et sech quasi ëm eng 50/50-Verdeelung handelt. D’An kënnt op 51,9 % (465) an d’A op 48% (430), woubäi 0,1 % (1) béides gesot hunn.

     

     

    Besonnesch spannend gëtt et dann awer, wann ee sech d’Verdeelung no Alter ukuckt. Um Diagramm ass eng schéin Trap ze erkennen. Mam Alter vun de Leit ginn An-Nennungen zeréck an A-Nennungen huele kontinuéierlech zou. Dëst weisst deemno dorop hin, datt d’A ofhëlt an d’An am Sproochgebrauch ausgebaut gëtt – e kloeren éischten Hiweis op Sproochwandel. Konsultéiert ee parallel d’Dictionnairen, da stellt ee fest, dass et a kengem vun den eelere lëtzebuergesche Wierderbicher en eegenen Artikel fir An gëtt. Dëst ännert eréischt mat eisem aktuellen Dictionnaire, dem Luxemburger Online Dictionnaire, deen d’An ëmmerhin als Variant vun A opgräift. A gëtt deemno däitlech als Haaptvariant traitéiert, wat och dofir sprécht, datt et sech dobäi ëm déi méi al Bezeechnung handelt. Sécherlech kéint een dës Andeelung A als Haaptvariant an An als Niewevariant iwwerdenken, ëmmerhinn schéngt d’Tendenz a Richtung An ze goen.

     

  • Vun Apelhoer an Operen: De faméisen Hoerbou iwwert den Aen

    Et gëtt net vill där Begrëffer, déi esou vill Varianten Opweises hu wéi d’Aperhoer. Mir hunn dës an der Schëssen-App mat engem Bild ofgefrot an – fir ganz sécher ze sinn – och e Feil bäigesat. 426 Participante*ën hunn eis hir Variant erageschwat an am Ganze fanne mer néng méi oder manner geleefeg Formen. Wéi een an der Kéisgrafik gesäit, ass Aperhoer mat 60 % (258 Opnamen) am heefegsten, an duerno kënnt eng ganz Rëtsch vu manner heefege Formen, vun deenen d’Apenhoer mat 15 % (64) och relativ dacks virkënnt. Am Ganzen hu mer hei eng ganz Panoplie vu Varianten, déi eis soen, dass d’Wuert nach laang net eendäiteg festgeluecht ass.

    Fir den Zesummenhang tëscht de Formen ze verstoen, ass et ubruecht, d’Geschicht an den Opbau ze rekonstruéieren. Aperhoer ass zesummegesat aus ‘A’, ‘Bra’ an ‘Hoer’. Dobäi ass ‘Bra’ aus engem mëttelhéichdäitsche brawe entstanen (> dt. Braue), déi haut nach an Aebra oder Abra virkënnt. Dëst Wuert bezeechent also méi genau den Hoerbou u sech, wougéint Aperhoer éischter d’Hoer mengt, déi d’Bra bilden. An der Zesummesetzung mat A(e) huet sech Bra no an no an déi reduzéiert Silb per weiderentwéckelt an de Lien mat der Bra geet kontinuéierlech verluer. Interessant ass Apelhoer, wou et zu enger Verwiesslung vum r mam l komm ass. Eng ganz nei Form ass Apenhoer, déi weeder am alen Luxemburger Wörterbuch nach am neien LOD ze fannen ass. Si ass warscheinlech entstanen, wéi d’Leit net méi woussten, vu wou de -per kënnt an dës Silb ass an der Konsequenz dann un aner heefeg Wuertmuster upgasst ginn. Dass et sech ëm eng nei Variant handelt, gesäit een och an der Altersverdeelung: Déi eelst Spriecher*inne kennen déi Form nach guer net a wat ee méi jonk ass, wat se méi heefeg gëtt. Fir de Rescht ass et awer esou, dass Aperhoer iwwert d’Altersklassen ewech relativ stabel ass.

    An der Iwwersiicht vun der Verdeelung nom Geschlecht erkennt een, dass Aperhoer liicht méi heefeg vu Frae wéi vu Männer gebraucht gëtt. Spannend ass och ze gesinn, dass d’Form Apelhoer praktesch nëmme vu Frae gebraucht gëtt.

  • Klunsch(el)t Dir nach oder schaukelt Dir schonn?

    Virun allem (awer net nëmmen) elo am Summer sinn d’Kanner jo gären dobaussen an och op Spillplazen ënnerwee – egal, ob doheem oder iergendwou an der Vakanz. A wann den Dan Spogen dann elo beim Famillenduell géif d’Fro stellen „Wat ass op enger Spillplaz?“, da géif et wuel sécherlech net laang daueren, bis als Äntwert nieft de prototypeschen Elementer wéi Rutsch, Klotergerüst a Sandkaul dat Wuert Klunsch géif falen. Wéi sou dacks gëtt et awer och hei Variatioun tëschent e puer Bezeechnungen, där mir an der zweeter Ronn vun der Schnëssen-App mat Hëllef vun engem Bild nogaange sinn.

    Kuckt een sech da fir d’éischt emol méi allgemeng d’Verdeelung vun de verschiddene Varianten un, da gesäit een, dass Schaukel mat 52,6% am dacksten an domat an 339 vun am Ganzen 645 Opname genannt gouf. Hannendru kënnt Klunsch mat nach 36,3% an 234 Opnamen. Schonn e ganzt Stéck méi seele goufe Klunschel mat 3,6% (23 Opnamen) an d’Kombinatioun Schaukel a Klunsch mat 3,1% (20 Opnamen) an d’App erageschwat. Um Diagramm gesäit een dann och nach d’Variant Kluunsch mat 2,3% (15 Opnamen) a schliisslech d’Sammelkategorie aner, woubäi hei vereenzelt Nennunge wéi ë.a. Sch[æːʊ]kel (mat engem au [æːʊ] wéi a Raum) a Balançoire zesummegefaasst goufen.

    Interessant ass dann awer och e Bléck op d’Altersverdeelung bei dëser Variatioun: Wärend Klunsch bei den dräi eeleren Altersgruppen nach déi heefegst Variant ass an zum Deel och knapp 50% vun den Opnamen ausmécht, dominéiert virun allem an den zwou jéngsten Altersgruppe Schaukel mat ëm 70%. Doriwwer eraus fält och op, dass Klunschel bei de méi jonke Spriecher ofhëlt.

    Kuckt een sech dann elo nach d’Kaart respektiv déi regional Verdeelung vun de verschiddene Bezeechnungen un, da stellt ee fest, dass Schaukel a Klunsch iwwerall am Land verbreet sinn. Anescht gesäit et awer fir Kluunsch aus: Dës Variant gouf éischter am Weste vum Land genannt an ass och esou am Luxemburger Wörterbuch (LWB) vermierkt. Klunschel dogéint gouf an eisen Opnamen éischter vu Leit aus dem Zentrum an zum Deel och am Weste genannt; an deenen anere Regioune kënt dës Variant allerdéngs kaum (bis guer net) vir.

    Zu gudder Lescht stellt sech deen een oder aneren dann awer bestëmmt och nach d’Fro, wou déi typesch lëtzebuergesch kléngend Wierder Klunsch a Klunschel dann eigentlech hierkommen. Et handelt sech hei ëm Substantiver, déi vum Verb klunsch(el)en ofgeleet goufen an déi warscheinlech op dat däitscht Verb klunken zeréckginn, dat een am Deutsches Wörterbuch vum Jacob a Wilhelm Grimm mat de Bedeitungen „baumeln, schlendern“ fënnt.

  • Wat ass Äert Liblingswuert am Lëtzebuergeschen?

    An eiser aktueller fënnefter Ronn an der Schnëssen-App froe mir d’Leit ënnert anerem och, wat hiert Liblingswuert am Lëtzebuergeschen ass a firwat. D’Fro schéngt an engem éischte Moment vläicht e bëssen trivial, mee mir ware ganz gespaant, wat do wuel alles un Äntwerte géifen erakommen. Aus Virwëlz hu mir dann och scho mol eng éischt, provisoresch Auswäertung gemaach an déi 259 Opnamen, déi mer fir dës Fro bis elo gesammelt hunn, ënnert d’Lupp geholl.

    Eng éischt Feststellung ass dobäi, dass mir eis ëmmerhi vun 215 Leit d’Liblingswuert respektiv d’Liblingswierder ulauschtere konnten. Bei deenen aneren Opnamen huet d’Persoun entweder näischt erageschwat oder awer explizit gesot, dass se (spontan) kee Liblingswuert hätt. Mee wat ass dann elo dobäi rauskomm? D’Wordcloud gëtt schonn emol en éischten Androck:

    Am Ganze hu mir bis elo iwwer 120 verschidde Liblingswierder gesammelt – vun Déierebezeechnungen iwwer Adjektiver bis bei Fluchwierder sinn dobäi ganz ënnerschiddlech Saachen zesummekomm. Mee natierlech gouf et och e puer Favoritten, déi méi dacks genannt goufen: Op déi éischt Plaz kënnt de Moment Kaweechelchen mat 24 Nennungen, viru Pimpampel mat 17 a Kéiseker mat 11 Nennungen. Soss goufe beispillsweis awer och nach Kopplabunz, Gromperekichelchen, muusseg, Gedeessems oder nondikass an d’App erageschwat. Opfälleg ass awer, dass virun allem Déierebezeechnunge ganz dacks virkommen – zu ëmmerhin 39,1%, also an 84 vun den 215 Opnamen, gouf een Déier genannt.

    Doriwwer eraus ass ganz interessant, wat d’Leit als Begrënnung fir d’Liblingswuert uginn hunn: Och hei goufen et ganz ënnerschiddlech Erklärungen, déi sech awer graff an 8 gréisser Kategorien andeele gelooss hunn. Fir d’éischt sief dobäi erwäänt, dass gutt 14% vun de Leit (31 Opnamen) keng Begrënnung genannt hunn. Am heefegste war mat 25,1% (54 Opnamen) d’Erklärung fir d’Liblingswuert – net ganz onerwaarterweis – “typesch Lëtzebuergesch”, wéi z.B. glott . Hei hu mer ënnert anerem Fäll dobäigerechent, an deene gesot gouf, dass d’Wuert ganz anescht wier wéi an anere Sproochen (z.B. am Däitschen oder Franséischen) oder dass d’Wuert fir Leit, déi kee Lëtzebuergesch kënnen, schwéier auszeschwätze wier. Ganz dacks (16,3%, 35) gouf awer och d’Begrënnung genannt, dass d’Wuert schéin, léif, flott oder cool wier (z.B. Päiperlek). Ëmmerhin 12,6% (27) vun de Persoune waren dann der Meenung, dass hiert Liblingswuert géif “witzeg” kléngen (z.B. jauwen). 

    Eng weider Kategorie faasst déi Fäll zesummen, an deenen d’Leit eng “perséinlech Verbindung” (9,8%) mam Wuert hunn, d.h. si d’Wuert zum Beispill mat enger bestëmmter Persoun (z.B. Huesen) oder hirem Hobby (z.B. schwammen) verbannen. Zwou weider Erklärunge waren dann nach “gëtt net méi vill benotzt” (7,9%) an “passend bei den Objet/onomatopoetesch” (5,6%). Ënnert d’Wierder, déi laut de jeeweilege Leit net méi vill benotzt oder vergiess ginn (z.B. Bueteren), hu mir och dialektal Wierder gezielt. Zu de Liblingswierder, déi iwwerdeems als passend bei den Objet beschriwwe ginn, gehéiert z.B. Suppejäizert, mee och Knätsch, dat als onomatopoetesch, also lautmaleresch, charakteriséiert ginn ass. Ënner “aner” (8,4%) hu mir all déi aner Begrënnungen zesummegefaasst, déi nëmme vereenzelt virkommen. Ee Beispill heifir ass ma mat der Erklärung, dass een et a ville Situatioune kéint benotzen.

    Mee ob elo Jippelchen, Klozber, ausdenkeg oder eppes ganz anescht – um Enn bleift eis dann och just nach eng Fro: Wat ass Äert Liblingswuert am Lëtzebuergeschen a firwat? Deelt eis et mat an der fënnefter Ronn vun der Schnëssen-App!

  • Dëschelduch oder Napp – wéi sot Dir?

    Bei der Auswäertung vun haut gi mer méi genau der Fro no, wéi d’Leit déi Decken oder dat Duch nennen, mat deem een en Dësch bedeckt, fir en ze schützen oder ze “dekoréieren”. An der zweeter Ronn vun der Schnëssen-App hu mir dofir e passend Bild an d’App gesat an am Ganze 655 Opnamen ugelauschtert an ausgewäert. Hei d’Resultater:

     

    Vir bäi an eisen Opnamen ass d’Dëschelduch mat 36,9% (242 Opnamen), virun Napp mat 28,5% (187 Opnamen) an Toile cirée mat nach 9,0% (59 Opnamen). Donieft goufen och nach Dëschnapp, Dëschduch, Dëschenduch an Dëscheldecken méi dacks genannt. Ënner “aner” sinn interessant Eenzelnennungen zesummegefaasst wéi beispillsweis Tapéit, Dëschtapéit, Dëschdeck, Dëschgedecks oder och nach Dëschlued. Wéi een um Kéisdiagramm erkennt, goufen et awer och eng ganz Partie Méifachnennungen (9,9%), bei deenen d’Leit zwou oder méi Varianten an d’App erageschwat hunn. Am dackste goufen hei d’Kombinatiounen Dëschelduch + Napp an Dëschelduch + Toile cirée gewielt. Wat d’regional Variatioun betrëfft, ass ze betounen, dass mir déi verschidde Varianten op -dou[χ] an -dou[ɕ] jeeweils zu der entspriechender Variant mat –du[χ] gezielt hunn.

    Bei deene verschiddene Begrëffer bleift ze vermierken, datt Dëschelduch (dt. ‘Tischtuch’, als ‘Tischeltuch’ am Rheinischen Wörterbuch) an Napp (frs. ‘nappe’) als Synonymmer ze verstoen an och esou am Lëtzebuerger Online Dictionnaire opgefouert ginn. Toile cirée dogéint ass en Ënnerbegrëff a mengt en Dëschelduch/eng Napp, déi mat enger klenger Schicht Wuess iwwerdeckt ass. Vill Leit hunn an der App erkannt, datt et sech op der Foto ëm genau esou eng Dëschbedeckung handelt an dowéinst net den Iwwerbegrëff, mee de spezifesche benotzt. Spannend ass hei zudeem, datt cirée net, wéi een et aus dem Franséische kennt, ausgeschwat gëtt: Engersäits ass d’Betounung generell op der éischter (an net op der zweeter) Silb an anerersäits variéiert d’Aussprooch vum Wuert cirée u sech tëscht [siʀeː], [siʀiː] an [tsiʀiː].

     

    Wéi ëmmer feelt dann nach e Bléck op d’Altersverdeelung: Hei gesäit een, datt déi verschidde Variante quasi an all Alterskategorie present sinn an déi zwou Haaptvarianten sech iwwert d’Alterskategorien ewech ähnlech verhalen. Eng kleng Entwécklung kann een héchstens bei bei Dëschnapp an Toile cirée ausmaachen: Wärend Dëschnapp zouhëlt, gëtt Toile cirée vun deene Jonke manner dacks benotzt. Dobäi ass et schwéier ze soen, ob de liichte Réckgang vun Toile cirée dorop zeréckzeféieren ass, datt dës Variant effektiv vun deene Jonke manner benotzt gëtt, si generell net tëscht ënnerschiddlechen Typpe vun Dëscheldicher ënnerscheeden oder einfach éischter dozou tendéiert hunn den Iwwerbegrëff ze nennen.

  • „Glutefräi“ oder „gluteenfräi“ – wéi sot Dir?

    Well deslescht den däitsche Lebensmittel-Allergietag war, hu mir eis emol d’Iwwersetzunge vum däitsche Wuert glutenfrei ugelauschtert. An der drëtter Ronn hu mir nämlech de Saz “Weil meine Cousine eine Allergie hat, darf sie nur glutenfreie Lebensmittel essen.” agebaut, fir ënner anerem dësem Phenomen op de Gronn ze goen. Am Ganzen hu mir 377 Opnamen ausgewäert a Folgendes erausfonnt:

    De Kéisdiagramm weist, dass d’Variant glutefräi mat 40,8% (154 Opnamen) am dackste gewielt gouf. Hannendru kommen dann d’Variante gluteenfräi mat 25,5% (97) a glutenfräi mat 12,5% (47). Zum Deel gouf dat däitscht Adjektiv awer och mat ouni Gluten (8,5%; 32) respektiv ouni Gluteen (2,7%; 10) iwwersat. Den Haaptënnerscheed tëscht dëse Variante läit virun allem doran, dass et sech engersäits ëm Variante mat laangem, betountem e (gluteenfräi/ouni Gluteen) an anerersäits ëm Variante mat kuerzem, onbetountem e (glute(n)fräi/ouni Gluten) handelt. Déi éischt Aussprooch ass iwwregens déi, déi een am däitschen Duden erëmfënnt ([ɡluˈteːn]), wärend déi zweet déi ass, déi och am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) ze fannen ass. Varianten, déi méi enger franséischer Aussprooch géifen entspriechen ([ɡly.tɛn]), hu mir an eisen Opnamen an der Schnëssen-App allerdéngs net fonnt. Interessant ass doriwwer eraus nach, dass mat glutefräi a glutenfräi souwuel d’Variant mat wéi och ouni -n (deen am Fong viru -fräi misst ewechfalen) genannt goufen. Relativ seele gouf d’Aussprooch glutnfräi gewielt, bei där wuel den -n stoebleift, den e allerdéngs net ausgeschwat gëtt.

    Kuckt een sech den Diagramm mat der Altersverdeelung un, gesäit ee gutt, dass sech déi sëlleche Varianten op all d’Altersgruppe verdeelen. Obwuel et keng ganz kloer Tendenz ze gi schéngt, ass op der enger Säit glutefräi – d’Variant, déi an allen Altersgruppen am heefegste virkënnt – déi, déi no an no (wat d’Spriecher*inne méi jonk sinn) e bëssen zouhëlt, wobäi d’Ëmschreiwung ouni Glute(e)n op der anerer Säit ofhëlt. Heibäi sief awer och gesot, dass de Moment virun allem fir déi eelst Altersgrupp nach net esou vill Opname virleien an eng méi differenzéiert Analys eréischt méiglech gëtt, wann nach méi Participantë matgemaach hunn.

     

    Dir hutt nach net matgeschnëssst? Ma dann huelt de Smartphone eraus, luet iech d’App an de bekannte Storen erof a maacht mat!

  • Vun „Haen“ an „Haschen“ – D’Bezeechnung vum Buschtaf „H“ am Lëtzebuergeschen

    Am Kader vun der Presentatioun vu Resultater aus der App gouf scho méi dacks dorop opmierksam gemaach, datt et eng Rei Phenomener am Lëtzebuergesche gëtt, déi Opgrond vu Sproochekontakt mat anere Sprooche variéieren. Och an dësem Artikel kucke mer eis nees esou ee Phenomen un: Den Numm vum Buschtaf “H”.

    An der App kruten d’Particiante(ë)n e Bild gewisen, op deem de Buschtaf “H” ze gesi war a si sollte matdeelen, wéi si dëse Buschtaf nennen. Analyséiert een déi 927 Opnamen, kann een insgesamt dräi verschidde Varianten ënnerscheeden: Ha [ha:], Hasch [hɑʃ] an He []. Déi éischt genannte Variant, bei där et sech ëm den däitschen Numm fir de Buschtaf handelt, mécht dobäi 61,5% aus. De franséischen Numm fir de Buschtaf “H” ze bezeechnen, kënnt op insgesamt 32,7 %. Déi drëtt Variant (He []), déi manner den Numm vum Buschtaf, mee éischter eng lautlech Representatioun vum “H” erëmgëtt, läit zimlech ofgeschloe mat 1,1% op der leschter Plaz. Dës Weideren hunn 1,4% zwee vun deenen dräi Varianten (Ha an Hasch) genannt a ganzer 4,3% hu Variante produzéiert, déi ënner “Aner” regruppéiert goufen. Heizou zielen z. B. Buschtaf oder Holz (de Buschtaf um Bild hat eng hëlzen Optik).

     

    Kuckt een sech elo d’Verdeelung vum gewielten Numm no Alter un, stellt ee fest, datt et hei en Zesummenhang gëtt. Jee méi jonk d’Participante(ë)n, desto méi Hasch [hɑʃ] gëtt gesot. Och wann dës Variant och an der jéngster Alterskategorie net iwwert en Taux vu 50% erauskënnt. Doraus kann een ofleeden, datt déi franséisch Variant zouhëlt. Dobäi sief awer nach ugemierkt, datt et sech heibäi zwar ëm de franséischen Numm Buschtaf awer net ëm eng franséisch Aussprooch vun dëser Bezeechnung handelt. Virkommen deet nämlech quasi ausschliisslech d’Aussprooch [hɑʃ] (Hasch) an net [ɑʃ] (Asch).

     

    Hei lount sech zudeem e Bléck op d’Geschlecht an d’Sproochekompetenze vun de Participante(ë)n. Hei léisst sech erausliesen, datt Frae méi Ha (66,7%) a manner Hasch (30,9%) soen, wärenddeem d’Männer sech hei genau ëmgedréit verhalen (Ha=56%, Hasch=40,9%). 

