Ech sinn op der Sich no der Etymologie vum Wuert „Pëggi“. Dat si jo bekanntlech ons belsch Noperen. Mais wou kënnt dat Wuert eigentlech hier?
- Francis BASTIAN asked 8 Jahren ago
- last edited 8 Jahren ago
- et kënnt wuel aus dem Wallouneschen: peket = genièvre = jenever = Wakelter: d’Belsch hunn de Wakelterschnaps gär (wéi och d’Hollänner) a si sech duerfir déi Kärercher plécke gaangen … piqueurs de peket … Dat huet mir op alle Fall den Alain Atten verzielt an ech hunn de „peket“ och an engem wallouneschen Dixionär :-) fonnt.
D’Etymologie huet sech lo duerch Mathëllef vun eiser Lieser geléist: Merci, Myriam.
D’wallounescht Wuert fir Wakelter, jee no Schreifweis peket, pékèt oder pèkèt ass d’Basis fir lb. Peggi. Kuckt och hei.
- Peter Gilles answered 8 Jahren ago
- last edited 8 Jahren ago
Och dat ass eng Expressioun, déi wahrscheinlech net besonnesch fein ass. Mee bon, se kënnt alt vir. Allerdéngs ass d’Origine onkloer. D’LWB seet nëmmen:
Pëggi, Peggi, Pécki (Pl. Pëggien, Peggien, Péckien) M.: «Spottname für Belgier» — pleon.: sou e belsche P. — cf. Zillebäcker.
Aller Wahrscheinlechkeet no ass et kee germanescht Wuert, dat d’Basis bilt, eventuell e wallounescht Wuert (?).
- Peter Gilles answered 8 Jahren ago
Please login first to submit.