„ginn“ oder „gëtt“ et vill Wiichtelcher?
8. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner An der éischter Ronn vun eiser Schnëssen-App hunn d´Participanten ënnert anerem de Saz „Warum gibt es Leute, die Psychologie studieren?“ op Lëtzebuergesch gesot. D´Fro, déi mir eis fir haut gestallt hunn, ass dobäi: Wéi hunn d´Leit den éischten Deel vum Saz iwwersat – mat „firwat gëtt et Leit“ (3. Pers. Sg.)…
Ganzen ArtikelDe Pluriel vu „Bic“
7. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner De Pluriel vu Bic ass immens variabel. 3/4 vun de Participanten hu Bicker ma awer 21% Bicken respektiv e puer Vereenzelter Bics gesot. Net seelen ass Kugelschreiber awer och mat Füllfierder(en) oder Stëfter iwwersat ginn. Dës Variante sinn hei ënner Aner regruppéiert. Geheit een e Bléck op d´Verdeelung no Alter, gesäit een, dass dësen en Afloss op de Gebrauch vun de Varianten huet.…
Ganzen ArtikelD’Variante vun „net“
6. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Den Norden an de Rescht. Op Kleeserchersdag beschäftege mir eis mat deene jeeweilege Variante vun net. Wéi d´Kaart ënnersträicht, ass d´net-Form däitlech verbreet, ze erkennen dorun, datt am Zentrum, am Süden an am Oste quasi just déi Variant existéiert (mat wéinegen Ausnamen). Am Weste loosse sech nach nit-Spriecher erkennen, och wann…
Ganzen ArtikelDe Pluriel vu „Schëld“
5. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Léiwer en -d oder en -t? Haut verstoppt sech hannert der Dier d’Auswäertung vum Pluriel vu Schëld. Bei dësem Diagramm gesi mir eng Trap, déi weist, wéi de Pluriel sech nom Alter vun de Spriecher opdeelt . Bei där héchster Stuf, 65+, erkennt een datt Schëlter a Schëlder sech nach bal…
Ganzen ArtikelDe Pluriel vu „Blat“
4. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner An der 1. Ronn vun der Schnëssen-App hunn d’Participanten dräi verschidde Variante fir de Pluriel vu Blieder benotzt. Dobäi handelt et sech, wéi beim Bam, ëm eng Variatioun, déi sech op d’Aussprooch vun engem Wuert bezitt. D’Variante si Blieder, Bleeder a Bliädder. Op der Kaart erkennt een, datt d’Variant Blieder zwar…
Ganzen ArtikelD’Variante vun „Hallschent“
3. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Bei Hallschent konnten dräi Variante festgemaach ginn: Hallschent, Hallschecht an Hällschent, woubäi déi éischt kloer d’Haaptvariant ass. Bei der Verdeelung nom Alter weist sech, datt Hallschent vun eeleren op méi jonk Spriecher*innen ëmmer méi ofhëlt, och wann d\\\’Variatioun och schonn an der zweethéchster Alterskategorie net méi immens grouss ass. Hällschent…
Ganzen ArtikelDe Conditionnel Present vu „brauchen“ (1PP)
2. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner
De (Chrëscht-)Bam
1. Dier vum Schëssen-Adventskalenner Och wann d’Wuert Bam den éischte Moment net immens spannend ausgesäit a kléngt, gesäit dat natierlech op den zweete Bléck ganz anescht aus. Am Ganze konnte mir 3 verschidden Aussprooche vu Bam enregistréieren. 1. Bam, 2. Bɔ:m respektiv Boam an 3. Bom (jo, dës Variant héiert sech genausou u wéi d’Wuert,…
Ganzen ArtikelKennt Dir schonn eisen Adventskalenner fir d’Joer 2018? All Dag presentéiere mir vu lo u kleng Resultater aus eise Schnëssen-Erhiewungen. Deelt a maacht wgl. och mat bei der drëtter Ronn vun den Erhiewungen.
D’Schnëssen-Ekipp wënscht schéin Adventsdeeg!
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.