     

    Ausserdeem geet mat der Kompetenz am Däitschen (Selbstaschätzung) och d’Tendenz, fir d’Variant Ha ze benotzen an d’Luucht. Ëmgedréit, d.h. par Rapport zur Kompetenz am Franséischen weist sech dës Tendenz allerdéngs net. Eng méi héich Kompetenz am Franséische bedeit deemno keng Preferenz fir eng Hasch-Nennung.

     

    Ofschléissend geheie mer nach e Bléck op d’Kaart mat der Verdeelung vun den zwou heefegste Varianten. Hei loossen sech zwar keng eendeiteg Tendenzen oder regional Verdeelungen erkennen, allerdéngs gesäit een, datt déi franséisch Bezeechnung nërdlech vun der Atert méi seele vertrueden ass, wéi am Rescht vum Land. Am Allgemenge kann een awer soen, datt souwuel déi däitsch wéi och déi franséisch Bezeechnung flächendeckend virkommen.

     

     

  • „It’s a boy“ – „Jong“, „Bouf“ oder „Fils“?

    Mir geheien haut e klenge Bléck zeréck op dës Woch. Nieft dem Europa-Dag gëschter, housch d’Haaptmeldung aus de leschten Deeg: De Bëbee vum Meghan a vum Harry ass do an: “It’s a boy!”.

    Mir hunn eis an deem Kontext natierlech erëm gefrot: Wéi bezeechent een e männlechen Nokommen op Lëtzebuergesch? Schwätzt ee vum Jong, vum Bouf oder vum Fils. Wéi den Zoufall et wëll, ass dëst Wuert och Deel vun den Items aus der Schnëssen-App an dowéinst kënne mer Iech dozou flott Resultater presentéieren.

     

    Ze iwwersetze war de Saz: “Mein Sohn hat ganz alleine Pfannkuchen mit Eiern und Milch gemacht.” Bei deenen 1007 ausgewäerte Sätz weist sech am Allgemengen, datt méi wéi d’Halschent d’Wuert Jong benotzen (61%). De Bouf kënnt mat 35% op déi zweet Plaz, woubäi och de Fils (4%) vun e puer, wann och wéinege Leit benotzt gëtt.

    Kuckt ee sech d’Verdeelung nom Alter un, gëtt däitlech, datt de Jong bei de Leit ënnert 34 méi beléift ass wéi bei den aneren Alterskategorien. En Indice op Sproochwandel ass hei allerdéngs net novollzéibar. Dëst kann ee schonn éischter fir de Fils unhuelen. D’Benotze vun dësem Substantiv hëlt nämlech mam Alter zou. Vu datt dësen awer generell net dacks virkënnt, ass et schwéier hei kloer Aussoen ze maachen.

    Geheie mer zum Schluss nach e Bléck op d’Verdeelung nom Geschlecht vun de Participanten. Wéi d’Grafik weist, spillt de Bouf bei de Männer (N=298) eng méi prominent Roll wéi bei de Fraen (N=709). Bei dësen ass d’Frequenz vum Jong méi héich. Dëst kéint als en Indice op Sproochwandel gedéit ginn, vu datt d’Fraen an der Reegel wat dat ugeet méi progressiv sinn.

  • Iwwer Wirschtercher, Moschter(t) a Réidercher

    Ursprénglech wollte mir bei dësem Beispill vun eiser Schnëssen-Community wëssen, wéi fir si de Genus vun enger klenger Wurscht ass (en/eng Wirschtchen). Mee well d’Notzer*innen eis an den ca. 300 Opnamen zum Deel alles um Bild opgezielt hunn, hu mir dann och nach op de Moschter(t) an d’Réidercher gelauschtert, wat sou munch flott Resultater erausbruecht huet.

    Wirschtchen

    Fänke mer awer emol vir un: Fir déi kleng Wurschten aus Fleesch ze bezeechnen, goufe vun eisen App-Notzer*inne verschidde Variante gewielt: D’Wirschtercher leie mat 66,2% vir, wärend d’Würschtercher op 10,5% an d’Wuppen/Wippercher nach op 7,9% kommen. Méi seelen ass och nach Zoossiss, Wurschten/Wuuschten an Wirstercher/Würstercher virkomm. Ënner “aner” falen dann nach vereenzelt Nennungen wéi z.B. Wierschtercher.

    D’Verdeelung no Alter weist, datt d’Wirschtercher an all Grupp (mat groussen Ofstand) déi meeschtgenannte Variant sinn. Gläichzäiteg ass awer ze erkennen, datt de Gebrauch vun Wirschtercher an eisen Opnamen bei deene Jonken no an no ofhëlt, soudass se an der Altersgrupp ≤24 nëmmen nach 46,4% ausmaachen.

    Mee elo zum grammatesche Geschlecht vun Wirschtchen: D’Lëtzebuergescht ass eng Sprooch, an där de Genus vun engem Wuert trotz Diminutivbildung (mam Suffix -chen) onverännert bleift, anescht wéi beispillsweis am Däitschen, wou Diminutiver – onofhängeg vum Genus vum Basiswuert –  Neutra sinn (de Bam –>de Beemchen / der Baum –>das Bäumchen). Bei eng Wurscht schéngt dës Logik allerdéngs net berécksiichtegt ze ginn, vu datt den LOD béid Varianten als richteg ugesäit, wärend am eeleren LWB esouguer nëmmen déi männlech Form verzeechent ass, obwuel de weiblechen Artikel méi där lëtzebuergescher Morphologie entsprécht. Zeréckzeféieren ass dëst villäicht op de Gebrauch am Flammänneschen, wou worst ka männlech sinn. Allerdéngs huet Wurscht den däitsche Femininum ugeholl an nëmmen am Diminutiv schéngt déi männlech Form erhale bliwwen ze sinn. Dowéinst hu mir eis dëst emol an Zuelen ugekuckt a gesinn, datt ronn 78% vun de Leit e Wirschtchen (mask.) a just 22% eng Wirschtchen (fem.) soen, sou datt d’Verdeelung relativ däitlech ausfält. Leider ass den Artikel a villen Opnamen net genannt ginn, sou datt mir nëmmen en Deel vun de Wirschtercher konnten auswäerten (87 Stéck).

    Opfalend ass donieft nach de Fakt, datt verschidden Notzer*innen den i méi a méi wéi en ü ausschwätzen. 238 Opname konnten an dësem Kontext berécksiichtegt ginn a weisen, datt et keng konsequent Entwécklung gëtt; allerdéngs kënnt d’Aussprooch mat ü an der jéngster Altersgrupp am dackste vir a mécht hei ëmmerhin ee Véirel vun den Opnamen aus. Et kéint deemno sinn, datt dës Aussprooch an Zukunft no an no méi dacks virkënnt.

    Moschter(t)

    Glécklecherweis konnte mir bei dëser Auswäertung vun 209 Opname profitéieren, an deenen och de Moschter(t) opgezielt gëtt. D’Wuert huet de Wee iwwer Aflëss vum Nordwestdäitschen (Mostert) an dem Hollänneschen (mosterd) an d’Lëtzebuergescht fonnt. Obwuel de Prozentsaz fir béid Variante an eisen Opname quasi identesch ass (50,2% Moschtert a 49,8% Moschter), weist sech gläichzäiteg däitlech, dass et sech hei ëm eng regional Verdeelung ze handele schéngt: Wärend am Norden (90% mat -t) an am Osten (72,4% mat -t) am meeschte Leit den -t nach ausschwätzen, fält en am Süden an der Majoritéit ewech (69,7% ouni -t).

    Doriwwer eraus kënnt och d’Komponent vum Alter dobäi, déi weist, datt virun déi Jonk bis 24 Joer méi d’Tendenz weisen, den -t net méi auszeschwätzen, wärend et an deenen aneren Altersgruppen ëmmer méi oder manner ausgeglach bleift tëschent béide Varianten. Och hei kéint et deemno sinn, datt d’Variant Moschter nach weider am Gebrauch zouhëlt.

    Réidercher

    Op eisem Bild waren och Réidercher ze gesinn, sou datt Verschiddener eis och dësen Ausdrock mat opgezielt hunn (172 Opnamen). Insgesamt soe 65,1% Réidercher, 13,9% Radisercher an ëmmerhin 8,7% vun den Notzer*innen nennen déi däitsch Form Radieschen. Doriwwer eraus notzen 9,9% déi méi “kreativ” Variant Radéisercher (eng Radéischen).  Just 2,3% huelen eng aner Variant, déi net zu deene genannte gehéiert. Stellt een also déi ursprénglech Formen Réidchen (lëtz.) a Radieschen (dt.) géintiwwer, erkennt een zum Deel eng Tendenz vun de Leit, déi däitsch Variant ze verlëtzebuergeschen, wann se de Begrëff Réidchen net (wëllen) benotzen oder net wëssen. Dobäi gëtt Radieschen –> Radisercher –> Radéisercher méi a méi mat bekannten (lëtz.) Elementer bestéckt: Radisercher kritt eng typesch lëtzebuergesch Endung, wéi ee se vun engem Diminutiv géing erwaarden. An engem weidere Schrëtt kritt Radéisercher/Radéischen zousätzlech zur Endung nach e Wiessel vun -ie op -éi (wéi z.B. lieb –> léif, tief –> déif).

    Unhand vum Diagramm mat den ënnerschiddlechen Altersgruppe gesäit een, datt eeler Leit éischter Réidercher soen, wärend d’Leit an deenen 3 méi jonken Altersgruppen dës Form manner heefeg benotzen an alternativ Bezeechnungen hei méi dacks virkommen.

    Opfalend ass ausserdeem, datt Fraen d’Variant Réidchen an eisen Opname méi dacks benotzt hu wéi d’Männer, vun deenen déi aner Variante vergläichsweis e bësse méi heefeg genannt goufen.

    Allgemeng schéngt et sou ze sinn, datt Radieschen net an de Wuertschaz vum Lëtzebuergeschen iwwerholl gëtt, op d’mannst net a senger ursprénglecher däitscher Form, mee a méi ofgeännerte Varianten, déi sech scho méi u bekannte Lautstrukturen vum Lëtzebuergeschen ugeglach hunn (Radéischen). Déi weider Entwécklung vun dësem Wuert bleift deemno spannend ze verfollegen.

  • ‚an Trauer‘ oder ‚am Trauer?

    An dësen Deeg vun Trauer an eisem Land stellt sech bei dem engen oder anere vläicht och d’Fro, wéi een dëst Wuert am Lëtzebuergeschen iwwerhaapt benotze kann. D’Wuert ‚Trauer‘ ass am allgemenge feminin (d’Trauer), mee kann awer och a bestëmmte Konstruktiounen als e Substantiv am Maskulin agesat ginn, also den Trauer, am Trauer etc. Beispiller aus eisem Korpus:

    Ech sinn am déifsten Trauer, ee gudde Mënsch ass vun eis gaangen.
    Mee an all dem Trauer ass et warscheinlech ënnergaangen, datt […]

    Dobäi schéngt et sou ze sinn, dass ‚d’Trauer‘ (fem.) éischter fir dat allgemengt Gefill geholl gëtt, wärend ‚den Trauer‘ (mask.) méi op den akutelle, konkrete Stieffall bezunn ass.

    Am Luxemburger Wörterbuch (LWB) gëtt d’Wuert generell als Maskulinum uginn (‚M.‘), mam Hiweis, dass ’neuerdings auch‘ Feminin virkënnt – et kéint een ergänzen: ‚aus dem Hochdeutschen übernommen‘:

    Trauer M.: 1) a. «Trauer» (in dieser Bed. neuerdings auch F.) — en déiwen T. — am T. sin — den T. vergeet mam Klackeschall — séng Fangerneel sin am T. (vom schwarzen Rand an Fingernägeln gesagt) — ‚t as kee groussen (décken) T. — ‚t as nët vill T. — mir kommen nët aus dem T. eraus (häufige Sterbefälle); b. «Trauergemeinschaft» — beim (mam) T. goen (mit der trauernden Verwandtschaft hinter dem Sarg gehen); 2) «Trauerkleidung» — wuer gäs de däin T. kafen? — en as an den T. gekleet — ‚t gët haut nët méi vill T. gedroen — den déiwen T., de klengen T. droen — dafür auch: groussen, klengen T. droen — fir Papp a Mamm gouf fréier e Jor groussen an e Jor klengen T. gedroen; 3) «Trauerzeit» — den T. wor fréier fir de Papp an d’Mamm, Mann a Fra e Jor, fir e Brudder, eng Sëschter, e Schwor, Grousselteren sechs Méint, fir Kanner sechs Wochen (örtlich verschieden); 4) «Jammer» — ‚t as en T. an e Läd — wat en T. as dat mat deem Kärel, deem Mënsch! — T. an Aarmetei

    Allerdéngs sinn am haitege Sproochgebrauch dës maskulin Konstruktioune seele ginn. Se kommen an eisem Korpus zwar nach vir, awer an der Majoritéit gëtt effektiv de Femininum geholl.

    D’Famill, d’Frënn, d’Mënsche sinn an déiwer Trauer.

    Déi ugrenzend däitsch Dialekter kennen och déi maskulin Konstruktionen, kuckt z.B. d‘Lothringsche Wörterbuch oder d‘Rheinische Wörterbuch. Och aner däitsch Regionalsprooche kennen d’Konstruktioun am Trauer, se ass also net op Lëtzebuerg beschränkt an och méi al.

    D’Hierkonft vun der Konstruktioun kann ee just partiell rekonstruéieren. Am Dictionnaire vum Adelung fënnt een en interessanten Hiweis, dass fir bestëmmt Regiounen de Maskulin geholl gëtt, wann domat net den Zoustand, d’Gefill vun der Trauer selwer gemengt ass, mee just d“Trauerkleidung‘:

    In der Bedeutung der Trauerkleidung ist Trauer in einigen wenigen Gegenden männlichen Geschlechtes, der Trauer. (Adelung: Grammatisch-Kritisches Wörterbuch der Hochdeutschen Mundart)

    Ähnlech beschreift et d‘Deutsche Wörterbuch vum Grimm:

    neben dem fem. das masc., nach Adelung 4 (1780) 1032 vornehmlich von der trauerkleidung, doch vgl. Hönig Köln. 182bFollmann lothr. 108bvereinzelt auch literarisch: seinem trauer neuentlarfftes Rom (1672) 272; im tiefen trauer Hippel lebensl.(1778) 1, 233; (er) dacht im trauer Fr. W. Weber Dreizehnlinden (1907) (Grimm: Deutsches Wörterbuch)

    Eng Hypothees wier, dass ‚den Trauer‘ e Fragment vun enger ursprénglech méi laanger Wuertbildung oder Konstruktioun war, déi als Kär e maskuliint Substantiv hat (am Genre: ‚am Trauerzoustand sinn‘ (mask.)). Iergendwann muss dann dëst maskulin Zousazwuert ausgefall sinn an ‚den Trauer‘ huet sech an där Bedeitung fixéiert. De Prozess vum Verloscht vum leschte Wuert mat Bäibehale vum uspréngleche grammatesche Geschlecht fënnt sech analog och bei ‚de Kanddaf‘ (mask.), wat op ‚de Kanddafdag‘ zeréckzeféieren ass. De maskulinen ‚Dag‘ ass ausgefall, mee d’Wuert ‚Kanddaf‘ ass trotzdeem maskulin bliwwen an net (op d’mannst fir eng Partie Leit) feminin ginn. Allerdéngs léisst sech am Moment keen historeschen Textbeleeg fir déi Hypothees fannen, dass och bei ‚den Trauer‘ e Wuert ewechgefall wier.

    Alternativ ass och eng Analogie mat ‚den Alter‘ net vun der Hand ze weisen, wat jo och maskulin an net feminin ass. A béide Fäll ass iwwerdeems och den Afloss vum Franséischen net auszeschléissen, respektiv huet och dozou bäigedroen, de Maskulin am Géigesatz zum Feminin ze stäipen:  le deuil ≋  den Trauer, l’âgeden Alter.

     

    Äddi, Monseigneur.

  • Zahnpasta, Zännseef an de Brexit

    Ufanks der Woch huet de Lëtzebuerger Ausseminister d’Brexitverhandlungen an engem Interview mat Zahnpasta verglach. De Jean Asselborn sot an dësem Kontext: “Das ist wie mit der Zahnpasta: Man bekommt sie sehr einfach aus der Tube raus, aber nicht mehr drin.” Dobäi stellt sech fir eis net nëmmen d’Fro, wéi hien op deen (net ganz onwitzegen) Verglach kënnt, mee virun allem si mer virwëlzeg a wéisste gären, wéi den Här Asselborn datselwecht géif op Lëtzebuergesch soen. Seet hien Tüb oder Tub, aus der (fem.)  oder aus dem (mask.) an haaptsächlech natierlech Zahnpasta, Zännseef oder nach eppes anescht?

    Op alle Fall huet eis seng Ausso inspiréiert, d’Zahnpasta-Opnamen an der Schnëssen-App auszewäerten. Am Ganzen hu mir dofir 860 Opname fir d’Auswäertung zréckbehalen. Opnamen, an deenen d’Leit just Zännbiischt (déi och um Bild ze gesi war) gesot hunn, hu mir zwar ausgewäert, mee fir dës Auswäertung net matgezielt.

    Déi Variant, déi an eisen Opnamen am dackste genannt gouf, ass – dat weist de Kéisdiagramm – mat 78,1% (672) Zahnpasta. Wäit hannedru kommen Zännseef mat ëmmerhi 16,7% (144) an Zännpasta mat 2,8% (24). Doriwwer eraus sinn och nach d’Varianten Zahnpaasta, Zänncrème (resp. Zahncrème) virkomm. Ënner “aner” falen hei z.B. Zahnpast an Zeenpasta, déi jeeweils nëmme vun enger Persoun genannt goufen. Zu der Zahnpasta sief hei nach gesot, dass hei verschidden Aussproochvariante vum -a um Schluss vum Wuert zesummegefaasst goufen. An den allermeeschte Fäll gouf zwar den -a als laangen a [aː] geschwat, mee méi vereenzelt waren éischter en [ɑ] (Land), en [ɐ] (Länner) oder souguer en [ə] (Fësch) ze héieren.

    D’Verdeelung vun den Zahnpasta-Varianten no Alter weist wuel Ënnerscheeder, mee am grousse Ganzen ähnele virun allem d’Resultater fir déi véier méi jonk Altersgruppe relativ staark deene vum Gesamtresultat: D’Zahnpasta läit hei tëschent 77,1% a 81,5% an d’Zännseef tëscht 14,6% a 17,6%. An der eelster Altersgrupp dominéiert d’Zahnpasta e bësse manner staark a kënnt op 63,9%, wärend d’Zännseef ëmmerhi 27,8% ausmécht.

  • Vum Caddie bis bei den Akofsweelchen

    Waart Dir de Weekend och Är Kommissioune fir d’ganz Woch maachen an hutt dobäi e grousse metallene Kuerf op véier Rieder duerch d’Rayone vum Supermarché gedréckt? Déi, déi dëse Sonnden de Wëssensmagazin PISA iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch gekuckt hunn, wëssen natierlech schonn, dass mir eis an der Lescht ënnert anerem mat de Bezeechnunge fir dës Akafshëllef beschäftegt hunn. Hei also dat, wat mir bei der Analys vun 868 Opnamen erausfonnt hunn:

    De Kéisdiagramm gëtt en éischten Iwwerbléck iwwert déi sëlleche Varianten, déi an den Opname genannt goufen an doriwwer, wéi dacks se an eisen Date virkommen. Dobäi goufen och Varianten, déi sech just an der Aussprooch vun engem oder zwee Lauter ënnerscheeden, an eng Kategorie zesummegesat. Méi dozou elo gläich nach. Mat 51,4% (446) ass de Caddie souzesoe kloer de „Gewënner“, dat virum Akafsweenchen, deen op 25,8% (224) kënnt an dem Weenchen, deen 13,5% (117) ausmécht. Méi seele goufen och nach den Akafswon, de Chariot an den Akafscaddie an d’App erageschwat. Doriwwer eraus sinn ënner „aner“ nach weider Varianten zesummegefaasst, déi just ganz vereenzelt genannt goufen. Als Beispill kann een hei de Cactusweenchen an de Jabel nennen, woubäi dës lescht Variant am LWB mat de Bedeitungen „zweirädriger Handkarren“ an „schlechtes, klapperndes Gefährt“ an am LOD als vereelzt Bezeechnung fir en „Handwagen“ festgehalen ass.

     

    D‘Verdeelung vun de Varianten no Alter gëtt net direkt ee kloert Bild ze erkennen, allerdéngs gesäit een, dass de Caddie a véier vun de sechs Altersgruppen d’Majoritéit ausmécht a bei de Leit tëscht 35 a 44 Joer mat 39% am niddregsten ass. Den Undeel vun den Akafsweenercher ass allgemeng eenegermoosse stabil a mécht jee no Altersgrupp tëscht 21% an 33% aus. Wat awer och nach opfält, ass, dass de Weenchen an deenen dräi jéngsten Altersgruppe méi heefeg virkënnt. Wärend en hei also op 13% bis 20% kënnt, mécht e bei deenen eeleren Altersgruppen nëmme 5% a manner aus.

