Dilettanteschen Debut oder furiose Volltreffer? Dem Fränz Conrad säin Theaterstéck De Roude Knäppchen. Vum Chris Theves

Aacht Gestalten an engem Raum, ganz a schwaarz gekleet, d’Gesiichter wäiss geschminkt.
Siwe vun hinnen hunn eng schwaarz Këscht am Grapp, déi aacht béckt sech iwwert e
feierroude Knäppchen, hire Bléck streng op dee selwechte fokusséiert. Wéi an Trance erhieft
sech eng no där anerer, klamert sech un hirer Këscht fest, trëppelt lues op de viischte Rand
vun der plakeger Bühn zou a stellt se nidder bis déi siwe Këschten den Tuerm komplettéieren.
Op en Neits erhieft sech elo eng Figur no där anerer, faasst determinéiert den Tuerm an de
Bléck, trëppelt op en zou a kroopt sech seng Këscht fir erëm wéi ugewuerzelt op senger Plaz
auszeharren. Lues a lues fëllt sech de Sall, d’Acteure spillen déi uewe beschriwwen Zeen eng
leschte Kéier ier d’imaginär Rideau fält a mat hir gëtt dann och endlech déi bedréckend Stëll
duerchbrach. Vun Ufank u mierkt een, wat d’Gestalte besonnesch gutt kënnen, an zwar Froen
ze stellen, a wat hinne wuel kaum an d’Wéi geluecht gouf, nämlech dem Ënnertitel –
D’Äntwert op de Virdrun – gerecht ze ginn. Äntwerte fanne si nämlech keng.

Ganzen Artikel

Serge Tonnar & Legotrip. Culottéiert Emotioun. Vum David Wolff

Seelen huet een den Inouï zu Réiden sou strubbelvoll gesinn. Wat meeschtens just e puer internationale Gréissten aus der akustescher Jazzzeen geléngt, bréngt awer och ee Mann aus dem Ländche fäerdeg, deem säin Numm kengem méi ee Geheimnis ass : de Serge Tonnar. Dee mëttlerweil radiotaugleche Museker a vollberuffleche Provokateur huet dem Réidener Publikum während dräi Owender säi leschten CD Klasseklon an akustescher Versioun virgestallt.

Ganzen Artikel

Verféierung, Léift a Lyriker-Dilemma – ‚Glanz und Elend der Poesie‘ vum Jean-Paul Jacobs, vum Sabrina Roob

Mat der Suite vu sengem Buch Jenes Gedicht & Mit nichts, fir dat de lëtzebuerger Schrëftsteller Jean-Paul Jacobs am Joer 2005 mam Prix Servais ausgezeechent gouf, ass dem Dichter och am zweete Band e Wierk vun origineller Lyrik gelongen: Glanz und Elend der Posie ass an engem provokanten, ironesche Stil geschriwwe ginn, a gouf 2009 an der Kategorie Literatur vum Lëtzebuerger Bicherpräis nominéiert. Wou et am éischten Deel haaptsächlech ëm sexuell Perversiounen a Provokatioune geet, steet am J.P. Jacobs sengem neie Band éischter d’Thematiséierung vum Lyriker – Dilemma am Mëttelpunkt.

Ganzen Artikel

Eng Hexegeschicht – ‚Dem Dracula säin Torschong‘ vum Nicole Paulus. Vum Sandrine Heinen

Komeschen Titel, nee ? Wat mécht den Dracula mat engem Torschong? Blutt opwëschen? Keng Angscht, esou brutal gëtt et net. Den Dracula ass och keen Dracula, mee en Hond, an zwar eng grouss verléiften Dogg. An den Torschong ass och keen Torschong, mee dem Dracula seng riseg Zong, déi esou sabbelech ass wéi en naassen Torschong. Mee dozou spéider.

Ganzen Artikel

D’Wëldanger Muer – Eng Novell vum Josy Braun. Vum Laura Asselborn

D’Wëldanger Muer ass en onberéiert Stéck Natur, e Fiichtbiotop mat sëllegen Aarte vu Planzen an Déieren. Et ass eng roueg Plaz, ëm déi 80 Hektar grouss, wou een d’Natur nach richteg genéisse kann, awer och en Uert ëm dee sech vill Schauergeschichten dréien. Och d’Anne Schaller, eng Léierin vu Wëldang, kënnt gär heihi fir d’Natur ze genéissen, fir mam Hond, dem Max, spadséieren ze goen, awer och mat senger Schoulklass, déi him begeeschtert nolauschtert, wann hatt all déi Geschichten iwwer d’Muer verzielt. En idyllescht Stéck Land also, wou ee kann Energie tanken, oder besser gesot konnt…

Ganzen Artikel

Fraktur eines Mythos – ‚Les après-midi d’un faune im Studio Trois C-L.‘ Vum Daniela Lieb

Zahlreiche luxemburgische Theater und Kulturhäuser, allen voran das hauptstädtische Grand Théâtre, lassen selbst bei oberflächlicher Betrachtung eine deutliche Präferenz für den zeitgenössischen Tanz erkennen. Wenngleich international renommierte Kompanien nach wie vor ein Garant für grosse Publikumserfolge bleiben, übernehmen immer mehr Institutionen die Produktion oder Koproduktion einheimischer Choreografien.  Entgegen der geläufigen Auffassung verfügt das Grossherzogtum über eine aktive, sich zumehmend professionalisierende zeitgenössische Tanzkunstszene. Das Centre de Création Chorégraphique Luxembourgeois (TROIS C-L) widmet sich als zentrales Repräsentationsorgan aller damit verbundenen Prozesse einem vielfältigen Aufgabenspektrum, das Produktion, Präsentation im In- und Ausland, künstlerische Weiterbildung, Nachwuchsförderung sowie Integration in internationale Tanznetzwerke umfasst. Die Mehrzahl der etwa dreißig in Luxemburg tätigen professionellen Tänzer und Choreografen wurde und wird von TROIS C-L gefördert.

Ganzen Artikel