Ech probéiren esouwäit ewéi méiglech, meng Texter an de Cartoons feelerfräi ze schreiwen. Beim Verbesseren ass mer opgefall, dass am Spellchecker sinn mat zwee N geschriwwe muss ginn, an am online Diktionnaire Lëtzb/Däitsch mat just engem N. Meng Fro ass wéisou.
- Carlo Schneider asked 9 Jahren ago
- last edited 9 Jahren ago
Dat ass mol einfach ze beäntweren :-). No der aktueller Orthographie vun 1999 muss ginn mat duebelem Konsonant geschriwwe ginn. An dee Grupp vu Wierder gehéiert och ginn, sinn, stinn, hunn, ass. Bis zur Reform vun 1999 war d’Schreifweis mat engem Konsonant erlaabt. Ech wees net, op wat fir en Dictionnaire Dir Iech bezitt. All Dictionnaire viru 1999, besonnech och dat grousst ‚Luxemburger Wörterbuch‚ (1950-1977), applizéiert deemno déi al Schreifweis. Déi korrekt Schreiweis fannt Dir op all Fall ëmmer am LOD oder op spellchecker.lu.
- Peter Gilles answered 9 Jahren ago
- last edited 9 Jahren ago
Please login first to submit.