     

    Eng vun de Froen, déi sech e puer vun Iech trotzdeem vläicht nach stellt, ass déi, wouhier d’Bezeechnung Caddie (an eisen Opname meeschtens mat [æ] (“Äddi“), awer z.D. och mat [ɑ] („Kand“)) eigentlech kënnt. Et handelt sech heibäi ëm e registréierten Numm vun der franséischer Firma Caddie, déi – wéi kéint et anescht sinn – Akafsweenercher produzéiert. De Firmennumm steet dobäi am Zesummenhang mam englesche Begrëff fir de Golftrolley, also caddie cart. De Caddie ass iwwregens net nëmmen am franséische Larousse, mee och am LOD ze fannen. Et handelt sech an dësem Fall deemno ëm e lexikaliséierte Markennumm, wéi et beispillsweis och bei Frigidaire de Fall ass. Doriwwer eraus ginn et natierlech nach eng ganz Rëtsch aner Markennimm, déi zwar net onbedéngt an engem Dictionnaire als lexikaliséiert Form festgehale sinn, mee trotzdeem ganz dacks gebraucht ginn, wéi et z.B. och beim Scotch de Fall ass.

    Lo awer nach eng Kéier zréck bei déi liicht ënnerschiddlech Varianten, déi mir uewen an den Diagrammer zesummegesat hunn. Héi gëllt et, zwee Aspekter kuerz unzeschwätzen: Engersäits gëtt et beim Bestanddeel Akafs- eng regional Verdeelung vun de Variante mat [aː] a mat [oː], woubäi Akofs- eng Variant ass, déi nëmmen am Éislek virkënnt. Ee méi genauen Androck vun der Akofs-Verbreedung kënnt Dir Iech hei op eiser Partizip-Perfekt-Kaart vu kafen ukucken. Anerersäits gëtt et nieft Weenchen (Won) och de Weelchen (Wol), och hei erëm eng regional Variant, déi, wéi een op der Kaart gesäit, nëmmen am Éislek a méi konkret ausschliisslech am Kanton Klierf a ganz vereenzelt am Kanton Wolz virkënnt.

     

  • Lee de Prabbeli ewech, d’Fréijoerssonn ass um Rendezvous

    Nodeems et déi lescht Wochen nach wéi aus Eemere geschott huet – mir erënneren eis leider éischter ongären un d’Stuermdéiwer Fränz an Heinz – gi mir elo erëm mat Sonn a bloem Himmel verwinnt. De Géigestand, ëm dee sech dës Auswäertung dréit, kënnt Dir elo also mol nees getrouscht ewechspären. Du hutt et erkannt, et geet em de Prabbeli.

    Am Ganzen hu mir eis dës Kéier 1078 Opnamen ugelauschtert, fir virun allem iwwert d’Verdeelung vu Prabbeli a Präbbeli an awer och deene méi seelen anere Varianten erauszefannen. De Prabbeli kënnt dobäi op bal 70% (751) an de Präbbeli nach op gutt 27% (294). Déi aner 3% verdeelen sech op d’Variante Parbeli, Parpeli an e puer vereenzelt Nennungen, déi ënnert “aner” zesummegefaasst goufen. Heizou gehéieren z.B. Präbbelchen, Parapluie, Brabbeli  oder och nach Reeschierm.

    D’Verdeelung vun de Varianten no Altersgrupp gëtt ze erkennen, dass et sech hei net ëm eng Variatioun handelt, déi ofhängeg ass vum Alter vun de Spriecher*innen. Villméi läit de Prabbelis-Undeel an de verschiddene Gruppen relativ konstant tëscht 65% an 75% (resp. de Präbbelis-Undeel tëscht 26% an 30%) .

     

     

    E Bléck op d’Kaart lount sech: Hei gesäit een, datt eis Haaptvariant Prabbeli quasi am ganze Land virkënnt. Just am Kärgebitt vum Präbbeli am Südweste vum Land gesäit dat e bëssen anescht aus. De Präbbeli u sech fënnt een awer net nëmmen hei, mee och vereenzelt am Südosten an an enger Sträif, déi sech aus dem Südwesten an de méi nëdleche Weste vum Land zitt. Iwwert Veianen am Osten respektiv Esch-Sauer am Westen kënnt Präbbeli quasi net méi vir. De Parb(e)li an den Parp(e)li weisen dodergéint keng regional Verdeelung op.

     

     

    Egal op dir „Prabbeli“,“Präbbeli“ oder nach anescht sot: Geheit dat Déngen an den Eck a genéisst d’Fréijoersonn!

  • Sech op d’Strëmp maachen

    Nodeems mir viru Kuerzem an engem vun eise Facebook-Posts nogefrot haten, ob eis Schnëssen-Participanten eventuell eng Liiblingsauswäertung hunn oder et en Item gëtt, vun deem si gäre Resultater wéilte gesinn, si mir op d’Strëmp komm. 🙂

    Mir hunn eis also dofir 1129 Iwwersetzunge vum Saz “Hast du auch genug Socken eingepackt” ugelauschtert a Folgendes erausfonnt: Am Ganzen hu mir 10 Varianten an eisen Opname fonnt. De Kéisdiagramm weist eng kloer Dominanz vun der Variant Strëmp mat 81,3% (915), wäit hannendru kommen Séckercher, Socketten, Huesen an Huasen, déi all tëscht 3,6% an 2,8% leien.

     

     

    Wat den Alter vun de Participantë betrëfft, kann een am Diagramm gesinn, dass d’Strëmp vun Al op Jonk ëmmer méi zouhuelen. Méi konkret heescht dat: D’Strëmp, déi bei der eelster Altersgrupp op 50% kommen, maache bei de jonke Leit bis bei déi ënner 45 Joer tëscht 87-91% aus. Dobäi ass awer festzestellen, dass all déi aner Varianten och an dësen Altersgruppe vertruede sinn, just d’Séckercher an d’Stitzercher hu mer bei deene ganz jonke Leit net méi héieren.

    Den Diagramm mat der Verdeelung no Geschlecht vun de Participantë weist, dass d’Strëmp bei de Frae 77,4% ausmaachen, wärend se bei de Männer souguer op 88,1% kommen. Dobäi fält och op, dass Frae méi dacks d’Varianten Séckercher, Socketten an Stitzercher benotze wéi d’Männer.

    Wéi een op der Kaart gesäit, weist d’Haaptvariant keng regional Verdeelung op, d’Strëmp sinn also am ganze Land ze fannen. Dogéint fält awer op, dass Socketten, Stitzercher, Séckercher e bëssen am Land verspreet, awer just ganz vereenzelt am Éislek (zu Wolz) virkommen. Am méi héijen Norde gesäit eng kleng Huasen-Regioun, südlech dovu kommen zwar scho méi Varianten an d’Spill, mee virun allem hei fannen mer d’Hösen. Komme mer zum Schluss nach zu den Huesen: Déi sinn engersäits am Norde vum Land vertrueden, anerersäits kënne mer déi éischt Kéier an eisen Auswäertungen och de Weste méi genau erkennen – si kommen och hei dacks vir.

     

    Nach e puer weider Informatiounen: Bei de Strëmpen, déi am Ganzen allerdéngs nëmme véiermol an eisen Opname virkommen, handelt et sech ëm en alternative Pluriel zu Stëmp. Dës Variant ass ausschliisslech vun deene jonke Leit genannt ginn.

    D’Socketten sinn iwwregens vum Engleschen socks iwwer déi franséisch socquettes an d’Lëtzebuergescht komm. Frs. socquette ass iwwerdeems laut Larousse eng Mëschform vun engl. sock a frs. chaussette.

  • Op wéi eng Sprooch ass Ären Handy agestallt?

    De 24. Februar 1984 ass eist Sproochegesetz en vigueur getrueden an an deem Kontext ass et ubruecht, eng Auswäertung aus eise Schnëssen-Erhiewungen fir de konkrete Sproochegebrauch ze publizéieren. Wéi Der wësst, hu mer an der Schnëssen-App och e Froebou iwwert d’Sproochsituatioun, de Sproochegebrauch an déi subjektiv Sproochaschätzung integréiert. Nieft villen aneren Aspekter iwwert d’Verdeelung vun de Sproochen am Land froe mer do och no där Sprooch, op déi Ären Handy agestallt ass. Dës Sproochewiel reflektéiert natierlech just een Aspekt vun der aktueller Méisproochegkeet, mee si dréckt trotzdeem net wéineg iwwert déi onmëttelbar Sproochepreferenz vun enger Persoun aus.
    Et leien eis Äntwerte vun 1832 Persoune vir, se all beherrschen (ënner anerem) Lëtzebuergesch, just 6.6% vun hinne bezeechne sech net als mammesproochlech. Déi éischt Auswäertung presentéiert direkt eng Iwwerraschung: Et verwonnert net, dass d’Majoritéit vun 63% hiren Handy op Däitsch agestallt hunn, mee méi opfälleg ass, dass just 10% Franséisch a bal duebel sou vill Englesch gewielt hunn.

    Ëmmerhin hu 4% den Handy op Lëtzebuergesch agestallt – jo, och dat geet, allerdéngs just fir ganz wéineg Modeller a Betribssystemer.

    Wéi ëmmer ass och déi Situatioun héich dynamesch an d’Alter steiert de Choix vun der Sprooch. Iwwert d’Altersklasse verdeelt, gesäit een eng Croissance vum Däitsche vu ca. 50% bei den eelsten bis erop op 68% bei de jéngste Participanten. D’Sprooch, déi d’Prozenter hei verléiert ass d’Franséischt, dat bei deene Jonke just nach mat 6% virkënnt. Awer net just d’Däitscht hëlt zou, mee och, an nach méi staark, d’Englescht: Dës Sprooch ass bei de Jonke ca. 4 mol sou heefeg wéi dat Franséischt.

    Nieft dem Alter gëtt nach e weidere soziale Facteur relevant, an zwar den Ausbildungstyp vun de Participanten. Hei ass ee Facteur, ob een am Lycée classique oder Lycée technique war oder ass: Wärend de Prozentsaz vum Franséische bei béide Schoultyppen ongeféier identesch ass (6%), ass den Undeel vum Englesche bei Persoune vun engem Classique däitlech méi héich an dee vum Däitschen entspriechend méi déif. Et kann een heiraus schléissen, dass an der méisproocheger Kompetenz vum Lycée classique d’Englescht eng méi wichteg Roll kritt.

    Mir gesinn also hei eng staark Dominanz vum Däitschen, d’Franséischt spillt just eng minoritär Roll, déi nach méi wäit zu Gonschte vum Engleschen zeréckzegoe schéngt. Domat hëlt also hei eng Sprooch zou, déi eigentlech keng Landessprooch ass.

    An zum Schluss natierlech eise gewinnten Opruff: Luet Iech d’App aus dem App Store oder dem Play Store erof a maacht mat bei der gréisster Erhiewung vum geschwatene Lëtzebuergesche vun haut.

  • Dag vun der Mammesprooch: Schwätzt Dir en Dialekt?

    Eng vun de leschten Aufgaben an der Schnëssen-App ass d’Fro Schwätzt Dir e lokalen Dialekt vum Lëtzebuergeschen? Wa jo, wéi en Numm huet deen da fir Iech?, mat där mir erausfanne wëllen, awéiwäit an der Lëtzebuerger Populatioun d’Bewosstsinn existéiert, dass Lëtzebuergesch eng eegestänneg Sprooch oder éischter eng Usammlung vu verschiddenen Dialekter ass. Doriwwer eraus soll mat der Fro och erausfonnt ginn, ob an der Bevëlkerung iwwerhaapt nach Dialekter geschwat ginn. D’Fro ass jo relativ oppe formuléiert an deementspriechend grouss ass och d’Bandbreet vun den Äntwerten, déi mer kruten. D’Auswäertung, déi mer hei presentéieren, ass dowéinst och nach ganz graff a virleefeg, mee se erlaabt scho lo interessant Aussoen.

    Am Ganzen hu méi wéi 1.500 Persounen dës Fro beäntwert, hei ausgewäert sinn der awer just 400. Wéi d’Grafik weist, soe knapps 60%, dass si keen Dialekt géife schwätzen, wärend 38% vu sech mengen, en Dialekt ze hunn. Ënner „onbewosst“ (2%) falen de Moment nach verschidde Fäll, wéi z.B. Opnamen, an deenen eng Persoun seet, dass se keen Dialekt schwätzt a bei der Persoun beim Schwätzen awer eng regional/dialektal Fierwung erauszehéieren ass. An enger nächster, méi detailléierter Analys ginn dës Fäll an d’Äntwerten op dës Fro am Allgemengen natierlech nach méi differenzéiert betruecht a regruppéiert.

    Wann ee sech d’Altersverdeelung ukuckt, da kënne mer déi üüblech Dynamik vun al op jonk rëm erkennen: Eeler Leit schéngen dozou zu tendéieren, – subjektiv gesinn – méi Dialekt ze schwätzen, wéi déi ganz jonk Leit, déi vu sech behaapten, éischter keen Dialekt ze schwätzen (59%). Déi weider Auswäertung wäert weisen, ob dësen Trend wierklech och am ganzen Datesample ze fannen ass.

    Kucke mer eis schliisslech nach déi regional Verdeelung un. Persounen, déi éischter keen Dialekt schwätzen, fanne sech iwwerwigend am Zentrum vum Land, mat Konzentratiounen am nërdleche Guttland an ëstlech vun der Stad. Persounen, déi sech als Dialektspriecher bezeechnen, kann ee queesch duerch d’ganzt Land fannen. Däitlech ass hei den Norden ze erkennen, awer och de Minett. Opfälleg ass, dass och Leit aus der Stad deelweis vu sech soen, en Dialekt ze schwätzen (‚Stater‘).

     

    Merci un eis Masterstudente Julie Riva a Pol Breser, déi bei der Auswäertung assistéiert hunn.

    An zum Schluss natierlech eise gewinnten Opruff: Luet Iech d’App aus dem App Store oder dem Play Store erof a maacht mat bei der gréisster Erhiewung vum geschwatene Lëtzebuergesche vun haut.

  • Vun Hënn, Muppen a Co.

    Haut um Liebe-dein-Haustier-Tag resp. Love Your Pet Day – op Lëtzebuergesch da wuel eppes ewéi Hief-däin-Hausdéier-gär-Dag oder sou? 😉 – hu mir eis méi genau mat der Variatioun tëscht Hond a Mupp auserneegesat. Méi konkret hu mir dofir een Item ënnert d’Lupp geholl, bei deem e(n) GIF, also souzesoen eng animéiert Bilddatei, mat zwee Hënn op engem Lafband ze gesi waren. Déi zwee Hënn ware Corgien, wat natierlech enger Rei vun eise Participanten net entgaangen ass. An och allgemeng hu mer och dës Kéier erëm eng sëlleche Varianten an den ongeféier 950 Opname gesammelt. Dozou lo gläich nach e bësse méi.

    Fir d’éischt awer emol bei déi allgemeng Verdeelung vu Mupp an Hond. Am Kéisdiagramm goufen hei déi verschidden Nennungen (meeschtens opgrond vum GIF Plurielsformen) a Mupp, Hond, Hond + Mupp an aner regruppéiert. D’Rassebezeechnungen (deemno virun allem Corgien) hu mir hei ewechgelooss. An den Opnamen hu sech, wéi ze gesinn ass, bal zwee Drëttel (62,5%) vun de Leit fir Hond a graff een Drëttel (34,6%) fir Mupp entscheet.

    Den Diagramm mat den Altersgruppe gëtt dann nach méi Opschloss iwwert déi genau Verdeelung vun de béide Varianten. Grondsätzlech dominéiert a bal all Altersgrupp den Hond méi oder manner staark, woubäi opfält, dass Mupp vun eelere Leit méi dacks (deelweis zu graff 43-45 Prozent) genannt gouf wéi vun deene méi jonken, soudass Mupp an der jéngster Altersgrupp nëmmen nach knapp 26% ausmécht. Hei schéngt sech den Hond ëmmer méi staark duerchzesetzen.

    Zousätzlech hu mir eis fir dës Auswäertung och ugekuckt, wéi d’Resultater ausfalen, wann een net nëmmen d’Verdeelung no Alter mee an engems och no Geschlecht berécksiichtegt. Tatsächlech gëtt et hei dann och een Ënnerscheed tëscht eise weiblechen a männleche Participanten. An all Altersgrupp ass et nämlech esou, dass de Muppe-Prozentsaz bei Fraen e bësse méi héich ass wéi bei de Männer.

    Wéi schonn ugedeit, ass et awer natierlech och interessant, sech d’Verdeelung vun de verschiddene Variante méi genau unzekucken. De Kéisdiagramm weist dofir déi ënnerschiddlech Hond– a Mupp-Pluriellen. Mat 55,3% kënnt Hënn hei op déi éischt Plaz, viru Muppen mat 30,5%. Op déi drëtt Plaz kënnt dann dee schon ugeschwate Corgi respektiv déi zwee Plurielle Corgien a Corgis, déi am Diagramm zesummegefaasst goufen. Ze erwähne sinn op dëser Plaz och de Pluriel Honn, deen allerdéngs just 2,8% ausmécht souwéi verschidde Varianten, déi op ënnerschiddlech Singuliersforme vum Grondwuert Mupp zeréckginn, wéi beispillsweis Mippchen/Mippercher, Muppi/Muppien oder och Muppes/Muppessen. Bis op Muppen a Mippercher goufen dës Varianten awer nëmme seele genannt an dofir ënner aner klasséiert. Dëst ass och fir Mipp de Fall, eng Plurielsform, déi och just ganz vereenzelt an d’App erageschwat gouf. Bei all deene Muppessen a Mippercher stellt sech natierlech d’Fro, wou d’Variant Mupp iwwerhaapt hierkënnt. Wie méi heizou wëll gewuer ginn, ka sech hei eng Äntwert op eng Fro op eisem Infodesk duerchliesen.

    Et sief dann och drop higewisen, dass an dëser Duerstellung och Eenzelnennunge wéi Flockien oder Baaschterten awer och Quinnen, also déi jéinesch Bezeechnung fir en Hond, iwwert déi mir eis besonnesch gefreet hunn, ënner aner zesummegefaasst sinn.

    Zum Schluss gëllt et dann nach, bei dëser Auswäertung e Bléck op d’Altersverdeelung ze geheien. Ähnlech wéi den Diagramm mam Alter vu virdrun, gëtt hei ersiichtlech, dass d’Variant Hënn generell zou- a Muppen ofhëlt, dat heescht: Bei der eelster Altersgrupp kënnt Hënn nëmmen op 37,5% a bei deene Jéngsten awer schonn op 65,1%, dëst op d’Käschte vun de Muppen. Schliisslech fält dann nach op, dass de Pluriel Honn am meeschte vun den zwou eeleren Altersgruppe benotzt gouf, wärend jonk Leit dës Form kaum oder guer net méi benotzen.

  • „Je t’aime“ op Lëtzebuergesch

    „Je t’aime“ – genau dëse romanteschen Ausdrock hu mer eis Schnëssen-Participanten an der zweeter Ronn vun der App op Lëtzebuergesch iwwersetze gelooss. Extra fir Vältesdag hu mir eis déi ca. 1020 Opnamen ugelauschtert an och wann dierft kloer sinn, wéi een Ausdrock mir am dacksten ze héiere kruten, hu mer och bei dësem Item erëm e puer Variante gesammelt:

    De Kéisdiagramm weist ganz kloer d’Gesamtverdeelung vun de verschiddene Formulatiounen. D’Majoritéit vun de Leit, 87% fir genau ze sinn, hunn de franséische Saz mat ech hunn dech gär iwwersat; d’Variant ech si frou mat dir kënnt nach op 10%. Déi reschtlech Prozent verdeelen sech z.B. op ech hunn dech léif an op Opnamen, an deenen zwou Variante genannt goufen.

     

    Den Diagramm mat de Resultater no Altersgrupp weist dann och ganz schéin, wéi sech déi zwee heefegst Variante genau verdeelen: Bei der eelster Altersgrupp ass ech si frou mat dir mat gutt 42% nach ganz dacks vertrueden. D’Nennunge vun dëser Variant huelen awer da vun Altersgrupp zu Altersgrupp ëmmer méi of a maache virun allem an deenen zwou jéngste Gruppen nëmmen nach e ganz klenge Brochdeel aus. Hei huet sech zu 95% ech hunn dech gär duerchgesat. Seelen hu sech jonk Leit an eiser App dann och fir ech lieben dech entscheet; och ech léiwen dech oder ech hunn dech léif goufen allgemeng nëmme ganz vereenzelt genannt.

    Gëtt et am Lëtzebuergesche kee richtegt Verb fir „lieben“?

    Heiansdo héiert ee Leit pauschal lamentéieren, dass d’Lëtzebuergescht eng aarm Sprooch wier, well mir kee richtegt Verb wéi ‘lieben’, ‘to love’ oder ‘aimer’ hätten. Dat ass natierlech Kabes. 😉 Wéi d’Resultater weisen, huet sech mat ‚Ech hunn dech gär‘ eng eendäiteg Formule erausbilt, déi dat romantescht Konzept perfekt erëmgëtt.

    Eng berechtegt Fro bleift, firwat mir keng Phras wéi ‚ech léiwen dech‘ entwéckelt hunn. Am Däitschen ass d’Verb ‚lieben‘ relativ spéit aus dem Adjektiv ‚lieb‘ entwéckelt ginn an huet sech eréischt am 17./18. Joerhonnert ausgebreet. Eng Phras wéi ‚ich liebe dich‘ ass domat eng relativ nei Entwécklung. An där Zäit hat sech am Lëtzebuergeschen awer schonn déi Variant mat ‚gär hunn‘ etabléiert esou, dass keng Noutwennegkeet bestoung, en neit Verb wéi ‚léiwen‘ ze bilden. Aus dem selweschte Gronn gëtt et och an den däitschen Dialekter oder och dem Schwäizerdäitsche kee Verb ‚lieben‘ (am leschtere heescht et ‚Ich ha di gärn‘). Och d’Hollänner/Flammänner hu mat hirem ‚Ik hou van jou‘ eng Formule, déi ouni d‘‘lieben‘-Verb auskënnt.

