Mat der Suite vu sengem Buch Jenes Gedicht & Mit nichts, fir dat de lëtzebuerger Schrëftsteller Jean-Paul Jacobs am Joer 2005 mam Prix Servais ausgezeechent gouf, ass dem Dichter och am zweete Band e Wierk vun origineller Lyrik gelongen: Glanz und Elend der Posie ass an engem provokanten, ironesche Stil geschriwwe ginn, a gouf 2009 an der Kategorie Literatur vum Lëtzebuerger Bicherpräis nominéiert. Wou et am éischten Deel haaptsächlech ëm sexuell Perversiounen a Provokatioune geet, steet am J.P. Jacobs sengem neie Band éischter d’Thematiséierung vum Lyriker – Dilemma am Mëttelpunkt.
Engersäits huet de Lyriker Spaß um Dichten awer op der anerer Säit wäert en déi Suerg doriwwer, ob seng Zeile beim Lieser ukommen oder net, ëmmer mat sech droen:
die Sänfte dichter im nebel
ach all meine gedichte seit den frühen morgenstunden schon
ein fest ein desaster umhüllt ein dichter nebel den dichter
dieses gezierte dieses umrankte und der befürchtet dass er bis zum abend hin
dieses verlorene noch dichter werden könnte
Obwuel dës Thematik zimlech präsent ass, kommen mythesch, märchenhaft, humanistesch an och historesch Elementer awer net ze kuerz. Mieresjongfraen, Nymphen oder Göttinnen wéi d’Medusa verdréien dem Dichter de Kapp an historesch Personnagen léisst den Auteur op eng ironesch Manéier mat afléissen, sief et andeems en déi wonnerschéin Kinnigi vu Saba e Gedicht vum Wilhelm Müller op arabesch liese léisst, de Räichtum vun der Madame de Pompadour bewonnert oder de Marcus Aurelius a senger ganzer Männlechkeet duerstellt. Och fir d’Literatur bedeitend Perséinlechkeete wéi de Petrarca an den Heinrich Heine kommen am Jacobs senge Gedichter vir.
Wa mer de Gedichtband lo duerch säi rosaroude Cover mat engem rosaroude Brëll aus enger rosarouder Perspektiv betruechten, da gesi mer, dass déi erotesch Bezéiung zwësche Mann a Fra an hierem ganze Glanz an an hierem ellensten Elend beschriwwe gëtt. Sou gëtt dat onerreechbart weiblecht Geschlecht als Personifizéierung vun der Verféierung selwer duergestallt an de Mann gëtt als dat triebgesteiert Geschlecht ugedeit fir deen d’Léift vun enger Fra ganz oft onerreechbar ass. Den Auteur benotzt och gäre Metapheren a stellt d’Juegd vum Mann op d’Fra zum Deel metaphoresch, awer och extrem provokant duer:
La gioia della caccia im zauberwald
Hase fasan und hirsch o ein beau just da im walde steht
Gehen gemeinsam auf die pirsch wo der schöne karl sich dreht
Ei was wird das für eine wilde jagd der zufall hat es so gewollt
Rund um den schönen po der magd auch wenn die hirschkuh böse schmollt
Dotëschent liwweren e puer gewoten Zeechnunge vum Kënschtler Matthias Pelzer déi passend Illustratiounen an deenen d’Fra als Motiv – passend zu de Gedichter – en scène gesat gëtt.
Natierlech dierf een net vergiessen hannert der märchenhafter Facette, dem éiwegen Dilemma vun engem Kënschtler an dem hoffnungslose Minnesang vun der männlecher Spezies, dat kreativt Spill mat der Sprooch unzeerkennen: D’Gedichter si wéi eenzel Gedankestréim uneneegereiht an dobäi loosse formidabel originell Neologismen wéi „pharaonenziegenmelker“ oder „diademrotschwanz“ an dadaistesch Spiller mat der Sprooch wéi „und piff und paff und wunderbar“ d’Häerzer vun de Linguisten an de Poete méi héich schloen.
Glanz und Elend der Poesie ass also am Groußen a Ganzen net nëmmen e Gedichtsband deen iwwert déi verschiddensten Thematiken philosophéiert, mee och modern, originell, witzeg a kreativ Sproochenelementer opweist a soumat net nëmmen eng plus-value fir Leit mat enger poetescher Oder duerstellt, mee och fir déi, déi sech bis lo nach net sou vill mat der Poesie beschäftegt hunn.
ohne titel
die poesie mag wenn es sein muss
in alle extreme gehen
ich kann ihr dahin nicht mehr folgen
Jean-Paul Jacobs, Glanz und Elend der Poesie, Gedichte, Luxembourg, Edition Phi, 2009.
Sabrina Roob