Schallimo + Stréihallem = Stréihallimo

Alles an allem (549 Opnamen) hunn 49% (271) vun de Leit ‚Schallimo/Schallümo‘ gesot an 43% (233) ‚Stréihallem/Strihallem‘ an eis App erageschwat. Doriwwer eraus hu 5% (27) béid Wierder genannt, 1% (8) hu ‚Stréihallimo‘ gesot; aner Varianten (2%, 10) hu mer ënner „aner“ (z.B. ‚Paille‘) am Diagramm zesummegefaasst.   Regional weist sech e méi oder manner kloert…

Ganzen Artikel

Freideg, Freiden, Fregdeg oder Freddeg?

Mir hunn eis dru ginn an als éischt Wuert de „Freideg“ ausgewäert.  Hei gesitt Dir d’regional Verdeelung vun de verschiddene Varianten. Am Ganzen hu mer bis elo 530 Äntwerte kritt, déi sech op sechs Haaptvariante verdeelen: Legend: Freideg: hellblo Freiden: däischterblo Freidig: orange Fregdeg: hellgréng Fregdig: däischtergréng Freddeg: rout Aner Formen: schwaarz (z.B. Freddig, Fregdes, Fraddig)…

Ganzen Artikel

Schnëssen – Är Sprooch fir d’Fuerschung

Wat ass ‚Schnëssen – Är Sprooch fir d’Fuerschung‘? Schnëssen ass déi éischt App, fir d’Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Egal, ob Dir nik, nit oder net sot, ob Dir oft séier oder dacks schnell sot –, mir a mär siche Leit, Lékt a Lëtt, déi Freed drun hunn, geschwatent Lëtzebuergesch mat der App ze…

Ganzen Artikel

Avis iwwer de ‚Projet de loi à la promotion de la langue luxembourgeoise‘ an iwwer den ‚Aktiounsplang iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch‘

Kierzlech huet d’Regierung nieft engem laangfristegen Aktiounsplang zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch och den entspriechende Projet de loi virgeluecht. Fir eis als den Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Universitéit Lëtzebuerg ass dat den Ulass eisen Avis iwwert déi geplangt Mesuren ofzeginn. Et ass generell méi wéi ze begréissen, dass endlech –…

Ganzen Artikel

Judith Manzoni

LUXEMBURGISCHE INTONATIONSYSTEM UND SPRACHKONTAKT

 

Freideg, 23. Februar, 14:00, Uni Belval, Maison des Sciences Humaines, Black Box

D’Soutenance ass ëffentlech. Jiddereen ass wëllkomm.

JURY

Dr. Bistra Andreeva (Universität des Saarlandes)

Dr. Pia Bergmann (Universität Duisburg-Essen)

Prof. Dr. Angelika Braun (Universität Trier)

Prof. Dr. Peter Gilles (Universität Luxemburg)

Dr. Herbert Masthoff (Universität Trier)

Ass-Prof. Dr. Heinz Sieburg (Universität Luxemburg)

 

Job-Offer an der Luxemburgistik

Am Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft ass eng Assistenteplaz ze besetzen: Contract Type: Fixed Term Contract The University of Luxembourg invites applications for its Faculty of Language and Literature, Humanities, Arts and Education. Doctoral candidate (PhD student) in Linguistics Ref: F3-060008 14 months fixed-term contract, renewable up to 3 years, full-time (40h/week) Student and…

Ganzen Artikel

Invitatioun fir déi nächst PhD-Soutenance an der Luxemburgistik:

Maike EDELHOFF

FORM UND FUNKTION DES DIMINUTIVS IM MOSELFRÄNKISCH-LUXEMBURGISCHEN ÜBERGANGSGEBIET

Méindeg, 25. September 2017, 14:00, Uni Belval, Maison des Sciences Humaines, Black Box

D’Soutenance ass ëffentlech. Jiddereen ass wëllkomm.

Jury

  • Damaris Nübling (Supervisor, U Mainz)
  • Peter Gilles (Supervisor, U Luxembourg)
  • Heinz Sieburg (U Luxembourg)
  • Antje Dammel (U Münster)
  • Natalia Filatkina (U Trier)
  • Mirjam Schmuck (U Mainz)
Ganzen Artikel