    Souwuel ‚léif‘ wéi och ‚gär‘ hu sproochhistoresch gekuckt iwwregens déi selwecht Bedeitungskomponent, nämlech ‚op eppes begiereg sinn‘. ‚Ee gär hunn‘ ass also a senger Ausso genau sou staark wéi ‚lieben‘ am Däitschen. Et gëtt also kee Grond unzehuelen, dass d’Schwäizer, Hollänner/Flammänner a Lëtzebuerger ee manner gär kënnen hunn wéi déi Däitsch, d’Italiener oder d’Fransousen.

    *****

    Iwwregens: Wie seng Libeserklärung nach net ofginn huet, kann dat lo rëm an der App maachen. Mir hunn extra fir Vältesdag déi Aufgab rëm fräigeschalt an Dir kënnt Är Phras eraschwätzen. 🙂

  • Sequel Auto(s)festival: Ee(n) Jeep an eng Porsche oder eng Jeep an e Porsche?

    Wie vun Iech huet sech dann d’lescht Woch wärend dem Festival en neien Auto kaf oder op d‘mannst mam Gedanke gespillt, dat ze maachen?

    Sinn dorënner vläicht Leit, déi geschwënn en neien Jeep oder en neie Porsche oder sollt een éischter soen ENG nei Jeep oder ENG nei Porsche am/an der Garage stoen hunn?

    An der zweeter Ronn vun der App si mir op alle Fall der Fro nogaangen, ob dës zwou Autosmarke fir eis Schnësserten éischter maskulin oder feminin sinn. 

    Porsche (~700 Opnamen)

    • iwwer 97% vun de Leit soen „Porsch“ (ouni „-e“ um Enn) an nëmmen eng kleng Minoritéit seet „PorschE“
    • fir 80% ass et „e Porsche“ (mask.) a fir nach graff 20% ass et „eng Porsche“ (fem.)
    • d’Altersverdeelung weist keng ganz kloer Tendenz – mol ass de Femininum méi a mol manner präsent, allerdéngs ass de femininen Undeel an der eelster Altersgrupp am héchsten

     

    Jeep (~400 Opnamen)

    • fir bal 66% ass et „eng Jeep“ (fem.) a fir iwwer 34% ass et „e(n) Jeep“ (mask.)
    • d’Altersverdeelung weist och hei keng ganz kloer Tendenz, allerdéngs schéngt déi jéngst Altergrupp de Maskulinum e bësse méi virzezéien

     

     

    • Aussprooch [ʒiːp] (“Jeep”) vs. [dʒiːp] („Djeep“): 66% vun de Leit soen [ʒiːp] a 34% [dʒiːp], woubäi [dʒiːp] lues a lues zouhëlt, wat d’Spriecher méi jonk sinn an dës Aussprooch an där jéngster Grupp och schonn e bëssen iwwer d’Halschent ausmécht

     

    Sou, nach Froen? Da gitt emol hei an deen Artikel op Infolux luussen, an deem et ëm eng kleng Ëmfro (an d’Resultater) iwwert de Genus vun Autosnimm am Lëtzebuergesche geet: https://infolux.uni.lu/autoen/

    Bonne route!

  • De Februar zu Lëtzebuerg = D’Zäit vum Auto(s)festival

    Am Februar ass eng vun de Lëtzebuerger hire léifsten Zäiten am Joer. Nee, mir schwätzen net vum Wanter, mee natierlech vum Autofestival.
    Ma wéi sot Dir iwwerhaapt: Autofestival oder AutoSfestival?

    Well dat eng spannend Fro ass, hu mir 1479 Leit folgend Fro gestallt: Wéi heescht d’Zäit alljoers am Februar, wann hei am Land esou vill Autoe kaaft ginn?


    Nieft Auto(s)festival (88,6%), op dee mer geschwënn ze schwätze kommen, krute mer och nach e puer weider interessant Äntwerten. Dorënner der, déi mam Auto(s)festival ze dinn hunn (4,8%) z.B. “Autosalon” oder “Festival” awer och der, déi näischt mat dësem Evenement ze dinn hunn (6,6%) z.B. “Fréijoer” oder “Fuesent”.

     

    De Fouen-s an Auto(s)festival

    • 58% soen AutoSfestival
    • 42% soen Autofestival

     

    Alter

    D’Variant mat Fouen-s ass bei Spriecher*innen iwwer 45 manner beléift, si preferéieren d’Variant ouni Fouen-s – jee méi al, desto méi grouss ass d’Tendenz zu Autofestival.
    Bei de Spriecher*innen ënner 45 kënnt ee méi oder wéineger op eng 50/50 Verdeelung.


    Et wäert spannend sinn, ze kucken, ob d’Variant mat Fou an deenen nächste Joren hei zu der preferéierter gëtt – sech d’Preferenz vun den eelere Leit also ëmdréit a soumat wandelt.

  • Chantier, Schantjen, Baustell & co.

    Fir d’éischt sief drop higewisen, dass mer dës Daten an der éischter Schnëssen-Ronn mat Hëllef vun enger Foto vun engem Chantiersschëld an der dozougehéiereger Fro “Wourop weist dëst Schëld hin?” gesammelt hunn. Firwat sollt een dat extra erwänen? Als Äntwerten op dës Fro goufe souwuel déi “klassesch” an erwaartbar Bezeechnunge fir d’Plaz, wou gebaut/geschafft gëtt, genannt (also Chantier, Schantjen a Baustell), wéi och Bezeechnunge fir d’Aarbechten, déi op där Plaz (also dem Chantier a Co.) gemaach ginn. Zousätzlech gouf och dacks gesot “datt do geschafft gëtt” o.Ä.  , mee kuckt selwer:

    • Insgesamt hu mir net manner wéi 1185 Opnamen ausgewäert; dobäi kënnt “Chantier” op knapp 32%, “Baustell” op 26% an “Schantjen” op 9,5%.
    • D’Verdeelung vun de Varianten no Alter weist, dass “Baustell” vu méi jonke Spriecher*inne méi dacks benotzt gëtt.
    • Virun allem méi eeler Spriecher*innen hu méi dacks z.B. “Aarbechten” oder “do gëtt geschafft” als Äntwert op d’Fro genannt.   
  • Huet et hënt „ugefaang“ oder „ugefaangen“ mat schneien?

    24. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

    Häerzlech Wëllkomm hannert der leschter Dier vun eisem Adventskalenner. Haut mat engem wanterleche Saz (Hënt huet et ugefaange mat schneien), woubäi am Mëttelpunkt net schneien mee ufänken steet.

    Wéi een op der Kaart gesäit, kann ee bei ufänken am Bezuch op de Vokal an der Wuerzel vum Verb (fänk-en) am Partizip Perfekt regional Varianten ausmaachen. Iwwerall bis op déi nërdlech Regioun ass (u/a)gefaang(en) kloer d’Haartvariant. Jee méi wäit een dann awer an den Norden eropgeet, desto méi Formen mat o (u/a)gefong(en) kommen an d’Spill, woubäi dës Varianten an engem Raum tëscht Klierf an Ëlwen och nach Gesellschaft vun enger Variant mat u (agefung-en) kréien.

     

    Beim Partizip Perfekt vun ufänken gëtt et allerdéngs och nach eng aner Variatioun an déi bezitt sech op d’Endung -en. Et handelt sech dobäi net nëmmen ëm eng aner Form, ma och ëm eng aner Aart vu Variatioun, wëll dës net regional bedéngt ass, wat een op der Kaart schéin un der wëller Verdeelung vun de Variante mat an ouni -en erkenne kann. Generell ass et esou, datt d’Variant ouni –en mat 56% méi heefeg beluecht ass wéi déi mat -en. Kuckt ee sech d’Verdeelung nom Alter un, gesäit een, datt jee méi jonk d’/de Spriecher*in, desto méi heefeg d’Variant ouni –en. Allerdéngs läit de Prozentsaz bei deene Jéngsten an der Géigend vun de 65+, déi do e bëssen aus der Rei ze danze schéngen – dobäi kënnt, datt d’Ënnerscheeder immens geréng sinn. Hei sinn also keng kloer Tendenzen par rapport zu der Verdeelung no Alter erkennbar.

    Déi ganz Schnëssen-Ekipp wënscht Iech e wonnerbaren Hellegowend, schéi Chrëschtdeeg an natierlech e gudde Rutsch an dat neit Joer!

  • Vu „Kamellen“ an „Zockerbounen“

    23. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

     

     

  •  D’Aussprooch vu „Wochen“

    22. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

    Am Ganzen 939 Opnamen hu mir ausgewäert, fir ze ënnersichen, ob d´Schnëssen-Participanten an eiser App Wo[χ]en oder awer Wo[ɕ]en soen. Wéi ze erwaarde war, seet déi grouss Majoritéit Wo[χ]en a bei Wo[ɕ]en handelt et sech ëm eng regional Variant, déi nëmmen am Norde vum Land virkënnt, wéi op der Schnëssen-Kaart ze erkennen ass. Ergänzend heizou kann ee sech och d´Kaart aus dem Luxemburgischer Sprachatlas ukucken. Am Verglach gesäit een, dass d´Wo[ɕ]en-Verbreedungsgebitt vun haut deem aus dem LSA nach ëmmer staark gläicht, och wann sech bei den neien Daten och Wo[χ]en-Beleeger an d´Wo[ɕ]en-Gebitt mëschen.

     

  • Dat „lénkt“ oder dat „lénkst“ …

    21. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

    Sot Dir lénkt oder lénkst? Där Fro si mir an engem Saz aus der éischter Schnëssen-Ronn nogaangen, an deem een das linke Bein sollt op Lëtzebuergesch iwwersetzen. De Kéisdiagramm weist, dass a graff 75% vun den am Ganzen 911 Opname lénkst an a graff 23% lénkt gesot gouf. Déi reschtlech Prozent verdeelen sech virun allem op linkst a linkt.

    Den Diagramm mat der Altersverdeelung ass an dësem Fall manner opschlossräich. Jee no Altersgrupp läit de lénkst- resp. lénkt-Prozentsaz zwar mol liicht méi oder liicht manner héich, dëst awer ouni en eendeitegt Bild ze erkennen ze ginn.

    D´Duerstellung vun de Resultater mat de verschiddene Varianten op der Kaart weist, dass et sech hei – op d´mannst wat den s am Wuert betrëfft – net ëm eng regional Variatioun handelt. Déi zwou heefegst Variante sinn iwwert dat ganzt Land verdeelt. Anescht ass dat bei de Variante mat i: linkst a linkt sinn am Raum Veianen beluecht an e bësse verspreet och am méi héijen Éislek.

  • D’Variante vun „uruffen“

    20. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

    Hannert der Dierche vun haut verstoppt sech eng weider regional Variatioun – an zwar virun allem déi vun uruffen. An den 1304 Opnamen, déi mir eis ugelauschtert hunn, huet eis virun allem interesséiert, ob eis Participantë rouf oder ruff soen. D´Kaart mécht däitlech, dass ruff bal iwwerall am Land – mat Ausnam vum méi héijen Éislek – vertrueden ass, wärend rouf am Norden a méi vereenzelt och am Oste vum Land gesot gouf. Op der Kaart gesäit een awer och nach zwou weider Faarwen: Zum Deel gouf dat franséischt Verb appeler och mat telefonéieren oder schellen iwwersat. telefonéier fënnt ee ganz vereenzelt am Land verspreet; dogéint ass den Ausdrock engem (z.B. op den Handy) schellen méi dacks an nëmmen am Éislek beluecht.

  • Pech oder Pëch?

    19. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

    Haut kucke mir eis méi genau un, wat d´Schnëssen-Participantë bei enger Foto mat enger Tüb flëssegem Pech an d´App geschwat hunn. De Kéisdiagramm weist fir d´éischt emol, dass sech an den 931 Opnamen eng Partie Variante verstoppt hunn. Vir bäi mat iwwer 54% a gutt 21% sinn do natierlech an éischter Linn Pech a Pëch – zesumme maache si knapp 76% vun allen Opnamen aus. Dono kënnt Koll mat nach gutt 8% a Superkleber mat 7%. Ënnert deenen anere Variante sinn dann och Markennimm wéi Pattex an Uhu.

    E Bléck op d´Varianten no Alter weist dann och eng ganz schéi Verdeelung: Virop fält op, dass Koll bei de Participanten ab 65 Joer nach mat iwwer 42% déi heefegst Variant ass an an den Altersgruppen drënner relativ séier ofgebaut gëtt. Dofir ass an den dräi méi jonken Altersgruppe de Superkleber méi vertrueden. Mat Ausnam vun den zwou eeleren Altersgruppen dominéiert awer iwwerall kloer de Pech/Pëch.

    Kuckt een sech dann nach d’Kaart mat der Verdeelung vun de Variante Pech a Pëch un, erkennt ee ganz kloer, dass d´Land hei zweegedeelt ass: Graff léisst sech soen, dass am Süden, am Zentrum an un der Musel Pech gesot gëtt, méi am Westen an am ganzen Norden Pëch. Trotzdeem mëschen sech an d´Pech-Gebitt och Pëch-Beleeger an ëmgedréit och Pech-Beleeger an d´Pëch-Gebitt.

  • E „gefëllten“ oder e „gefëlltene Croissant“?

    18. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

     

    Wéi sot Dir, bestellt Dir beim Bäcker e gefëllten oder e gefëlltene Croissant? Eis Participanten op jidder Fall preferéiere mat 57% d’Variant mam zousätzlechen en. Dobäi muss een allerdéngs umierken, datt deen zousätzlechen en an de meeschte Fäll net voll ausgeschwat gëtt, ma den e verschléckt gëtt. Ausgeschwat gëtt d’Variant also gefëlltnen, och wann ee gefëlltenen schreift.

    Wat verréit eis e Bléck op d’Verdeelung no Alter? Eng kloer Tendenz kann een net ausmaachen, och wann een aus der Grafik erausliese kann, datt méi jonk Leit d’Variant mat zousätzlechem en liicht méi preferéieren, wéi dat Leit iwwer 65 maachen. Et handelt sech awer éischter ëm eng Variatioun, bei där den Alter keng wierklech Roll spillt.

  • D’Aussprooch vum „j“ a „Jeeër“ a „jäizen“

    17. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

    De j kann een am Lëtzebuergeschen esou ausschwätzen, wéi een dat am Däitschen ([j]) z.B. am Wuert ja mécht oder wéi am Franséischen ([ʑ]), wéi dat am Wuert jargon de Fall ass. D’Resultater vun ebendëser Variatioun verstoppe sech hannert der haiteger Dierchen. An dësem Fall goung et net drëm, e Saz ze iwwersetzen oder e Bild ze beschreiwen, ma d’Aufgab war de Saz Dass erëm d’Taxe gehéicht ginn, deet d’Jeeër haart jäizen virzeliesen.

    Kuckt ee sech de j a jäizen un, gesäit een, datt eng knapp Majoritéit (56%) déi franséisch Aussprooch produzéiert hunn. Bei der Opschlësselung no Alter sinn do allerdéngs keng kloer Tendenzen ze erkennen, d’Variatioun ass iwwer den Alter gesinn zimlech stabil.

    E bëssen anescht gesäit dat Bild bei Jeeër aus. Hei gouf vun der Majoritéit (59%) de j mat der däitscher Aussprooch benotzt. Kuckt ee sech d’Verdeelung no Alter hunn, kann een erkennen, datt jonk Leit déi däitsch Aussprooch favoriséieren, wougéint eeler Leit éischter zu der franséischer Aussprooch tendéieren.

    Besonnesch spannend ass hei, datt knapp 30% vun de Leit hir Aussproch bannent dem Virliesungssaz variéieren, woubäi dorënner déi meescht vun der däitscher Aussproch bei Jeeër op déi franséisch bei jäizen wiesselen. Wat de Grond dofir ass, bleift nach ze klären.

    E Grousse Merci un d’Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

  • „buerféiss“ a seng Varianten
  • D’Variante vu „Leit“

    15. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

    Zu wéi enger Regioun a Variant gehéiert Dir?
    Ähnlech wéi fir de 6. Dezember (net), ass och d’Verdeelung vun dëse Variante vum Begrëff Leit. Vum déiwe Minett bis op d’Héicht vun Dikrech kann ee gesinn, datt et bal keng Ofweichunge vun dësem Standard gëtt. Just am ëstlechsten Deel vum Osten gëtt et Lätt-Spriecher, an den Norden ass däitlech an dräi gedeelt. Den ëstleche Beräich huet de Standard Leit gréisstendeels iwwerholl a keng regional Form méi. De méi zentralen Deel vum Norden huet e méi oder manner konsequente Gebrauch vu Läkt, wärend den héijen Eislek quasi ausschliisslech Lékt benotzt. Wéineg Auswäertunge ware sou kloer a bestëmmte Beräicher ënnerdeelbar, wéi dës Kaart weist.

    Am Verglach mam Luxemburger Sprachatlas (1963) huet sech d’Sproochlandschaft dach zolidd geännert. Déi éischter ëstlech Form Lätt ass staark zeréckgaangen an déi südlech Form Lett ass – op d’mannst an eisen Daten – guer net méi ze fannen.

     

    E Grousse Merci un d´Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

  • D’Variante vu „Gaart“

    14. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

    Fir déi 14. Dier am Kalenner hu mir d’Aussprooch vum Begrëff Gaart analyséiert, wat eis eng opfalend regional Verdeelung geliwwert huet. Ass am Groussdeel vum Land d’Haaptvariant Gaart präsent, fält nërdlech vum Zentrum nach Gäert an d’Gewiicht an am Éislek d’Variant Goort, allerdéngs zimlech sporadesch. Méi konsequent dogéint ass de Minett an de südlechen Deel vum Osten, an deenen d’Aussprooch G(o/u)art wäit an deelweis dominant bestoe bleift, als Zeeche vun enger Minettsfierwung, déi sech allerdéngs iwwer dee südleche Raum eraus ausgebreet huet.

    E Grousse Merci un d’Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

  • Huet hien „gewonn“ oder „gewonnen“?

    13. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

    Hannert dëser Dierche verstoppt sech d’Variatioun vum Partizip Perfekt vu gewannen. Wéi ee schonn am Kéisdiagramm erkenne kann, sinn d’Varianten, déi hei eng Roll spillen, gewonn a gewonnen, woubäi d’Variant mat -en mat knapp 63% däitlech méi dacks virkënnt, wéi déi ouni.

     

    Wat seet eis d’Opschlësselung vun der Variatioun no Alter iwwer d’Variatioun? Hei ass ze erkennen, datt jee méi jonk d’Spriecherin oder de Spriecher, desto méi heefeg kënnt d’Variant ouni -en vir. Dat schwätzt dofir, datt et gutt méiglech ass, datt d’Variant ouni Endung am Gaangen ass, sech auszebreeden. Ob an a wéi engem Mooss d’Verdeelung vun de Varianten sech verännere wäert, kann een hei net erausliesen, dofir misst een an enge Rei Joren nees Date sammelen an d’Resultater mat de Resultater vun haut vergläichen.

    E Grousse Merci un d´Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

  • „hatt“ oder „si“?

    12. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

    Haut kucke mir eis direkt zwee Resultater un, fir se matenee vergläichen ze kënnen. Eng vu ville Froen, deene mir an eisen Daten noginn, ass och de Gebrauch vun de Pronomen hatt a si. Méi konkret hu mir eis ugekuckt, wéi d’Leit zwee franséisch Sätz mam weibleche Pronomen elle iwwersat hunn. An engem Saz gëtt dobäi op eng weiblech Persoun referéiert, déi jonk a sportlech (jeune et sportive) ausgesäit, an deem aneren dergéint op eng weiblech Persoun mat groen Hoer (cheveux gris). D’Gesamtresultat huet dobäi erginn, dass bei der jonker Persoun zu 93,5% (vu 461 Opnamen) déi neutral Pronomen hatt, et oder ‘t benotzt goufen; bei der Persoun mat de groen Hoer waren et der manner, mee ëmmerhin och 80,3% (vun 360 Opnamen). Bei der jonker Referenzpersoun gouf deemno méi heefeg hatt benotzt wéi bei der méi eelerer Referenzpersoun.

    Wéi sou dacks bréngt och e Bléck op déi ënnerschiddlech Altersgruppen a béide Fäll ganz flott Resultater ervir: Wärend eeler Leit hei vläicht nach éischter och déi weiblech Pronomen si an se bei der Iwwersetzung benotzen, entscheeden sech d’Leit, wat se méi jonk sinn, ëmmer méi dacks fir déi neutral Pronomen hatt, et an ‘t. Insgesamt sinn d´hatt-Prozentwäerter an de verschiddenen Altersgruppe beim Saz mat der jonker Persoun méi héich wéi an deem mat der eelerer Persoun.

  • „zwee“ oder „zwou“?

    11. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

    Fir d´Adventskalennerdierche vun haut hu mer eis de Gebrauch vun zwee an zwou an engem ganz bestëmmte Kontext ugekuckt: Als Deel vun engem vun de Sätz an der App sollten eis Participanten 11,2 Sekunden op Lëtzebuergesch iwwersetzen. Dobäi hu mir ënnersicht, ob d´Leit eelef Komma zwee Sekonnen oder eelef Komma zwou Sekonnen an den Opname gesot hunn.

