Ech interesséiere mech eis Sprooch a sinn ëmmer nees op en Neits erféiert wann ech RTL lauschteren, wou de Geck mat eiser Sprooch gemat gëtt. „Directrice“ amplaz „Direktesch“, „notamment“ amplaz „besonnesch“, „Course-Poursuite“ amplaz Verfolgungsjuegd asw.
Ech schreiwen hinnen regelméisseg a kréien ëmmer domm geäntwert. Firwat amuséiere sech d´Leit op deeër enger Säit fir eis Sprooch an der Riicht ze halen wann aner Leit guer net matmaachen?
Nach eppes: Eng Griechin, déi schons laang zu Lëtzebuerg wunnt, sot mer datt mer eng schéi Sprooch hätten, déi mer awer leider net respektéieren, besonnesch RTL. Do ginn fir alles franséisch Wierder geholl an da gëtt „éiert“ drugehaangen….
Et wier och net vu Mutwëll wann eis Sprooch an eiser Grundschoul géif geléiert ginn.
…
- Claude Bellion asked 10 Jahren ago
- last edited 10 Jahren ago
Please login first to submit.