    De Kréisdiagramm weist, dass a 75% vun de 587 Opnamen déi erwaartbar Form zwou an d´App geschwat hunn; zwee kënnt deemno op 25%.

    Mat Bléck op den Alter ass zwar kee ganz kloert Bild – sou wéi mer et scho mol bei anere Resultater gesinn hunn – ze erkennen, mee trotzdeem gëtt ersiichtlech, dass déi jéngst Spriecher*innen zwee méi dacks benotzt hu wéi déi an deenen aneren Altersgruppen. Wärend den zwee-Prozentsaz meeschtens graff tëscht 15 an 30% läit, ass e bei deene Jéngste bei ëmmerhin 39%.

  • De Pluriel vun „Tirang“

    10. Dier vum Schnëssen-Kalenner

    Och den Tirang huet méi wéi ee Pluriel – insgesamt sinn et der 4. Dobäi ass Tiräng mat ronn 78% déi heefegste Variant. Tirangen gouf vun 18% vun de Participantë gesot, woubäi Tirängen, also eng Kombinatioun aus den zwee scho genannte Plurielle mat 2% an d´lexikalesch Variant mat en-Pluriel, Tiroiren, mat 1% beluecht sinn. Ënner \“Aner\“ falen hei seelen Nennunge wéi Schubladen oder Auszug.

     

    Hei lount sech och erëm e Bléck op d´Verdeelung no Alter. Generell kann ee soen, datt eeler Leit éischter Tirangen soen, an datt dës Variant ofhëlt. Spiecher*inne bis 24 benotzen Tirangen däitlech manner dacks, woubäi méi Tirängen virkommen. Dës Mëschform schéngt iwwregens eng éischter jonk Variant ze sinn. Ob se weider ausgebaut gëtt, muss ee sech an e puer Joer nach eng Kéier ukucken.

     

    E Grousse Merci un d´Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

  • éier, ier & co.
  • „ginn“ oder „gëtt“ et vill Wiichtelcher?

    8. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

    An der éischter Ronn vun eiser Schnëssen-App hunn d´Participanten ënnert anerem de Saz „Warum gibt es Leute, die Psychologie studieren?“ op Lëtzebuergesch gesot. D´Fro, déi mir eis fir haut gestallt hunn, ass dobäi: Wéi hunn d´Leit den éischten Deel vum Saz iwwersat – mat „firwat gëtt et Leit“ (3. Pers. Sg.) oder „firwat ginn et Leit“ (3. Pers. Pl.)?

    De Kéisdiagramm weist, dass a gutt 69% vun den 1173 Opnamen, déi mir heifir ugelauschtert an ausgewäert hunn, ginn an a bal 31% vun de Fäll gëtt gesot gouf. Dozou sief gesot, dass mir déi dialektal Varianten, déi éischter seelen am Norde vum Land virkommen, jeeweils zu ginn (z.B. gänn) resp. gëtt (jëtt) gezielt hunn.

    Wann ee sech den Diagramm mat de verschiddenen Altersgruppen ukuckt, fält op, dass d´Verdeelung bei der eelster Altersgrupp nach bal 50/50 ass, respektiv gëtt liicht méi dacks gesot gouf. Wat d´Leit méi jonk sinn, wat se ëmmer éischter ginn gewielt hunn, soudass dës Variant an de méi jonken Altersgruppe kloer preferéiert gëtt.

    E Grousse Merci un d´Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

  • De Pluriel vu „Bic“

    7. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

    De Pluriel vu Bic ass immens variabel. 3/4 vun de Participanten hu Bicker ma awer 21% Bicken respektiv e puer Vereenzelter Bics gesot. Net seelen ass Kugelschreiber awer och mat Füllfierder(en) oder Stëfter iwwersat ginn. Dës Variante sinn hei ënner Aner regruppéiert.

     

    Geheit een e Bléck op d´Verdeelung no Alter, gesäit een, dass dësen en Afloss op de Gebrauch vun de Varianten huet. Eeler Leit benotzen éischte d´-en-Form, woubäi déi bei de jonke Leit just nach wéineg virkënnt. Mat ofhuelendem Alter geet d´Zuel vun den er-Pluriellsforme kontinuéierlech an d´Luucht. Den er-Pluriel schéngt hei also lues a lues den en-Pluriel ofzeléisen.

    Och den s-Pluriel, och wann en immens seelen ass, ass eng Form, déi exklusiv vu ganz jonke Leit benotzt gëtt.

    E Grousse Merci un d´Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

  • D’Variante vun „net“

    6. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

    Den Norden an de Rescht.
    Op Kleeserchersdag beschäftege mir eis mat deene jeeweilege Variante vun net. Wéi d´Kaart ënnersträicht, ass d´net-Form däitlech verbreet, ze erkennen dorun, datt am Zentrum, am Süden an am Oste quasi just déi Variant existéiert (mat wéinegen Ausnamen). Am Weste loosse sech nach nit-Spriecher erkennen, och wann d´Gebitt am Verglach mat der Kaart aus dem Luxemburgischer Sprachatlas méi kleng ginn ass. De westlechen Deel vum Éislek huet déi bekannt nik– resp. nék-Forme behalen. D´Verbreedung vun dëse Formen ass (am Verglach zu där am LSA) nach ëmmer ganz ähnlech, och wa sech an eise Schnëssen-Daten eng Partie net-Beleeger an d´nik/nék-Gebitt ënnergemëscht hunn.

    E Grousse Merci un d´Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

  • De Pluriel vu „Schëld“

    5. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

    Léiwer en -d oder en -t?
    Haut verstoppt sech hannert der Dier d’Auswäertung vum Pluriel vu Schëld. Bei dësem Diagramm gesi mir eng Trap, déi weist, wéi de Pluriel sech nom Alter vun de Spriecher opdeelt . Bei där héchster Stuf, 65+, erkennt een datt Schëlter a Schëlder sech nach bal ausgläichen, mat liichtem Iwwergewiicht vu Schëlder. Dëse Fakt wäert sech weider ausbreeden, wat ee méi wäit a Richtung vun deene Jonke geet, bei deene ronn 90% d’Variant Schëlder benotzen. Soumat léisst sech déi kloer Tendenz erkennen, d’Variant Schëlter opzeginn an de Pluriel mat engem -d, geschwat a geschriwwen, ze bilden.

    E Grousse Merci un d’Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

  • De Pluriel vu „Blat“ 

    4. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

    An der 1. Ronn vun der Schnëssen-App hunn d’Participanten dräi verschidde Variante fir de Pluriel vu Blieder benotzt. Dobäi handelt et sech, wéi beim Bam, ëm eng Variatioun, déi sech op d’Aussprooch vun engem Wuert bezitt. D’Variante si Blieder, Bleeder a Bliädder.

    Op der Kaart erkennt een, datt d’Variant Blieder zwar bal iwwerall virkënnt, am Norden awer deelweis och net vertrueden ass. Hei spillt Bleeder déi méi grouss Roll. Bliädder kënnt immens seele vir a beschränkt sech op de Raum Veianen an nach dräi aner Uertspunkten am Norde vum Land. Geet ee vum Norden a Richtung Süden, huelen d‘Blieder-Nennungen ëmmer méi zou, woubäi schonn ënnert enger Linn, déi vu Veianen eriwwer op Réiden un der Atert verleeft, bal just nach Blieder ze verzeechne sinn. Kuckt een sech déi méi al Kaart aus dem Luxemburgischer Sprachatlas un, gesäit een, datt sech d’Verbreedung vu den Niewevarianten zum Deel verännert huet.

    E Grousse Merci un d’Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

  • D’Variante vun „Hallschent“

    3. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner

    Bei Hallschent konnten dräi Variante festgemaach ginn: Hallschent, Hallschecht an Hällschent, woubäi déi éischt kloer d’Haaptvariant ass.

     

    Bei der Verdeelung nom Alter weist sech, datt Hallschent vun eeleren op méi jonk Spriecher*innen ëmmer méi ofhëlt, och wann d\\\’Variatioun och schonn an der zweethéchster Alterskategorie net méi immens grouss ass.

    Hällschent kënnt a bal all Altersgrupp vir, allerdéngs a ganz gerénger Unzuel. Dëst kann een als e Beispill vum Ausgläich vu Variante verstoen. Ëmmerhin gëtt et bei der jéngster Generatioun esou gutt wéi guer keng Variatioun méi. Dat ënnerscheet dës Variatioun vu villen aneren, déi mer bis elo gesinn hunn.

    E Grousse Merci un d’Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

  • De Conditionnel Present vu „brauchen“ (1PP)
  • De (Chrëscht-)Bam

    1. Dier vum Schëssen-Adventskalenner

    Och wann d’Wuert Bam den éischte Moment net immens spannend ausgesäit a kléngt, gesäit dat natierlech op den zweete Bléck ganz anescht aus. Am Ganze konnte mir 3 verschidden Aussprooche vu Bam enregistréieren. 1. Bam, 2. Bɔ:m respektiv Boam an 3. Bom (jo, dës Variant héiert sech genausou u wéi d’Wuert, dat Dir benotzt, fir Är Groussmamm ze ruffen).

    Heibäi handelt et sech, wéi een op dëser Kaart gesäit, eendäiteg ëm regional Varianten. Och wa Bam bal iwwerall am Land virkënnt, ass Bom bal ausschliisslech am héijen Norden a Bɔ:m/Boam am Süden, mat enger Tendenz zum Südwesten, beluecht. Wat den Norden an de Süden hei awer ënnerscheet, ass, datt d’Südvariant mat der Variant Bam konkurréiert.

    E Grousse Merci un d’Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

  • Adventskalenner 2018

    Kennt Dir schonn eisen Adventskalenner fir d’Joer 2018? All Dag presentéiere mir vu lo u kleng Resultater aus eise Schnëssen-Erhiewungen. Deelt a maacht wgl. och mat bei der drëtter Ronn vun den Erhiewungen.

    D’Schnëssen-Ekipp wënscht schéin Adventsdeeg!

     

  • Raviol(l)i(en), Mailand an eng Minettmetropol am Futtballféiwer

    Haut ass et erëm souwäit: Den F91 Diddeleng spillt säin zweetleschte Match am Kader vun der Europa League an dat géint den AC Mailand am Giuseppe-Meazza-Stadion.

     

    Wat kënnt engem esou an de Sënn, wann een u Mailand dénkt? Natierlech Moud a chic Butteker. Mir hunn allerdéngs direkt un Iessen an domat un Nuddele geduecht. An där, hoffe mer, wäerten d’Diddelenger Spiller virum Match genuch giess hunn.

     

    Fir den F91 dann och vun hei aus kulinaresch ze ënnerstëtzen, hu mir eis fir haut “Ravioli” rausgepickt. Mir hunn eis dofir am Ganzen 851 Opnamen ugelauschtert an dobäi zwou verschidden Aussprooche festgestallt: eng mat laangem o, an eng mat kuerzem o, woubäi “Ravioli” (mat laangem o) mat 96% däitlech méi dacks virkënnt wéi “Raviolli” (mat kuerzem o). Kuckt een sech dann d’Verdeelung vun der Aussprooch no Alter un, da gesäit een, dass “Raviolli” an allen Altersgruppe vertrueden ass, mee prozentual gesinn bei den eelere Spriecher*innen eng Grëtz méi dacks gesot gouf.

     

     

    Als nach méi spannend stellt sech de Bléck op de Pluriel eraus: Hei ass mat bal 53% “Raviol(l)i”, mat bal 47% “Raviol(l)ien” a méi sielen mat 0,4% “Raviolis” virkomm. Interessant sinn och d’Resultater am Hibléck op d’Verdeelung no Alter. Leit iwwer 65 Joer preferéieren “Raviol(l)ien” am Verglach zu “Raviol(l)i”, wärend sech dës Preferenz bei de Leit bis 24 Joer dréit. Iwwregens kommen d’”Raviolis” nëmme bei de ganz jonke Spriecher*inne vir.

     

     

  • Kaffi drénken a Co.

    An der zweeter Ronn vun eiser Schnëssen-App hu mir d’Leit ë.a. d’Fro gestallt, wéi si déi éischt Moolzecht vum Dag nennen. An deenen 875 Opnamen, déi mir bei deem Item ausgewäert hunn, fanne sech, wéi sou dacks, direkt e puer Varianten.

    Am heefegste gouf mat 38,1% d’Variant „Kaffi drénken“ (333) genannt, op déi zweet Plaz kënnt mat 23,4% „Kaffi“ (205) virun „Moiesiessen“ mat 17,7% (155) an „Frühstück“ mat nach 10,9% (95). Mat e puer Nennunge sinn dann och nach den „Moieskaffi“ souwéi d‘“Fréistéck“ dobäi, woubäi et sech hei ëm eng verlëtzebuergescht Versioun vum däitschen „Frühstück“ handelt.

    Interessant ass natierlech och d’Fro, wou déi Varianten „Kaffi drénken“ resp. „Kaffi“ als Bezeechnung fir déi éischt Moolzecht vum Dag hierkommen a wéi al se sinn. Op dëser Plaz sief op eng Fro resp. eng Äntwert op eisem infoDesk hei op infolux higewisen: Zanter wéini seet ee „Kaffi (drénken)“?

    E ganz schéint Bild ergëtt sech, wann ee sech d’Resultater méi genau ënner Berücksichtegung vum Alter vun de Spriecher*innen ukuckt: Aus dem Diagramm geet ervir, dass „Kaffi drénken“ zesumme mat „Kaffi“ an deenen zwou eeleren Altersgruppen relativ kloer dominéiert – zesumme maachen se 88% resp. 85% aus. Wat d’Spriecher*inne méi jonk sinn, wat dës béid Varianten ëmmer manner dacks virkommen. Den Undeel vun den zwou Varianten zesumme läit an der jéngster Altersgrupp nëmmen nach bei 47%. Interessent ass dann och ze gesinn, dass d’Variant „Moieskaffi“ éischter vun eeleren an (an eisen Opnamen) guer net méi vun den zwou jéngsten Altersgruppe benotzt gëtt. Dofir fält op, dass de Gebrauch vun „Moiesiessen“ bei de Jonken kloer zouhëlt; d’Variant mécht bei de Leit bis 24 Joer gutt 35% aus a kënnt domat op Plaz 1 an dëser Altersgrupp. Och „Frühstück“ gouf virun allem vu Leit bis 44 Joer genannt.

    Wann een dann déi männlech an déi weiblech Participantë getrennt ukuckt, erkennt ee Folgendes: D’Männer benotzen d’Varianten „Kaffi“ an „Moiesiessen“ e bësse méi heefeg wéi d’Fraen, dofir hunn d’Frae e bësse méi dacks „Kaffi drénken“ an „Frühstück“ gesot wéi d’Männer.

    E lescht Diagramm weist da schliisslech de Gebrauch vun de verschiddenen Varianten no Mammesprooch. Et sief erwähnt, dass sech hei 827 Mammesproochler nëmmen 48 Net-Mammesproochler géintiwwerstinn; trotzdem ergëtt sech en interessant Bild an et loossen sech liicht Tendenze formuléieren. Wärend d’Resultater vun de Lëtzebuergesch-Mammesproochler e ganz ähnlecht Resultat wéi dat vum Gesamtergebnis erëmspigelen, schénge bei den Net-Mammesproochler 6 Variante méi staark mateneen ze konkurréieren. Déi „typesch“ Varianten „Kaffi drénken“ an „Kaffi“ maache bei den Net-Mammesproochler zesumme just 27% aus. Am dackste gëtt an den Opname vun hinnen „Frühstück“ (27%) genannt. Erwähnenswäert ass och déi franséisch Variant „Petit Déj(euner)“, déi hei méi staark an d’Gewiicht fält. Besonnesch interessant ass dann awer nach d’Feststellung, dass déi schonn uewe kuerz ugeschwaten, verlëtzebuergescht Variant „Fréistéck“ och (a souguer méi dacks) vun Net-Mammesproochler a bal ausschliisslech jonke Spriecher bis 34 Joer benotzt gëtt.

     

    D’Daten, déi d’Grondlag vun dëse Resultater duerstellen, sinn am Kader vun eisem éischte Schnëssen-Workshop vun de Participante Josée Feltes, Christophe Froehling, Mireille Garson, Renée Joséphine Kremer, Marina Lemaire, Joy Mertz a Sandy Morais ausgewäert ginn.

  • Hien huet e Kapp wéi eng Kalbass! – De Kürbis

    Mam Afloss vum amerikaneschen Halloween, dee méi a méi an Europa eriwwerkënnt, erënneren d’Leit sech och nees méi un de lokale Brauch vum Trauliicht. Waren et an der Groussregioun nach Rommelen, déi ausgehielegt goufen, hunn d’Iren an Amerika Kürbisse genotzt, wéi d’Auswanderer déi Traditioun mat an déi nei Welt geholl hunn. Säit zu Lëtzebuerg manner Rommelen an der Landwirtschaft ugebaut ginn, notzen d’Leit am Land och hei elo dat grousst, ronnt Geméis. Um 31. Oktober war dat fir d’Schnëssen-Ekipp Grond genuch, sech mat der Bezeechnung vun dëser Planz auserneenzesetzen.

    An enger éischter Phas sollt analyséiert ginn, wéi een Ausdrock d’Leit am meeschte benotzen, an do ass d’Resultat däitlech. 1100 Schnësserten hunn dëst Beispill opgeholl a genee 80 % benotzen de Begrëff Kürbis, an dat ouni déi Notzer ze zielen, déi méi wéi ee Wuert uginn hunn. Doduerch weist sech schonn, datt aner Varianten nëmme minimal kënne vertruede sinn. Den Ausdrock Kalbass ass méi oder manner präsent, mee dëst allerdéngs nëmme mat 14,3 %.

    De Kierbis/Kierbes ass zwar quantitativ net staark representéiert (1 %), mee sproochlech weist en op e ganz interessante Prozess hin. An dësem net ongewéinlechen Assimiliatiounsprozess gi geléinte Wierder aus anere Sproochen an d’Zilsprooch integréiert. An dësem Fall hunn d’Spriecher*innen d’Wuert Kürbis doduerch ugepasst, datt en se den däitschen –ü  duerch en –ie ersat hunn. Datt dëst e relativ jonkt Phenomen ass, kann een aus dem Alter vun de Spriecher*innen ofleeden. Déi 11 Schnësserte waren ni méi al wéi 34 Joer, sou datt ausschliisslech jonk Spiecher*innen dës Aussprooch genotzt hunn. Et bleift demno spannend, dës Entwécklung weider z’observéieren.

    Iwwerraschend war d’Analys allerdéngs virun allem beim Artikel vum Begrëff Kalbass. Beim Kürbis huet d’Majoritéit (bis op wéineg Ausnamen) de männlechen Artikel e benotzt. Vun deenen 144 Participanten, déi Kalbass mat Artikel soten, ass et exakt fir d’Halschent jeeweils dee männlechen, respektiv weibleche Genus. 72 Spriecher*innen soen e Kalbass, ma awer och 72 Spriecher*innen eng Kalbass. Dës Variatioun weist ërem op eng Aart vu Sproochwandel hin – an zwar deen, deen de Genus betrëfft. Laut dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire ass déi weiblech Form déi korrekt, also eng Kalbass an och dat méi aalt Luxemburger Wörterbuch lëscht Kalbass nëmme mat weiblechem Artikel op. Interessanterweis war och de Kürbis am fréien Neihéichdäitsche vun deem Phenomen betraff. Verschidde Quelle beleeën, datt dëse Begrëff deemools och mat weiblechem Artikel kombinéiert gouf (eine Kürbis/eng Kürbis, wat an eiser Auswäertung just fënnefmol beluecht ass). Kuckt ee sech de Genus nom Alter un (visualiséiert um Diagramm), erkennt een, datt engersäits Leit iwwer 65 Joer nëmmen eng benotzen, de Grupp vu 35 bis 44 Joer awer majoritär en als Artikel huelen. Regional léisst sech leider keen Trend feststellen, sou datt eng Distanz zur Nopeschsprooch Däitsch oder Franséisch keen Opschloss iwwer d’Genuswiel gëtt, genee wéi d’Geschlecht vun de Spriecher*innen keen Afloss op de Choix huet.

    Doriwwer eraus gouf et bei der Kalbass e semantesche Wiessel bei der Entlehnung. Ob d’Wuert elo aus dem Däitschen oder dem Franséischen iwwerholl ginn ass, ass net ze reconstruéieren. Allerdéngs kann een déi ursprénglech Quellen bis bei d’spuenescht calabaza an doriwwer eraus bis zeréck an d’Arabescht novollzéien. An all deene Sproochen ass eng spezifesch Zort Kürbis gemengt, nämlech e Fläschekürbis, wärend am Lëtzebuergeschen Kalbass allgemeng fir d’Planz genotzt gëtt. D’Restriktioun vun dëser Bestëmmtheet ass soumat verluer gaangen a faasst sech elo méi wäit.

     

    Mir wënschen eise Schnësserten a Lieser*innen, datt d’Trauliichter déi béis Geeschter aus hiren Haiser verdreiwen, a si e puer roueg Deeg kënne verbréngen. An deem Sënn:

    Ech sinn de groussen Hexemeeschter,
    A wann ech Hokes Pokes son,
    Sinn all Gespenster wéi all Geeschter,
    Mir ënnerdon, mir ënnerdon!

     

     

  • Clibb oder Clubben – oder klibber mech!?

    Och haut rëm e puer fussballeresch Auswäertungen, fir den F91 och vu sproochlecher Säit z’ënnerstëtzen. An der 2. Ronn vun eise Schnëssen-Erhiewungen an der App war de Saz ‚Die Fans der zwei Clubs sind aneinander geraten.‘ z’iwwersetzen a mir gräifen eis haut de ‚Club‘ an d“Fannen‘ eraus. Am Ganzen hu mer d’Iwwersetzunge vu méi wéi 600 Leit analyséiert.

    D’Haaptwuert fir d’Iwwersetzung vum ‚Club‘ ass dann och Club. 50 mol ass och Veräin gesot ginn, nach méi seelen ass hei Equipe, Team oder Mannschaft. Beim Club ass natierlech de Pluriel interessant, well mer do jo mat de Clibb an de Cluppen (seelen och Clubben) zwou konkurréierend Varianten hunn. Wéi bei den aneren Analysen, déi mer hei scho virgestallt hunn, ass d’Differenzéierung nom Alter dacks charakteristesch – an sou och hei: Vum Alter 25 bis 65+ halen sech d’Varianten Clibb (blo) a Cluppen (rout) ongeféier d’Wo. Déi jong Spriecher*innen bis 24 Joer schénge Clibb allerdéngs ofzebauen a preferéieren éischter Cluppen.

    En plus kann ee bei deene Jonken och den neie Pluriel op -s beobachten, sou dass lo och Clubs (giel) opdauchen. Et bleift z’ënnersichen, ob déi nei Formen direkt aus dem Engleschen kommen oder den Ëmwee iwwert d’Däitscht gemaach hunn.

    Wat d’Geschlechter ugeet, sou kann eng liicht Tendenz fir Clibb bei de Männer par rapport zu de Frae beobacht ginn.

    Komme mer lo bei d’Iwwersetzunge vum ‚Fan‘. D’Haaptwuert ass am Lëtzebuergesche Fan (blo), donieft spillen awer och d‘Supporteren eng Roll, déi bei den eelere Leit liicht méi heefeg virkommen, wéi bei deene Jonken. Am Grupp ‚Aner‘ fanne sech Wierder wéi Spectateuren oder och Unhänger.

    Beim Fan ass rëm de Pluriel interessant, well variabel. Mir gesi bei den eelere Leit (45+) nach méi Fannen (blo), wärend bei deene Jonken d‘Fans dominéieren. De Pluriel op -s ass hei also scho vill méi geleefeg wéi bei Clubs. Bei de Fannen ass nach remarkabel, dass d’Aussprooch tëscht engem laangen [æː] an engem kuerzen [æ] variéiert.

    Egal, ob Clibb oder Cluppen, Fans oder Fannen, mir si gespaant op de Match den Owend a freeën eis iwwert Supporter(en) vu béiden Ekippen, déi bei eis an der App matschnëssen!

     

  • E séisse Snack: En Eisekuch, eng Wafel oder en Häip?

    Fir dës Auswäertung hu mir eis ganzer 833 Opnamen ugelauschtert an ausgewäert. Wéi ëmmer ginn et eng sëlleche Méiglechkeeten, fir dëst séisst Gebäck ze bezeechnen. Am heefegsten ass dobäi mat 64% (532) d’Variant „Eisekuch“ virkomm, virun der „Wafel“ mat 17,1% (142) an der „Gaufre“ mat 5,7% (47). Ze erwäne sinn och nach d’Varianten „Waffel“ an „Gaufer“ (also eng bësse verlëtzebuergescht Versioun vun der franséischer „Gaufre“). Am Diagramm gesitt Dir déi genau Verdeelung vun de verschiddene Varianten.

     

     

    Nieft dëse Bezeechnungen, déi méi oft genannt goufen, konnte mir mat eiser App awer och méi selte Variante sammelen. Iwwert déi freeë mir eis natierlech ëmmer besonnesch:
    Zu Rëmeleng gouf „Schënteren“ eemol genannt, eng Bezeechnung, déi och schonn am LWB (Luxemburger Wörterbuch) als lokal Variant festgehalen ass. Doriwwer eraus ass d’Variant „Häipen“ vereenzelt virkomm; och dës ass am LWB fir de Raum Schwéibsbeng/Bech-Maacher/Réimech beluecht. Héieren hu mer dann am Minett nach jeeweils eng Kéier „Paangech“, „Panekuch“ a „Paangechten“.

    D’Verdeelung vun de verschiddene Varianten no Alter ergëtt dës Kéier kee kloert Bild. Obwuel den „Eisekuch“ an allen Altersgruppen d’Haaptvariant ass, kann een am Diagramm erkennen, dass sech d’Variatioun duerch all d’Altersgruppen zitt.

     

     

     

    Eng ganz flott a faarweg Kaart ergëtt sech dann, wann een sech déi regional Verdeelung vun den diverse Bezeechnungen méi genau ukuckt: Am Éislek(eschen) dominéieren d‘“Wafelen“ ganz kloer; den „Eisekuch“ kënnt hei nëmme vereenzelt vir. Fir de Rescht verdeelt sech den „Eisekuch“ sou zimlech am ganze Land; am Raum Bäerdref/Uesweller/Gréiwemaacher (a vereenzelt Réimech a Wuermer) kënnt säi Pendant „Eisekouch“ vir. Doriwwer eraus fält och nach op, dass d’Varianten „Gaufre“ a „Gaufer“ virun allem am Zentrum an am Minett verdeelt sinn.

     

     

     

  • Arbitter oder Schiidsri(i)chter?

    Lo, wou dat historescht Spill vum F91 méi no kënnt, bitt sech och déi schéi Geleeënheet, sech déi lëtzebuergesch Wierder fir dee ‚Mann mat der Päif‘ méi genee ënnert d’Lupp ze huelen. Dofir hu mir rëm d’Opnamen aus eiser Schnëssen-App ausgewäert, wou mer am Ganzen Äntwerte vun 1104 Leit hunn. Wéi sou dacks huet d’Lëtzebuergescht iwwert de Sproochkontakt verschidde Wierder etabléiert. Den Arbitter ass aus dem Franséischen iwwerholl a gëtt liicht méi seele wéi de Schiidsrichter agesat, dee mat 50,3% hei de Match knapps fir sech entscheede kann. Ganz rar ass d’Variant Schiri.

    Interessant gëtt et, wa mer d’Geschlecht vun de Participanten ukucken, well hei weist sech, dass d’Männer méi zum Arbitter an d’Frae méi zum Schiidsrichter tendéieren. Den Ënnerscheed manifestéiert sech hei bei ca. 15%.

    Nach méi interessant gëtt et, wann een d’Geschlecht mam Alter vun de Participantë kräizt. Fir d’Männer kann ee beoachten, dass den Arbitter generell déi heefegst Form fir all Altersklass ass, mee wat ee méi jonk ass, wat ee liicht manner Arbitter seet.

    Quasi ëmgedréit ass et fir d’Fraen: Hei dominéiert de Schiidsrichter an all Altersklass an en plus hëlt dës Variant zou, wat ee méi jonk ass.

    Eng weider Variatioun, déi mer hei net ausgewäert hunn, ass de Vokal i am –ri(i)chter: Hei variéieren d’Leit tëscht Schiidsrichter Schiidsriichter.

    Fir d’Tendenze ganz graff zesummenzefaassen: Eeler Männer tendéieren zum Arbitter, jonk Fraen eischter zum Schiidsrichter.

    Mee, egal, wéi Dir sot, lo gëllt et, dem F91 d’Daimercher ze drécken!

     

    Iwwer d’Schnëssen-App: Schnësst mat!

    „Schnëssen“ ass déi éischt App, fir d’Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum „Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft“ op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d’Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

    Maacht och Dir mat, dass d’Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d’App Schnëssen – Är Sprooch fir d’Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.


    Facebook: https://facebook.com/schnessen

    Twitter: https://twitter.com/schnessen

    Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen

    E-Mail: schnessen@uni.lu

  • Panech, Paangech & Co.

    Wat mer all esou gär iessen, ass sproochhistoresch aus dem muselfränkesche pan + kuch entstanen, an huet am Lëtzebuergesche vun haut eng Rei Varianten ervirbruecht, déi iwwerdeems och eng regional Verdeelung opweisen. Iwwert d’Schnëssen-App konnte mer 870 Beleeger sammelen. D’Kaart féiert am Ganzen aacht Formen op, déi méi oder manner heefeg gebraucht ginn. Mat ca. 40% ass Panech am meeschten ze héieren, duerno kënnt Paangech mat 38% Pankech/Pankich mat 13%. Déi aner Forme si méi rar.

    Déi geographesch Verdeelung weist eis, dass Panech (hellblo) a Paangech (blo) am ganze Guttland an am Süden dominéieren. Am Süden an op der Musel, awer och am Norden, seet een éischter Pankech/Pankich (gréng), eng Form, déi op Assimilatioun vu Pan a Kuch zeréckzeféieren ass. Am Norde kommen iwwerdeems och Variante mat kuerzem a wéi a Pangicht (rout) oder Pangich (hellorange) vir.

    Besonnesch interessant ass erëm den Norden, wou sech mam Pangkouch, Plural Pangkéich (orange), déi eelst Form erhalen huet.

    Domat ergëtt sech déi folgend historesch Ofleedung vun de Formen:

    pan + kuch > Pangkouch > Pankich/Pankech > Pangich > Paangech > Panech

    Dofir, dass Panech vum Paangech ofgeleet ginn ass, an domat déi am meeschten rezent Form ass, schwätzt och, dass déi éischt Form éischter vu jonke Leit an déi zweet éischter vu méi eelere Leit benotzt gëtt. Mir hätten et deemno rëm mat enger Innovatioun ze dinn (interessanterweis ass de Panech, obschonns déi heefegst Form, nach net an den LOD opgeholl ginn).

  • „D’Fra vun uewen handelt mat Ënnen, an de Mann vun ënnen handelt mat Uewen“

    Dëst Wuertspill, dat schonn am Luxemburger Wörterbuch ënnert Ënn stoung, mécht mat där Variant spilleresch den Uz. Ënnen, ob mir se als Zopp kachen, an d’Zalot schneiden oder en Hamburger domat dekoréieren, an der kulinarescher Welt si se net ewech ze denken. Dowéinst hu mir 1318 Leit iwwer d’Schnëssen-App gefrot, wéi si dat Geméis nennen a koumen zum Resultat, datt et dräi Variante gëtt, déi zesummen 93,2% vun den Opnamen representéieren. Déi aner Prozent manifestéiere sech a Form vu Participanten, déi béid Ausdréck benotzen, Schalott an „Aner“ (z.B.: OignonZwiwweleken, oder Ënnercher).

    Dësen Diagramm weist, datt bal zwee Drëttel (65,5%) vun de Leit den Ausdrock Ënn benotzen, wat eng däitlech Majoritéit duerstellt. Duerno ass et Zwiwwel mat knapp engem Fënneftel (18,7%)  vun de Befroten, an Zwibbel mat quasi engem Zéngtel (9,0%). Nëmmen e klengen Deel vun de Spriecher, 3,1% huet uginn, béid Wierder aktiv ze benotzen. D’Variatioun bei dësem Begrëff ass also däitlech limitéiert.

    Ausserdeem ass déi regional Verdeelung vun deenen eenzele Varianten interessant. Si weist beispillsweis, datt am Oste vum Land opfalend vill Spriecher Zwiwwel (rout) benotzen, am Géigesaz zum Norden, an deem gréisstendeels Ënn(blo) existéiert. Eng Besonneschheet vun dëser Kaart ass de Beweis, datt am Minett immens konsequent déi lokal Variant Zwibbel (gréng) gebraucht gëtt, déi a quasi kengen anere Géigende vum Land virkënnt. Interessant ass dat, well ee wéinst dem b (Zwibbel) denke kéint, datt ee sech méi no un där däitscher Sprooch orientéiert, Zwibbel allerdéngs net am Osten, mee am Süden, also no um franséische Grenzgebitt ze fannen ass.

    Kuckt ee sech d’Verdeelung vun deene verschiddene Resultater gestaffelt nom Alter un, mierkt een datt Ënn méi representéiert ass, wat de Spriecher méi al ass. Dëst bedeit, datt bei méi jonke Participanten dës Variant méi a méi vun Zwiwwelënner Drock gesat a verdrängt gëtt. Zwiwwel kennt soumat eng Entwécklung an déi entgéint gesate Richtung, wat de Participant méi al ass, wat d’Bedeitung vun dëser Variant méi ofhëlt.

  • „Bitzen“ – e Verb mat ville regionale Varianten

    Huet d‘Néiesch gëschter gebitzt, gebutt, gebikst, gebukt oder awer gebéizt? Wéi eng Form dëst Verb am Partizip Perfekt unhëlt, huet ënner anerem domat ze dinn, a wéi engem Deel vum Land mir eis ophalen.

    Bei der Auswäertung vun den 1412 Sätz, an deenen dëst Verb virkoum, konnten aacht Variante festgestallt ginn: gebitzt, gebutt, gebout, gebikst, gebukt, gebéitzt, genäht a genéit. Ausserdeem koum vereenzelt och genitt oder gebéitscht vir – Dës Variante goufen allerdéngs opgrond vun hirem seelene Virkommen ënner „Aner“ klasséiert.

     

    Kuckt ee sech d’Kaart un, fält engem direkt an d’A, datt gebitzt (72% / n=820) gebutt am heefegste (16% / n=182) beluecht sinn. Déi aner Varianten deelen sech méi oder wéineger gläichméisseg op déi verbleiwend 12% op. Just gebukt gebéitzt weisen ee méi déiwe Prozentsaz par rapport zu den anere Varianten op.

     

     

    Am Verglach mat der Kaart aus dem Luxemburgischen Sprachatlas (1950-1977; LSA) weist sech ausserdeem, datt d’regional Verdeelung vun deemools och haut nach erëmzëerkennen ass. Am Nordweste kënnt d’Variant biksen mat dem Partizip Perfekt gebikst bzw. gebukt, am Nordosten an zum Deel nach am Osten d’Variant béitzen mam Partizp Perfekt gebéitzt bzw. gebout an dotëscht an am Süden bitzen mat dem Partizip Perfekt gebitzt gebutt virOp dëser LSA-Kaart net verzeechent sinn d’Varianten nähen an néien, déi vereenzelt an enger west-ëstlecher Sträif iwwer Dikrech respektiv vum Südwesten bis an d‘Muselregioun virkommen. Consultéiert een hei d’LSA-Kaart zu méi(n)en/néien gesäit een, datt d’Variant néien och virun ca. 100 Joer schonn eng Roll gespillt huet, woubäi d’Regioun haut net méi esou konkret ëmrass ka ginn, wéi deemools.

     

    Schliisslech, an dat ass och virdru schonn ugeklongen, kann nieft der regionaler nach eng weider Variatioun, déi sech konkret op de Partizip Perfekt bezitt, ausgemaach ginn – si betrëfft de Vokal am Stamm vum Wuert. Bei all de regionale Variante vu bitzen (léisst een nähen an néien ausser Uecht) sti sech am Partizip Perfekt jeeweils 2 Ausprägunge géintiwwer: gebitzt – gebutt, gebikst – gebukt, gebéitzt – gebout. Eng Variant mat Réckëmlaut (gebutt, gebukt, gebout) steet enger weiderer ouni Réckëmlaut (gebitzt, gebikst, gebéitzt) géintiwwer. Vu datt sech dëst Phänomen an alle regionale Variante weist, handelt es sech heibäi ëm e méi allgemenge Mechanismus.

     

    Ass dat hei Sproochwandel? Dës Fro hei ze stellen, ass méi wéi legitim. An dowéinst muss een e Bléck op d’Verdeelung no Alter geheien. Hei loosse sech allerdéngs keng kloer Tendenzen erausliesen. Generell kann een awer soen, datt déi ëmgelaut Varianten (gebitzt, gebikst, gebéizt) onofhängeg vum Alter méi heefeg benotzt ginn. Geheit een e Bléck an d’Sproochgeschicht, kann een déi net ëmgelaut Varianten als déi méi al ausmaachen, wat dorop hiweist, datt mir et hei effektiv mat Sproochwandel ze dinn hunn, och wann déi 2 Variante scho laang a wahrscheinlech, an dorop weisen eis Daten hin – ëmmerhin benotzen och vill Jonker déi méi al Varianten nach – nach laang am Gebrauch wäerte sinn.

     

     

    Wichteg ze soen, ass och nach, datt een d’Variant nähen net ouni Weideres op Sproochkontakt zeréckféiere kann. Kuckt ee sech nämlech d’Relatioun tëscht den Nennunge vun dëser Variant mat der Kompetenz am Däitschen un, fält op, datt jee méi héich Kompetenz am Däitschen, desto manner där Nennungen.

  • E Beispill fir Sproochwandel am Lëtzebuergeschen: De Partizip Perfekt vu „kafen“

    Net seelen huet een et am Kader vu Variatioun mat esou enger ze doen, déi d’Endunge vu Wierder betrëfft. De Partizip Perfekt gehéiert och an d’Rei vun dëse Phenomener.

     

    Géintiwwer sti sech hei kaaft a kaf bzw. kooft – kof  an k[ɔː]ft – k[ɔː]f. Geheie mir fir d’éischt ee Bléck op d’Kaart: Hei gëtt däitlech, datt kof/kooft eng nërdlech Variant ass, wougéint k[ɔː]ft – k[ɔː]f just am Süde beluecht sinn. D’Variante kat k[ɔː]t, déi bis elo nach net ernimmt goufen, beschränke sech an éischter Linn op de Süd-Oste vum Land. kaf kaaft (insgesamt 89%) déi als d’Haaptvariante gezielt kënne ginn, kommen, bis op déi ernimmte Regioun am Norden, eigentlech iwwerall vir. Vergläicht een d’Schnëssen-Kaart mat der Kaart aus dem Luxemburgischen Sprachatlas gëtt däitlech, datt d’Verdeelung vun deemools och haut nach existéiert. Déi Opmierksam ënner Iech gesinn natierlech direkt, datt et och Ënnerscheeder ginn an dat stëmmt natierlech och. Sou ass keng Süd-West-Variant méi festzestellen an et schéngt esou, wéi wann am Norden zwou nei Varianten entstane wieren –  kof an kooft. Et ass allerdéngs hei esou, dat mir et hei mat engem Lautwandel ze dinn hunn, deen am Allgemenge wierkt an dat eben och an de regionale Spriechweisen – hei weist sech dësen eben an der Verännerung vun [ɔː] zu [o]. Dee selwechte Prozess huet dozou gefouert, datt am Süd-Westen aus dem [ɒː] een [ɔː] gouf.

     

     

     

     

     

     

     

     

     

     

     

     

     

     

     

     

     

     

    Eng weider Opfällegkeet, déi ee vun de Kaarten ofleede kann: Souwuel deemools, wéi och haut ass eng Variatioun tëscht de Variante mat der Endung -t an de Varianten ouni Endung (- Ø) ze verzeechnen. De Virdeel vun der Schnëssen-Erhiewung ass deen, datt et net nëmmen Daten zu der regionaler Verdeelung gëtt, mee datt een d’Daten och a Relatioun mat anere Variabelen, wéi zum Beispill Alter oder Kompetenz an enger Sprooch, setze kann.

     

     

    Kuckt ee sech also d’Variante mat an ouni Endung a Relatioun mam Alter un, kann een eng Korrelatioun ausmaachen. Mam Alter geet de Prozentsaz u Variante mat -t erop, woubäi de Géigendeel an déi aner Richtung ausgemaach ka ginn. Jonk Leit benotzen also éischter kaf (ëm 75%) eeler Leit éischter kaaft (ëm 70%), wat zudeem och sproochhistoresch, déi méi al Variant assDëst weist dorop hin, datt déi al Variant mat Endung mat der Zäit ëmmer méi seele gëtt, wougéint d’Variant ouni Endung méi heefeg virkënnt. Dat bedeit allerdéngs net, datt d’Variante mat Endung komplett verschwanne wäerten – ëmmerhin existéiere béid Forme scho laang niefteneen. Datt sech dat elo séier ännert, dovu kann een net ouni Weideres ausgoen.

  • De ganzen Dag un engem Ee schielen

    Och dat onscheinbart, awer wichtegt Wuert Ee, am Pluriel Eeër, ass am Lëtzebuergesche méi variabel wéi ee géif mengen. Am Ganze si mer an den Daten aus der Schnëssen-App 864 Eeër siche gaangen. Dräi Haaptvariante kënnen ënnerscheet ginn: EeërÄr an Aier. Fir mat der leschter a vläicht opfällegster Variant unzefänken: Fir de ganzen héijen Norden ass schéin ze gesinn, dass hei relativ stabil Aier, Singular Ai (deelweis mat laangem a:), gesot gëtt. Am Verglach mat der Kaart aus dem Luxemburger Sprachatlas gesäit een, dass dëst Gebitt kaum méi kleng ginn ass. Heiansdo huet sech déi nei Form Eeër heihinner veriert, awer am Groussen a Ganzen bleift Aier déi eenzeg Variant, och fir jonk Leit.

     

     

    Fir de Rescht vum Land ass e grousse Mitschmatsch tëscht den zweesilbegen Eeër an den eesilbegen Är ze gesinn: Béid Forme fanne sech eigentlech iwwerall. Dat war zur Zäit vum alen Luxemburger Sprachatlas nach anescht. Wann een hei d’Kaart kuckt, fënnt ee bal iwwerall am Land haaptsächlech Forme mat ä (an der Kaart mam phonetesche Symbol [ɛ] geschriwwen) a Forme mat laangem ee (kleng riicht Strécher op der Kaart) kommen haaptsächlech an der Stad, d’Uelzecht erop a ronderëm vir. Dass mer also haut méi Eeër wéi Är hunn, deit op e Sproochwandelprozess hin, dee sech aus dem Zentrum vum Land an déi aner Regiounen ausgebreet huet.

    An nach e weideren Aspekt seet eis, dass Eeër als déi mee rezent Form am Gaangen ass, sech weider ze verbreeden: D’Altersverdeelung an der Grafik hei ënnen illustréiert schéin, dass d‘Är vun der eelster Generatioun bis bei déi jéngst kontinuéierlech ofhëlt.

     

  • De Vull a seng kleng Kolleegen

    Wéi esou dacks bei eisen Auswäertungen ass och hei erëm méi wéi eng Bezeechnung benotzt ginn, fir déi kleng gefligelt Déiercher ze benennen.

    U sech kann een hei zwou Diminutivvarianten ausmaachen; Villercher Vigelcher an déi entspriechend net verklengert Formen Vullen Vigel. Bei de Formen, déi net verklengert goufen, sinn och nach d’Bezeechnungen Vill, een alternative Pluriel zu VullenVugelen a Piipmatzen gefall. Geheit een e Bléck op d’Heefegkeeten, gëtt kloer, datt et eng Haaptvariant gëtt: Villercher. Dës gëtt nämlech zu 70% benotzt. Op 16% kënnt Vigelcher. Déi aner Forme beweege sech all ënnert engem Taux vun 10%.

     

    Als nächst lount sech ee Bléck op d’Kaart mat der regionaler Verdeelung vun de Varianten an e Vergläich mat der méi aler Kaart aus dem Luxemburgischen Sprachatlas (LSA). Et fält op, datt d’Variant Vigelcher (rout) méi heefeg am Norden, am Osten an an enger Sträif, déi sech tëscht deene Regioune vu Westen no Osten zitt, virkënnt. Dës deckt sech nach méi oder manner mat de Raim, déi op der LSA-Kaart gezeechent sinn. Et schéngt just esou, wéi wann dës Variant hautzedaags am Nord-Weste méi heefeg wier, wéi deemools. D’Haaptvariant Villercher (blo) kënnt am heefegsten am Süden, awer reegelméisseg och am Rescht vum Land, bis bal ganz erop an den Norde vir. Am Verglach zu der eelerer Kaart an a Kombinatioun mat den Heefegkeeten aus dëser Erhiewung kann een also dovun ausgoen, datt sech dës Variant weider ausgebreet huet. Dës Weidere fält op, datt d’Variante Veilercher a Vielcher, déi op der aler Kaart am Beräich vun der Musel am Süden respektiv am Norden agezeechent sinn, an de Schnëssen-Erhiewungen net virkommen. Dat heescht natierlech net, datt dës komplett verschwonne sinn, ma zumindest kann een dovun ausgoen, datt se keng grouss Roll méi spillen.

     

    Obwuel villes vun dësen Observatiounen op Sproochwandel hindeit, kann een dëst net aus den Daten zu der Verdeelung vun de Varianten no Alter erausliesen. Et ass net esou, wéi wann eeler Leit éischter Vigelcher a jonk Leit éischter Villercher soe géifen. Datt dat de Fall ass, kann allerdéngs och dorop zréckzeféiere sinn, datt grad aus de Villerchersregioune méi Participanten ze verzeechne sinn, wat sech natierlech och op d’Heefegkeeten, déi ernimmt goufen, auswierkt.

    Esou gesäit et éischter dono aus, wéi wa viru knapp honnert Joer an och haut nach zwou Varianten niefteneen existéieren, déi eng regional Verdeelung opweisen, woubäi eng méi wäit verbreet ass wéi déi aner an dowéinst och méi heefeg beluecht ka ginn.

  • Virwëtz, Virwëlz an Neigier

    Et wierkt wéi ee lëtzebuergescht Original: de Virwëtz, virwëtzeg sinn. Ma wéi bal all d’lëtzebuergesch Wierder, huet och dësen Ausdrock seng Wuerzelen am Al- a Mëttelhéichdäitschen. Eist virwëtzeg kënnt vum ahd. firiwizic bzw. mhd. vor-, vür- oder virwitzec, wat deemools schonn d’Bedeitung hat, déi dëst Adjektiv och am haitege Lëtzebuergesch huet: dt. ’neugierig‘, fr.’curieux‘. Am Däitsche vun haut gëtt et vorwitzig natierlech och nach, allerdéngs huet sech d’Bedeitung vum Wuert am Verglach zum Al- a Mëttelhéichdäitsche geännert. Wann een als vorwitzig bezeechent gëtt, ass domat gemengt, datt een ‚keck‘ oder ‚vorlaut‘ ass. Am Däitschen ass dëst Wuert also éischter negativ konnotéiert – hei heescht et also oppassen, net datt et zu Mëssverständnesser kënnt ;-).

    Och wann elo esou selbstverständlech vum lëtzebuergesche Virwëtz geschwat ginn ass – jo, Dir kënnt Iech et schonn denken – variéiert och dëst Wuert. Begéint si mir insgesamt siwe verschidde Variante vun dësem Wuert: virwëtzeg, virwëlzeg, vuerwëtzeg, vuerwëlzeg, virw(a/ä)tzeg, vuerw(a/ä)tzeg an neigiereg. Wéi Dir sécherlech scho richteg erkannt hutt, ënnerscheede sech dës Varianten nëmme minimal an dat entweder am Bezuch op de Präfix vir- vs. vuer- oder op d’Vokal-Konsonante-Kombinatioun an der Mëtt –ël- vs. -ët-.

    Wat ass dann elo hei d’Haaptvariant? Ma dat ass hei net esou einfach ze soen. Et ginn zwou Varianten déi ongeféier d’selwecht dacks virkommen: virwëtzeg avirwëlzeg. Allerdéngs kommen dës op nëmmen 33% respektiv 34%. All déi aner Variante kommen zwar vill méi seele vir, kommen awer och op Prozentsätz tëscht 5% an 10%.

    Kuckt ee sech d’Kaart un, wierkt dës op den éischte Bléck wéi ee grousst Duercherneen, wat bedeite géif, datt et sech net ëm eng regional Variatioun handelt. Konzentréiert een sech awer op d’Verdeelung vun de Punkte mat der intensiver bzw. blatzeger Fierwung fält op, datt d’Varianten, déi mat vuer- ufänken (blatzeg), sech an éischter Linn op den Norde vum Land konzentréieren. Mir hunn et hei also mat enger Nord-Süd Verdeelung ze dinn. Dëst gëllt, an dat beweist de Kuddelmuddel u Faarwen op der Kaart, allerdéngs net fir d’Variatioun vun –ël- an –ët-. Hei handelt et sech ëm déi Aart vu Variatioun, déi onofhängeg vun enger regionaler Verdeelung besteet.

    Konzentréiere mir eis dowéinst emol op d’Verdeelung no Alter. A wien hätt et geduecht, hei verstoppt sech eng méiglech Erklärung fir déi net regional Variatioun. Mam Alter ginn d’Nennunge vun de Variante mat -ël- erof a fir -ët- erop.

    Kombinéiert een dat mat der Observatioun, datt d’Variant mat -t- och am Al- a Mëttelhéichdäitschen eng Roll gespillt huet, kann een unhuelen, datt d’Form mat -l-  déi méi rezent ass an et sech hei ëm Variatioun handelt, déi een a Relatioun mat Sproochwandel setze kann.

    Dat weist, datt d’Erklärunge munchmol ganz no schéngen, ma dann awer net esou evident sinn, wéi et op den éischte Bléck den Uschäin huet.

  • Geheie mir eppes an d’Poubelle oder an d’Dreckskëscht

    Bei der Auswäertung vu Poubelle oder Dreckskëscht treffen eng reng aus dem Franséischen iwwerholl Form op eng originär lëtzebuergesch Form. Wärend Poubelle nach net am Luxemburger Wörterbuch (1950-1977) ze fanne war, fënnt een allerdéngs Dreckskëscht mat eenzele Varianten, soumat ass déi Form déi eelst. Am neie Lëtzebuerger Online Dictionnaire existéiere béid Ausdréck eegestänneg. An der Grafik sinn och nach weider Bezeechnunge mat Dreck- opgefouert, déi awer all méi rar sinn.

     

    Dreckskëscht, 45,7%, a Poubelle, 36,0%, sinn déi heefegst Varianten, allerdéngs bitt et sech un, all Forme mat Dreck– zesummen ze leeën, woumat dës da vill méi däitlech an der Frequenz virleien (59,8%). An deem Fall gëtt et quasi eng Heefegkeet vun zwee Drëttel géigeniwwer engem Drëttel. An enger weiderer Analys wär et sécherlech interessant ze kucken, ob d’Gréisst vun der Këscht oder dem Dëppen eng Roll op d’Bezeechnung huet, déi d’Leit benotzen.

    Déi regional Verdeelung orientéiert sech net um Géigesaz tëschent Poubelle an Dreckskëscht, mee dës béid Forme stinn anere Variante géigeniwwer. Esou gëtt d’Land nërdlech vun Dikrech an ëstlech vu Jonglënster an zwee gedeelt: am Norden an am Oste gëtt et divers aner Ausdréck mat Dreck– als Determinans (z.B. –bac, –dëppen, asw.), wärend am Zentrum, Süden a Weste vum Land haaptsächlech déi zwou heefeg Formen optrieden.

     

    D’Staffelung nom Alter seet bei dësem Beispill vill aus. Engersäits kann een erkennen, datt am Verlaf vu jonk bis al konstant de Gebrauch vun aneren Alternativen niewent Poubelle an Dreckskëscht zouhëlt. Anerersäits ass et an den Zilgrupp bis 34 Joer d’Poubelle, déi ufänkt, méi a méi an den alldeegleche Gebrauch ze kommen an domat aner Varianten, a virun allem d’Dreckskëscht ze verdrängen. D’Betounung vu Poubelle op där éischter Silb weist allerdéngs och, datt de Begrëff scho staark naturaliséiert ass an déi franséisch Aussprooch verluer huet.

     

     

  • Zielt Dir, erzielt Dir oder verzielt Dir?

    Déi fréier Forme vun erzielen, verzielen an zielen goufen am Al- a Mëttelhéichdäitschen all benotzt fir „eppes der Rei no opzezielen“. Dono hu sech d’Verben am Däitschen, zumindest an der Standardsprooch, spezialiséiert. zählen gëtt just nach am Sënn vun „opzielen“ an erzählen generell am Sënn vun „mëndlech matdeelen“ gebraucht. Verzählen existéiert am Standarddäitschen just am Sënn vun „falsch zielen“. Anescht gesäit dat am Lëtzebuergeschen an och an den ënnerschiddlechen Dialektregiounen am däitschsproochege Raum aus.

    erzielen, verzielen an zielen kënnen am Lëtzebuergeschen zwar och déi Bedeitungen unhuelen, déi dës Verben am Standarddäitschen hunn, mee si ginn och synonym fir „mëndlech matdeelen“ benotzt, wat ee Bléck op d’Auswäertungen ënnersträicht. Am Saz „Ta soeur est géniale, elle raconte souvent les meilleures blagues“ (n= 945) gouf raconter souwuel mat erzielen wéi och mat verzielen an zielen iwwersat. erzielen ass dobäi déi Variant, déi mat 64% (n=557) am heefegste virkënnt. Op déi zweet Plaz packt et zielen mat 25% (n=226) an op déi drëtt verzielen mat 11%. Besonnesch flott ass hei, datt och eng Rei regional Variante verzeechent kënne ginn. Heizou gehéieren z.B. erzeelen, erzällen, verzeelen, verziällen, zeelen an zällen.

    Kuckt ee sech d’Kaart un, déi sech op d‘Verdeelung no Präfixen (ver-, er-, Ø-) konzentréiert, fält op, datt d’Variant, déi mat ver- ufänkt (rout) och eng regional Verdeelung Opweises huet. Si begrenzt sech nämlech an éischter Linn op den Norden an Oste vum Land, wougéint d’Variant mat er- (blo) am Norden méi seelen, am Oste scho méi dacks an am Rescht vum Land heefeg virkënnt. Do steet se och ëmmer a Konkurrenz mat der Kuerzform – där ouni Präfix (Bsp.: zielen, zeelen). Dës Kaart mécht sech och ganz schéin nieft de schonn existéierende Kaarten aus dem däitsche Sproochraum. Déi weisen nämlech, datt d’Grenzgebitt ëstlech vu Lëtzebuerg an éischter Linn en erziel-Gebitt ass, woubäi dorun dann ee verziel-Gebitt uschléisst. Nordëstlech vu Lëtzebuerg kann een direkt een Iwwergangsgebitt ausmaachen, wat soss ronderëm net de Fall ass. Dat ass eng Erklärung dofir, firwat verzielen am Norden an Oste vu Lëtzebuerg eng Roll spillt.

     

    Déi aner Kaart gëtt d’Verdeelung no de Vokaler am Stamm vum Wuert erëm. Hei kann ee méi oder wéineger onofhängeg vun de Präfixen, véier Varianten ausmaachen: [iə], [e:], [(i)ɛ], [ɐ]. Och hei spillt den Norden eng besonnesch Roll. Just do kommen nämlech d’Variante mat [(i)ɛ] an [ɐ] fir (Bsp.: erziällen, verzallen, zällen). Do drënner kann een eng Regioun ausmaachen, an där – am Ënnerscheed zu anere Regiounen – ee laangen ([e:]) virkënnt (Bsp.: verzeelen). D’Variante mat Diphtong ie ([iə]) kommen, wann och an den ernimmte Regiounen manner, am ganze Sproochraum vir.

    Béid Observatioune spigelen sech och schonn an der aller Kaart aus dem Luxemburgischen Sprachatlas erëm.

     

  • „… an zu Dikrech“ – Puppelchen, Beebee & Co.

    Fir d’Wierder fir d“klengt Kand‘ hu mer d’Date vu 765 Participanten. D’Variatioun besteet am Fong tëscht dem Puppelchen, als der heefegster Variant, a verschidde Forme vu Beebee. Dobäi ass Puppelchen déi eelst Variant an ass etymolgesch Famill mat dem franséische poupon. Iwwregens ass am alen Luxemburger Wörterbuch (1950-1977) nach als d’Haaptform Pippelchen uginn, déi haut iwwerhaapt net méi virkënnt. Och Puppeli/Puppeléi ass praktesch net méi existent a just eemol an eisen Date realiséiert ginn.

     

    Donieft hu sech véier Varianten iwwert de Sproochkontakt etabléiert, déi vum franséische bébé an dem englesche baby hierzeleede sinn. Hei ass fir d’éischt Bëbee ze nennen, wat eng typesch lëtzebuergesch Abiergerung vun engem franséische Wuert representéiert; vergläicht z.B. frs. télé > ltz. Tëlee, frs. vélo > ltz. Vëlo. Donieft huet sech awer och Beebee entwéckelt, wat méi no um Franséische bleift, just de Wuertakzent ass vun der leschter op déi éischt Silb geréckelt (a phonetesche Symboler [ˈbeːbeː]). An dann hu mer nach de B[aː]by, ausgeschwat mat engem laangen a. Hei muss een den englesche baby, méiglecherweis vermëttelt iwwert d’Däitscht, als Urspronk usetzen. D’Aussprooch ass hei ’no der Schrëft‘. Seelen ass schlussendlech Beebi, wat als eng franséisch-englesch Amalgaméierung ze klasséieren ass: Den Ufank kënnt vum franséische bébé an d’Wuert hält mam i vum englesche baby op.

    Wann een d’Kaart kuckt, dann ass et séier evident, dass sech keng iergendwéi systematesch regional Verdeelung erkenne léisst.

     

    Mee trotzdeem léisst sech eng Uerdnung an dësem Variantegemëschs fannen, an zwar wann een de Facteur vum Alter vun de Particpantë mat an d’Spill bréngt. D’Grafik hei ënne schlësselt d’Varianten no Altersklassen op, fir déi altersbedéngt Verännerung visibel ze maachen. D’Haaptverännerunge si fir Puppelchen a Beebee ze gesinn: Wärend Puppelchen bei eelere Leit déi heefegst Form ass, sou hëlt se no an no fir déi méi jonk Leit of. Op der anerer Säit gëtt dëse Réckgang dann duerch méi Beebeeën kompenséiert. All aner Variante bleiwe quasi onverännert iwwert d’Altersklassen. Och hei léisst sech also alt erëm de konstante Sproochwandel am Lëtzebuergeschen illustréieren.

     

  • Wéi sot Dir: E Kéiseker, Igel, Däreldéier oder nach anescht?

    Wie kennt et net, dat klengt däregt Déier, dat sech gär hannert dem Kompost oder ënnert den Hecken am Gaart verstoppt an sech just an der Nuecht aus senger Stopp eraustraut. Ma wéi heescht dat eigentlech? Mir hunn 1285 Leit gefrot, kruten awer – wéi gewinnt – méi wéi eng Äntwert.

    Knapp méi wéi d’Halschent (n= 687) vun de Leit hunn d’Déierchen Igel genannt. 36,6 % (n=461) dogéint hunn Kéiseker gesot. Eng drëtt, méi seele Variant ass Däreldéier (0,4%). Insgesamt 8,5% (n=107) hu souwuel Kéiseker, wéi och Igel an d’App geschwat. An engem Fall goufen esouguer déi dräi Variante genannt. Eng sëlleche Kéier ass eis och explizit matgedeelt ginn, datt een d‘Variant 1 seet, d‘Variant 2 awer och kennt oder ee selwer béides benotzt. Dat weist dorop hin, dass vill Participanten sech der Variatioun am Lëtzebuergesche bewosst sinn. Interessanterweis trëfft dëst net nëmmen op MammesproochlerInnen zou – och 4,3 % vun de Leit mat enger anerer Mammesprooch wéi Lëtzebuergesch hunn Igel Kéiseker genannt. Dat bedeit, datt Net-MammesproochlerInnen mat dem Lëtzebuergeschen och déi verschidde Facettë vun der Sprooch (kennen-)léieren.

    An dësem Fall si lokal Varianten, wéi se och nach am Luxemburger Wörterbuch verzeechent sinn immens seelen. Hei fënnt een z. B. och nach Kéijhickeler, Mëllechigel, Kéiselek, Kéisilek, Kiselek, Kisicker anDäreg Échel. Ze héiere waren an den Opname just vereenzelt Beleger vu Kéisäker oder Kiseker. Se kommen awer esou seele fir, datt se an dësem Kader mat zu de Kéiseker-Beleger gezielt gi sinn.

    E Bléck op d‘Kaart lount sech awer nawell. Am éischten Ament ass een eventuell e bëssen enttäuscht, well sech keng Varianteregiounen opdinn, allerdéngs verweist genau dëst op déi Aart vu Variatioun, déi eben onofhängeg vu Regiounen existéiert. Et sief dobäi gesot, dass dës fir d’Lëtzebuergescht alles anescht wéi seelen ass.

     

     

     

    Idem gesäit et beim Alter aus. Och wann d’Verdeelung vun Igel Kéiseker vun Alterskategorie zu Alterskategorie schwankt, kann ee keng kloer Tendenz erausliesen. Jonk an Al kennen deemno dat däregt Déier ënnert sengen ënnerschiddlechen Nimm. Et schéngt just esou, wéi wann déi seele Variant Däreldéier de Jonke kee wierkleche Begrëff méi ass, woubäi opfält, datt och Persounen iwwer 65 dës Bezeechnung net benotzt hunn.

  • Päiperlek, Pimpampel & co.

    An der Schnëssen-App hu 1459 Leit eis geäntwert a sech opgeholl, wéi si déi kleng, meescht faarweg Déiercher mat de Flilleken nennen an dobäi konnte mir feststellen, datt eng grouss Majoritéit Päiperlek seet. Déi aner zwou nennenswäert Variante si Pimpampel a Schmetterleng. All dës Forme si souguer schonn am Luxemburger Wörterbuch vermierkt gewiescht, woubäi de Schmetter-leng do nach ënnert där héichdäitscher Aussprooch Schmetter-ling ze fannen ass. Interessanterweis konnt déi aktuell Auswäertung kee Beleeg fir déi franséisch Variant Papillon fannen.

     

     

    Mat 82,2% seet d’Majoritéit, also PäiperlekPimpampel a Schmetterleng kommen zesumme knapps iwwer zéng Prozent vun de Resultater, wat weist, wéi dominant d’Haaptvariant géigeniwwer vun deenen aneren ass. Obwuel also eng gréisser Zuel un diverse Begrëffer existéiert (z.B. PippelPléiperplapPäipeldéier, asw.), sinn dës allerdéngs nëmme wéineg vertrueden am Alldag vun deene meeschte Participanten.

    Kuckt ee sech déi regional Verdeelung vun de Varianten un, mierkt een, datt Päiperlek (donkelblo) a Pimpampel (hellblo) queesch duerch d’Land representéiert sinn. Erausstieche maachen allerdéngs d’Forme Schmetterleng (donkelgréng) a Millermoler (hellgréng), déi am Éislek wäit verbreet sinn, a vereenzelt am Oste vum Land opkommen. Wärend de Millermoler zu engem Groussdeel an den Uertschafte Wolz an Iechternach representéiert ass, ass de Schmetterleng méi verstreet iwwer divers Géigende vum Norden (a vereenzelt soss uechter d’Land). Pléiperplap (donkelorange) a Pippel (hellorange) si weider regional Varianten, déi nëmme lokal opdauchen.

    D’Verdeelung nom Alter weist, datt queesch bis bal bei déi lescht Altersgrupp de Päiperlek dominant ass, opfalend ass allerdéngs déi staark Representatioun bei jonke Spriecher. Variante wéi Millermoleroder Päipeldéier fanne sech da bal nëmme bei eelere Participanten.

  • Vamos a la playa: Strand vs. Plage

    Egal, ob Dir elo op d’Playa gitt, am Schaukelstull um Beach sëtzt, um Strand danzt, op d’belsch Plage fuert oder eppes maacht, wat glat a guer näischt mat Sand a Mier ze dinn huet, wëlle mir Iech elo schonn eng schéi Summervakanz wënschen!

    Déi schmock Uspillung un Iech sécherlech bekannte Lidder kënnt dobäi net vun ongeféier – jo, dir hutt et erroden – mir presentéieren Iech elo hei exklusiv d’Auswäertung vun.

    Wéi d’Wuertspiller zum Deel schonn duerchblécke loossen, gëtt et – mir sinn et och net anescht gewinnt – méi wéi eng Manéier dës Plaz beim Mier ze bezeechnen.

    • 965 Participanten, 50% Plage a 43% Strand
    • Eng 4% hunn d’Bild mat anere Wierder ëmschriwwen a knapp 3% hu souwuel Plage, wéi och Strand gesot.
    • D’Kaart:


    1. Et erkennt ee keng wierklech Varianteregiounen.
    2. Tendenzen: Am Süd-Weste sinn d’Strand-Nennungen éischter seelen, dofir huet d’Plage hei d’Iwwerhand. Dat gesäit am Norden an zu Deel och am Osten anescht aus. Hei sinn d’Strand-Nennunge méi heefeg.

    • D’Grafik mat der Verdeelung no Alter


    Déi méi jonk tendéiere par Rapport zu deene méi eeleren éischter dozou „Strand“ ze soen. Trotzdeem, an dat spigelt sech jo och an den allgemengen Zuelen, geet d’Tendenz mat Ausnam fir d’Participanten tëscht 25 a 34 ni ënner 50% fir Plage.

    • D’Korrelatioun tëscht der Sproochkompetenz am Däitsche respektiv am Franséischen an der Wiel vun der Variant bei de Participantë mat Lëtzebuergesch als Mammesprooch.

    1. Wat d’Kompetenz am Franséischen méi héich ass, wat méi dacks zu Plage tendéiert gëtt.

    2. D’Strand-Nennungen ginn NET analog zu der Kompetenz am Däitschen an d’Luucht.

    Et ass also, zumindest an dësem Fall esou, dat eng gutt Kompetenz am Franséischen dozou féiert, datt eng geléinte Form aus der franséischer Sprooch méi dacks gebraucht gëtt, dat awer net fir déi geléinte Variant aus der däitscher Sprooch an déi respektiv Kompetenz am Däitsche gëllt.

     

  • Eng Monster-Party an der Nuecht

    Gitt uecht! ‚t ass Mëtternuecht! Gitt uecht! ‚t ass däischter um Späicher an d’Geeschter si Meeschter. 

    Nee, et geet elo hei net, wéi de Ufank vum Jhemp Hoscheit sengem Gedicht „Eng Monster-Party“ gleewe loosse kéint ëm Geeschter, Hexen a Piraten, ma et geet ëm déi Zäit an där sech dës Wiese ganz wuel fillen – et geet ëm d’Nuecht.

    858 Mol gouf de Saz, an deem Nuecht virkënnt iwwersat an dobäi konnte mir ganzer siwen ënnerschiddlech Variante vun deem Wuert  ausmaachen:Nuecht, Nuet, Noocht, Noacht, Nait, Naacht [nɔːχt] an Naacht [naːɕt], woubäi d’Adverb hënt och virkënnt.

    Mat 71% kënnt Nuechtam heefegste vir, op d’zweet Plaz kënnt Nuetmat 16% an d’drëtt Plaz beleet hënt mat 4%. Et gëtt also kloer eng Haaptvariant an eng Rei weider Niewevarianten. An dësem Fall ass et och net esou, datt ee bei de Variante vun ënnerschiddleche Wierder schwätzt, ma éischter handelt et sech ëm ënnerschiddlech regional Aussproochen.

     

     

     

    Kuckt ee sech d’Kaart un, gëtt op den éischte Bléck kloer, firwat ee vun enger regionaler Verdeelung ausgoe kann. Vir eng Rei vun de Variante loossen sech entspriechend Raim ausmaachen. Am Norde vum Land gëtt et eng Nait– an eng Naacht [naːɕt]-Regioun (orange an hellmof), an deenen d’Haaptvariant keng Roll spillt. Beweegt ee sech Richtung Süden, kann een eng Noocht– an eng Noacht-Regioun ausmaachen (hell- an donkelgréng) , woubäi dës och mat Beleg vun der Haaptvariant (donkelblo) duerchsat sinn. Dës Variante si vereenzelt och un der ieweschter Musel ze fannen. D’Variant Nuet (hellblo) ass zimlech eendeiteg éischter eng Südvariant, déi seele bis guer net iwwer Dikrech beluecht ass.

    Vergläicht een dës Kaart mat der eelerer Kaart aus dem Luxemburgischer Sprachatlas, erkennt een d’Regiounen, iwwer déi grad riets war, erëm, woubäi ee Vergläich och weisst, datt Nuet sech aus dem Süden eraus Richtung Zentrum ausbreet. Dat selwecht gëllt awer och fir d’Haaptvariant, déi och op der eelere Kaart schonn déi gréissten Ausbreedung Opweises huet.

    Fir ofzeschléissen nach e puer Wuert iwwer d’Verdeelung no Alter. Hei loossen sech elo keng grouss Tendenzen ausmaachen, allerdéngs kann een aus der Grafik erausliesen, datt – anescht, wéi oft geduecht a gesot gëtt – déi méi jonk Generatioune mindestens genau esou vill regional Varianten kennen a soen, wéi déi eeler.

  • De klenge ronne Fall aus Lieder: E Futtball, e Fussball oder e Foussball?

    Vill Leit sinn de Moment jo am WM-Féiwer an déi eng oder aner vun Iech hate bestëmmt schonn eng Diskussioun an der Famill, mat Frënn oder Kolleegen doriwwer, ob et dann elo FussballFoussball oder Futtball heescht. Mir hunn d’Äntwert oder op d’mannst eng éischt Auswäertung vun deem, wat Dir eis beim Bild vum ronne Lieder an d’App erageschwat hutt.

    Bei der Bezeechnung fir de faméise Ball, gëtt et eng Variant, déi kloer am dackste benotzt gëtt: Fussball. Ëmmerhin hu bis elo vu 749 Leit 71,2% Fussball gesot. D’Variante Futtball Foussball komme mat 11,9% respektiv 9,5% däitlech méi siele vir.

    Bei der Verdeelung vun de Variante vun dësem Wuert ginn et awer och nach weider Opfällegkeeten:

    • Wat d’Spriecher méi jonk sinn, wat Futtball méi seele virkënnt.
    • D’Männer sote méi dacks Futtball wéi d’Fraen.
    • Foussball ass virun allem am Norden an Oste vu Lëtzebuerg beluecht.
    • Futtball kënnt haaptsächlech am westleche Guttland an net méi nërdlech wéi Ettelbréck vir.
    • D’Stad Lëtzebuerg ass déi Uertschaft mat dem héichsten Futtball-Undeel – 25,6% vun de Participanten aus der Stad (dat sinn ëmmerhin 13,7% méi, am Verglach mat der allgemenger Auswäertung) hu Futtball gesot.

    Mir hunn eis d’Stad Lëtzebuerg am Kontext vun de Variante vum faméise klenge ronne Lieder emol méi genau ugekuckt.

    An elei: An der Haaptstad ass den Undeel u Participanten, déi „Futtball“ soen, mat 25,6% am héchsten. Dat sinn ëmmerhin 13,7% méi am Verglach mat der allgemenger Auswäertung.

     

    Hei elo d’Grafik zu der Verdeelung vun de Variante fir dat klengt ronnt Lieder am Südweste vum Land – dem Minett.

     

    „Fussball“ kënnt am Minett zu 84,8% vir. Dat si ganzer 13,6% méi, wéi an der allgemenger Auswäertung. 
    Nach méi grouss ass d’Diskrepanz am Verglach mat der Stad Lëtzebuerg – an dat och bei der Variant „Futtball“. Hei stinn 3,5% (Minett) ganzer 25,6% (Stad Lëtzebuerg) géigeniwwer.

    Et schwätzt also villes dofir, datt d’Stad Lëtzebuerg ee „Futtballsgebitt“ an de Minett e „Fussballsgebitt“ ass.

     

    Passend dozou en Deel vun engem Lëtzebuerger Futtballslidd :

    „Wa mir Futtball spillen, hält keen ons de Bass
    Déi éischt 10 Minutten, gi mir schonn drun, da gi mir lass.
    Kee Mensch kann ons halen, wann ons Goler falen.“

    Merci un de Patrick Weber fir den Hiweis op d’Lidd vum Colette a Fernand!

  • Iwwer dat oranget Geméis: Muerten a Wuerzelen

    Nodeems mir eis 1087 Opnamen zum Bild mam orangë Geméis ugelauschtert hunn, kënne mir Iech folgend flott éischt Resultater presentéieren:Et ginn 2 Haaptvarianten: Muert WuerzelMuert ass vun insgesamt 62,2 % (n=669) vun de Leit gesot ginn a Wuerzel kënnt zu 28,1 % (n=302) vir. Déi aner 9,7 % verdeelen sech op weider Variante vu Muert (Morten, Murschten a Muurten), Karotten (1,4%), Duebelnennungen a vereenzelt aner Bezeechnungen (0,5%).Besonnesch interessant bei der Muert/Wuerzel ass déi regional Verdeelung, wéi een op der Landkaart novollzéie kann.

    Et fält op, datt d’Muert am ganze Land verbreet ass, wougéint d’Wuerzel virun allem am Süden/Südwesten, am Zentrum a vereenzelt bis erop op Dikrech virkënnt. Den Norden, d’Muselregioun an och de Weste schénge relativ kloer Muerte-Gebidder ze sinn. Immens gefreet huet eis, datt eis App och eng Variant agefaangen huet, déi nëmmen am Veianer Raum virkënnt: d’Murschten. Dës an aner regional Varianten beleet och den Artikel zu de Muerten aus dem LWB. Den Artikel zu der Wuerzel aus deem Dictionnaire verweist och dorop, datt Wuerzel déi regional Variant vu Muert am Süde war bzw. ass.

     

     

     

    Op dëse Kaarten erkennt een, datt an den ugrenzende Regioune vun Däitschland ähnlech Muerte-Varianten – Möhre Morte beluecht goufen. A Loutrengen kënnt och d’Wurzel vir. Luusst een an d’„Wörterbuch der deutsch-lothringischen Mundarten“, ginn et och hei Artikelen zu de Begrëffer Wurzel Mort. Et verwonnert dowéinst net, datt Mort och an eisen Daten, virun allem an der Muselregioun, beluecht ass.

  • Op e Kaffiskränzche mat der Tatta Margréit

    Fir d’éischt zu de Croissanten, Aachtercher, Schockelasrullen & Co. Déi meescht Participanten hunn déi ernimmte Schneekegkeete Mëtschen genannt – fir genee ze si ganzer 72%. Nëmmen 19% soen dozou Kaffiskichelcher, woubäi och 4% déi zwou Bezeechnunge benotzt hunn. D’Verhältnis ass also kloer, et gëtt eng Haaptvariant an eng Niewevariant. Et ass och net esou, wéi wann ee just an enger Regioun Kaffiskichelchen soe géif a soss am Land Mëtsch. Wann ee sech d’Kaart ukuckt, gëtt däitlech, datt een net wierklech eng regional Verdeelung ausmaache kann, och wann de Kaffiskichelchen am Zentrum an am nërdlechen Osten méi konzentréiert optrëtt an op der Musel an am Norde vum Land ganz seele virkënnt.

     

    Den Alter schéngt awer hei erëm eng interessant Variabel ze sinn, déi Afloss op d’Verdeelung huet. Sinn d’Participantë méi jonk, soen se nämlech éischter Mëtsch, si se méi al, ass d’Wahrscheinlechkeet, datt se Kaffiskichelche soen, méi héich. An dësem Fall gëtt et also duerchaus Evidenz dofir, datt mir et hei mat Sproochwandel ze dinn hunn.

     

     

    En ähnlecht Bild weist sech bei der Eclair – och wann d’Verdeelung vun der Heefegkeet hei quasi 50/50 ass. 46% soen Eclair mat engem laangen ea 54% mat engem ë[ə]. Op der Kaart loossen sech, genau wéi fir d’Mëtschen, keng wierklech Varianteregiounen ausmaachen. Kuckt een allerdéngs méi genau, gesäit een an der ieweschter Hallschent méi blo, also Eclair mat laangem e,an an der ënneschter méi rout, d.h. Eclair mat ë.

     

     

    Hei lount sech och erëm ee Bléck op d’Variabel Alter. Och wann d’Zuele am Allgemenge manner kloer sinn, gesäit een och hei, datt jonk Participanten am Géigesaz zu eelere manner zu Eclair mat laangem wéi zu Eclair mat ë [ə ]tendéieren. Et kann een also och hei vu Sproochwandel schwätzen, woubäi et sech an dësem Fall éischter ëm eng Assimilatioun vun der Aussprooch handelt. Schwätzt een Eclair mat laangem aus, beweegt sech d’Aussprooch méi no un der franséischer – aus dem Franséische kënnt dëst Wuert jo och. Seet een Eclair mat ë gläicht een d’Aussprooch un d’Lëtzebuergescht un. A Saache Betounung ass dës Assimilatioun scho méi wäit fortgeschratt – zu 97% gëtt Eclair op der éischter an net op der zweeter a leschter Silb betount.

     

    Summa sumarum: Wann Dir jonk sidd, schéckt Dir Är besser Hallschent wahrscheinlech éischter Mëtschen an eng [ə]clair sichen. Hutt Dir schonn ee gréissert Stéck vum Liewen hannert Iech bruecht, ass d’Chance grouss, datt den Uerder ass: „Kanns du eis w.e.g. nach séier e puer Kaffiskichelcher an eng [e:]clair fir d’Tatta Margréit siche goen!?“

  • Tëleecommande, Fernsteierung oder Knipser?

    Och d’Auswäertung vun dem Bild „Tëleecommande“ huet immens spannend éischt Resultater bruecht. 43% vun de Variante sinn ‚Tëleecommande‘ ([təleː]commande), ‚Teeleecommande‘ ([teːleː]commande) oder einfach ofgekierzt ‚Commande‘, woubäi d“Teeleecommande‘, also d’Variant mat zwee laangen e-Vokaler hei kloer preferéiert gëtt. Zu 48% gouf den Objet um Bild ‚Fern(seh)steierung‘ (‚Fernsehsteierung‘ kënnt ëmmerhin 3 Mol vir), ‚Fernsteuerung‘ oder ‚Fernbedienung‘ genannt. Méi seelen, gouf ‚Knips(er)‘, ‚(Fernseh)Apparat‘, ‚Dr(u/ü)ck(s)er‘ oder ‚Dréck(er/ert)‘ an d’App geschwat. Interessant sinn och déi ënnerschiddlech Varianten, déi an der Grafik ënner „Aner“ regruppéiert sinn. Hei fannen sech Bezeechnungen wéi ‚Fernsehszuupsi‘, ‚Ritsch‘, ‚Schéiss‘ oder ‚Jauf‘.

     

    Kuckt ee sech d’Verdeelung no dem Alter vun de Participanten un, ergëtt sech folgend Bild:

    Hei loossen sech keng esou kloer Tendenzen, wéi bis elo fir beispillsweis de Stréihallem ofleeden. Et schéngt awer esou, wéi wann déi méi jonk Participantë méi verschidde Variante kenne géifen. Dat kann awer och domat ze dinn hunn, datt dës Alterskategorien bei eisen Notzer besonnesch dacks vertruede sinn.

  • Schallimo + Stréihallem = Stréihallimo

    Alles an allem (549 Opnamen) hunn 49% (271) vun de Leit ‚Schallimo/Schallümo‘ gesot an 43% (233) ‚Stréihallem/Strihallem‘ an eis App erageschwat. Doriwwer eraus hu 5% (27) béid Wierder genannt, 1% (8) hu ‚Stréihallimo‘ gesot; aner Varianten (2%, 10) hu mer ënner „aner“ (z.B. ‚Paille‘) am Diagramm zesummegefaasst.

     

    Regional weist sech e méi oder manner kloert Bild: D“Schallimoen‘ (gréngelzeg) si groussflächeg am Guttland ze fannen. D“Stréihällem‘ (bloelzeg) dominéieren am Norden, awer och un de Grenze vum Land, a se sinn och relativ heefeg am Minett. Et gesäit sou aus, dass d“Schallimoen‘ sech aus dem Zentrum vum Land eraus ausbreeden.

     

    Ganz interessant ass et och, sech d’Verdeelung vun de Varianten no Altersgrupp unzekucken: Eis eeler Participanten haten eng kloer Preferenz fir ‚Stréihallem‘, wärend déi méi jonk Leit éischter ‚Schallimo‘ gesot hunn. E klengen Detail: D’Variant ‚Schallümo‘ (16) ass bal ausschliisslech vu jonke Spriecher bis 34 Joer gewielt ginn.

     

    Zousätzlech hu mer eis och nach de Pluriel vu ‚Stréihallem‘ méi genau ugekuckt , deen insgesamt 174 Leit gesot hunn. Hei hu 77% (134) ‚Stréihällem‘ gesot. Och aner Variante goufen e puer mol genannt, wéi beispillsweis ‚Stréihallemen‘ (6%, 11) oder och nach ‚Stréihalmen‘ a ‚Stréihalmer‘ (jeeweils 5%, 8). Den Detail gesitt Dir am Diagramm, woubäi mir Eenzelnennungen och erëm ënner „aner“ zesummegefaasst hunn.

    Wat sot Dir zu de Resultater? Sidd Dir e bësse paff, dass ‚Schallimo‘ de (knappen) Gesamtgewënner ass oder hutt Dir schonn domat gerechent? Schreift eis op Facebook.

  • Klengt Gedéiesch: Iwwer Ameisen a Seejomessen.

    Nodeems mir eis eng 530 Opnamen ugelauschtert hunn, sinn hei wéi versprach d’Resultater vum “klenge Gedéiesch”.

    Hei schonn e klengen Iwwerbléck:

    Dir hat beim Quiz eng gutt Nieschen: 77% vun Iech hu Seejomes (oder eng Variant dovun) gesot, nëmmen 23% Ameis. Insgesamt hu mir ganzer 25 Variante vum Wuert “Seejomes” héieren. Am Diagramm gesitt Dir déi, déi op d’mannst zweemol gesot goufen. Eng ganz Partie sinn awer och just eemol virkomm (a sinn ënner “Aner” regruppéiert): Jeejemes, Seesomes, Seemus, Seejamus, Jeemunnes, Seechmajomes, Sejummes, Jojeemes, Jeesopiss a Jeesamus.

     

    Och am Luxemburger Wörterbuch (1950-1977) sinn esou munch Variante verzeechent.

     

     

    Et fält doriwwer eraus op, datt et bei Seejomes zwou verschidde Betoununge gëtt: seeJOmes oder SEEjomes

    Besonnesch spannend ass ausserdeem d’Verdeelung vu Seejomes (a senge Varianten) an Ameis op déi verschidden Altersgruppen. Mam Alter hëlt de Prozentsaz vu Seejomes ëmmer méi zou.

    Wann Dir Iech allerdéngs d’Landkaart mat der Verdeelung ukuckt, stellt ee fest, dass et – am Géigesaz zur Freideg-Kaart – keng siichtbar regional Verdeelung gëtt.

  • Freideg, Freiden, Fregdeg oder Freddeg?

    Mir hunn eis dru ginn an als éischt Wuert de „Freideg“ ausgewäert.  Hei gesitt Dir d’regional Verdeelung vun de verschiddene Varianten. Am Ganzen hu mer bis elo 530 Äntwerte kritt, déi sech op sechs Haaptvariante verdeelen:

    Legend:
    Freideg: hellblo
    Freiden: däischterblo
    Freidig: orange
    Fregdeg: hellgréng
    Fregdig: däischtergréng
    Freddeg: rout
    Aner Formen: schwaarz (z.B. Freddig, Fregdes, Fraddig)

    Wat äis dobäi opfält:
    D’Form „Freiden“ (däischterblo) huet sech an de leschte Joerzéngte massiv aus dem Minett eraus am ganze Land ausgebreet an ass am Gaangen de „Freideg“ ze verdrängen. An Zuelen ausgedréckt: 205 „Freideger“ vs. 263 Mol „Freiden“. Dës Entwécklung betrëfft och déi aner Wochendeeg (Méinden, Sonnden etc.) an Zäitangaben (Nomëtten, Mëtten). Den Ënnerscheed gesäit een däitlech, wann ee sech déi entspriechend Kaart aus dem „Luxemburger Sprachatlas“ ukuckt; deemols waren nämlech Formen op -en just am Südwesten ze fannen.

    Fir de Süde war deemols och d’Form „Frëdden“ ganz geleefeg, mee, wéi et schéngt, kënnt se hautesdags kaum méi vir. Awer vläicht ännert sech dat jo nach, wann nach méi (eeler) Leit aus dem Süde matmaachen.